Grondrecht op Kultur vs. Grondrecht op Gesondheet

Eng Reaktioun op dem Serge Tonnar säin oppene Bréif vum 15.12.2021
un de Staatsrot, d’ Regierung an d’ Chamber

(heidrënner verlinkt)

Léiwe Serge, du ale Frënd an alen Hummer,

Du hues deslescht an engem oppene Bréif behaapt, mat den 2G-Mesure vun der Chamber am Fräizäitberäich, also entweder Corona-geimpft oder erëm gesond, géif eis d’ Grondrecht op Kultur ewech geholl. Ech gesinn dat guer net esou.

Du kanns als Net-Geimpften weider un dengem Aquarell molen, e Gedicht schreiwen oder der e gudde Krimi eranzéien. Du kanns als Net-Geimpften nach ëmmer e Film eleng oder an der Famill kucken, ebe just net am Kino. Du kanns als Net-Geimpften nach ëmmer den Neijooschconcert op der Tëlee kucken, oder e Pianosrécital am Livestream oder eng Heavy-Metal-Band digital genéissen, just eben net am Atelier oder an der Rockhal. Wat domat ze dinn huet, datt déi Net-Geimpft vill méi virulent sinn – am richtege Sënn vum Wuert a wëssenschaftlech bewisen – wéi déi di duerch eng Impfung geschützt sinn. Mee den Zougang zur Kultur bleift, wéi gesot, bestoen. An den Zougang zum Kino, Theater a Concertssall och, fir déi di sech un déi Reegelen halen, déi d’ Gesondheet vun eis alleguer schützen.

Well wann ech och generell net vill dervun halen, Grondrechter ze hierarchiséieren, sou muss ech dat awer hei maachen, andeems ech op d’ Sozialwëssenschafte verweisen. Allgemeng bekannt ass dem Maslow seng Bedürfnispyramid. Un der Basis vun der Pyramid sinn déi physiologesch Bedierfnisser (Erhale vum Liewen), dono kommen déi no Sécherheet (ënner anerem gesond bleiwen). Sinn dës béid Niveaue méi oder manner erfëllt, da kommen déi sozial Bedierfnisser, zu deenen och d’ Kultur zielt.

PNG by Philipp Guttmann, SVG by Jüppsche – http://de.wikipedia.org/wiki/Datei:Maslowsche_Bed%C3%BCrfnispyramide.png

Léiwe Serge, ech widderspriechen der och, well ech Angscht hunn, datt deng Aussoen de kloerrosenen Impfgéigner an d’ Kaarte spillen. Dobäi ass et jo awer esou, datt déi Aschränkunge fir am grousse Grupp Kultur ze genéissen net gemaach goufe fir d’ Leit vun der Kultur ewechzehalen. Se goufe vun enger demokratesch gewielter Institutioun decidéiert, well an engem Trapp mat enger Partie Net-Geimpften déi grouss Gefor besteet, datt de Virus weidergi gëtt, an aus dem Trapp eraus nach weider an ëmmer erëm weider gedroe gëtt.

Weess de, Serge, wann d’ Rockhal aus Sécherheetsgrënn just 1.000 Leit eraloossen däerf, an du bass ze spéit ugewiescht mat denger Reservatioun, da kënns de och net méi eran. Wéi gesot, aus Sécherheetsgrënn, fir dech an all déi aner ze schützen.

Allez, alen Hummer, bis hoffentlech geschwënn am Theater oder am Concert oder soss anzwousch.

Léif Gréiss vum Kmio.

Veröffentlicht unter Gesellschaft, Kultur | 2 Kommentare

Och wann ech an Zukunft méi lues trëppelen, eis gréng Success-Story geet mat Riseschrëtt weider – Mäin Abschied no 7 Joer Presidence

Zanter méi wéi engem Joerzéngt engagéieren ech mech mat all menger Kraaft fir eis Partei: lokal, regional, national an europäesch. Ech hat d’ Chance, déi gréng an hirer enormer Entwécklung ze begleeden a wichteg Kapitele vun eiser grénger Success-Story matzeschreiwen. Zesummen hu mer Lëtzebuerg méi ökologesch, méi oppen, méi zukunftsfäeg a méi gréng gemaach. Ech stoung och um Dill, wann et net esou ronn gedréint huet, a politesch schwierege Momenter an a Situatioune vun Trauer a vu Kris.

„Dat Ganzt ass méi, an et ka méi bewierken, wéi d’ Somme vu sengen Eenzeldeeler. Ech sinn ëmmer erëm faszinéiert, wéi an eiser Partei aus ville Meenungen e gemeinsame Wëllen an eng kohärent Stëmm entsteet.“

Ech erlabe mer haut – ganz perséinlech – no hannen an no vir ze kucken; ech verbannen domat d’ Hoffnung, datt Dir eppes Sënnstëftendes doraus erauszéie kënnt. Ech hunn Ufanks Februar mäi 60. Gebuertsdag gefeiert. Esou en Datum ass eng gutt Geleeënheet fir no hannen an no vir ze kucken, berufflech a privat; de Point ze maachen, wat een alles erreecht huet a wéi ee säi weidert Liewe gestalte wëll.

Datt ech haut mäi Mandat als Co-President vun eiser Partei zur Verfügung stellen, ass eng Entscheedung mat där ech mech schonn en dräi Véierel Joer droen, an déi vu laanger Hand mat menger Co-Präsidentin, mat eiser Fraktiounscheffin a mat eise Regierungmemberen ofgeschwat war. Et ass eng Entscheedung, déi  fir mech emotional net esou einfach ass.

„Ech sinn houfreg iwwer dee Wee, dee mir all zesummen an eiser Partei an de leschte 7 Joer zeréckgeluegt hunn a während deem ech duerft eent vun de Gesiichter an eng vun de Stëmme vun déi gréng sinn.“

Ech war 11 Joer am CEX, dem Parteivirstand vun eiser Partei : 2 als einfache Member, 2 als Trésorier a 7 als Co-President, dovun 2018 bal 1 Joer eleng als President a schwieregen Zäiten an am Walkampf – dat Joer zielen ech duebel! Fir mech ass d’ Parteiaarbecht d’ Fortsetzung vu mengem bénévolen Asaz an der Zivilgesellschaft. E Wee, deen ech mat 15 Joer – also viru 45 Joer – an der Escher Jugendbewegung ugefaangen hunn, an dee mech iwwer Theater a Film awer och iwwer sozialen Engagement an déi gréng Partei gefouert huet.

Och wa mer oft d’ Gefill hunn, datt d’ Politik e ganz luese, komplizéierten a mühsame Prozess ass, dann ass et dach esou, datt een an der Politik vill méi beaflosse kann, wéi aus der Zivilgesellschaft eraus, besonnesch wann een an der Majoritéit ass. Mir gréng hunn an de 7 Joer wou mer elo an der Regierung sinn Dausendmol méi ëmgesat wéi virdrun an den 30 Joer Oppositioun.

„Zesummen hu mer Lëtzebuerg méi ökologesch, méi oppen, méi zukunftsfäeg a méi gréng gemaach.“

Wéi ech 2013 un der Säit vum Sam Tanson President gouf, hate mir gréng 600 Memberen. Siwe Joer– an 2 Co-Presidentinne – méi spéit, ziele mer op 1.000 engagéiert Fraen a Männer. Wann ech elo den natierleche Schwund berücksichtegen – net dee vun de Presidentinnen, mee dee vun de Memberen ! –, dann huet d’ Halschent vun der Partei keen anere männleche Presi kannt wéi mech. Och dat ass fir mech e Grond, fir frëscht Blutt un der Spëtzt.

Jonk Leit opbauen a förderen an se dann och druloossen, dat ass eppes wat eis Grénge gutt geléngt, ech huelen nëmmen als Beispill déi gréng Fraktioun, déi jo déi jéngst an och déi weiblechst an der Chamber ass. Et ass iwweregens net déi éischte Kéier, datt ech fir eng Erneierung  a fir jonk Talenter Plaz maachen, vläit huet et dermat ze dinn, datt ech 30 Joer laang am Lycée an op der Uni jonk Leit zu Erzéierinnen a Sozialpädagogen ausgebilt hunn. Ech ginn Iech e Beispill: No eisem nationale Walsuccès 2018 haten eng Partie politesch Observateure gemengt, ech géif de männleche Spëtzekandidat bei den Europawalen 2019 ginn: mee ech hunn décidéiert, engem Ausname-Talent, engem gewësse Meris Sehovic, deemools Spriecher vun de jonke Gréngen, de Virtrëtt ze loossen.

„D’ Verjëngung och an der Présidence ass elektoral enorm wichteg an erlaabt et eis en phase ze bleiwe mat deene ville jonke Leit déi eis wielen.“

Ech maache Plaz, fir den Erneierungsprozess, deen an eiser Partei gutt ënnerwee ass, och un der Parteispëtzt weiderzedreiwen. Talenter motivéieren, förderen, forméieren an a Verantwortung bréngen, dat maache mir jo op allen Niveaue vun der Partei. Meng jonk Kollegin Djuna Bernard huet sech gutt ageschafft, a mäi Réckzuch kritt all säi Sënn, wann de Kongress vun haut sech och e genee sou energeschen an inspiréierende männleche Co-President gëtt. D’ Verjëngung och an der Présidence ass elektoral enorm wichteg an erlaabt et eis en phase ze bleiwe mat deene ville jonke Leit déi eis wielen, souwuel wat d’ Iddien ubelaangt awer och wat d’ Kommunikatiounsformen ugeet.

„Ech hu just ee Wonsch: dreift d’ Professionaliséierung vun der Partei weider.“

Ech gi mäi Mandat als President weider zu engem gënschtege Moment. Et ass nach laang bis déi näächst Wahlen, mee den internen Opbau muss – besonnesch am Bezierk Süden – mat frëschem Schwong a neien Iddien a Gang kommen. Ech ginn zu engem Zäitpunkt, wou mir d’ Kris, déi eis am September 2019 gerëselt hat, iwwerwonnen hunn; ech gesinn dëst um Zoulaf vu Memberen, a virun allem un der gudder Stëmmung, dem staarken Zesummenhalt an um Engagement innerhalb vun eiser Partei. Ech hu just ee Wonsch un de Kongress: dreift d’ Professionaliséierung vun der Partei weider. Eng Partei mat eisem Zouwuess a mat eisem Potenzial kann een net wéi nach virun 10 Joer féieren, do stéisst de Benevolat u seng Grenzen.

Och wann e President e “Primus inter Pares” ass, da muss grad hien oder hatt – oder wéi an eisem Fall béid – exemplaresch agéieren. Dat heescht fir mech, d’ Interesse vun der Partei ëmmer iwwer den eegenen Ego ze stellen. Dat hunn ech an de 7 Joer Présidence gemeet an dat maachen ech genee esou haut.

Fir mech als Sozialpädagog ass Ganzheetlechkeet e wichtegt Konzept: dat Ganzt ass méi, an et ka méi bewierken, wéi d’ Somme vu sengen Eenzeldeeler. Esou sinn ech ëmmer erëm faszinéiert, wéi an eiser Partei aus ville Meenungen e gemeinsame Wëllen an eng kohärent Stëmm entsteet. Iwweregens gëllt dat och fir d’ Demokratie u sech: och hei geet et drëm, zesummen e Konsens ze fannen fir dat Ganzt, fir d’ Gemeinwesen no vir ze bréngen. Leider sinn a ville Länner Populisten ënnerwee, déi dësen, heiansdo laangwierege Prozess, zu hiren allengege Gonschte sabotéiere wëllen. Géint déi stellen ech mech och an Zukunft.

„An der Politik muss de séier ëmschalte kënnen: Trëllen, opstoen, d’ Kroun riichten, weidergoen. An ëmmer positiv bleiwen.“

Wat ech nach geléiert hunn: An der Politik ass Topp a Flopp ganz no beieneen, iwweregens a belibeger Reiefolleg. A bei eis an der Partei kënnt eng Kris jo ni eleng, mee ëmmer am Doppelpack. Mam trageschen Doud vum Camille Gira koum de Récktrëtt vu menger deemoleger Co-Presidentin. Mat der schwéierer Krankheet vum Felix Braz koum den Hashtag #Gaardenhaischen. Keen Zesummenhang, mee awer zesummen.

“Himmelhoch jauchzend, zu Tode betrübt” oder ëmgedréint, esou geet et an der Politik. Wéi ech 2013 President gouf, wollt ech eigentlech nach e bëssen Oppositioun bis 2014 maachen. Mee du koume schonn d’ Neiwalen. Um 8 Auer owes hunn ech misse virun Iech trieden an eis Waldéfaite zouginn. An um 1 Auer nuets hu mer déi Dräierkoalitioun gemeet, déi eist Land – och haut nach –  déifgräifend moderniséiert. An der Politik muss de séier ëmschalte kënnen: Trëllen, opstoen, d’ Kroun riichten, weidergoen. An ëmmer positiv bleiwen. Wéi d’ Djuna seet: “Nom Reen kënnt erëm d’ Sonn”.

Zum Schluss nach dat heiten: Wat mech an all deene Joren enorm beandrockt huet, dat sidd Dir, dat sinn all déi vill Leit an eiser grénger Famill, déi sech intensivst fir eis Saach engagéieren. Ech soe Merci, fir alles wat ech geléiert hunn: politesch, kommunikativ, inhaltlech a mënschlech vun deene sëlleche Leit mat deenen ech a Kontakt war:

  • vu brave Parteizaldoten iwwer Alpha-Fraen a -Männer,
  • vu Passanten am Walkampf bis Presidente vun anere Parteien, vun hei an aus ganz Europa.

Merci virun allem de 4 Fraen u menger Säit, déi mech – “der Mann für’s Grobe”, wéi eent iwwer mech sot – an de 7 Joer erdroen a gedroen hunn: meng Fra Anna a meng Co-Presidentinne Sam Tanson, Françoise Folmer an Djuna Bernard.

En enorme Merci fir d’ Inspiratioun, d’ Léieren, d’ Erfahrungen an – och wann der vill dobaussen et an der Politik net fir méiglech halen, jo – d’ Frëndschaften duerch d’ Joren am CEX, am Bureau exécutif an duerch déi 7 wonnerbar Joer an deenen ech konnt als Äre President mathëllefen, eist Land méi modern, méi gerecht, méi nohalteg a virun allem politesch méi gréng ze maachen.

„En enorme Merci fir d’ Inspiratioun, d’ Léieren, d’ Erfahrungen an – och wann der vill dat an der Politik net fir méiglech halen – d’ Frëndschaften duerch d’ Joren.“

Ech bleiwen eiser gemeinsamer grénger Cause enk verbonnen: ech si weiderhin an der grénger Delegatioun, déi interfraktionell d’ Steierreform verhandelt, an ech hunn ewell e Mandat am interne Kontrollorgan vun der European Green Party EGP. Ausserdeem engagéieren ech mech an der Grénger Stëftung.

Ech sinn houfreg iwwer dee Wee, dee mir all zesummen an eiser Partei an de leschte 7 Joer zeréckgeluegt hunn a während deem ech duerft eent vun de Gesiichter an eng vun de Stëmme vun déi gréng sinn. 10% vun de Wielerstëmmen 2013, ëmmer no uewen bis 19%  2019: wat eng Success-Story. An och wann ech an Zukunft méi lues trëppelen, eent weess ech ganz gewëss: eis gréng Success-Story, déi geet mat Riseschrëtt weider.

(meng Abschiedsried um 1. digitale grénge Kongress den 9. Juli 2020)

all Fotoen (c) Sophie Margue

Veröffentlicht unter Allgemein | Kommentar hinterlassen

Vision. Ambition. Investition.

Falls ein Mensch, eine Familie, ein Betrieb, ein Land in existenzielle Not geraten, – besonders wenn dies unverschuldet geschieht –, dann muss alles getan werden, um ihnen zu helfen. Anschließend, wenn der „Patient“ stabilisiert ist, gilt es dafür zu sorgen, dass solche lebensgefährlichen Situationen vermieden werden können. Und zwar durch Stärkung seiner Resilienz, also seiner Widerstandskraft und der Fähigkeit zukünftige Krisen zu meistern.

„Ein starker und solidarischer Staat ist kein Luxus. Austeritätspolitik würde die wirtschaftliche Krise verschärfen.“

Wer fordert, man solle das im Zuge der Corona-Krise an Haushalte, Betriebe und bald auch an Länder verteilte viele Geld schnellstmöglich wieder einsammeln, der schwächt diese, anstatt sie zu stärken. Falls die öffentliche Hand wieder kurzfristig dem Fetisch der budgetären schwarzen Null nachlaufen würde, dann würde sie mit dieser Austeritätspolitik die wirtschaftliche Krise verschärfen. Die auch gezeigt hat, dass ein starker und solidarischer Staat kein Luxus ist.

Die kurzfristige konjunkturelle Stabilisierung muss nun übergehen in eine langfristige Weiterentwicklung unseres Arbeits-, Lebens- und Gesellschaftmodells. Demnach darf der „Neustart“ kein Weiter-Wie-Bisher sein, sondern ein qualitativer Umbau unserer Wirtschaft, um unser ökonomisches und gesellschaftliches Gewebe resistenter zu gestalten. Was wir jetzt brauchen sind Visionen, Ambitionen und Investitionen.

„Der Neustart darf kein Weiter-Wie-Bisher sein, sondern ein qualitativer Umbau unserer Wirtschaft, um unser ökonomisches und gesellschaftliches Gewebe resistenter zu gestalten.“

Ein wichtiger Anschub nach dem Lockdown ist die Beschleunigung der staatlichen Investitionen: Luxemburg hat in den vergangenen Jahren massiv investiert und auch für die nächsten Jahre sind große Investitionen in Erneuerbare Energien, sanfte Mobilität, öffentlichen Transport  und Elektromobilität geplant. Es gilt jetzt, diese Investitionsstrategie konsequent weiter zu verfolgen. Auch die öffentlichen Investitionen in den Umwelt- und Naturschutz, wie Hochwasserschutz, Wasseraufbereitung, Erhaltung der Wälder, Abfallvermeidung und Kreislaufwirtschaft müssen oberste Priorität behalten. Parallel brauchen wir weiter hohe Investitionen in digitale Infrastruktur und in Prozesse, z.B. in den Bereichen Verwaltung und Gesundheit. Ein ökologisches Sofortprogramm für die Wirtschaft soll deren Transformation hin zu CO2-freier Produktion fördern.

„Für Wirtschaft und Gesellschaft gibt es kein Zurück in die alte Normalität . Gebraucht wird ein Neustart, der Vision, Ambition und Investition zusammenbringt.“

Da nicht nur die Betriebe, sondern auch die Haushalte ökonomische Akteure sind, geht es darum, auch diese weiterhin bei ihren Zukunftsinvestitionen in die Energie- und Verkehrswende zu unterstützen. Stichworte hierzu sind energetische Sanierungen, Ölheizung-Ersatzprogramm, erneuerbare Energien und nachhaltige Mobilität. Die Investitionsbeihilfen sollten kurzfristig erhöht und sozial ausgestaltet werden.

Auf EU-Ebene muss unbedingt die im Corona-Kontext kontraproduktive „Schuldenbremse“ für 3 bis 5 Jahre ausgesetzt werden, denn angesichts der notwendigen Umorientierung hin zu mehr Nachhaltigkeit geht der Bedarf an Investitionen weit über den kurzfristigen Horizont hinaus. Wir befürworten den gemeinsamen EU-Recovery-Fund, der durch gemeinsame Anleihen die Krisenlasten solidarisch schultert. Diese Vergemeinschaftung der Verschuldung entlastet die nationalen Schuldenquoten und sollte nach der ökonomischen Leistungsfähigkeit der Länder gestaffelt werden. Und der von der EU-Kommission propagierte Green Deal muss mit den Mitteln des Recovery Funds zum Pakt für die ökologisch-soziale Transformation der Wirtschaft werden.

Nach Corona gibt es für Wirtschaft und Gesellschaft kein Zurück in die alte Normalität. Gebraucht wird ein Neustart, der Vision, Ambition und Investition zusammenbringt.

Djuna Bernard & Christian Kmiotek, Co-Präsidenten von déi gréng

(Erstveröffentlichung im Lëtzebuerger Land am 5.6.2020)

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Europa, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen

Zäit fir déi Jonk

Meng lescht politesch Tribune libre op RTL Radio & 100Komma7 (16/3/2020)

Zanter 7 Joer hutt Dir mech méi oder manner regelméisseg op dëser Antenn héieren, wann ech als President vun déi gréng, eis Iddien mat Iech gedeelt hunn. Ech ginn elo mäi Presidenteposten of, well ech fannen, datt et un der Zäit ass, der jonker Generatioun Plaz ze maachen, fir datt déi mat frëschem Élan an innovativen Iddien ka politesch Verantwortung iwwerhuelen.

Déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit betreffe jo grad déi Jonk, sief et d’ Schoul an d’ Ausbildung, d’ Kannerbetreiung an d’ Vereenbarkeet vu Famill a Beruffsliewen, dat bezuelbart Wunnen an alles, wat mat eisem zukünftege Wuelbefannen zesummenhänkt.

„Wann d’ Welt brennt, kann een net weidermaache wéi wann näischt wär!“

An dann natierlech d’ Klimakris. Déi Jonk sinn déi éischt Generatioun, déi d’ Verännerunge vum Klima ze spiere kritt, a gläichzäiteg déi lescht, déi nach eppes dogéint ënnerhuele kann. Déi Dausende jonk Mënschen déi weltwäit fir effektive Klimaschutz demonstréieren, weisen op d’ Urgence beim Klima hin, net nëmme fir hier Generatioun, mee och fir déi di dono kommen, an alle Länner vun der Welt.

„Mir däerfen eis awer näischt virmaachen, Klimaschutz kann net d’ sozial Problemer léisen, déi musse mer getrennt ugoen“

Wann d’ Welt brennt, kann een net weidermaache wéi wann näischt wär! Dofir huet och Lëtzebuerg sech, am Kader vum Paräiser Klimaaccord an am Zesummespill mat der Europäescher Unioun, en ambitiéise Klima- an Energieplang ginn. Mir gi fort vun der Mazouts- a Gasheizung hin zu gutt isoléierten Haiser, an d’ Regierung wäert dat Ëmschalte finanziell ënnerstëtzen. Genee esou gëtt et och cibléiert Primen beim Ëmklamme vun Diesel a Benzin op méi propper Fortbewegungsmëttel.

Et ass fir Stéit mat manner Akommes natierlech finanziell méi schwiereg, wéi fir gutt situéiert Famillen, de Wee vum klimaschiedlechen hin zu engem klimaneutrale Wunnen a Fueren ze meeschteren. Dofir suergt déi blo-rout-gréng Koalitioun net nëmme mat gezielte Subsiden fir en Ausgläich. Och an der Steierreform wäerten déi Leit mat manner Akommes – an dozou zielen och, awer net nëmmen déi Jonk – gezielt iwwer e spezielle Crédit d’ impôt finanziell Kompensatioune kréien.

Mir däerfen eis awer näischt virmaachen, Klimaschutz kann net d’ sozial Problemer léisen, déi musse mer getrennt ugoen, wéi zum Beispill déi héich Wunnengspräisser mat gezilte steierleche Moossnamen a mat méi bezuelbare Wunnengen an ëffentlecher Hand.

„Och wann ech an Zukunft net méi an der éischter Rei stinn, setzen ech mech weider fir Ëmwelt- a Klimaschutz an, well déi jo am Endeffekt Mënscheschutz sinn.“

Als President vun de Gréngen an de vergaangene siwe Joer mécht  et mer Freed, datt eis Politik ëmmer méi Zousproch bei de Wielerinnen a Wieler fonnt huet, speziell bei deene Jonken. Wa mir gréng 2013 10% vun de Stëmme verbuche konnten, da waren dat der schonn 19% am Joer 2019.

Ech sinn houfreg, datt ech konnt vun 2013 bis 2020, eng vun de Stëmme vum gréngen Asaz fir méi Liewensqualitéit sinn. Och wann ech an Zukunft net méi an der éischter Rei stinn, setzen ech mech weider fir Ëmwelt- a Klimaschutz an, well déi jo am Endeffekt Mënscheschutz sinn.

Fir déi gréng seet Äddi, de Christian Kmiotek

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre | Kommentar hinterlassen

Sprit a Klima

Am Moment kann ee plazeweis vill Ramouers héieren iwwer de Präis vun Diesel a Benzin. Oft gëtt do aus dem Bauch eraus argumentéiert, an dofir fannen ech et wichteg mat e puer Fakten d‘ Saachen an de richtege Kontext ze setzen.Jo, den 1. Januar ass de Sprit méi deier ginn, an dat hat 2 Grënn, déi allebéid net hausgemaach sinn. Den 1. Grond ass neit EU-Recht, dat fir Ëmwelt- a Klimaschutz de Sprit fir d’ Pëtrollskonzerner an der Produktioun méi deier mécht, well se méi strikt Ëmweltnorme mussen anhalen. Ech denken, dass dat eng gutt Saach ass. Dëst Gesetz betrëfft also all EU-Länner mateneen an am selwechte Mooss; d’ Differenz zu eisen Nopeschlänner bleift deemno genee gläich. Den 2. Grond sinn déi politesch Spannungen tëscht den USA an dem Iran, déi de Cours vum Pëtroll op der Bourse stënterlech an d’ Luucht gedriwwen hunn.

„2012 zum Beispill ware Benzin an Diesel 15 Cent de Liter méi deier wéi haut, dat zu enger Zäit, wou eis Kafkraaft an och de Mindestloun nach vill manner héich wore wéi elo.“

Wann elo eng Partie Leit gefillt mengen, de Sprit wär momentan deier, da schwätzen d’ Fakten eng aner Sprooch: 2012 zum Beispill ware Benzin an Diesel 15 Cent de Liter méi deier wéi haut, dat zu enger Zäit, wou eis Kafkraaft an och de Mindestloun nach vill manner héich wore wéi elo.

„Et geet drëm, dee sëlleche Camionsverkéier, dee riseg Ëmweeër fiert fir bei eis ze tanken, an dobäi och nach eis Stroosse verstoppt an eis Loft verknascht, massiv ze reduzéieren.“

Déi geplangten Erhéijung vun den Accise ziilt guer net speziell op de Lëtzebuerger Autosfuerer, mee et geet drëm, dee sëlleche Camionsverkéier, dee riseg Ëmweeër fiert fir bei eis ze tanken, an dobäi och nach eis Stroosse verstoppt an eis Loft verknascht, massiv ze reduzéieren. Do geet et ëm enorm Quantitéiten, déi ekonomesch kee Sënn maachen an ekologesch eng Katastrof fir Mënsch a Klima sinn.

Heiansdo héieren ech Leit déi behaapten, wann déi Camionen anzwousch anescht tanken, da géif dat jo dem Klima guer näischt bréngen.

Dach dat bréngt eppes, an zwar well d’ Ëmweeër déi gefuer ginn, an och de Stau deen d’ Camione provozéiere, vill sënnlos CO2-Emissioune verursaachen. An et ass jo och esou, datt Lëtzebuerg genee wéi all eis Nopeschlänner vun der EU derzou verflicht ass, säin CO2-Ausstouss massiv ze reduzéieren, ebe fir de Klima ze schützen.

„D’ Leit alleguer kréien Alternative gebueden: d’ Transitioun hin zu enger besserer Isolatioun a propperem Hëtze gi genee esou gefördert, wéi d’ Ëmklammen op Vëlo, E-Bike an Elektroauto.“

Vun 2021 u kritt d’ Ausstousse vun CO2 och zu Lëtzebuerg e Präis. Klimazerstéierung an Ëmweltverschmotzung sinn dann also net méi gratis. An dat ass richteg esou. Parallel zur Aféierung vum CO2-Präis kréien d’ Leit awer och ënner d’ Äerm gegraff.

„A 6 Wochen ass d’ Benotze vum ëffentlechen Transport gratis.“

Déi Stéit mat nidderegen Akommes kréien déi finanziell Effetse vum CO2-Präis am Kader vun der Steierreform duerch e Steierkredit kompenséiert. D’ Leit alleguer kréien Alternative gebueden: d’ Transitioun hin zu enger besserer Isolatioun a propperem Hëtze gi genee esou gefördert, wéi d’ Ëmklammen op Vëlo, E-Bike an Elektroauto.

D’ Investitiounen a Bus, Zuch an Tram waren nach ni esou héich wéi ënnert dëser Regierung. An a 6 Wochen ass d’ Benotze vum ëffentlechen Transport gratis.

Veröffentlicht unter Ökologie, Energie, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen

grénge Neijooschpatt 2020: am Duo Djuna Bernard & Christian Kmiotek

Christian KMIOTEK (CK): E schéine gudden Owend léif gréng Kolleginnen a Kollegen. Gudden Owend Djuna!

Djuna BERNARD (DB): Léif Kolleginnen a Kollegen, léif Vertrieder vun de Medien, gudden Owend an nemmen dat Bescht fir d’Joer 2020. Moien léiwe Kmio!

CK: Deng éischt Neijoersried?

DB: Meng éischt, an ech si schonn e bëssen opgereegt.

CK: Wann et dech berouegt: et ass meng 7., an dat mat der Opreegung gëtt net besser mat de Joren. Traditionnell maache mer jo e Réckbléck an en Ausbléck. Wéi war da fir dech 2019?

DB: 2019 : e Joer als Achterbunnfahrt: Stäil erop: mat enger neier Fraktiounsekipp, méi Verantwortung an de Ministèren, enger neier-aler … ehhm – erfuerener Présidence, engagéiertem Europawahlkampf an engem excellente Wahlresultat.

Mee 2019: och e Joer mat Déiften a Réckschléi an neien Erausfuerderungen. Mir all goufe gerëselt wéi mer Enn August – eppes méi wéi e Joer nom Camille Gira sengem trageschen Doud – déi schrecklech Noriicht vum Felix Braz sengem schwéieren Häerzinfarkt kruten. De Felix hat sech dëse Summer net vill Paus gegonnt, en hat nach bis wäit an den August era vill Aarbecht ronderëm den Dateschutz an der Justiz. E puer Deeg op der Belscher Plage huet en sech geholl, wéi et geschitt ass.

„Mir weist dat, datt Politik a Mandater an d’ Dréien am Hamsterrad net dat Wichtegst am Liewe sinn“

CK: Déi Foto, déi d’ Bibi, d’ Lisi an de Manu fir Chrëschtdag publizéiert hunn, huet all Mënsch gewisen, datt de Felix sech Dag fir Dag e klengt Stéck méi an d’ Liewen zeréck kämpft. Hien ass a 4 Méint schonn e wäite Wee gaang an huet nach eng Streck viru sech. Mir perséinlech weist dat, datt Politik a Mandater an d’ Dréien am Hamsterrad net dat Wichtegst am Liewe sinn.

DB: Dofir wënsche mir dem Felix a senger Famill, dofir wënsche mir Iech all an Äre Famillen fir 2020 eng gutt Gesondheet a vill Kraaft, Courage a géigesäiteg Ënnerstëtzung.

„Wien e politescht Mandat uvertraut krut, muss mat där Verantwortung virsiichteg an opmierksam ëmgoen“

CK: Kal erwëscht huet eis 2019 och den Hashtag #Gaardenhaischen, deen déif an d’ gréngt Selbstverständnis geschnidden huet. Wien e politescht Mandat uvertraut krut, dréit Verantwortung, net nëmme fir anerer, och fir sech selwer.

DB: Wien e politescht Mandat uvertraut krut, muss mat där Verantwortung virsiichteg an opmierksam ëmgoen. Sech selwer ëmmer erëm hannerfroen, an sech mat der Deontologie vun sengem Mandat ausernee setzen. Mir wëllen dëst Thema weider konkret uschwätzen, an eise Mandatairen Hëllefstellungen, Formatiounen an Austauschmeiglechkeeten heizou ubidden.

CK: Ech bleiwen iwwerzeegt, datt déi Déifferdenger Saachen e Feelverhalen vun enger eenzelner Persoun sinn. Déi Persoun huet hir Feeler jo och zouginn an déi politesch Konsequenze gezunn, an dat éiert se.

DB: Kmio, du hues virun engem Joer op dëser Plaz ganz keck annoncéiert, datt mir als gréng eis oder eisen 1.000ste Member an Laf vun 2019 begréisse kéinten. A wéi gesäit et domat aus?

„2013, virun der 1. grénger Regierungsbedeelegung ware mer zu 600; haut, 7 Joer méi spéit, ziele mer op eng Basis vun 1.000 engagéierte Fraën a Männer“

CK: Mission accomplie! Opscho mir jo net jidfereen ophuelen, deen uklappt, hu mer dës magesch Zuel grad erreecht. Mee ech géif se gär a Perspektiv setzen. 2013, virun der 1. grénger Regierungsbedeelegung ware mer zu 600; haut, 7 Joer méi spéit, ziele mer op eng Basis vun 1.000 engagéierte Fraën a Männer.

DB: Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Ech ginn dervun aus, datt dësen Zouwuess zwou Ursaachen huet: 1. déi gutt Aarbecht vun de grénge Mandatairen an de Gemengen, an der Chamber, am Europaparlament an an der Regierung. An 2. de Fait, datt déi gréng Themen ëmmer méi Zousproch an eiser Gesellschaft fannen, wat jo méi wei je noutwänneg ass, wann een den Zoustand vun eisem Planéit kuckt.

„2019 e super gréngt Joer“

CK: Déi gutt Aarbecht an deen Zousproch an der Bevölkerung si jo och gemooss ginn: 2013 bei den Nationalwahlen hate mer 10% vun de Stëmmen, 2014 bei der Europawahl 14%, bei de Gemengewalen 2017 13% vun alle Stëmme landeswäit, 2018 bei de Chamberwalen 15% an dat hu mer 2019 bei den Europawahlen nach emol op 19% gesteigert. Esou gesi war 2019 e super gréngt Joer.

DB: An dat ass och äre Mérite, dat ass ärem onermiddlechen Asaz am Wahltriathlon 17-18-19 ze verdanken. Dir sidd déi bescht Ambassadeure vun de gréngen Iddien. E grousse MERCI dofir. 

CK: Léif Kolleginnen a Kollegen,

Déi politesch Commentateuren déi behaapten, déi 2. Oplo vun der blo-rout-grénger Koalitioun hätt kee gemeinsame Projet, dee ire sech gewalteg. Wann déi Jonk op d’ Strooss ginn an eis froen: “Wat mat Dir fir de Klima ze schützen, wat mat Dir fir de Planéit fir eis an déi nächst Generatioune liewenswäert ze halen?”, dann huet dës Regierung Enn vum Joer eng kloer Äntwert ginn. Eng ambitiéis Äntwert, mat enger Reduktioun vu 55% CO2-Ausstouss. Eng couragéiert Äntwert, déi dem Verknaschte vun eiser Ëmwelt duerch CO2 e Präis gëtt.

„Eng ambitiéis Äntwert, mat enger Reduktioun vu 55% CO2-Ausstouss. Eng couragéiert Äntwert, déi dem Verknaschte vun eiser Ëmwelt duerch CO2 e Präis gëtt.“

DB: D’ Bepräisung vum CO2-Ausstouss ass iwweregens eng absolut sënnvoll a noutwenneg Mesure, déi net am Koalitiounsaccord stoung an elo awer kënnt. Hiert Aféieren, zesumme mat zum Beispill der zukënfteger Accisenerhéijung um Sprit, stelle sécher, dass Klima- an Ëmweltverschmotzung an Zukunft zu Lëtzebuerg net méi gratis sinn. An dat ass gutt esou.

„Et muss jo och gehandelt ginn, well mer d’ Extremer déi duerch d’ Klimaverännerung ausgeléist ginn, mussen an de Grëff kréien: Tornado, Iwwerschwemmungen an Drëscheperioden bei eis, während a Brasilien an Australien hallef Kontinenter a Flamen opginn.“

Et muss jo och gehandelt ginn, well mer d’ Extremer déi duerch d’ Klimaverännerung ausgeléist ginn, mussen an de Grëff kréien: Tornado, Iwwerschwemmungen an Drëscheperioden bei eis, während a Brasilien an Australien hallef Kontinenter a Flamen opginn.

CK: Déi blo-rout-gréng Koalitioun war emol ugetrueden, fir d’ Silosdenken tëscht de verschiddene Ministèren opzebriechen. A genee dat geschitt elo mam Klimaplang, well sektoriell Zieler, Verpflichtungen a Moossnamen agefouert ginn, sou datt sämtlech Ressorten Klimaschutz bedreiwen. Mee d’ Koalitioun bedreift net nëmmen eng kohärent Politik, se gëtt och de Leit konkret Hëllefstellungen.

„Nach ni gouf an eisem Land esou vill Geld investéiert fir villfälteg Infrastrukturen als Alternativ zum Auto ze schafen.“

DB: D’ Leit kréien Alternative gebueden: d’ Transitioun hin zu besserer Isolatioun a propperem Hëtze gi genee esou gefördert, wéi d’ Ëmklammen op Vëlo, E-Bike an Elektroauto. A 7 Woche gëtt d’ Benotze vum ëffentlechen Transport gratis. Zesumme mam Ausbau vum Tram, der Reorganisatioun vum Busréseau, de neie Quaien an der Stader Gare an der Verbesserung vun der Schinneninfrastruktur, fir nëmmen déi ze nennen, kréie mer dee Quantesprong an der Mobilitéit, deen eist Land brauch. Nach ni gouf an eisem Land esou vill Geld investéiert fir villfälteg Infrastrukturen als Alternativ zum Auto ze schafen.

„All Haushalt, mee awer virun allem déi Stéid mat am mannsten Akommes, profitéiere finanziell vum gratis ëffentlechen Transport. Dëst weist exemplaresch, wéi Klimapolitik gläichzäiteg Sozialpolitik ass.“

CK: De STATEC huet ausgerechent, datt all Haushalt, mee awer virun allem déi Stéid mat am mannsten Akommes, vum gratis ëffentlechen Transport finanziell profitéieren. Dëst weist exemplaresch, wéi Klimapolitik gläichzäiteg Sozialpolitik ka sinn.

An op deem Wee geet d’ Koalitioun konsequent weider: Leit mat nidderegen Akommes kréien déi finanziell Effetse vum CO2-Präis a vun den Accisenerhéijungen am Kader vun der am Moment intern diskutéierter Steierreform duerch e Steierkredit kompenséiert.

A propos Steierreform: och dee wichtegste Problem vun de meeschten Awunner vun dësem Land, d’ Immobiliepräisser, musse mer am Kader vun der Steierreform ugoen. Mir gréng schaffe jiddefalls drun, d’ Offer vu bezuelbarem Wunnraum spierbar z’ erhéijen.

DB: Kmio, wat ass dann däi perséinleche politesche Wonsch fir 2020?

CK: Ech wënsche mer, datt mer et fäerdeg bréngen, och 2020 déi néideg Jalonen ze setzen, fir datt dëst Land um Enn vun der Dekade, also 2030 en anert, e bessert ass.

„Ech gesinn 2030 e Produzéieren a Schaffen a Wunnen déi klimaneutral, jo zum Deel klimaförderlech sinn. Dofir musse mer haut déi richteg Weiche setzen, an do stellt sech dann automatesch d’ Fro vum Wuesstem an eisem Land.“

Ech denken, datt ënner gréngem Impuls scho vill an déi Richtung beweegt ginn ass. Gesellschaftspolitesch ganz sécher. Och mam Kulturentwécklongsplang si mer um gudde Wee. Ech sinn iwwerzeegt, datt mer dank den Investissementer an déi ëffentlech Infrastrukturen an an eng aner, klimaneutral Mobilitéit, eist Land 2030 e ganzt anert ass: eent wat manner Knascht a Kaméidi produzéiert; e Land dat de Mënsche Gesondheet a Liewensqualitéit bitt, duerch manner Plaz fir déi sëlleche SUVchen a vill méi Plaz fir Kannerkutsche, Rollstill, Foussgänger a Vëlo.

Ech gesinn 2030 eng Landwirtschaft déi d’ Bauersleit, d’ Konsumenten, d’ Déieren, de Buedem, d’ Waasser an de Klima respektéiert a mateneen an Aklang bréngt.

Ech gesinn 2030 e Produzéieren a Schaffen a Wunnen déi klimaneutral, jo zum Deel klimaförderlech sinn. Dofir musse mer haut déi richteg Weiche setzen, an do stellt sech dann automatesch d’ Fro vum Wuesstem an eisem Land. D’ Populisten hunn dozou, wéi op all komplizéiert Froen kuerz a knapp an einfach mee falsch Léisungen. Mir schaffe bei eis an der Partei an engem Aarbechtsgrupp op den Theme “Klima, Energie a Wuesstem” a jidder Member ass selbstverständlech nach wëllkomm.

A wat wënschs du dir da politesch fir 2020, Djuna?

„Ech wënsche mer eng aner Form vu politescher Ausernanersetzung, wou et net drëms geet, ween am haartste brëllt, oder ween déi polariséirendst Tweets a Posts mécht. Mäi Wonsch ass en Discours wou et net eleng drëm geet no de Feeler vun aneren ze sichen, mee eng Diskussioun iwwer Inhalter, reell Problemer a politesch Alternativen ze féieren.“

DB: Ech wënschen eis fir d’ neit Joer an d’ neit Joerzéngt en neie politeschen Discours zu Lëtzebuerg, an Europa, an an der Welt. Den internationalen Discours lieft vum Multilateralismus an dem Dialog – dësen Austausch musse mer besonnesch an dësen ugespaanten Zäite vu Verschäerfung an Oprüstung weiderhin heich halen an eis fir en Asetzen.

Heiheem, wënschen ech mer och eng aner Form vu politescher Ausernanersetzung, wou et net drëms geet, ween am haartste brëllt, oder ween déi polariséirendst Tweets a Posts mécht. Mäi Wonsch ass en Discours wou et net eleng drëm geet no de Feeler vun aneren ze sichen, mee eng Diskussioun iwwer Inhalter, reell Problemer a politesche Alternativen ze féieren.

Ech sinn an d’ Politik gaang, well ech eppes bewierken, verännere wëll. Grad am Joer 2020 ass et wichteg fir Courage an Engagement ze weisen. Fir opzestoen a sech anzesetzen: géint de dompfe Populismus, géint déi prinzipiell Demokratiefeindlechkeet, géint Haass an Angscht-Maacherei. Well dat ass net déi politesch Welt, an där ech well agéieren, zum Bessere veränneren a Jonker motivéiere fir deelzehuelen.

2020 soll debattéiert an gestridden ginn, et geet ëm vill, an der Welt an och heiheem. D’ Diskussiounskultur, d’ politesch Bildung an d’ sozio-kulturellt Engagement vun allen, dat sinn heibäi déi wichtegst Instrumenter. Merci.

CK: Merci. An d’ Diskussiounskultur fleege mer elo bei engem gemeinsame Patt.

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Kultur, Mobilität, Soziales | Kommentar hinterlassen

Budget 2020: Klimaschutz a Sozialpolitik ginn Hand an Hand

De Staatsbudget fir 2020 ass e breeden Astieg an de Klimaschutz. Sou si fir d’ nächst Joer 500 Milliounen Euro dofir virgesinn, eng Zomm déi regelméisseg bis op 660 Milliounen am Joer 2023 klëmmt.

„Och wann een Deel vum Invest muss iwwer Kredit muss finanzéiert ginn, sou ass dat an der Rei, well d’ Investitiounen an Infrastrukturen a Gebaier jo och nach an 10, 20, … 50 Joer genotzt ginn, also och vun eise Kanner an Enkelen.“

Generell ginn d’ Investissementer vun der aktueller Regierung ganz héich gehal, fir den Investitiounsdefizit vun de leschte Jorzéngten opzeschaffen. Och wann een Deel muss iwwer Kredit muss finanzéiert ginn, sou ass dat an der Rei, well d’ Investitiounen an Infrastrukturen a Gebaier jo och nach an 10, 20, … 50 Joer genotzt ginn, also och vun eise Kanner an Enkelen. Een Deel vun den Investitiounen an den Tram- a Schinneréseau, an d’ Elektromobilitéit an och an de massiven Ausbau vun den erneierbaren Energie gëtt iwwer e gréngen Emprunt finanzéiert. Dat ass niewebäi eng gutt Saach fir d’ Weiderentwécklung vun der Finanzplaz, déi esou hir Leaderfunktioun an der “Green Finance” ausbaue kann.

„Fir eis ass et eng Selbstverständlechkeet, datt wann d’ Accisen op Benzin, Diesel an Heizueleg aus Klimaschutzgrënn erop ginn, dës Hausse muss sozial begleet ginn. A mir mussen d’ Leit finanziell ënnerstëtzen fir aus de fossilen Energien erauszeklammen.“

Net nëmmen Invester an d’ Zukunft, mee och konkret Hëllefe fir d’ Famillen, d’ Mënsche mat enger Behënnerung, méi Sue fir den Enseignement an d’ Kultur an och vill nei Aarbechtsplaze beim Staat gehéieren zum Staatsbudget 2020. Dat weist, datt dat Soziaalt op kee Fall ze kuerz kënnt.

Fir eis ass et eng Selbstverständlechkeet, datt wann d’ Accisen op Benzin, Diesel an Heizueleg aus Klimaschutzgrënn erop ginn, dës Hausse muss sozial begleet ginn. A mir mussen d’ Leit finanziell ënnerstëtzen fir aus de fossilen Energien erauszeklammen. Dat maache mer zum Beispill mat de Subside vir Vëlo, Pedelec an Elektroauto, a mat deene fir d’ energetesch Renovatioun vun de Wunngebaier.

„Fir déi Stéit, déi sech keen Auto leeschte kënnen an nëmme mat Zuch, Bus an Tram ënnerwee sinn, ass d’ Erspuernis 390 Euro am Joer. Dat weist, datt de gratis ëffentlechen Transport net nëmmen eng Klimaschutz-Moossnahm mee och eng selektiv sozial Mesure ass.“

D’ Klimaschutzpolitik vun der 3er-Koalitioun ass d’ Geleeënheet fir eng méi gerecht Verdeelung vun de Steiergelder. D’ Suen déi iwwer d’ Erhéijung vun den Accisen era kommen, sollen an de Klimafong fléissen, an awer och der sozialer Offiederung déngen. Doduerch huele mer d’ Mënsche mat op de Wee a begleeden se finanziell an hirer ekologescher Transitioun.

An enger rezenter Étude huet de STATEC gewisen, datt zum Beispill de gratis ëffentlechen Transport, deen am Mäerz agefouert gëtt, eng sozial Moossnam ass. Während en duerchschnëttleche Stot just 20 Euro duerch méi Accisen um Sprit giff ausginn, géif e gläichzäiteg 80 Euro duerch de gratis ëffentlechen Transport spueren. A fir déi Stéit, déi sech keen Auto leeschte kënnen an nëmme mat Zuch, Bus an Tram ënnerwee sinn, ass d’ Erspuernis 390 Euro am Joer. Dat weist, datt de gratis ëffentlechen Transport net nëmmen eng Klimaschutz-Moossnahm mee och eng selektiv sozial Mesure ass.

„De Klimaschutz kann net waarden a mir mussen eis international Verpflichtungen anhalen, notamment de Paräiser Klimaaccord. Dofir kënnt nach virum Enn vun dësem Joer d’ Klimagesetz.“

De STATEC weist och op, datt do wou d’ Offer vum ëffentlechen Transport gutt ass, d’ Leit vill a gär drop zeréckgräifen. Deemno ginn déi geplangten Investissementer fir Vëlo, Bus, Tram an Zuch an déi richteg Richtung. Et ass nämlech esou, datt aktuell iwwer 60% vun eisen CO2-Emissiounen duerch eis Mobilitéit entstinn. Dofir ass et nëmmen normal, datt eise Staat 30 Milliounen Euro an den ëffentlechen Transport investéiert, a parallel de Präis vum CO2-Ausstouss muss an d’ Lut goen.

Heizou gëtt et keng Alternativ a keng Excusen. De Klimaschutz kann net waarden a mir mussen eis international Verpflichtungen anhalen, notamment de Paräiser Klimaaccord. Dofir kënnt nach virum Enn vun dësem Joer d’ Klimagesetz, dat den nationale Kader fixéiert an d’ Richtung vum konkrete Klimaschutz fir Lëtzebuerg definéiert.

Christian Kmiotek & Djuna Bernard 

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen

Weider mat der gudder Aarbecht !

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt eis Zwee zum Ofschloss vun dësem Kongress nach e puer Wierder.

Ech stinn zu 1.000 Prozent hannert deem, wat de François Bausch virdru gesot huet iwwer Moralitéit an eis moralesch Usprech.  An trotzdem muss ee “faire la part des choses”. De Kolleg Roberto Traversini huet vill geleescht: national, am Bezierk Süden an och zu Déifferdeng. Déifferdeng ass haut eng aner, méi inklusiv, méi liewenswäert Stad wéi virun der Era Traversini. De Roberto huet immens vill lassgekappt an ëmgesat: am Ëmweltberäich, am Sozialen, am Urbanisteschen, am Logement an an der Kultur. An d’ Christiane Rausch suergt derfir datt weider geschëppt gëtt.

Jo, de Roberto huet der komme gelooss, hien huet déi zouginn, en huet sech dofir entschëllegt an e steet dofir grued. Mäi grousse Respekt dofir. Nach méi grouss fannen ech, datt de Roberto och déi politesch Konsequenze gezunn huet an domat de Wee fräi gemeet huet, fir datt déi gréng Iddien weider ëmgesat kënne ginn.

Ech waarden elo just nach drop, datt déi Buurgermeeschteren an Député-Maires vun anere Parteien, déi an hirer Gemeng Ähnlecher komme gelooss hunn, och zerécktrieden.

„Fir wéi blöd hält d’ CSV d’ Land, wa se mat engem anscheinend “juristeschen” Avis, dee vu kengem Jurist ënnerschriwwen ass, versicht hir Fake-News ze stäipen?“

Kolleginnen a Kollegen,

Mech degoûtéiert déi Aart a Weis mat Dreck op de politesche Géigner ze geheien, an der Hoffnung, datt scho wäert eppes vum Knascht hänke bleiwen. D’ Carole Dieschbourg huet laang a breet an éierlech erkläert a mat Fakte bewisen, datt Fake-News dat si wat se sinn, ebe Fake a keng News. Wéi aarmséileg – mënschlech a politesch – sinn déi Personnagen, déi an hirer politescher Verzweiwlung och nach probéieren, d’ Famill mat eranzezéien?

A fir wéi blöd hält d’ CSV d’ Land, wa se mat engem anscheinend “juristeschen” Avis, dee vu kengem Jurist ënnerschriwwen ass, versicht hir Fake-News ze stäipen? An esou eppes hëlt dann och nach d’ Wuert “Rechtsstaat” an de Mond!

„D’ Klimakris, d’ Logementsproblematik, déi infrastrukturell Defiziter, d’ Ëmweltzerstéierung, … verschwannen net doduerch, datt d’ Oppositioun all 5 Minutte “Skandal” jäitzt, de Sall verléisst a léiwer de Mann oder d’ Fra rippt amplaz de Ball ze spillen.“

Léif Kolleginnen a Kollegen,

D’ Klimakris, d’ Logementsproblematik, déi infrastrukturell Defiziter, d’ Ëmweltzerstéierung, … verschwannen net doduerch, datt d’ Oppositioun all 5 Minutte “Skandal” jäitzt, de Sall verléisst a léiwer de Mann oder d’ Fra rippt amplaz de Ball ze spillen.

D’ Politik däerf sech net mat sech selwer beschäftegen, mee se muss am héieren Intérêt vun der Saach a vun de Mënsche schaffen. Ech ruffen d’ CSV dozou op, sech erem zeréckzebesënnen an hir Responsabilitéit fir d’ Land och an der Oppositioun z’ iwwerhuelen.

  • Fir datt mer, am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger, dem Land endlech eng modern Constitutioun kënne ginn;
  • fir datt mer konstruktiv am Interessi vun de Leit schaffen a mam neie Logementsminister un d’ Wunnéngsnout eru ginn;
  • fir datt mer an engem gemeinsamen Effort vu Majoritéit an Oppositioun en ambitiéise Klima- an Energieplang hikréien, deen et erméiglecht, eis Liewensgrondlagen intakt un eis Kanner an Enkelkanner weiderzeginn.

„Dëse Kongress huet gewise wéi staark mer sinn, grad a ganz schwéieren Zäiten. Haut sti mer méi gëeent, méi entschloss a méi kämpferech do, wéi mer et jee woren.“

Kolleginnen a Kollegen,

Mir gréng sinn an de leschte Wochen ellen duerchgerëselt ginn. Mee dëse Kongress huet gewise wéi staark mer sinn, grad a ganz schwéieren Zäiten. Haut sti mer méi gëeent, méi entschloss a méi kämpferech do, wéi mer et jee woren.

Déi enorm Erausfuerderunge vun eiser Zäit sinn do. A mir gréng kruten duerch eis excellent Resultater bei de Chamber- a bei den Europawalen den Optrag, déi behäerzt unzegoen. Genee dat maache mer: an der Gemeng, an der Chamber, an der Regierung. Weider mat der gudder Aarbecht!

Christian Kmiotek & Djuna Bernard

(ausseruerdentleche Kongress déi gréng 3. Oktober 2019)
Veröffentlicht unter Allgemein | Kommentar hinterlassen

Felix Braz, den Asaz géint d’ Ongerechtegkeet, d’ Antriede fir Toleranz a Weltoppenheet, dat sinn deng grouss Themen

Léiwe Felix,

als alleréischt emol eng gutt Besserung.

Ech stinn hei viru bal dräihonnert Memberen um grénge Kongress a stelle mer vir, dass du de Livestream kucks. Wann net elo, dann iergendwann hoffentlech an enger noer Zukunft.

Felix,

All deng gréng Kolleginnen a Kollegen a ganz vill aner Leit drécken där d’ Daumen, datt et mat där séier biergop geet. Du bass e Kämpfer, an am Moment kämpfs de fir deng Gesondheet, fir erëm op d’ Been ze kommen.

Ufanks vum Summer souze mer bei mär doheem zesummen op der Terrass an hu vun de fréieren Zäiten am Escher Jongelycée geschwat. Schonn do hues de gekämpft: géint d’ Ongerechtegkeet vu vereenzelte Proffen, dech agesat, net fir dech, mee fir deng Matschüler.

„Wien Ongerechtegkeet net erdroe kann, wie sech joerzéngtelaang fir Toleranz asetzt, deen huet e kloert Zil virun Aen: de Mateneen, den Zesummenhalt, d’ Eenegkeet.“

Den Asaz géint d’ Ongerechtegkeet, d’ Antriede fir Toleranz a Weltoppenheet, dat sinn eigentlech deng grouss Themen. Kee Wonner, well du schwätz jo Lëtzebuergesch an 8 verschiddene Sproochen. An et ass och kee Wonner, dass de vun de lusophonen a vun de portugiseschstämmege Communautéite grouss an Éier gehale gëss, bis hin zu Reportagen op der portugisescher Telé.

Wien Ongerechtegkeet net erdroe kann, wie sech joerzéngtelaang fir Toleranz asetzt, deen huet e kloert Zil virun Aen: de Mateneen, den Zesummenhalt, d’ Eenegkeet.

Felix,

Du hues gekämpft fir d’ Eenheet vun dëser Partei. Aus 2 bis 3 zerstriddene Grippercher hues du matgehollef, eis Partei dohin ze bréngen wou se haut ass: eeneg, stuark wéi nach ni an dowéinst elo vu ganz ville Géigner ëmginn.

Du hues gekämpft fir déi fortschrëttlech Dräierkoalitioun a fir hir Fortsetzung. An deene leschte 6 Joer hues du hannert de Kulissen d’ Fiedem zesummegehal. Ech erënnere mech un d’ Stonnen nom Referendum vun 2015. Do hues du gestane Männer perséinlech a politesch gestäipt. An e Joer drop en inklusivt Nationalitéitsgesetz am Konsens vun déi Lénk bis CSV duerchgesat.

„Du bass e verbassene Kämpfer, elo kämpfs du fir deng Gesondheet“

Léiwe Felix,

An e puer Deeg geess du aus där Regierung eraus, an där – a fir déi – s’ du esouvill gekämpft an erreecht hues. Ëm all Formulatioun, ëm all Nuance vun der politescher Positioun hues du mam Géigner, mam Koalitiounspartner an och mam Parteifrënd gekämpft. Duerch däin Asaz, duerch däi politesche Kampf am Alldag krute mir gréng mat eise Partner bis ewell schonn esouvill ëmgesat.

Dofir soe mär där e ganz grousse Merci.

Felix, du bass e verbassene Kämpfer. Elo kämpfs du op engem aneren Terrain, du kämpfs elo fir deng Gesondheet. Dofir brauchs du all deng Energie, a mär loossen där an denger Famill déi néideg Zäit fir dat erfollegräich ze maachen.

En attendant, schécke mär där eng Kuart, déi all Memberen während dem Kongress ënnerschreiwen. Op eiser Kuart steet dat heiten:

Léiwe Felix,

Mir wënschen dir vill Kraaft, fir dass du erëm geschwënn op d’ Bee kenns.

Deng gréng Frëndinnen a Frënn

(ausseruerdentleche Kongress déi gréng 3. Oktober 2019)
Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

De Kampf géint d’ Klimakris ass och eng Fro vu Gerechtegkeet

Déi Millioune jonk Leit weltwäit déi sech fir d’ Bekämpfe vun der rasanter Klimaverännerung asetzen, an och déi zeg Dausende Jonker hei zu Lëtzebuerg si ganz kloer: et ass ongerecht, wann d’ Generatioune vun hiren Elteren a Grousselteren d’ Ressource vun eisem Planéit egoistesch nëmme fir sech notzen an den nächste Generatiounen just nach eng verbrannt Äerd hannerloossen.

Effektiv ass et och zudéifst ongerecht, wa mir hei zu Lëtzebuerg esou liewen, wéi wa mer op d’ mannst siwe Planéiten zur Verfügung hätten. Dat heescht nämlech, datt a villen anere Länner op der Welt ganz vill Mënschen an Aarmut an ouni Perspektive vegetéieren, fir datt mir ons eise Floribus leeschte kënnen.

„An als eent vun de räichste Länner vun der Welt si mir och capabel, de néidegen Ëmbau vun eisen Haiser, vun eiser Mobilitéit, vun eiser Landwiertschaft an och vun eise Gewunnechten hin ze kréien.“

Als eent vun de Länner, dat par rapport zu senger Fläch, zu sengen Awunner an zu sengen Aarbechtsplazen am meeschte Ressource  verbraucht an am meeschten zur Klimakris bäidréit, ass et eis Pflicht konsequent an ambitiéis Politiken ze bedreiwen, fir eisen Deel zum weltwäiten Effort géint d’ Klimakris ze leeschten. An als eent vun de räichsten – a bis elo ëmmer flexibelste – Länner vun der Welt si mir och capabel, de néidegen Ëmbau vun eisen Haiser, vun eiser Mobilitéit, vun eiser Landwiertschaft an och vun eise Gewunnechten hin ze kréien. Ausserdeem kënne mir eis déi bluttnoutwenneg Investissementer och leeschten, well mer am Géigesaz zu villen anere Länner nach Spillraum an eisem Staatsbudget hunn.

„Wann de Mazout méi deier gëtt, mussen d’ Leit vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn, fir hir Haiser z’ isoléieren an hir Uelegheizung duerch eng klimafrëndlech Alternativ z’ ersetzen.“

Mir wëssen et all: och wa mer eent vun de räichste Länner vun der Welt sinn, da gëtt et dach zu Lëtzebuerg Aarmut a Leit déi de Risiko lafen, an d’ Aarmut of ze rëtschen. Deemno stellt sech och an eise nationale Politike géint d’ Klimaverännerung d’ Fro vun der Gerechtegkeet. An Zäite wou duerch déi noutwenneg Besteierung vum CO2-Ausstouss de Benzin an den Diesel méi deier ginn, ass déi gerecht Äntwert a sënnvoll Alternativ de gratis ëffentlechen Transport, den Ausbau vu Bunn an Tram an eng besser Offer um Busréseau. Wann och de Mazout méi deier gëtt, mussen d’ Leit vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn, fir hir Haiser z’ isoléieren an hir Uelegheizung duerch eng klimafrëndlech Alternativ z’ ersetzen.

Déi Leit, déi et fir néideg fannen mat engem Auto ze fueren, deen onmoosseg CO2 an d’ Atmosphär bléist – Stéchwuert SUV – solle vill méi héich besteiert ginn. Dës Steieren ginn dofir benotzt, déi douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport auszebauen an deene Leit Primen ze ginn, déi op déi klimaneutral Elektromobilitéit ëmklammen.

„Klimaschutz ass ondenkbar, ouni d’ Komponent vun der sozialer Gerechtegkeet.“

Iwwregens: Fir e Grappvoll Euro op Destinatioune fléien wou och den Zuch fiert, ass kee Mënscherecht, wéi e puer Leit mengen, mee eng Sauerei géint de Klima awer och géint dat schlecht bezuelte Personal vun de Bëlleg-Flug-Linnen. Och hei musse Klimaschutz a sozial Gerechtegkeet Hand an Hand goen. An d’ Zuchverbindunge mussen ausgebaut ginn an och erëm Nuetszich tëscht den europäesche Groussstied rullen.

Mir gréng trieden zanter Jorzéngte konsequent fir de Klimaschutz an, dat ass gewosst. Mee Klimaschutz ass fir eis ondenkbar, ouni d’ Komponent vun der sozialer Gerechtegkeet. Mir mussen eis Gesellschaft ëmbauen fir datt mer klimaneutral liewe kënnen. Well awer grouss Verännerungen och ëmmer sozial Verwerfunge kënne mat sech zéien, ass et absolut noutwenneg, all Klimaschutz-Moossnamen och ëmmer mat soziale Mesuren ze begleeden. Esou packe mir all zesummen déi Transformatioun, déi elo kënnt.

De Kampf géint d’ Klimakris ass kloer och eng Fro vu Gerechtegkeet.

Christian Kmiotek & Djuna Bernard

Veröffentlicht unter Ökologie, Gesellschaft, Soziales, Tribune libre | Kommentar hinterlassen