Grondrecht op Kultur vs. Grondrecht op Gesondheet

Eng Reaktioun op dem Serge Tonnar säin oppene Bréif vum 15.12.2021
un de Staatsrot, d’ Regierung an d’ Chamber

(heidrënner verlinkt)

Léiwe Serge, du ale Frënd an alen Hummer,

Du hues deslescht an engem oppene Bréif behaapt, mat den 2G-Mesure vun der Chamber am Fräizäitberäich, also entweder Corona-geimpft oder erëm gesond, géif eis d’ Grondrecht op Kultur ewech geholl. Ech gesinn dat guer net esou.

Du kanns als Net-Geimpften weider un dengem Aquarell molen, e Gedicht schreiwen oder der e gudde Krimi eranzéien. Du kanns als Net-Geimpften nach ëmmer e Film eleng oder an der Famill kucken, ebe just net am Kino. Du kanns als Net-Geimpften nach ëmmer den Neijooschconcert op der Tëlee kucken, oder e Pianosrécital am Livestream oder eng Heavy-Metal-Band digital genéissen, just eben net am Atelier oder an der Rockhal. Wat domat ze dinn huet, datt déi Net-Geimpft vill méi virulent sinn – am richtege Sënn vum Wuert a wëssenschaftlech bewisen – wéi déi di duerch eng Impfung geschützt sinn. Mee den Zougang zur Kultur bleift, wéi gesot, bestoen. An den Zougang zum Kino, Theater a Concertssall och, fir déi di sech un déi Reegelen halen, déi d’ Gesondheet vun eis alleguer schützen.

Well wann ech och generell net vill dervun halen, Grondrechter ze hierarchiséieren, sou muss ech dat awer hei maachen, andeems ech op d’ Sozialwëssenschafte verweisen. Allgemeng bekannt ass dem Maslow seng Bedürfnispyramid. Un der Basis vun der Pyramid sinn déi physiologesch Bedierfnisser (Erhale vum Liewen), dono kommen déi no Sécherheet (ënner anerem gesond bleiwen). Sinn dës béid Niveaue méi oder manner erfëllt, da kommen déi sozial Bedierfnisser, zu deenen och d’ Kultur zielt.

PNG by Philipp Guttmann, SVG by Jüppsche – http://de.wikipedia.org/wiki/Datei:Maslowsche_Bed%C3%BCrfnispyramide.png

Léiwe Serge, ech widderspriechen der och, well ech Angscht hunn, datt deng Aussoen de kloerrosenen Impfgéigner an d’ Kaarte spillen. Dobäi ass et jo awer esou, datt déi Aschränkunge fir am grousse Grupp Kultur ze genéissen net gemaach goufe fir d’ Leit vun der Kultur ewechzehalen. Se goufe vun enger demokratesch gewielter Institutioun decidéiert, well an engem Trapp mat enger Partie Net-Geimpften déi grouss Gefor besteet, datt de Virus weidergi gëtt, an aus dem Trapp eraus nach weider an ëmmer erëm weider gedroe gëtt.

Weess de, Serge, wann d’ Rockhal aus Sécherheetsgrënn just 1.000 Leit eraloossen däerf, an du bass ze spéit ugewiescht mat denger Reservatioun, da kënns de och net méi eran. Wéi gesot, aus Sécherheetsgrënn, fir dech an all déi aner ze schützen.

Allez, alen Hummer, bis hoffentlech geschwënn am Theater oder am Concert oder soss anzwousch.

Léif Gréiss vum Kmio.

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Kultur veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu Grondrecht op Kultur vs. Grondrecht op Gesondheet

  1. Serge Tonnar schreibt:

    Léiwe Kmio, grad sou ale Frënd, an nach méi alen Hummer,

    Ech si scho bal schockéiert, dass e frëndlechen Diskussiounstoun hei iwwerhaapt nach méiglech ass. Merci dofir, an et mécht mer Freed, wa Leit sech mat mengen Iwwerleeunge beschäftegen a sech hir eege Gedanken dozou maachen. Sou sollt et ëmmer sinn, iergendwéi si mir bei eis awer ni d’Championen vun enger „Sträitkultur“ gewiescht, an an dësen Zäite schénge mer se ganz verléiert ze hunn.
    Ech ginn Der och Recht, op de meeschte Punkten, ech preziséiere just gär eppes Grondleeëndes. Ech hunn net behaapt, d’Grondrecht op Kultur géif eis ganz ewechgeholl ginn, vill méi, et géif amputéiert ginn. Ma dat wichtegst Uleies vu mengem Bréif, an do weess ech, dass mer eis eens sinn, ass fir nach emol ëffentlech a formell drop hinzeweisen, dass d’Kultur an den Accès zur Kultur e grondleeënd Rechter sinn, an d’Kultur alles ausmécht, wat mir als Gesellschaft duerstellen. Souguer dem Maslow seng Pyramid ass e Produkt dovunner. Mat allem Respekt virun de sanitäre Prioritéiten, déi ech deelen a verstinn, muss et och nach Leit ginn, déi un déi mënschlech Prioritéiten denken, well verschiddener, noutgedrongen, op d’Säit gestallt oder souguer an den Eck gedréckt ginn. Dat sinn Noutléisungen, un déi mer eis net gewinne sollten. D’Definitioun vun deem wat Essentiell ass, a wat net, muss och ëmmer nees a Fro gestallt ginn, a wann hei an engem Text alles wat Fräizäit ass als net weesentlech betruecht gëtt, da muss ee sech froen, wat nach iwwereg bleift. Schaffe goen. A konsuméieren. Vill Ongesondes bleift andeems essentiell, wéi Tubak an Alkohol, eng Illustratioun vun eiser inherenter Hypokrisie.
    D’Gefor, dass een de kloerrosenen Impfgéigner an d’Kaarte spillt, krut ech ewell méi wéi eemol ze héieren, an zwar ëmmer op engem kloerrosenen Toun (net wéi hei), mat villen onerhéierten Ënnerstellungen. Ech fannen et geféierlech, humanistesch Bedenke fir sech ze behalen, an all kritesch Iwwerleeungen z’ënnerdrécken, nëmme well et net an déi offiziell Richtlinne passt. Dës Form vun Zensur a Selbstzensur spillt ebe grad den Extreemisten a Populisten an d’Kaarten, well si de Monopol vun der Kritik behalen, an esou ëmmer méi Zoulaf kréien, och vu moderéierte Bierger.
    An jo, et muss ee sech och froen däerfen, ob net manner diskriminatoresch Moossnamen méiglech gewiescht wären, well den 2G ass och sanitär ënnert Spezialisten net onëmstridden. Déi Geimpft beweege sech an enger falscher Sécherheet, an déi Ongeimpft ginn nach manner getest a mir verléieren nach méi den Iwwerbléck vun der Entwécklung vum Virus. Et mécht mech och traureg, wéi déi Ongeimpft an der Ëffentlechkeet als Sënnebock mussen hierhalen, an all an een Dëppe gehäit ginn, wou dach déi unerkanntste Virologen soen: Et gëtt keng Pandemie vun den Ongeimpften. De sanitäre Feind ass a bleift de Virus. den humanitäre Feind ass manner kloer z’identifizéieren, och do ginn et vill Varianten a Mutatiounen, an och do brauch et Stëmmen, déi net just am Schwaarz a Wäiss (oder geimpft an net geimpft) denken.

    All Gutts vun Dengem alen Hummer, dem Serge 🙂

  2. Cory Ander schreibt:

    „an och do brauch et Stëmmen, déi net just am Schwaarz a Wäiss (oder geimpft an net geimpft) denken.“
    Nee, fir dee Blödsinn ass lo wierklech keng Zait mei. Et huet een jo am RTL Kloertext gesin, waat fir eng Zaitgenossen fir daat do eng Plattform sichen. Dat ze vertrieden, ass deenen Leit eng Legitimatioun gin. Ofgesin dovun, dass een sech sou mat hinnen solidariseiert. An domadder geet ët lo definitv duer!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s