Léiwe Felix,
als alleréischt emol eng gutt Besserung.
Ech stinn hei viru bal dräihonnert Memberen um grénge Kongress a stelle mer vir, dass du de Livestream kucks. Wann net elo, dann iergendwann hoffentlech an enger noer Zukunft.
Felix,
All deng gréng Kolleginnen a Kollegen a ganz vill aner Leit drécken där d’ Daumen, datt et mat där séier biergop geet. Du bass e Kämpfer, an am Moment kämpfs de fir deng Gesondheet, fir erëm op d’ Been ze kommen.
Ufanks vum Summer souze mer bei mär doheem zesummen op der Terrass an hu vun de fréieren Zäiten am Escher Jongelycée geschwat. Schonn do hues de gekämpft: géint d’ Ongerechtegkeet vu vereenzelte Proffen, dech agesat, net fir dech, mee fir deng Matschüler.
„Wien Ongerechtegkeet net erdroe kann, wie sech joerzéngtelaang fir Toleranz asetzt, deen huet e kloert Zil virun Aen: de Mateneen, den Zesummenhalt, d’ Eenegkeet.“
Den Asaz géint d’ Ongerechtegkeet, d’ Antriede fir Toleranz a Weltoppenheet, dat sinn eigentlech deng grouss Themen. Kee Wonner, well du schwätz jo Lëtzebuergesch an 8 verschiddene Sproochen. An et ass och kee Wonner, dass de vun de lusophonen a vun de portugiseschstämmege Communautéite grouss an Éier gehale gëss, bis hin zu Reportagen op der portugisescher Telé.
Wien Ongerechtegkeet net erdroe kann, wie sech joerzéngtelaang fir Toleranz asetzt, deen huet e kloert Zil virun Aen: de Mateneen, den Zesummenhalt, d’ Eenegkeet.
Felix,
Du hues gekämpft fir d’ Eenheet vun dëser Partei. Aus 2 bis 3 zerstriddene Grippercher hues du matgehollef, eis Partei dohin ze bréngen wou se haut ass: eeneg, stuark wéi nach ni an dowéinst elo vu ganz ville Géigner ëmginn.
Du hues gekämpft fir déi fortschrëttlech Dräierkoalitioun a fir hir Fortsetzung. An deene leschte 6 Joer hues du hannert de Kulissen d’ Fiedem zesummegehal. Ech erënnere mech un d’ Stonnen nom Referendum vun 2015. Do hues du gestane Männer perséinlech a politesch gestäipt. An e Joer drop en inklusivt Nationalitéitsgesetz am Konsens vun déi Lénk bis CSV duerchgesat.
„Du bass e verbassene Kämpfer, elo kämpfs du fir deng Gesondheet“
Léiwe Felix,
An e puer Deeg geess du aus där Regierung eraus, an där – a fir déi – s’ du esouvill gekämpft an erreecht hues. Ëm all Formulatioun, ëm all Nuance vun der politescher Positioun hues du mam Géigner, mam Koalitiounspartner an och mam Parteifrënd gekämpft. Duerch däin Asaz, duerch däi politesche Kampf am Alldag krute mir gréng mat eise Partner bis ewell schonn esouvill ëmgesat.
Dofir soe mär där e ganz grousse Merci.
Felix, du bass e verbassene Kämpfer. Elo kämpfs du op engem aneren Terrain, du kämpfs elo fir deng Gesondheet. Dofir brauchs du all deng Energie, a mär loossen där an denger Famill déi néideg Zäit fir dat erfollegräich ze maachen.
En attendant, schécke mär där eng Kuart, déi all Memberen während dem Kongress ënnerschreiwen. Op eiser Kuart steet dat heiten:
Léiwe Felix,
Mir wënschen dir vill Kraaft, fir dass du erëm geschwënn op d’ Bee kenns.
Deng gréng Frëndinnen a Frënn
Schéin ausgdréckt.
Schéi Wieder fir ee wäertvolle Mënsch a seng Leeschtung ze honnoréieren.
Merci Iech an dem Här Braz dat Bescht.