Zäit fir déi Jonk

Meng lescht politesch Tribune libre op RTL Radio & 100Komma7 (16/3/2020)

Zanter 7 Joer hutt Dir mech méi oder manner regelméisseg op dëser Antenn héieren, wann ech als President vun déi gréng, eis Iddien mat Iech gedeelt hunn. Ech ginn elo mäi Presidenteposten of, well ech fannen, datt et un der Zäit ass, der jonker Generatioun Plaz ze maachen, fir datt déi mat frëschem Élan an innovativen Iddien ka politesch Verantwortung iwwerhuelen.

Déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit betreffe jo grad déi Jonk, sief et d’ Schoul an d’ Ausbildung, d’ Kannerbetreiung an d’ Vereenbarkeet vu Famill a Beruffsliewen, dat bezuelbart Wunnen an alles, wat mat eisem zukünftege Wuelbefannen zesummenhänkt.

„Wann d’ Welt brennt, kann een net weidermaache wéi wann näischt wär!“

An dann natierlech d’ Klimakris. Déi Jonk sinn déi éischt Generatioun, déi d’ Verännerunge vum Klima ze spiere kritt, a gläichzäiteg déi lescht, déi nach eppes dogéint ënnerhuele kann. Déi Dausende jonk Mënschen déi weltwäit fir effektive Klimaschutz demonstréieren, weisen op d’ Urgence beim Klima hin, net nëmme fir hier Generatioun, mee och fir déi di dono kommen, an alle Länner vun der Welt.

„Mir däerfen eis awer näischt virmaachen, Klimaschutz kann net d’ sozial Problemer léisen, déi musse mer getrennt ugoen“

Wann d’ Welt brennt, kann een net weidermaache wéi wann näischt wär! Dofir huet och Lëtzebuerg sech, am Kader vum Paräiser Klimaaccord an am Zesummespill mat der Europäescher Unioun, en ambitiéise Klima- an Energieplang ginn. Mir gi fort vun der Mazouts- a Gasheizung hin zu gutt isoléierten Haiser, an d’ Regierung wäert dat Ëmschalte finanziell ënnerstëtzen. Genee esou gëtt et och cibléiert Primen beim Ëmklamme vun Diesel a Benzin op méi propper Fortbewegungsmëttel.

Et ass fir Stéit mat manner Akommes natierlech finanziell méi schwiereg, wéi fir gutt situéiert Famillen, de Wee vum klimaschiedlechen hin zu engem klimaneutrale Wunnen a Fueren ze meeschteren. Dofir suergt déi blo-rout-gréng Koalitioun net nëmme mat gezielte Subsiden fir en Ausgläich. Och an der Steierreform wäerten déi Leit mat manner Akommes – an dozou zielen och, awer net nëmmen déi Jonk – gezielt iwwer e spezielle Crédit d’ impôt finanziell Kompensatioune kréien.

Mir däerfen eis awer näischt virmaachen, Klimaschutz kann net d’ sozial Problemer léisen, déi musse mer getrennt ugoen, wéi zum Beispill déi héich Wunnengspräisser mat gezilte steierleche Moossnamen a mat méi bezuelbare Wunnengen an ëffentlecher Hand.

„Och wann ech an Zukunft net méi an der éischter Rei stinn, setzen ech mech weider fir Ëmwelt- a Klimaschutz an, well déi jo am Endeffekt Mënscheschutz sinn.“

Als President vun de Gréngen an de vergaangene siwe Joer mécht  et mer Freed, datt eis Politik ëmmer méi Zousproch bei de Wielerinnen a Wieler fonnt huet, speziell bei deene Jonken. Wa mir gréng 2013 10% vun de Stëmme verbuche konnten, da waren dat der schonn 19% am Joer 2019.

Ech sinn houfreg, datt ech konnt vun 2013 bis 2020, eng vun de Stëmme vum gréngen Asaz fir méi Liewensqualitéit sinn. Och wann ech an Zukunft net méi an der éischter Rei stinn, setzen ech mech weider fir Ëmwelt- a Klimaschutz an, well déi jo am Endeffekt Mënscheschutz sinn.

Fir déi gréng seet Äddi, de Christian Kmiotek

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s