Weider mat der gudder Aarbecht !

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt eis Zwee zum Ofschloss vun dësem Kongress nach e puer Wierder.

Ech stinn zu 1.000 Prozent hannert deem, wat de François Bausch virdru gesot huet iwwer Moralitéit an eis moralesch Usprech.  An trotzdem muss ee “faire la part des choses”. De Kolleg Roberto Traversini huet vill geleescht: national, am Bezierk Süden an och zu Déifferdeng. Déifferdeng ass haut eng aner, méi inklusiv, méi liewenswäert Stad wéi virun der Era Traversini. De Roberto huet immens vill lassgekappt an ëmgesat: am Ëmweltberäich, am Sozialen, am Urbanisteschen, am Logement an an der Kultur. An d’ Christiane Rausch suergt derfir datt weider geschëppt gëtt.

Jo, de Roberto huet der komme gelooss, hien huet déi zouginn, en huet sech dofir entschëllegt an e steet dofir grued. Mäi grousse Respekt dofir. Nach méi grouss fannen ech, datt de Roberto och déi politesch Konsequenze gezunn huet an domat de Wee fräi gemeet huet, fir datt déi gréng Iddien weider ëmgesat kënne ginn.

Ech waarden elo just nach drop, datt déi Buurgermeeschteren an Député-Maires vun anere Parteien, déi an hirer Gemeng Ähnlecher komme gelooss hunn, och zerécktrieden.

„Fir wéi blöd hält d’ CSV d’ Land, wa se mat engem anscheinend “juristeschen” Avis, dee vu kengem Jurist ënnerschriwwen ass, versicht hir Fake-News ze stäipen?“

Kolleginnen a Kollegen,

Mech degoûtéiert déi Aart a Weis mat Dreck op de politesche Géigner ze geheien, an der Hoffnung, datt scho wäert eppes vum Knascht hänke bleiwen. D’ Carole Dieschbourg huet laang a breet an éierlech erkläert a mat Fakte bewisen, datt Fake-News dat si wat se sinn, ebe Fake a keng News. Wéi aarmséileg – mënschlech a politesch – sinn déi Personnagen, déi an hirer politescher Verzweiwlung och nach probéieren, d’ Famill mat eranzezéien?

A fir wéi blöd hält d’ CSV d’ Land, wa se mat engem anscheinend “juristeschen” Avis, dee vu kengem Jurist ënnerschriwwen ass, versicht hir Fake-News ze stäipen? An esou eppes hëlt dann och nach d’ Wuert “Rechtsstaat” an de Mond!

„D’ Klimakris, d’ Logementsproblematik, déi infrastrukturell Defiziter, d’ Ëmweltzerstéierung, … verschwannen net doduerch, datt d’ Oppositioun all 5 Minutte “Skandal” jäitzt, de Sall verléisst a léiwer de Mann oder d’ Fra rippt amplaz de Ball ze spillen.“

Léif Kolleginnen a Kollegen,

D’ Klimakris, d’ Logementsproblematik, déi infrastrukturell Defiziter, d’ Ëmweltzerstéierung, … verschwannen net doduerch, datt d’ Oppositioun all 5 Minutte “Skandal” jäitzt, de Sall verléisst a léiwer de Mann oder d’ Fra rippt amplaz de Ball ze spillen.

D’ Politik däerf sech net mat sech selwer beschäftegen, mee se muss am héieren Intérêt vun der Saach a vun de Mënsche schaffen. Ech ruffen d’ CSV dozou op, sech erem zeréckzebesënnen an hir Responsabilitéit fir d’ Land och an der Oppositioun z’ iwwerhuelen.

  • Fir datt mer, am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger, dem Land endlech eng modern Constitutioun kënne ginn;
  • fir datt mer konstruktiv am Interessi vun de Leit schaffen a mam neie Logementsminister un d’ Wunnéngsnout eru ginn;
  • fir datt mer an engem gemeinsamen Effort vu Majoritéit an Oppositioun en ambitiéise Klima- an Energieplang hikréien, deen et erméiglecht, eis Liewensgrondlagen intakt un eis Kanner an Enkelkanner weiderzeginn.

„Dëse Kongress huet gewise wéi staark mer sinn, grad a ganz schwéieren Zäiten. Haut sti mer méi gëeent, méi entschloss a méi kämpferech do, wéi mer et jee woren.“

Kolleginnen a Kollegen,

Mir gréng sinn an de leschte Wochen ellen duerchgerëselt ginn. Mee dëse Kongress huet gewise wéi staark mer sinn, grad a ganz schwéieren Zäiten. Haut sti mer méi gëeent, méi entschloss a méi kämpferech do, wéi mer et jee woren.

Déi enorm Erausfuerderunge vun eiser Zäit sinn do. A mir gréng kruten duerch eis excellent Resultater bei de Chamber- a bei den Europawalen den Optrag, déi behäerzt unzegoen. Genee dat maache mer: an der Gemeng, an der Chamber, an der Regierung. Weider mat der gudder Aarbecht!

Christian Kmiotek & Djuna Bernard

(ausseruerdentleche Kongress déi gréng 3. Oktober 2019)
Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar