De Kampf géint d’ Klimakris ass och eng Fro vu Gerechtegkeet

Déi Millioune jonk Leit weltwäit déi sech fir d’ Bekämpfe vun der rasanter Klimaverännerung asetzen, an och déi zeg Dausende Jonker hei zu Lëtzebuerg si ganz kloer: et ass ongerecht, wann d’ Generatioune vun hiren Elteren a Grousselteren d’ Ressource vun eisem Planéit egoistesch nëmme fir sech notzen an den nächste Generatiounen just nach eng verbrannt Äerd hannerloossen.

Effektiv ass et och zudéifst ongerecht, wa mir hei zu Lëtzebuerg esou liewen, wéi wa mer op d’ mannst siwe Planéiten zur Verfügung hätten. Dat heescht nämlech, datt a villen anere Länner op der Welt ganz vill Mënschen an Aarmut an ouni Perspektive vegetéieren, fir datt mir ons eise Floribus leeschte kënnen.

„An als eent vun de räichste Länner vun der Welt si mir och capabel, de néidegen Ëmbau vun eisen Haiser, vun eiser Mobilitéit, vun eiser Landwiertschaft an och vun eise Gewunnechten hin ze kréien.“

Als eent vun de Länner, dat par rapport zu senger Fläch, zu sengen Awunner an zu sengen Aarbechtsplazen am meeschte Ressource  verbraucht an am meeschten zur Klimakris bäidréit, ass et eis Pflicht konsequent an ambitiéis Politiken ze bedreiwen, fir eisen Deel zum weltwäiten Effort géint d’ Klimakris ze leeschten. An als eent vun de räichsten – a bis elo ëmmer flexibelste – Länner vun der Welt si mir och capabel, de néidegen Ëmbau vun eisen Haiser, vun eiser Mobilitéit, vun eiser Landwiertschaft an och vun eise Gewunnechten hin ze kréien. Ausserdeem kënne mir eis déi bluttnoutwenneg Investissementer och leeschten, well mer am Géigesaz zu villen anere Länner nach Spillraum an eisem Staatsbudget hunn.

„Wann de Mazout méi deier gëtt, mussen d’ Leit vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn, fir hir Haiser z’ isoléieren an hir Uelegheizung duerch eng klimafrëndlech Alternativ z’ ersetzen.“

Mir wëssen et all: och wa mer eent vun de räichste Länner vun der Welt sinn, da gëtt et dach zu Lëtzebuerg Aarmut a Leit déi de Risiko lafen, an d’ Aarmut of ze rëtschen. Deemno stellt sech och an eise nationale Politike géint d’ Klimaverännerung d’ Fro vun der Gerechtegkeet. An Zäite wou duerch déi noutwenneg Besteierung vum CO2-Ausstouss de Benzin an den Diesel méi deier ginn, ass déi gerecht Äntwert a sënnvoll Alternativ de gratis ëffentlechen Transport, den Ausbau vu Bunn an Tram an eng besser Offer um Busréseau. Wann och de Mazout méi deier gëtt, mussen d’ Leit vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn, fir hir Haiser z’ isoléieren an hir Uelegheizung duerch eng klimafrëndlech Alternativ z’ ersetzen.

Déi Leit, déi et fir néideg fannen mat engem Auto ze fueren, deen onmoosseg CO2 an d’ Atmosphär bléist – Stéchwuert SUV – solle vill méi héich besteiert ginn. Dës Steieren ginn dofir benotzt, déi douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport auszebauen an deene Leit Primen ze ginn, déi op déi klimaneutral Elektromobilitéit ëmklammen.

„Klimaschutz ass ondenkbar, ouni d’ Komponent vun der sozialer Gerechtegkeet.“

Iwwregens: Fir e Grappvoll Euro op Destinatioune fléien wou och den Zuch fiert, ass kee Mënscherecht, wéi e puer Leit mengen, mee eng Sauerei géint de Klima awer och géint dat schlecht bezuelte Personal vun de Bëlleg-Flug-Linnen. Och hei musse Klimaschutz a sozial Gerechtegkeet Hand an Hand goen. An d’ Zuchverbindunge mussen ausgebaut ginn an och erëm Nuetszich tëscht den europäesche Groussstied rullen.

Mir gréng trieden zanter Jorzéngte konsequent fir de Klimaschutz an, dat ass gewosst. Mee Klimaschutz ass fir eis ondenkbar, ouni d’ Komponent vun der sozialer Gerechtegkeet. Mir mussen eis Gesellschaft ëmbauen fir datt mer klimaneutral liewe kënnen. Well awer grouss Verännerungen och ëmmer sozial Verwerfunge kënne mat sech zéien, ass et absolut noutwenneg, all Klimaschutz-Moossnamen och ëmmer mat soziale Mesuren ze begleeden. Esou packe mir all zesummen déi Transformatioun, déi elo kënnt.

De Kampf géint d’ Klimakris ass kloer och eng Fro vu Gerechtegkeet.

Christian Kmiotek & Djuna Bernard

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Gesellschaft, Soziales, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s