D‘ Zukunft ass gréng

D’ Zukunft baséiert dodrop, watfireng politesch Weiche mer haut stellen. An eiser komplizéierter, vernetzter Welt brauche mer éierlech a couragéis Entscheedungen. An et ass wichteg, datt mer als Politik net hannert de Problemer lafen, mee mir mussen déi néideg Entscheedunge schonn am Virfeld huelen, fir d’ Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze meeschteren. Doru schaffe mir Gréng.

„Eis Generatioun ass déi éischt, déi de Klimawandel ze spiere kritt a gläichzäiteg déi lescht, déi d’ Steier erëmräisse kann.“

D’ Welt ass a Beweegung wéi scho laang net méi: et gëtt iwwer méiglech Kricher geschwat; d’ UNO seet, datt musse séier a radikal Moossname géint d’ Klimaverännerung ënnerholl ginn, an déi Jonk ginn op d’ Strooss a maachen Drock an där Saach. Se hu vollkomme recht, well et geet ëm hir Zukunft. Eis Generatioun ass déi éischt, déi de Klimawandel ze spiere kritt a gläichzäiteg déi lescht, déi d’ Steier erëmräisse kann.

De Verloscht vun der Déieren- a Planzevielfalt, d’ Klimakris – déi och zu Kricher a Flüchtlinge féiert–, de Kampf géint déi sozial Ongerechtegkeeten – hei a soss op der Welt, och duerch d’ Klimaverännerungen – , all dat si Schlësselfroe vun eiser Zäit. Déi Erausfuerderunge sinn ze wichteg, fir se eleng de Wirtschaftsinteressen z’ iwwerloossen. A se sinn ze grouss fir se just als déi privat Verantwortung vu jidder Eenzelen unzegesinn. Nëmmen an engem kollektiven Effort packe mer dës global Challengen.

„Wa mer zesummen déi nei Rahmebedingunge vun eiser Gesellschaft festleeën, dann ass deen neie Kader de Raum an deem och nach aner Fräiheete fir jidderee vun eis méiglech ginn.“

Dat heescht fir gréng Politik, mee och fir d’ Politik am Allgemengen, datt se muss hir Verantwortung iwwerhuelen an e kloere gesetzleche Kader schafen, deen et erlaabt d’ Erausfuerderunge vun haut a vu muer ze meeschteren. Iwwerall do wou mir gréng an der Verantwortung sinn, schaffe mir dorunner, zesumme mat de Leit.

„Schliisslech si Klimaschutz an Ëmweltschutz jo am Endeffekt Mënscheschutz.“

Vill Leit hunn Angscht, datt um Enn nëmme Verzicht a Verbuet fir si erauskommen, mee de Géigendeel ass de Fall. Wa mer zesummen déi nei Rahmebedingunge vun eiser Gesellschaft festleeën, dann ass deen neie Kader de Raum an deem och nach aner Fräiheete fir jidderee vun eis méiglech ginn. Dee neie Kader – an den USA schwätzen se vum “Green New Deal” – bréngt eis och weider duerch gesellschaftlech an technologesch Innovatiounen. Mir däerfen net fäerten, mee mir solle Courage hunn an eis mat aller Kraaft géint d’ Ursaache vum Klimawandel a fir d’ Erhale vun eiser Ëmwelt asetzen. Schliisslech si Klimaschutz an Ëmweltschutz jo am Endeffekt Mënscheschutz.

Als gréng verbidde mir net, mee mir schafe besser Alternative fir d’ Leit. Dozou gëtt et och vill konkret Beispiller, wéi:

  • An Zukunft e performanten ëffentlechen Transport ze hunn, als Alternativ zum Stau.
  • Op eng Landwiertschaft setzen, déi Bauer, Buedem, Mënsch an Déier respektéiert.
  • Och ouni Plastik op näischt verzichten ze mussen.
  • Erneierbar Energie selwer produzéieren, amplaz de Stroum aus Kuel, Gas oder Atom deier anzekafen.

Mir gréng hunn de Mutt, dat alles an nach méi zesumme mat de Leit ëmzesetzen. Dofir ass d’ Zukunft gréng.

Djuna Bernard & Christian Kmiotek

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre | Kommentar hinterlassen

No der Europawal

Den Europawalkampf ass geschloen an de Stëpps huet sech getässelt. Wat soten eis d’ Wielerinnen a Wieler a wéi gi mir domat ëm?

„Wann dës Europawalen Schicksalswale waren, da well besonnesch déi jonk Leit hiert Schicksal selwer an d’ Hand geholl hunn.“

Déi gutt Nouvelle ass, datt déi rietspopulistesch an anti-europäesch Kräften zwar a verschidde Länner en erschreckende Score gemeet hunn, d’ Politik vun Europa kënne se awer an deenen nächste 5 Joer net bestëmmen. Grad konsequent pro-europäesch Parteie wéi mir gréng goufe gestäerkt.

Wann dës Europawalen Schicksalswale waren, wéi vill Journalisten am Virfeld geschriwwen haten, da waren s’ et, well besonnesch déi jonk Leit hiert Schicksal selwer an d’ Hand geholl hunn, massiv wiele gaang sinn a ganz vill gréng gewielt hunn. Se hunn dat gemeet, well se sech bewosst sinn, datt et ëm hir Zukunft geet. Déi Jonk, déi zu zeg Dausenden op d’ Strooss gaange woren, si sech bewosst, datt nëmmen am europäeschen Zesummespill erfollegräich géint d’ Klimakris kann agéiert ginn.

Deemno krute mir gréng vill Vertraue vun de Jonken. Kee Wonner, well mir sti wéi keng aner Partei zënter Jorzéngten op der Säit vun Ëmwelt a Klima a schützen domat och de Mënsch. Eise super Score – heiheem an an den Nopeschlänner – wor awer nëmme méiglech, well och vill Elteren a Grousselteren iwwerzeegt sinn, datt de Klima muss déi éischt politesch Prioritéit sinn.

„D’ Europawal ass eng Bestätegung vun den ambitiéise Klimaziler déi Lëtzebuerg sech ginn huet.“

Dëse Wieleroptrag motivéiert eis enorm. Datt déi gréng Fraktioun am Europaparlament vu 50 op elo 70 Leit gewuess ass, erlaabt eis en nach méi konsequent Schaffen.

T’ lescht Woch war ech a Kontakt mat ville Presidentinnen a Presidente vun aneren europäesche Gréngen a mir sinn eis eens: mir maachen net mat beim Pokeren ëm Posten. Eis interesséieren d’ Inhalter vun der zukënfteger europäescher Politik.

Wéi kréie mer déi multinational Konzerner derzou endlech Steieren ze bezuelen, do wou se hir Sue verdéngen? Wéi kréie mer d’ Bunn genee esou attraktiv wéi de Fliger? Wéi komme mer esou séier wéi méiglech an eng Économie ouni Kuel, Pëtrol, Gas an Atom? Wéi schafe mer en Europa dat solidaresch ass mat de Mënschen an de méi aarme Länner? Dat si wichteg Theme fir déi nächst 5 Joer.

An dann nach eng lescht Iwwerleeung: wa bei der Europawal vun 2014 e Mëssfale géint déi deemools ongewinnten Dräierkoalitioun ausgedréckt gouf, da stellen ech fest, datt 2019 d’ Wielerinnen a Wieler – nach méi wéi schonn am Oktober 2018 – déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun gestäerkt hunn.

D’ Europawal 2019 ass also eng Bestätegung vun den ambitiéise Klimaziler déi Lëtzebuerg sech ginn huet. Se ass eng Ënnerstëtzung fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport a vun den erneierbaren Energien. Se ënnermauert déi gréng Efforten beim Waasser-, Natur- a Klimaschutz. A se confirméiert eis, datt et richteg ass, de Glyphosat ze verbidden an d’ Bio-Landwiertschaft ze pushen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Europa, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen

Nei engagéiere fir eis Zukunft

„Mir gréng sinn déi eenzeg Partei-Neigrënnung vun deene leschte 50 Joer, déi sech duerchsetze konnt, well mir gréng sinn esouwuel kommunal, wéi national, wéi och europäesch fest implantéiert!“ Wéi ech dësen houfrege Saz leschte Summer op eiser 35-Joer-Feier vu mer ginn hunn, konnt ech mer mol net am Dram virstellen, wéi erfollegräich mer véier Méint drop wären.

„Lëtzebuerg wollt méi där gudder grénger Politik“

Am Oktober 2018 konnte mir gréng bei de Chamberwalen eng spektakulär Progressioun a Prozenter an a Sëtz verbuchen. D’ Wielerinnen a Wieler wollten e Weiderféiere vun der blo-rout-grénger Koalitioun. Virun allem awer wollten d’ Leit eng Stäerkung vun de gréngen Iddien, vun der grénger Method a vun de grénge Wäerter. Lëtzebuerg wollt méi där gudder grénger Politik, déi eis éischt Regierungsbedeelegung tëscht 2013 an 2018 ausgezeechent hat.

Mir kruten de 14. Oktober vun de Wielerinnen a Wieler net nëmmen de Kontrakt verlängert, mee mir kruten en erweiderten Optrag fir déi nächst 5 Joer: mir schaffen elo och a Beräicher, wou een eis bis ewell net erwaart hätt, wéi d’ Police an d’ Arméi. All gréng Verantwortlechkeete si wichteg Aufgaben, déi den Alldag vun all Mënsch direkt beréieren a mir schaffen a Beräicher mat besonnesch groussen Erausfuerderungen. Et geet ënner anerem ëm d’ harmonescht Zesummeliewen, eng aner Mobilitéit,  d’ Wunne fir jiddereen, d’ Energiepolitik vun der Zukunft an de kompromësslose Klimaschutz.

„Ech sinn houfreg, datt zu Lëtzebuerg iwwer zéngdausend jonk Mënschen op d’ Strooss gaange sinn, well se déi global Zesummenhäng verstanen hunn, déi vill vun hiren Elteren a Grousseltere leegnen oder verdrängen“

Gréng Kolleginnen a Kollegen,

Dir wësst jo nach, wéivill Leit an deene leschten 3 Jorzéngten iwwer eis gréng Visiounen de Kapp gerëselt a gelaacht hunn? Abee, et sinn der ewell vill, vill manner. E puer sinn der nach iwwereg, an dat sinn déi, déi immens iwwerhieflech oder esouguer aggressiv ginn, wann eng 16-jähreg schwedesch Schülerin hinnen op de Kapp zou seet, datt se versot hunn an datt se amgaang sinn, der nächster Generatioun hir Perspektiven ze ruinéieren.

Ech sinn houfreg, datt gëscht zu Lëtzebuerg wäit iwwer zéngdausend jonk Mënschen op d’ Strooss gaange sinn, well se déi global Zesummenhäng verstanen hunn, déi vill vun hiren Elteren a Grousseltere leegnen oder verdrängen. Et erfëllt mech mat grousser Hoffnung, datt weltwäit Millioune Jonker opstinn a fir eis all – op der Basis vu  wëssenschaftlechen Erkenntnisser – en anere Liewensmodell fuerderen, ee vu globaler Gerechtegkeet, een deen d’ Grenze vun eisem Planéit mat abezitt.

D’ Geschicht wäert et weisen, mee ech sinn iwwerzeegt, datt “Youth for Climate” eise Liewensstil genee esou déifgräifend a positiv verännere wäert, wéi dat virun engem halwe Jorhonnert “Mee 68” gemaach huet.

Kolleginnen a Kollegen,

Déi global Erausfuerderungen an déi europäesch an national Hausaufgaben déi sech doraus erginn, sinn ze packen. Besonnesch, well eis 5 Ministeren, eis 9 Deputéiert an eis – am Moment – eng Europaparlamentarierin dat selwecht Rezept asetzen, mat deem mer an de leschte 5 Joer esou erfollegräich waren: schaffe, schaffen an nach emol schaffen – onopgereegt a kompetent.

Mir Gréng sinn d’ Zukunftspartei zanter 35 Joer! An eis gestalteresch Aarbecht un der Zukunft vu Lëtzebuerg geet och an de nächste 5 Joer mat elo nach méi Réckewand weider. Well mer eist Land gär hunn.

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Fir de 26. Mee ass de Finish vun der 3. Kompetitioun am Waltriathlon 2017, 2018, 2019 ugesat. Elo grad si mer jo scho mat ganz vill Schwong op déi lescht Ligne droite gaangen. An ech fannen et richteg, datt mer och hei – genee wéi bei de Gemengen- a bei de Chamberwalen – vill jonk Kandidatinnen a Kandidaten opgestallt hunn. Schliesslech geet et – och an Europa – ëm hir Zukunft.

„D’ europäesch Eenheet gëtt eis an der globaliséierter Welt eng Stäerkt, déi kee Land eleng, a scho guer net Lëtzebuerg huet“

Ech sinn iwwerzeegt, datt dee ganze politesche Kuddelmuddel ronderëm de BREXIT – a mir wësse jo nach guer net wat fir ee Chaos eventuell nach reell entsteet – ganz ville Leit an Europa d’ Aen opgemaach huet, iwwer d’ Virdeeler vun der Europäescher Unioun. Sécher: d’ EU ass net perfekt, mee wéilt Dir op d’ Virdeeler vum ongehënnerte Reesen an op d’ Einfachheet vum Euro verzichten? Ech net. Net ze vergiessen, datt d’ europäesch Eenheet eis an der globaliséierter Welt eng Stäerkt gëtt, déi kee Land eleng, a scho guer net Lëtzebuerg huet.

„Mir si konsequent pro-europäesch, mee mir stinn a fir en anert Europa, net dat vun de Lobbyisten a Konzerner, mee fir e soziaalt Europa“

Zur Imperfektioun vun der EU gehéiert och, datt déi aktuell Europäesch Kommissioun zevill op neoliberal Rezepter setzt an den Industrie-Lobbyisten nogëtt. Dat erkenne mer zum Beispill wann et ëm d’ Suite vum Dieselskandal geet oder ëm d’ Festleeë vu verbindleche globale Klimaziler. Et ass deemno wichteg, dat d’ Leit sech am Mee en Europaparlament ginn, dat aner Prioritéite setzt.

Mir gréng si konsequent pro-europäesch. Mee mir stinn a fir en anert Europa, net dat vun de Lobbyisten a Konzerner, mee fir e soziaalt Europa dat op d’ Bedierfnisser vun de Mënschen ageet. Dofir engagéiere mir gréng eis op en Neits mat aller Kraaft fir Europa.

Well mer eist Land an Europa gär hunn.

Veröffentlicht unter Ökologie, Europa, Gesellschaft, Soziales | Kommentar hinterlassen

Firwat ech nawell gär Äre Presi bleiwe wéilt

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Wann ech mech engagéieren, da mat Leif a Séil a mat vollem Asaz. Dat hunn ech ëmmer esou gehal a maachen et och nach, sief et als Trésorier vun der TheaterFederatioun, als Vizepresident vun der Kulturfabrik oder als President vun der Fondatioun Kannerschlass. Mäi politeschen Engagement ass – genee wéi bei Iech och – déi logesch Fortsetzung vun eisem laangjäregen Engagement an der Zivilgesellschaft.

Ech denken, datt ech an der Kulturszeen an am soziale Secteur nach ka mathëllefen, d’ Saachen a Bewegung ze halen. A genee esou sinn ech iwwerzeegt, datt ech och weiderhin als Äre President vun eiser Partei meng Energie kann asetzen, fir eis Uleie weiderzedreiwen; Uleies a Causen, déi net nëmmen déi vun eise Wielerinnen a Wieler sinn, mee déi vun alle Leit.

Léif Frëndinnen a Frënn, firwat froen ech Iech fir e weidert Mandat? Ech nennen Iech 3 gutt Grënn.

Eischtens emol, well ech an aller Bescheidenheet mengen, datt ech an deene leschte 6 Joer keng schlecht Aarbecht geleescht hunn. Et war sécher net alles perfekt, well do wou gehuwwelt gëtt, do fale Spéin. A wann een en e bësse méi Ongehuwwelte wéi mech huet, da falen ebe méi graff Spéin. Ech entschëllege mech bei deenen, déi et getraff huet. Wéi awer elo am Gesamte meng Aarbecht inhaltlech ze  bewäerten ass, dat musst Dir entscheeden!

Zweetens. Eis Partei ass méi grouss ginn: méi Ministere mat méi Ressorten, méi Deputéiert mat méi Verantwortungsberäicher, a parallel dozou eng méi breet Parteibasis. Dat ass flott a gläichzäiteg och en Challenge. Et ass d’ Aufgab vun de Co-Presidente vun der Partei, fir den Zesummenhalt ze suergen an d’ Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Niveauen z’ assuréieren. Mir hunn dat déi lescht 5 Joer während der éischter grénger Regierungsbedeelegung all zesumme ganz gutt hi kritt an eise Walsuccès vum leschten Oktober konnt ënner anerem dorop opbauen.

Déi intern Kommunikatioun tëscht Regierungsmemberen, Chamberfraktioun, Staatsrot, Comité exécutif, jonk gréng, Genderrot, Lokalsektiounen, Bezierker, Regionalen, Aarbechtsgruppen an all eenzele Member ze fërderen, déi Aufgab wëll ech weiderféieren. Doduerch, datt mer elo 5 Leit an der Regierung an 9 Deputéiert mat méi Mataarbechterinnen hunn, riskéiert natiirlech de Clivage tëscht deenen, déi fulltime politesch schaffen an deenen déi hire politeschen Asaz an engem anerwäerts gutt gefëllte 24-Stonnen-Dag mussen ënnerbréngen, méi grouss ze ginn. Ech kennen dee Phenomen aus mengem kulturellen, sozialen a kommunalen Asaz an e mécht mer keng Angscht, well ech weess wéi een deem entgéint wierke kann: andeems an all Richtungen an an alle Konstellatioune intern matenee geschwat, diskutéiert an ausgetosch gëtt.

Eis Partei huet e wonnerbart Instrument heifir: de COP, eise Parteitrot. De Format vum COP erlaabt den Austausch Partei-Fraktioun-Regierung mat allen interesséierte Memberen. Hei kënne mer ongezwongen an an der Déift spezifesch Theme kontrovers an zilorientéiert diskutéieren a beschaffen. Mir hunn de COP intensiv déi lescht 5 Joer op enger Hällewull vun Theme genotzt, bis hin zu Ministere vun enger anerer Parteifuerf, mat deene mir eis koalitiounsintern ausgetosch hunn. Dat huet zum Zesummenhalt vun der 3er-Koalitioun, zur parteiinterner Cohésioun a schlussendlech zu engem positive Bild vun eiser Partei an der Ëffentlechkeet bäigedroen. Mir hunn et nämlech fäerdeg bruecht, och bei komplexen an emotional schwieregen Themen, duerch dee strukturéierten Dialog parteiintern gëeent ze bleiwen. An dowéinst wëll ech de Format COP onbedéngt weider intensiv an der Parteiaarbecht asetzen.

Drëttens. Nom Wahltriathlon deen Enn Mee op en Enn geet, ass et wichteg, eis erëm ëm d’ Parteiliewen ze këmmeren. Endlech erëm an enger Duebelspëtzt mat enger Co-Presidentin funktionéieren ze kënnen, dorops freeën ech mech . Ënner anerem mussen de GT Communes, de grénge Gemengerotsgrupp an de frësch geschafenen Aarbechtsgrupp Santé nei un d’ Rulle kommen.

An déi bescht Virbereedung op d’ Superwaljoer 2023 mat de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober ass et, d’ Aarbecht an de Lokalsektiounen ze stäerken. En plus mussen déi vill nei Memberen onbedéngt agebonne ginn. Donieft wëll ech och, dass mer déi Themen, déi eis Grénge wichteg sinn, no vir bréngen. Esou kënne mer zum Beispill duerch ëffentlech Konferenzen eis Iddie weiderbréngen a gläichzäiteg eise grénge Profil an der Ëffentlechkeet schäerfen.

Voilà, ech hunn den Tour gemeet. Ech wëll Iech awer nach en allerlescht Argument ginn, firwat ech nawell gär Äre Presi bleiwe wéilt.

Kolleginnen a Kollegen, Eis Partei ass déi bescht vun der Welt!

Bon, okay, … ech muss elo éierlech zouginn datt ech – am Géigesaz zu aneren – nach keng aner Partei ausprobéiert hunn. Mee wann ech mer den Zoustand vu gewëssen anere Parteien och nëmme vu baussen ukucken, da muss et stëmmen. A well ech eis Partei aus dem Effeff vu banne kennen, wär et fir mech eng Éier, nach emol fir 2 Joer den Optrag ze kréien, dës wonnerbar Partei – zesumme mam Djuna – no bannen ze féieren an no baussen ze representéieren.

Ech hunn iwweregens och e Slogan: Du wëlls en? – Da wiel en!

Veröffentlicht unter Allgemein | Kommentar hinterlassen

Lëtzebuerg 2018 – Europa 2019

Wann ech international op d’ Joer 2018 zeréckkucken, dann hunn ech d’ Gefill, datt d’ Egoismen, d’ Partikularinteressen an d’ Nationalismen an der Welt an an Europa zouhuelen. Domatter gëtt versicht, Gesellschaften, Gemeinschaften a Mënschen auserneen ze dividéieren.

*De 14. Oktober krute mir vun de Wielerinnen a Wieler de Kontrakt verlängert  a mir kruten en neien, erweiderten Optrag fir déi nächst 5 Joer.“

Eise gréngen Asaz an Europa an zu Lëtzebuerg huet als Zil, genee dat ze verhënneren an am Géigendeel de Mateneen ze förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handelen ze setzen. Mat deenen Iwwerzeegunge si mir 2018 an d’ Chamberwale gezunn. De 14. Oktober krute mir vun de Wielerinnen a Wieler de Kontrakt verlängert  a mir kruten en neien, erweiderten Optrag fir déi nächst 5 Joer: mir schaffen elo och a Beräicher, wou een eis Gréng bis ewell net erwaart hätt, wéi d’ Police an d’ Arméi.

All gréng Verantwortlechkeete si wichteg Aufgaben, déi den Alldag vun all Mënsch direkt beréieren. A mir schaffen a Beräicher mat besonnesch groussen Erausfuerderungen, wéi d’ Wunnen, d’ Mobilitéit, d’ Energiepolitik an de Klimaschutz. Mir Gréng sinn eis bewosst, datt mer liwwere mussen. Dat mécht eis bescheiden an et gëtt eis Kraaft. Mir si prett fir déi nei Aufgaben, well mir gräifen op eng breet kommunal Erfahrung zeréck a mir kruten eis Iddien am Koalitiounsaccord verankert.

D’ Koalitiounsofkommes vu Blo-Rout-Gréng fir déi nächst 5 Joer ass en ambitiéise Plang fir e gerecht an nohaltegt Lëtzebuerg. Et geet drëm, fir d’ Allgemengwuel ze schaffen, méi Gerechtegkeet ze schafen an déi ekologesch Erausfuerderunge vum Land ze meeschteren.

„Ech denken, datt dee ganze politesche Kuddelmuddel ronderëm de BREXIT – a mir wësse jo nach guer net wat fir ee Chaos eventuell nach reell entsteet – ganz ville Leit an Europa d’ Aen opgemeet huet, iwwer d’ Virdeeler vun der Europäescher Unioun.“

2019 ass erëm e Waljoer, déi Kéier fir dat europäescht Parlament.

Ech denken, datt dee ganze politesche Kuddelmuddel ronderëm de BREXIT – a mir wësse jo nach guer net wat fir ee Chaos eventuell nach reell entsteet – ganz ville Leit an Europa d’ Aen opgemeet huet, iwwer d’ Virdeeler vun der Europäescher Unioun. Sécher: d’ EU ass net perfekt, mee wéilt Dir op d’ Virdeeler vum ongehënnerte Reesen an op d’ Einfachheet vum Euro verzichten? Ech net. Net ze vergiessen, datt d’ europäesch Eenheet eis an der globaliséierter Welt eng Stäerkt gëtt, déi kee Land eleng, a scho guer net Lëtzebuerg huet.

Zur Imperfektioun vun der EU gehéiert och, datt déi aktuell Europäesch Kommissioun zevill op neoliberal Rezepter setzt an den Industrie-Lobbyisten nogëtt. Dat erkenne mer zum Beispill wann et ëm d’ Suite vum Dieselskandal geet oder ëm d’ Festleeë vu verbindleche globale Klimaziler.

„Mir gréng setzen eis a fir ambitiéis europawäit Normen, déi de Schutz vu Mënsch, Déier, Natur a Klima garantéieren.“

Et ass deemno wichteg, dat d’ Leit sech am Mee en Europaparlament ginn, dat aner Prioritéite setzt. Mir gréng si konsequent pro-europäesch. Mee mir stinn a fir en anert Europa, net dat vun de Lobbyisten a Konzerner, mee fir en Europa dat op d’ Bedierfnisser vun de Mënschen ageet. Mir setzen eis a fir eng gemeinsam Sozialpolitik. Mir kämpfe fir eng europäesch Agrarpolitik, déi d’ Konsumenten an d’ Déiere schützt, déi d’ Ëmwelt an de Klima respektéiert, déi de Baueren eng Perspektiv gëtt an d’ Biolandwirtschaft no vir bréngt. Mir gréng setzen eis a fir ambitiéis europawäit Normen, déi de Schutz vu Mënsch, Déier, Natur a Klima garantéieren.

Veröffentlicht unter Ökologie, Europa, Mobilität, Soziales, Tribune libre | Kommentar hinterlassen

De Mateneen förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handele setzen ! – Meng gréng Neijoersried 2019

Léif Kolleginnen a Kollegen, Léif Gäscht,

Dëst ass déi éischte Kéier, datt déi gréng op e “Pot du Président” invitéieren, dee jo bei anere Parteie eng laang Traditioun huet. Mee et ass wuel och déi leschte Kéier, well eis Partei gëtt sech um Kongress am Mäerz selbstverständlech och erëm eng Presidentin. Fir datt mer trotzdem wéi gewinnt duerch dësen Owend kommen, maachen ech haut de Réckbléck an den nationalen Ausbléck; dono behandelt eis gréng Europa-Deputéiert Tilly Metz den europäesche Volet, well eisen nächste Rendezvous mat de Wielerinnen a Wieler ass jo d’ Europawal am Mee.

„Ech gesi Mënschen, déi sech engagéieren: fir aner Mënschen, fir d’ Allgemengwuel, fir de Klima, fir den Zesummenhalt, fir Europa. An dat mécht mer grousseg Freed a ganz vill Hoffnung.“

Léif Frëndinnen a Frënn,

No de Feierdeeg – déi ech dës Kéier besonnesch relax ugaange sinn, well ech nach vill Schlof aus dem leschte Joer nozehuelen hat – hunn ech mech gefrot, wéi dann d’ Joer 2018 am internationale Réckbléck ze qualifizéiere wär?

Fir mech stoung 2018 international am Zeeche vum Egoismus.

Deen Egoismus weist sech net nëmmen ënner der Form vu verschiddenen Egomanen, déi un der Spëtzt vun nawell net de klengste Länner stinn, an Ost a West, a Nord a Süd. Deen Egoismus hëlt och politesch Formen un: da gi Partikularinteressen iwwer d’ Allgemengwuel gestallt, zum Beispill am Lobbyismus ze erkennen wann et ëm d’ Suite vum Dieselskandal geet oder ëm d’ Konterkaréiere vu verbindleche globale Klimaziler. Ganz schlëmm Forme vu politeschem Egoismus weise sech als Nationalismus, Friemefeindlechkeet an Auslännerhaass. All d’ Ugrëff, leider och vun europäesche Regierungen a Regierungsparteien, op de Rechtsstaat an op d’ Mënscherechter schockéiere mech zudéifst.

Mee do wou Schied ass, do muss och Luucht sinn. Ech gesi vill Luucht. Ech gesi Mënschen, déi sech engagéieren: fir aner Mënschen, fir d’ Allgemengwuel, fir de Klima, fir den Zesummenhalt, fir Europa. An dat mécht mer grousseg Freed a ganz vill Hoffnung.

„Als europäesch Gréng engagéiere mir eis net nëmme fir eis gemeinsam Wäerter an Ziler, déi gréng Bewegung ass och iwwerall konsequent pro-europäesch, och a Groussbritannien.“

Mutt maachen eis Gréngen och d’ Walresultater vun eisen europäesche Frëndinnen a Frënn. Sou déi gutt Resultater bei de Gemengewalen an Holland an an der Belsche. An déi excellent Scorë vun den däitsche Gréngen a Bayern an an Hessen. An och eis franséisch Frënn schneide bei de rezenten Ëmfroe gutt of, trotz oder vläit esouguer wéinst der Demissioun vum Nicolas Hulot an dem Phänomen vun de “gilets jaunes”.

Als europäesch Gréng engagéiere mir eis net nëmme fir eis gemeinsam Wäerter an Ziler, déi gréng Bewegung ass och iwwerall konsequent pro-europäesch, och a Groussbritannien. Well et nieft dem Nationalismus an allen europäesche Länner och eng staark pro-europäesch Géigebewegung an der Zivilgesellschaft gëtt, sinn ech optimistesch, datt d’ Wale vum Mee déi gréng Fraktioun am Europaparlament stäerke wäerten. Gläich méi dozou vum Tilly.

Erlaabt mer nach e kuerzt Wuert zum Engagement vun de Biergerinnen a Bierger. Och hei zu Lëtzebuerg engagéiere sech vill Leit net nëmmen an der Zivilgesellschaft, mee och politesch, dat ass op alle Fall dat wat ech als Parteipresident erliewen. Mir gréng ware virun 10 Joer zu ronn 500, ech ginn dervun aus, datt mer am Laf vun 2019 den Dausendste Member oder Memberin kënnen an eis Reien ophuelen. Léif Frënn, och dat mécht mer grousse Mutt.

A propos Engagement: De 16. Mäerz ass net nëmmen eisen Europakongress, mee wéi all 2 Joer ginn och eis sämtlech Gremie nei besat. Ech maachen en Opruff un Iech all, ze kandidéieren, Iech z’ engagéieren an esou parteiintern matzegestalten. A selbstverständlech sidd Dir all wëllkomm fir um Europaprogramm matzeschaffen.

Léif Vertriederinnen a Vertrieder vun de Medien,

Ech hu mat Interessi verfollegt, wat Dir als Lëtzebuerger Highlights vum Joer 2018 Äre Lieserinnen, Nolauschterer an Nokuckerte presentéiert hutt. An ech leien do op Ärer Linn. D’ Réckerënnerung un den trageschen a vill ze fréien Doud vun eisem Frënd Camille Gira am Mee schneid all Kéiers jidder Gréngem déif an d’ Häerz.

Während e puer Woche war eis Partei gelähmt. Mee mir hunn eis opgerappt an am Camille sengem Sënn e Walkampf gefouert, esou intensiv a motivéiert wéi nach ni. All Respekt fir Iech: Membere, Lokalsektioune, Mataarbechterinnen a Mataarbechter, politesch Mandatären op allen Niveauen; Dir hutt e Programm zesummegesat an eng Campagne gefouert, déi d’Wielerinnen a Wieler iwwerzeegt hunn. E grousse Merci dofir.

„Eise gréngen Asaz an Europa an zu Lëtzebuerg huet als Zil, de Mateneen ze förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handelen ze setzen.“

Am Oktober dann, Freedendänz a Resultater wéi nach ni: 50% Plus an de Stëmmen, vun 10 op 15%; 50% Plus u Sëtzer, vu 6 op 9. Déi logesch Suite dovunner koum am Dezember: eng a Prozenter gestäerkte Majoritéit leet en ambitiéise Plang fir e gerecht an nohaltegt Lëtzebuerg vir, e 5-Jores-Plang, deen op all Säit déi gréng Handschrëft dréit, e Koalitiounsaccord, deen Dir, léif Kolleginnen a Kollegen, eestëmmeg zu Ärem gemeet hutt.

Léif Frëndinnen a Frënn,

Heiansdo hu mir d’ Gefill, d’ Egoismen, d’ Partikularinteressen an d’ Nationalismen an der Welt an an Europa géifen zouhuelen. Domatter gëtt versicht, Gesellschaften, Gemeinschaften a Mënschen auserneen ze dividéieren. Eise gréngen Asaz an Europa an zu Lëtzebuerg huet als Zil, genee dat ze verhënneren an am Géigendeel de Mateneen ze förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handelen ze setzen.

Dat ass eis mam Koalitiounsofkommes gelongen. Et geet am gemeinsame Plang vun der Dräierkoalitioun bis 2023 drëms, fir d’ Allgemengwuel ze schaffen, méi Gerechtegkeet ze schafen an déi ekologesch Erausfuerderungen ze meeschteren. Mir maachen dat ënner anerem duerch eng méi gerecht Besteierung vun Aarbecht, Kapital a Ressourceverbrauch, duerch eng volontaristesch Sozialpolitik, duerch Inclusioun a Biergerbedeelegung an andeems mer och d’ Bedierfnisser vun den zukënftege Generatiounen an eisen Entscheedunge berücksichtegen.

„Mir sinn elo och a Beräicher aktiv, déi een eis bis ewell net spontan zougeschriwwen hätt. Dat si Beräicher mat groussen Erausfuerderungen a mir sinn eis bewosst, datt mer liwwere mussen. Dat mécht eis bescheiden an et gëtt eis Kraaft. An et ass jo och esou, datt mer net onvirbereet un déi nei Aufgabe ginn.“

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Um Walsonndeg hunn d’ Wielerinnen a Wieler bestätegt, datt déi gréng 5 Joer laang eng gutt Aarbecht geleescht haten, onopgereegt a kompetent. Mir krute confirméiert, datt eis 3 Ministeren an 1 Staatssekretär, datt eis 6 Deputéiert an 1 Europadeputéiert sech während 5 Joer mat Häerz a Séil, a mat vollem Asaz fir d’ Land, fir seng Leit, fir seng Natur agesat haten.

Mee virun allem krute mir gréng de 14. Oktober en neien Optrag fir déi nächst 5 Joer: deen, nach méi ze schaffen, mat elo 5 Ministeren an 9 Deputéiert. Mir kruten also en erweiderten Optrag a sinn elo och a Beräicher aktiv, déi een eis bis ewell net spontan zougeschriwwen hätt. Dat si Beräicher mat groussen Erausfuerderungen a mir sinn eis bewosst, datt mer liwwere mussen. Dat mécht eis bescheiden an et gëtt eis Kraaft. An et ass jo och esou, datt mer net onvirbereet un déi nei Aufgabe ginn: ëmmer schonn hunn eis Walprogrammer all Politikfelder ofgedeckt, mir kruten eis Positiounen dozou am Koalitiounsaccord verankert a mir gräifen op eng breet gefächert Erfahrung um kommunalen Terrain zeréck.

„Mir Gréng hu jiddefalls eist gemeet, fir d’ Chamber méi villfälteg, méi jonk a méi weiblech ze maachen.“

Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt Parteien, déi sech no hire Resultater bei de Chamberwalen de Kapp krazen, well se net wëssen, wéi se da sollen hir personell Erneierung hikréien. Abee, ech hu schonn no de Gemengewalen am Oktober 2017 an all Mikro gesot, datt ech géif feststellen, dat nei a jonk Leit no vir koumen, net nëmme bei eis Gréngen, mee an alle Parteien. Mir gréng hunn aus där Analys eraus eis Lëschte fir d’ Chamberwale konsequent verjéngt. Dat geet natierlech nëmmen an enger Partei, déi zesummenhält a bei där d’ Allgemengwuel ganz uewe steet, eng Partei an där keen en Ego huet dee méi grouss ass wéi d’ Walresultat vun der Partei. Ech soen e ganz grousse Merci a mäin déiwe Respekt all deene Fraën a Männer, déi dat méiglech gemeet hunn.

D’ Resultat vun dëser Erneierung ass net nëmmen e Regierungsquintett voller Energie an Erfahrung. D’ Resultat ass och e super Mix an der grénger Chamberséquipe. Ech hu schonn déi lescht Woche an de Fraktiounssëtzungen erliewt, wéi déi al erfueren Huesen sech perfekt ergänze mat den Neien, déi voll innovativ Iddien an Tatendrang stiechen. Dat gëtt der grénger Chambersaarbecht déi richteg Impulser fir déi nächst 5 Joer. Kolleginnen a Kollegen, mir Gréng hu jiddefalls eist gemeet, fir d’ Chamber méi villfälteg, méi jonk a méi weiblech ze maachen.

Oh, oh, elo hunn der schonn eng ganz Partie hir Ouere gespëtzt, speziell vun der Press, well se a Gedanken d’ Bréck schloe vun de Gemengewalen, iwwer de nationale Scrutin bis hin zu den Europawalen. Abee, och bei der grénger Europalëscht ass d’ Iddi déi, erëm deen erfollegräiche Mix vun erfuerene Leit a jonke Kandidatinnen a Kandidaten ze praktizéieren. Gedëllegt Iech nach e bëssen: an 2 Wochen ass Comité exécutif, da gitt Dir gewuer, wat fir eng Lëscht eise Parteivirstand op Urode vun der Walkommissioun dem Kongress vum 16. Mäerz virschléit.

„All Gutts fir Iech selwer an är Léifst, vill Succès bei all Äre Projeten an eng gutt Gesondheet.“

Léif Frëndinnen a Frënn,

Ir ech elo ouni Iwwerraschung d’ Wuert weider ginn un eis gréng Europadeputéiert Tilly Metz, wënschen ech Iech am Numm vun der Partei an a mengem eegenen Numm all Gutts fir Iech selwer an är Léifst, vill Succès bei all Äre Projeten an eng gutt Gesondheet.

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Europa, Gesellschaft, Soziales | Kommentar hinterlassen

Gréng Regierungsbedeelegung 2.0 – Méng Rieden

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

Um Owend vum 14. Oktober war ech dee glécklechste Parteipresident vu Lëtzebuerg. An och haut huet dat Gefill nach net nogelooss, ganz am Géigendeel. Haut sinn ech glécklech an zefridden an houfreg op dat wat mir zesumme fäerdeg bruecht hunn.

Viru 5 Joer hat ech op dëser Plaz vun engem historesche Moment fir eis Partei geschwat. Mee och d’ Wale vum 14. Oktober, déi eis haut hei zesummeféieren, waren historesch fir Lëtzebuerg an déi gréng Bewegung.

Gewëssheeten, déi Joerzéngte fir richteg gehal goufen, sinn iwwer de Koup gehäit ginn. Gewëssheete wéi déi heiten: „Et ass ëmmer de klenge Koalitiounspartner deen d‘ Wale verléiert“. Chiche! Mir gréng sinn aus eiser éischter Regierungsverantwortung eraus 50% an d’ Lut gaangen, vun 10 op 15% vun de Stëmmen a vu 6 op 9 Sëtz an der Chamber.

D’ Dräierkoalitioun insgesamt gouf bestätegt mat méi Prozenter wéi 2013, elo mat bal 50% vun alle Stëmmen. Deemno huet – am Géigesaz zu 2013 – keen d’ Legitimitéit vu Blo-Rout-Gréng 2.0 a Fro gestalt. A genee esou normal war et, datt DP, LSAP an déi gréng séier Koalitiounsverhandlungen opgeholl hunn. Schonn de 16. Oktober huet de Comité exécutif vun eiser Partei eestëmmeg eis Verhandlungsdelegatioun agesat, mat un hirer Spëtzt de Felix Braz.

„Dat Ofkommes ass  en Dokument, dat an all Kapitel, an all Abschnitt an op jidder Säit eist gréngt Waasserzeechen dréit“

Ech wëll speziell dem Felix an deene Leit aus der Haaptdelegatioun, dem Carole, Sam, Josée, Fränz an Tuerm an och dem Mike als Sekretär e grousse Merci soen. Villmools Merci awer och all deene Leit (déi ech onméiglech all nenne kann): Membere vum CEX, fréier, aktuell an zukënfteg Deputéiert, Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Fraktioun a Partei, Parteimemberen mat spezielle beruffleche Kompetenzen; all déi di an den Aarbechtsgruppen, als Verhandler, Sekretären, Virbereeder an Nobereeder an och als diskret Zouliwwerer vun Informatiounen an Iddien den 2018er Koalitiounsaccord zustane bruecht hunn. W.e.g. e klengen Applaus fir e ganz groussen Aarbechtsasaz.

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Mat engagéierte Memberen setzt een e gudde Walprogramm op.

E gudde Walprogramm ass eng stabil Ausgangspositioun fir seng Iddien an engem Koalitiounsaccord ze verankeren.

Dat Ofkommes, dat mer an de leschte Wochen ausgehandelt hunn a wat gëschter ënnerschriwwen an ëffentlech gemaach gouf, ass a mengen Aen en Dokument dat an all Kapitel, an all Abschnitt an op jidder Säit eist gréngt Waasserzeechen dréit.

Voilà! Domat ginn ech d’ Wuert weider un de Felix Braz, Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun, fir eis deen ausgehandelten Accord ze presentéieren.

__________________________________________________

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Dir kennt zanter leschte Freiden d’ Verdeelung vun de ministeriellen Aufgabeberäicher, wéi se DP, LSAP an déi gréng an de Verhandlungen ënner sech ausgemaach hunn. De Felix ass se virdrun nach emol duerchgaang.

Ech weess, well et mer selwer och esou gaangen ass, datt vill vun Iech emol eng Kéier hu missen déif Loft huelen, wéi se deen een oder aneren neie grénge Ressort héieren hunn. Aner Ressorten par contre, erfëllen eis mat Genugtuung, awer och mat Respekt virun der Aarbecht déi do op eis duerkënnt.

Eigentlech passt eise Slogan vun 2013 ganz gutt heibäi: “Méi gréng, méi Verantwortung !”

Ech sinn iwwerzeegt, datt wann een d’ Prozenter vum Waldag, d’ Zuel vun de Chambermandater, d’ Zuel vun de Ministèren an deenen hir jeeweileg Wichtegkeet pro Partei mateneen opweit, datt dann déi 5 Ministeschposte fir eis gréng an déi Ressorten déi mer ausgehandelt hunn, absolut ugemooss sinn.

Där Meenung ass och de Parteivirstand, an de CEX proposéiert eestëmmeg dem Kongress, dës Leit fir dës Verantwortungsberäicher:

De Felix Braz bleift Justizminister.

De Felix war jo déi lescht 5 Joer eise Chef-de-file an der Regierungskoalitioun an hien huet maassgeeblech dozou bäigedroen, datt déi Koalitioun gutt zesummegeschafft huet. Verschiddener behaapten, dat léich um Felix sengem Charakter. Jo, de Felix beherrscht déi grouss Konscht vum Kompromëss, ouni awer dobäi seng Iwwerzeegungen ze afferen.

Felix, ech hat d’ Geleeënheet, mat Där zesummen un e puer entscheedende Momenter an dëse Verhandlungen deelzehuelen, an ech muss éierlech soen, ech hunn zousätzlech nach ganz aner an nei Säite vun Där kennen a schätze geléiert.

De Felix gëtt och Vizepremier, wat senger Positioun an der Regierung an dem Resultat vun eiser Partei bei de Walen ugemooss ass.

***

De François Bausch gëtt d’ Verantwortung iwwer d’ Landesplanung, wou hie vill lassgekappt huet, elo an d’ Hänn vum Claude Turmes.

An de Fränz hëlt als nei Erausfuerderungen de Ministère vun der bannenzecher Sécherheet an dee vun der Défense.

De Fränz bleift awer Minister vun der Mobilitéit a vun den Travaux publics.

Fränz, dat ass gutt a richteg esou, well du bass dee Mann, deen an der ëffentlecher Perceptioun mam Paradigmewiessel am Transportwiese gläichgesat gëtt.

De Fränz wäert weider mat vollem Asaz investéieren, moderniséieren a prioriséieren. Bei Tram a Bunn, beim Busréseau, bei den Infrastrukturen a bei de Lycéeën.

***

„An der éischter Rei stinn 3 Fraën an 3 Männer, déi sech an de nächste 5 Joer fir eng gréng Politik staark maachen“

Enn t’ lescht Woch hat ech en Déjà-Vu, wéi d’ Kompetenz vun enger jonker Fra vun engem vun eise Koalitiounspartner als potenziell Ministësch ugezweifelt gouf.

Carole, ech hunn Dir et nach ni gesot, mee viru 5 Joer haten e puer Journalisten – an och Journalistinnen – mech ugeruff a gefrot, wisou dann déi jonk Fra Carole Dieschbourg capabel wär, e Ministère ze leeden.

Déi Fro ass ewell laang beäntwert. D’ Carole huet mat sengen Aktiounen der Ëmwelt eng Stëmm an e Gesiicht ginn, am Ausland an heiheem, als Klimaqueen vu Paräis an als kompetent Warnerin virun de Konsequenze vum blanne Wuesstem.

An enger Zäit wou mer onbedéngt musse global, europäesch, national a lokal ëmsteieren, geet dem Carole säin Engagement weider als Ministesch vun der Ëmwelt, vum Klima a vun der nohalteger Entwécklung.

***

Tuerm, du waars 19 Joer laang déi gréng Lëtzebuerger Stëmm am Europaparlament. Ëmmer vollen Asaz. Däi Spezialgebitt war d’ Energiepolitik.

A genee do läit dann och dem Claude Turmes seng nei Aufgab, als Minister vun der Energie, deen dei noutwenneg energetesch Transitioun konsequent weiderdreift.

Parallel bekëmmert sech de Claude ëm d’ Landesplanung, wou besonnesch d’ Entwécklungen an der Nordstad an op den Industriebrooche weider Gestaltungsméiglechkeete bidden.

***

 Sam, erënners de dech, wéi ’s du 2015 net méi als meng Co-Presidentin ugetruede bass, fir dech voll op deng Mandater am Stater Schäfferot an am Staatsrot ze konzentréieren? Do hate verschidde Leit gemengt, Du häss déi national Bühn verlooss. Ech war deemools vum Géigendeel iwwerzeegt an ech behale recht.

D’ Sam Tanson huet Erfahrung mat alle Mandater gesammelt, déi et am Lëtzebuerger politesche Liewe gëtt. An d’ Sam ass eng Schaffësch.

Dat sinn zwou gutt Viraussetzungen, fir deen Dossier unzegoen, deen de Leit am meeschten op den Neel brennt an dee muss transversal ugepak ginn: D’ Sam gëtt Ministesch fir de Logement.

A wat mir perséinlech – a wuel och der ganzer Kulturszeen – groussech Freed mécht: mir kréien endlech eng Kulturministësch, déi d’ Kultur gär huet, net onwichteg am Hibléck op d’ Kulturjoer Esch2022.

***

Voilà, dat ass de Virschlag vu Posten a Persounen, deen de CEX dem Kongress mécht. Erlaabt mer zum Ofschloss nach eng kleng Conclusioun.

Mir gréng schécken 2 Fraen an 3 Männer an d’ Regierung. Dozou kënnt, datt et bei eis an der Partei Usus ass, och d’ Fraktiounsspëtzt mat ze considéréieren. Déi gréng Fraktioun huet sech schonn d’ lescht Woch d’ Josée Lorsché als Presidentin ginn.

De kompletten Tableau gesäit deemno esou aus:

An der éischter Rei stinn 3 Fraën an 3 Männer, déi sech an de nächste 5 Joer fir eng gréng Politik staark maachen. Déi kleng Bezierker, den Norden an den Osten, si jeeweils eemol an der Équipe  vertrueden, e Mann an eng Fra. Déi grouss Bezierker, den Zentrum an de Süden si jeeweils zweemol vertrueden, all Kéiers mat enger Fra an engem Mann.

Fir mech ass dat optimal. Et ass um Kongress z’ entscheeden.

Veröffentlicht unter Allgemein | Kommentar hinterlassen

D‘ Zukunft gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner

Djuna Bernard (DB): Déi gréng hunn als déi éischt vun de véier grousse Parteien hire Walprogramm virgestallt. An zwar ënner dem Motto: “Zukunft. Zesummenhalt. Gutt liewen.” Firwat?

Christian Kmiotek (CK): Mir gréng hunn an der Regierungsverantwortung eist Land an e puer Beräicher scho fit fir d’ Zukunft gemaach: Mobilitéit, Landesplanung, Ëmweltschutz, awer och Moderniséierung vum Staat a speziell vun der Justiz. Well nach Villes ze maachen ass an d’ Erausfuerderunge grouss sinn, zum Beispill d’ Klimaverännerung, Digitaliséierung a Robotiséierung awer och d’ Plaz vu Lëtzebuerg an enger globaliséierter Welt, proposéiere mir gréng de Leit e kohärente Projet fir déi näächst 5 Joer.

„Fir eis ass d’ Politik méi, wéi just de Problemer hannen drun ze lafen, déi en ongebremste Wuesstem mat sech bréngt.“

DB: Zesummenhalt ass fir mech als jonke Mënsch wichteg. Dat geet u bei enger inklusiver Bildung, déi jidderengem hëlleft, seng Stäerkten z’ entwéckelen. Ech setze mech bei déi gréng derfir an, datt fir déi jonk Leit – awer net nëmme fir si – endlech vum Staat massiv bezuelbar Wunnenge geschafe ginn. Esou kënnen all Leit a liewenswäerten Dierfer a multikulturelle Stied zesumme wunnen a schaffen.

CK: Jo, déi Vielfalt an där mer hei zu Lëtzebuerg zesumme liewen, déi ass och fir mech e wichtegen Deel vun deem gudde Liewen wat mer heiheem féieren. Fir mech gehéieren zu Lëtzebuerg awer och eis Baachen a Flëss, eis apart Landschaften an d’ Schéinheet vun der Natur, déi onbedéngt mussen erhal bleiwen. An natierlech proppert Drénkwaasser a sëffege Bio-Wäin kënnen ze genéissen. Well esou hunn ech eist Land gär.

DB: Ech engagéiere mech, well déi gréng ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz maachen, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an enger ressourceschounender Industriepolitik. A grad an Zäite vun Onsécherheet fannen ech déi progressiv a sozial Politik richteg, déi déi gréng maache fir d’ Zesummeliewe vun de Leit ze stäerken.

„Ech engagéiere mech, fir ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an enger ressourceschounender Industriepolitik.“

CK: Effektiv ass fir eis gréng d’ Politik méi, wéi just de Problemer hannen drun ze lafen, déi en ongebremste Wuesstem mat sech bréngt. Et geet eis dorëms, d‘ Zukunft ze gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner. Mir hunn dat an de leschte 5 Joer an Ugrëff geholl. De grénge Walprogramm weist sachlech fundéiert fir all Politik-Beräicher, wéi mer eist Land esou no vir bréngen, datt all d’ Awunner och an Zukunft gutt liewe kënnen. Dorunner schaffe mir gréng mat vollem Asaz a mat grousser Leidenschaft. Well mer eist Land gär hunn.

(Tribune libre Radios RTL & 100komma7 den 9.7.2018 zesumme mat der jonker grénger Zentrums-Kandidatin Djuna Bernard)

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen

Well mer eist Land gär hunn

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Heiansdo gëtt een hinnen awer iwwerdrësseg a midd, de Commentaire vun den ëmmer selwechte Knadderer, Gambiahaasser a Gréngefrësser. Eng vun hire Verschwörungstheorien ass jo, datt Elektro-Autoe just mat Atomstroum fuere kéinten. Ech hunn dann déi lescht Woch alt erëm engem erkläert, datt ech meng Kar a menger Garage mam Stroum vu menge Solarzellen um Daach tanken; a wann d’ Sonn net schéngt, datt ech da Stroum aus Wandkraaft, Waasser a Biogas benotzen.

Wahrscheinlech geet et dem Carole ähnlech an der Regierung, wann do Rieds geet iwwer Fage a Knauf. Woubäi: den Etienne Schneider ass zwar lernfäheg, dat muss ee soen, well hien huet elo de Bau vun neien Tanklageren ofgesot, well hien endlech verstan huet, datt déi nächst Generatioune vu Privatween, awer och vu Bussen a Camionetten net méi mat Pëtrol mee mat Ökostroum ugedriwwe ginn.

Iwwerhaapt maachen sech an der lescht vill Leit Suergen ëm eis gréng. Mir schénge ganz beléift ze sinn. Déi eng wëlle mat eis fusionéieren, déi aner wëllen enk kooperéieren, nach anerer wëllen eis kopéieren. Dat mécht awer net vill Sënn, well d’ Wielerinnen a Wieler si jo net blöd; déi di gréng wëllen – an dat sinn der jo ëmmer méi – déi wielen den Original, keng schlecht geknäipte Kopien.

„Mir gréng maache kee Choix tëscht Natur a Mënsch, mir schütze béid, well Naturschutz ass Mënscheschutz. A mir maachen dat, well mer eist Land a seng Natur a seng Leit gär hunn.“

Bei der bloer Partei mat deem ganz klenge grénge Punkt, do ginn se net midd, a Sonndesriede Krokodilstréinen iwwer d’ Waasserkatastrof am Mëllerdall ze vergéissen. Mee op all Wochendag verlaangen se d’ Opmaache vun de Bauperimeteren, fir eist Land nach méi ze versigelen, obschonn nach bal 1.000 Hektar innerhalb vun den existente PAGen drop waarden, fir de Wunnengsbau erschloss ze ginn.

An deem Zesummenhang mengt den DP-Generalsekretär, mir gréng géifen eis méi fir d’ Fliedermais asetze wéi fir d’ Mënschen. Abee, mir gréng setzen eis effektiv net fir déi Leit an, déi wéi d’ Mueden am Speck just vun Zënsen an Dividenden an de Plus-Valueen op hiren Terrainen liewen. Par conter setze mir gréng eis a fir déi Leit, an dat sinn der vill méi, déi ugewise sinn op proppert Drénkwaasser, op eng gesond Loft, op lieweg Biedem an op eng intakt Déieren- a Planzewelt. Mir gréng maache kee Choix tëscht Natur a Mënsch, mir schütze béid, well Naturschutz ass Mënscheschutz. A mir maachen dat, well mer eist Land a seng Natur a seng Leit gär hunn.

Bei de Rouden, do hunn e puer Bonze gemierkt, dass geschwë Wale sinn. An also sinn déi Knall a Fall zu Lénkssozialiste vun der 25. Stonn mutéiert. Ewell hunn se matkritt, datt hei zu Lëtzebuerg d’ Liewen nach laang net fir jidderee roseg ass, besonnesch net fir déi mat den nidderege Léin, besonnesch net bei deene Wunnengspräisser, besonnesch net fir déi di eleng verdéngen, besonnesch net wann se och nach Kanner mat ze versuergen hunn.

Den LSAP-Fraktiounschef huet an engem Interview behaapt, mir gréng wären an der Dräier-Koalitioun “net ëmmer offensiv an den internen Debatten intervenéiert”. Abee, do huet den Här Bodry dann awer esou Munneches vergiess oder verdrängt.

Ech ka mech jiddwerfalls nach ganz gutt drun erënneren, datt mir gréng an de Verhandlungen zu der Steierreform deenen zwou anere Parteien detailléiert Statistiken zum Aarmutsrisiko vun den Allengerzéier virgeluecht hunn. Mee mir krute keng Ënnerstëtzung vun der LSAP weder bei der Diskussioun iwwer d’ Steierklass 1A, nach bei der Iddi de Mindestloun steierfräi ze stellen.

An iwweregens och net beim Ofschafe vun den total ongerechte Stock-Options, déi massiv Steiervirdeeler just fir Groussverdénger bréngen.

Domat ass dat dann ee vir allemol kloer gestallt!

„Nach ni huet eng Regierung an nëmme 5 Joer esou vill, esou bluttnoutwenneg an esou déifgräifend Reformen ëmgesat.“

Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt politesch Commentateuren déi mengen, an de leschte Méint geséich ee bei Blo-Rout-Gréng kee gemeinsame Projet méi. Dat ass a mengen Aen net richteg, well d’ Chamber schafft bis laang an de Juli eran, fir nach eng Hellewull vun eise gemeinsamen Dossieren ofzeschléissen.

A wann et da wouer wär, dann awer nëmme, well e risege gemeinsame Reformprojet, nämlech den ambitiéise Koalitiounsaccord vun 2013, elo ofgeschafft an ëmgesat ass. Nach ni huet eng Regierung an nëmme 5 Joer esou vill, esou bluttnoutwenneg an esou déifgräifend Reformen ëmgesat: Steierreform, Gemengefinanzreform, Trennung vu Relioun a Staat, Bestiednes an Adoptioun fir all Koppelen, d’ Fraen no vir bruecht, eng ekonomesch Zukunftsstrategie fir eist Land entworf, massiv Investissementer a Schoulen an Infrastrukturen, den Astieg an d’ Mobilitéit vum 21. Joerhonnert mat ënner anerem dem Tram, 29 Waasserschutzzonen, 66 Naturschutzzonen, Verduebelung vun der Wand- a Solarenergieproduktioun, endlech eng Landesplanung an zwar mat de Leit, e modernt Scheedungsrecht an en ugepasste Justizapparat, an et wär nach villes ze nennen.

Déi eenzeg, vun deenen ee kee Projet ze gesi krut, dat war déi gréissten Oppositiounspartei.

Mir gréng ware jo bis 2013 an der Oppositioun, mee mir waren do ëmmer konstruktiv an hunn andauernd sënnvoll Alternative virgeschloën. Ganz anescht d’ CSV: déi war déi 5 Oppositiounsjoer op Tauchstatioun an se hunn och elo, 15 Woche virun de Walen, Schwieregkeeten opzedauche, well et krut nach keen och nëmmen eng Iddi vun engem Usaz vun engem CSV-Walprogramm ze gesinn.

Dat eenzegt wat bis elo vun der CSV ze héiere war, war esou no hanne geriicht, wéi mer dat vun hir zanter Jorzéngte gewinnt sinn. Dem Felix Braz seng Reform vun der Scheedungsprozedur, déi de Realitéite vun den heitege Koppele Rechnung dréit, déi kohärent an effektiv Prozeduren aféiert an déi de Kanner hir Rechter stäerkt, gëtt ratzfatz ofgelehnt mat engem: “wann d’ CSV no de Walen an d‘ Responsabilitéit sollt kommen, da wäert dat Gesetz net mol ee Joer iwwerliewen”. Wat fir eng Arroganz a virun allem wat fir eng Respektlosegkeet virun der Demokratie!

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt Parteien, déi kucken op d’ Ëmfroen wéi d’ Kanéngchen op d’ Schlaang.

Déi eng – wéi d’ CSV – déi falen an en hypnotësche Schlof a vergiessen dobäi, datt ee wuel och e Walprogramm brauch, fir bei de Walen unzetrieden. Oder ass hir Strategie déi, en Aschléiferungs-Walkampf à la Merkel ze féieren, fir nëmmem net Fuerf ze bekennen a jo net iergendwou unzeecken?

Déi aner – wéi d’ LSAP an d’ DP – déi falen an eng grenzelos Hyperaktivitéit. Op eemol ginn all déi Saache versprach, déi hir Ministeren scho längst an de leschte 5 Joer hätte gemaach hunn.

Während déi eng pennen an déi aner wéi wëll ëm hir eegen Achs dréinen, schaffe mir gréng wéi gewinnt an der Regierung an an der Chamber onopgereegt a kompetent eis Dossieren of. An als Partei komme mer elo mat engem Walprogramm eraus, deen alt erëm an intensiver interner Diskussioun zustane komm ass. Dëse Programm ass esou detailléiert, datt en – genee wéi 2013 – eng zolitt Verhandlungsbasis ass, sollte mir gréng de 14. Oktober vun de Wielerinnen a Wieler den Optrag kréien, a Koalitiounsverhandlungen ze goen.

„Fir eis gréng ass Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’ Konsequenze vun engem ongebremste Wuesstemsmodell.“

Während der elo vill mat deels populisteschen, deels oniwwerluechten Eenzelmossnahmen op Stëmmefang ginn, proposéiere mir dem Land e kohärente grénge Projet fir déi näächst 5 Joer. Well eppes ass sécher: weder mat engem blouse Verwalte vun de bestoende Verhältnisser, nach mat Ofschottung an engem plompe „Lëtzebuerg first“ loosse sech déi grouss Ëmbrech vun eiser Zäit, wéi Digitaliséierung, Klimawandel oder den Opstieg vun Nationalismen ugoen.

Zukunft.        Zesummenhalt.       Gutt liewen.

Dat sinn déi wichteg grouss Themen, déi eist Land – an all déi di hei wunnen a schaffen – wäerte weiderbréngen. Eise Walprogramm weist Punkt fir Punkt, wéi mer dat fäerdeg bréngen.

Fir eis gréng ass Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’ Konsequenze vun engem ongebremste Wuesstemsmodell. Et geet eis dorëms, d‘ Zukunft ze gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner. Mir maachen dat zesumme mat de Leit, ëmmer sachlech fundéiert, mee virun allem mat vollem Asaz a mat grousser Leidenschaft.

„Well mer eist Land gär hunn”, dat beréiert mech. Ech denken un eis Baachen a Flëss, un eis charakteristesch Landschaften an un d’ Schéinheet vun der Natur.“

Mir gréng maachen ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an Industriepolitik. A grad an Zäite vu gesellschaftlecher Onsécherheet maache mir eng progressiv a sozial Politik fir d’ Zesummeliewe vun de Mënschen ze stäerken.

Kolleginnen a Kollegen,

Wat gëtt eis Gréngen eigentlech Kraaft an Driff?

Ma mir setzen eis an, well mer eist Land gär hunn. Et hunn sech der jo schonn e puer iwwer dës Signature vun eiser Campagne d’ Mailer zerrappt. Abee, mech schwätzt se emotionell un. “Well mer eist Land gär hunn”, dat beréiert mech.

Ech denken un eis Baachen a Flëss, un eis charakteristesch Landschaften an un d’ Schéinheet vun der Natur.

Ech denken un eis liewenswäert Dierfer a multikulturell Stied.

Ech denken un all Mënschen déi hei wunnen a schaffen, egal vu wat fir enger Nationalitéit, egal wat fir eng Sprooche se schwätzen.

Zukunft heescht fir mech, weiderhin drun ze schaffen, e kohärenten a praktesche Mobilitéitssystem opzebauen. Well mer eist Land gär hunn.

Zesummenhalt bedeit fir mech, mat ze hëllefen eis Demokratie an eise Rechtsstaat kommunal, national an europäesch ze stäerken. Well ech eist Land a seng Leit gär hunn.

„Mir gréng hunn a 5 Joer Regierungsverantwortung méi ëmgesat, wéi an 30 Joer Oppositioun!“

Gutt liewen ass fir mech, och weiderhin proppert Drénkwaasser a sëffege Bio-Wäin kënnen ze genéissen. Well och esou hunn ech mäi Land gär.

Léif Frënn,

5 Joer Regierungsaarbecht sinn a verschidde Beräicher ze kuerz, fir e richtege Revirement zustanen ze kréien a Politikfelder, déi joerzéngtelaang an déi falsch Richtung gedréckt goufen. An anere Beräicher konnte mir gréng eis jo nach guer net beweisen.

An trotzdem, wann ech zeréckkucken da stellen ech fest:

Mir gréng hunn a 5 Joer Regierungsverantwortung méi ëmgesat, wéi an 30 Joer Oppositioun!

Dofir proposéiere mir de Wielerinnen a Wieler mat eisem Walprogramm, dee mer haut beschléissen, eng Verlängerung vun eisem Kontrakt fir nach emol 5 Joer. An engems schaffe mer all zesummen drun, datt gréng gestäerkt gëtt, fir datt nach méi gréng Inhalter kënnen ëmgesat ginn.

Fir datt mer och an Zukunft zesumme gutt liewe kënnen. Well mer eist Land gär hunn.

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Soziales | Kommentar hinterlassen

ZUKUNFT. ZESUMMENHALT. GUTT LIEWEN

35 Joer sinn et elo datt déi gréng fir hier Iddie kämpfen a säit 5 Joer maache mir dat och an der Regierung. Mir beweisen datt mer fir en eegene grénge Politikstil stinn, dat heescht leidenschaftlecht Kämpfe fir d’Saach, ouni onnéideg Polemik, sachlech a léisungsorientéiert, an am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger. Dës Missioun gëllt et elo weider ze féieren.

Lëtzebuerg ass haut a villerlee Hisiicht méi erfollegräich an attraktiv ewéi jee. Eist Land boomt an zitt international Entreprisen aus ganz ënnerschiddleche Branchen un. Mënschen aus der ganzer Welt komme bei eis, fir hei ze liewen an ze schaffen. Den enorme Wirtschaftswuesstem, dee mir erliewen, stellt eist Land awer och viru Problemer.

Den Individualverkéier féiert zu Stau, den ëmmer méi grousse Besoin u Fläche bedreet eis natierlech Landschaften, bezuelbare Wunnraum ass knapp an d’Präisser klammen. A bei wäitem net all Awunner profitéiert a gläichem Mooss vum Wuesstem.

Déi, déi bei eis kommen, an déi, déi schonn ëmmer hei ware sehnen sech no gudder Liewensqualitéit, no Sécherheet an no engem gudden Zesummeliewen an eisen Dierfer a Stied. An net zulescht verbënnt se och d’Léift zu eiser schéiner Natur an eisen eenzegaartege Landschaften, souwéi zu eiser Interkulturalitéit.

Lëtzebuerg läit am politeschen an institutionellen Häerz vun Europa an huet ëmmer vu Weltoppenheet an oppene Marchéë profitéiert. Dësem Land geet et gutt, wann et Europa gutt geet. Haut ginn dës Prinzipien op der ganzer Welt ëmmer méi a Fro gestallt. De Populismus ronderëm eis gëtt ëmmer méi staark an destabiliséiert net just eis Nopeschlänner Frankräich an Däitschland, mä och aner wichteg Membere vun der EU ewéi Italien oder och nach d’Vereenegt Kinnékräich.

All dës Onsécherheete féieren dozou, datt verschiddener Angscht hunn, net méi matzekommen. Bei Ville mécht sech d’Gefill breet, datt mat all Prozent méi Wuesstem och eppes verluer geet, wat Lëtzebuerg fir si ausmécht. Eppes ass sécher: weder mat engem blousse Verwalte vun de bestoende Verhältnisser, nach mat Ofschottung an engem plompe „Lëtzebuerg first“ loossen sech déi grouss Ëmbréch vun eiser Zäit, ewéi Digitaliséierung, Klimawandel oder den Opstig vun autoritäre Regierungen ugoen.

Well mer eist Land gär hunn.

Mir Gréng maachen iwwerall wou mer kennen, an de Gemengen, an der Regierung an an Europa, eng Politik mat engem laangfristege Bléck op d’Zukunft, eng Politik fir e liewenswäert Land, an deem den Erfolleg vun de Kanner net vum Portmonni vun den Elteren ofhänkt; fir eng nohalteg an innovativ gréng Ekonomie, déi op eise Stäerkten opbaut a sécher Aarbechtsplaze schaaft; fir eng oppen an inklusiv Gesellschaft, an där mir zesummen- an net laanschtenee liewen.

Dat maache mir net fir Wahlresultater, mee aus Iwwerzeegung a well mer eist Land gär hunn. Léift verbënnt, Nationalismus trennt eis. Dëst Land gär hunn, dat ka jiddereen, deen hei schafft a wunnt. Net just déi, déi lëtzebuergesch schwätzen oder Lëtzebuerger sinn. Mir lueden all déi Mënschen an, mateneen d’Land ze gestalten an d’Weeche fir d’Lëtzebuerg vu muer ze stellen.

Mir gréng hunn an de leschte 5 Joer munches erreecht a mir sinn houfreg drop. Mir wäerten eise Bilan an eise grénge Politikstil an den nächste Méint offensiv verdeedegen a schaffe weider drun, datt gréng dëst Joer vun de Biergerinnen a Bierger gestäerkt gëtt.

(fir t’éischte Kéier publizéiert am „Lëtzebuerger Land“ vum 22.6.2018)

Veröffentlicht unter Allgemein, Ökologie, Energie, Europa, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Wirtschaft & Finanzen | Kommentar hinterlassen