Zanter méi wéi engem Joerzéngt engagéieren ech mech mat all menger Kraaft fir eis Partei: lokal, regional, national an europäesch. Ech hat d’ Chance, déi gréng an hirer enormer Entwécklung ze begleeden a wichteg Kapitele vun eiser grénger Success-Story matzeschreiwen. Zesummen hu mer Lëtzebuerg méi ökologesch, méi oppen, méi zukunftsfäeg a méi gréng gemaach. Ech stoung och um Dill, wann et net esou ronn gedréint huet, a politesch schwierege Momenter an a Situatioune vun Trauer a vu Kris.
„Dat Ganzt ass méi, an et ka méi bewierken, wéi d’ Somme vu sengen Eenzeldeeler. Ech sinn ëmmer erëm faszinéiert, wéi an eiser Partei aus ville Meenungen e gemeinsame Wëllen an eng kohärent Stëmm entsteet.“
Ech erlabe mer haut – ganz perséinlech – no hannen an no vir ze kucken; ech verbannen domat d’ Hoffnung, datt Dir eppes Sënnstëftendes doraus erauszéie kënnt. Ech hunn Ufanks Februar mäi 60. Gebuertsdag gefeiert. Esou en Datum ass eng gutt Geleeënheet fir no hannen an no vir ze kucken, berufflech a privat; de Point ze maachen, wat een alles erreecht huet a wéi ee säi weidert Liewe gestalte wëll.
Datt ech haut mäi Mandat als Co-President vun eiser Partei zur Verfügung stellen, ass eng Entscheedung mat där ech mech schonn en dräi Véierel Joer droen, an déi vu laanger Hand mat menger Co-Präsidentin, mat eiser Fraktiounscheffin a mat eise Regierungmemberen ofgeschwat war. Et ass eng Entscheedung, déi fir mech emotional net esou einfach ass.
„Ech sinn houfreg iwwer dee Wee, dee mir all zesummen an eiser Partei an de leschte 7 Joer zeréckgeluegt hunn a während deem ech duerft eent vun de Gesiichter an eng vun de Stëmme vun déi gréng sinn.“
Ech war 11 Joer am CEX, dem Parteivirstand vun eiser Partei : 2 als einfache Member, 2 als Trésorier a 7 als Co-President, dovun 2018 bal 1 Joer eleng als President a schwieregen Zäiten an am Walkampf – dat Joer zielen ech duebel! Fir mech ass d’ Parteiaarbecht d’ Fortsetzung vu mengem bénévolen Asaz an der Zivilgesellschaft. E Wee, deen ech mat 15 Joer – also viru 45 Joer – an der Escher Jugendbewegung ugefaangen hunn, an dee mech iwwer Theater a Film awer och iwwer sozialen Engagement an déi gréng Partei gefouert huet.
Och wa mer oft d’ Gefill hunn, datt d’ Politik e ganz luese, komplizéierten a mühsame Prozess ass, dann ass et dach esou, datt een an der Politik vill méi beaflosse kann, wéi aus der Zivilgesellschaft eraus, besonnesch wann een an der Majoritéit ass. Mir gréng hunn an de 7 Joer wou mer elo an der Regierung sinn Dausendmol méi ëmgesat wéi virdrun an den 30 Joer Oppositioun.
„Zesummen hu mer Lëtzebuerg méi ökologesch, méi oppen, méi zukunftsfäeg a méi gréng gemaach.“
Wéi ech 2013 un der Säit vum Sam Tanson President gouf, hate mir gréng 600 Memberen. Siwe Joer– an 2 Co-Presidentinne – méi spéit, ziele mer op 1.000 engagéiert Fraen a Männer. Wann ech elo den natierleche Schwund berücksichtegen – net dee vun de Presidentinnen, mee dee vun de Memberen ! –, dann huet d’ Halschent vun der Partei keen anere männleche Presi kannt wéi mech. Och dat ass fir mech e Grond, fir frëscht Blutt un der Spëtzt.
Jonk Leit opbauen a förderen an se dann och druloossen, dat ass eppes wat eis Grénge gutt geléngt, ech huelen nëmmen als Beispill déi gréng Fraktioun, déi jo déi jéngst an och déi weiblechst an der Chamber ass. Et ass iwweregens net déi éischte Kéier, datt ech fir eng Erneierung a fir jonk Talenter Plaz maachen, vläit huet et dermat ze dinn, datt ech 30 Joer laang am Lycée an op der Uni jonk Leit zu Erzéierinnen a Sozialpädagogen ausgebilt hunn. Ech ginn Iech e Beispill: No eisem nationale Walsuccès 2018 haten eng Partie politesch Observateure gemengt, ech géif de männleche Spëtzekandidat bei den Europawalen 2019 ginn: mee ech hunn décidéiert, engem Ausname-Talent, engem gewësse Meris Sehovic, deemools Spriecher vun de jonke Gréngen, de Virtrëtt ze loossen.
„D’ Verjëngung och an der Présidence ass elektoral enorm wichteg an erlaabt et eis en phase ze bleiwe mat deene ville jonke Leit déi eis wielen.“
Ech maache Plaz, fir den Erneierungsprozess, deen an eiser Partei gutt ënnerwee ass, och un der Parteispëtzt weiderzedreiwen. Talenter motivéieren, förderen, forméieren an a Verantwortung bréngen, dat maache mir jo op allen Niveaue vun der Partei. Meng jonk Kollegin Djuna Bernard huet sech gutt ageschafft, a mäi Réckzuch kritt all säi Sënn, wann de Kongress vun haut sech och e genee sou energeschen an inspiréierende männleche Co-President gëtt. D’ Verjëngung och an der Présidence ass elektoral enorm wichteg an erlaabt et eis en phase ze bleiwe mat deene ville jonke Leit déi eis wielen, souwuel wat d’ Iddien ubelaangt awer och wat d’ Kommunikatiounsformen ugeet.
„Ech hu just ee Wonsch: dreift d’ Professionaliséierung vun der Partei weider.“
Ech gi mäi Mandat als President weider zu engem gënschtege Moment. Et ass nach laang bis déi näächst Wahlen, mee den internen Opbau muss – besonnesch am Bezierk Süden – mat frëschem Schwong a neien Iddien a Gang kommen. Ech ginn zu engem Zäitpunkt, wou mir d’ Kris, déi eis am September 2019 gerëselt hat, iwwerwonnen hunn; ech gesinn dëst um Zoulaf vu Memberen, a virun allem un der gudder Stëmmung, dem staarken Zesummenhalt an um Engagement innerhalb vun eiser Partei. Ech hu just ee Wonsch un de Kongress: dreift d’ Professionaliséierung vun der Partei weider. Eng Partei mat eisem Zouwuess a mat eisem Potenzial kann een net wéi nach virun 10 Joer féieren, do stéisst de Benevolat u seng Grenzen.
Och wann e President e “Primus inter Pares” ass, da muss grad hien oder hatt – oder wéi an eisem Fall béid – exemplaresch agéieren. Dat heescht fir mech, d’ Interesse vun der Partei ëmmer iwwer den eegenen Ego ze stellen. Dat hunn ech an de 7 Joer Présidence gemeet an dat maachen ech genee esou haut.
Fir mech als Sozialpädagog ass Ganzheetlechkeet e wichtegt Konzept: dat Ganzt ass méi, an et ka méi bewierken, wéi d’ Somme vu sengen Eenzeldeeler. Esou sinn ech ëmmer erëm faszinéiert, wéi an eiser Partei aus ville Meenungen e gemeinsame Wëllen an eng kohärent Stëmm entsteet. Iwweregens gëllt dat och fir d’ Demokratie u sech: och hei geet et drëm, zesummen e Konsens ze fannen fir dat Ganzt, fir d’ Gemeinwesen no vir ze bréngen. Leider sinn a ville Länner Populisten ënnerwee, déi dësen, heiansdo laangwierege Prozess, zu hiren allengege Gonschte sabotéiere wëllen. Géint déi stellen ech mech och an Zukunft.
„An der Politik muss de séier ëmschalte kënnen: Trëllen, opstoen, d’ Kroun riichten, weidergoen. An ëmmer positiv bleiwen.“
Wat ech nach geléiert hunn: An der Politik ass Topp a Flopp ganz no beieneen, iwweregens a belibeger Reiefolleg. A bei eis an der Partei kënnt eng Kris jo ni eleng, mee ëmmer am Doppelpack. Mam trageschen Doud vum Camille Gira koum de Récktrëtt vu menger deemoleger Co-Presidentin. Mat der schwéierer Krankheet vum Felix Braz koum den Hashtag #Gaardenhaischen. Keen Zesummenhang, mee awer zesummen.
“Himmelhoch jauchzend, zu Tode betrübt” oder ëmgedréint, esou geet et an der Politik. Wéi ech 2013 President gouf, wollt ech eigentlech nach e bëssen Oppositioun bis 2014 maachen. Mee du koume schonn d’ Neiwalen. Um 8 Auer owes hunn ech misse virun Iech trieden an eis Waldéfaite zouginn. An um 1 Auer nuets hu mer déi Dräierkoalitioun gemeet, déi eist Land – och haut nach – déifgräifend moderniséiert. An der Politik muss de séier ëmschalte kënnen: Trëllen, opstoen, d’ Kroun riichten, weidergoen. An ëmmer positiv bleiwen. Wéi d’ Djuna seet: “Nom Reen kënnt erëm d’ Sonn”.
Zum Schluss nach dat heiten: Wat mech an all deene Joren enorm beandrockt huet, dat sidd Dir, dat sinn all déi vill Leit an eiser grénger Famill, déi sech intensivst fir eis Saach engagéieren. Ech soe Merci, fir alles wat ech geléiert hunn: politesch, kommunikativ, inhaltlech a mënschlech vun deene sëlleche Leit mat deenen ech a Kontakt war:
- vu brave Parteizaldoten iwwer Alpha-Fraen a -Männer,
- vu Passanten am Walkampf bis Presidente vun anere Parteien, vun hei an aus ganz Europa.
Merci virun allem de 4 Fraen u menger Säit, déi mech – “der Mann für’s Grobe”, wéi eent iwwer mech sot – an de 7 Joer erdroen a gedroen hunn: meng Fra Anna a meng Co-Presidentinne Sam Tanson, Françoise Folmer an Djuna Bernard.
En enorme Merci fir d’ Inspiratioun, d’ Léieren, d’ Erfahrungen an – och wann der vill dobaussen et an der Politik net fir méiglech halen, jo – d’ Frëndschaften duerch d’ Joren am CEX, am Bureau exécutif an duerch déi 7 wonnerbar Joer an deenen ech konnt als Äre President mathëllefen, eist Land méi modern, méi gerecht, méi nohalteg a virun allem politesch méi gréng ze maachen.
„En enorme Merci fir d’ Inspiratioun, d’ Léieren, d’ Erfahrungen an – och wann der vill dat an der Politik net fir méiglech halen – d’ Frëndschaften duerch d’ Joren.“
Ech bleiwen eiser gemeinsamer grénger Cause enk verbonnen: ech si weiderhin an der grénger Delegatioun, déi interfraktionell d’ Steierreform verhandelt, an ech hunn ewell e Mandat am interne Kontrollorgan vun der European Green Party EGP. Ausserdeem engagéieren ech mech an der Grénger Stëftung.
Ech sinn houfreg iwwer dee Wee, dee mir all zesummen an eiser Partei an de leschte 7 Joer zeréckgeluegt hunn a während deem ech duerft eent vun de Gesiichter an eng vun de Stëmme vun déi gréng sinn. 10% vun de Wielerstëmmen 2013, ëmmer no uewen bis 19% 2019: wat eng Success-Story. An och wann ech an Zukunft méi lues trëppelen, eent weess ech ganz gewëss: eis gréng Success-Story, déi geet mat Riseschrëtt weider.
(meng Abschiedsried um 1. digitale grénge Kongress den 9. Juli 2020)
all Fotoen (c) Sophie Margue