grénge Neijooschpatt 2020: am Duo Djuna Bernard & Christian Kmiotek

Christian KMIOTEK (CK): E schéine gudden Owend léif gréng Kolleginnen a Kollegen. Gudden Owend Djuna!

Djuna BERNARD (DB): Léif Kolleginnen a Kollegen, léif Vertrieder vun de Medien, gudden Owend an nemmen dat Bescht fir d’Joer 2020. Moien léiwe Kmio!

CK: Deng éischt Neijoersried?

DB: Meng éischt, an ech si schonn e bëssen opgereegt.

CK: Wann et dech berouegt: et ass meng 7., an dat mat der Opreegung gëtt net besser mat de Joren. Traditionnell maache mer jo e Réckbléck an en Ausbléck. Wéi war da fir dech 2019?

DB: 2019 : e Joer als Achterbunnfahrt: Stäil erop: mat enger neier Fraktiounsekipp, méi Verantwortung an de Ministèren, enger neier-aler … ehhm – erfuerener Présidence, engagéiertem Europawahlkampf an engem excellente Wahlresultat.

Mee 2019: och e Joer mat Déiften a Réckschléi an neien Erausfuerderungen. Mir all goufe gerëselt wéi mer Enn August – eppes méi wéi e Joer nom Camille Gira sengem trageschen Doud – déi schrecklech Noriicht vum Felix Braz sengem schwéieren Häerzinfarkt kruten. De Felix hat sech dëse Summer net vill Paus gegonnt, en hat nach bis wäit an den August era vill Aarbecht ronderëm den Dateschutz an der Justiz. E puer Deeg op der Belscher Plage huet en sech geholl, wéi et geschitt ass.

„Mir weist dat, datt Politik a Mandater an d’ Dréien am Hamsterrad net dat Wichtegst am Liewe sinn“

CK: Déi Foto, déi d’ Bibi, d’ Lisi an de Manu fir Chrëschtdag publizéiert hunn, huet all Mënsch gewisen, datt de Felix sech Dag fir Dag e klengt Stéck méi an d’ Liewen zeréck kämpft. Hien ass a 4 Méint schonn e wäite Wee gaang an huet nach eng Streck viru sech. Mir perséinlech weist dat, datt Politik a Mandater an d’ Dréien am Hamsterrad net dat Wichtegst am Liewe sinn.

DB: Dofir wënsche mir dem Felix a senger Famill, dofir wënsche mir Iech all an Äre Famillen fir 2020 eng gutt Gesondheet a vill Kraaft, Courage a géigesäiteg Ënnerstëtzung.

„Wien e politescht Mandat uvertraut krut, muss mat där Verantwortung virsiichteg an opmierksam ëmgoen“

CK: Kal erwëscht huet eis 2019 och den Hashtag #Gaardenhaischen, deen déif an d’ gréngt Selbstverständnis geschnidden huet. Wien e politescht Mandat uvertraut krut, dréit Verantwortung, net nëmme fir anerer, och fir sech selwer.

DB: Wien e politescht Mandat uvertraut krut, muss mat där Verantwortung virsiichteg an opmierksam ëmgoen. Sech selwer ëmmer erëm hannerfroen, an sech mat der Deontologie vun sengem Mandat ausernee setzen. Mir wëllen dëst Thema weider konkret uschwätzen, an eise Mandatairen Hëllefstellungen, Formatiounen an Austauschmeiglechkeeten heizou ubidden.

CK: Ech bleiwen iwwerzeegt, datt déi Déifferdenger Saachen e Feelverhalen vun enger eenzelner Persoun sinn. Déi Persoun huet hir Feeler jo och zouginn an déi politesch Konsequenze gezunn, an dat éiert se.

DB: Kmio, du hues virun engem Joer op dëser Plaz ganz keck annoncéiert, datt mir als gréng eis oder eisen 1.000ste Member an Laf vun 2019 begréisse kéinten. A wéi gesäit et domat aus?

„2013, virun der 1. grénger Regierungsbedeelegung ware mer zu 600; haut, 7 Joer méi spéit, ziele mer op eng Basis vun 1.000 engagéierte Fraën a Männer“

CK: Mission accomplie! Opscho mir jo net jidfereen ophuelen, deen uklappt, hu mer dës magesch Zuel grad erreecht. Mee ech géif se gär a Perspektiv setzen. 2013, virun der 1. grénger Regierungsbedeelegung ware mer zu 600; haut, 7 Joer méi spéit, ziele mer op eng Basis vun 1.000 engagéierte Fraën a Männer.

DB: Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Ech ginn dervun aus, datt dësen Zouwuess zwou Ursaachen huet: 1. déi gutt Aarbecht vun de grénge Mandatairen an de Gemengen, an der Chamber, am Europaparlament an an der Regierung. An 2. de Fait, datt déi gréng Themen ëmmer méi Zousproch an eiser Gesellschaft fannen, wat jo méi wei je noutwänneg ass, wann een den Zoustand vun eisem Planéit kuckt.

„2019 e super gréngt Joer“

CK: Déi gutt Aarbecht an deen Zousproch an der Bevölkerung si jo och gemooss ginn: 2013 bei den Nationalwahlen hate mer 10% vun de Stëmmen, 2014 bei der Europawahl 14%, bei de Gemengewalen 2017 13% vun alle Stëmme landeswäit, 2018 bei de Chamberwalen 15% an dat hu mer 2019 bei den Europawahlen nach emol op 19% gesteigert. Esou gesi war 2019 e super gréngt Joer.

DB: An dat ass och äre Mérite, dat ass ärem onermiddlechen Asaz am Wahltriathlon 17-18-19 ze verdanken. Dir sidd déi bescht Ambassadeure vun de gréngen Iddien. E grousse MERCI dofir. 

CK: Léif Kolleginnen a Kollegen,

Déi politesch Commentateuren déi behaapten, déi 2. Oplo vun der blo-rout-grénger Koalitioun hätt kee gemeinsame Projet, dee ire sech gewalteg. Wann déi Jonk op d’ Strooss ginn an eis froen: “Wat mat Dir fir de Klima ze schützen, wat mat Dir fir de Planéit fir eis an déi nächst Generatioune liewenswäert ze halen?”, dann huet dës Regierung Enn vum Joer eng kloer Äntwert ginn. Eng ambitiéis Äntwert, mat enger Reduktioun vu 55% CO2-Ausstouss. Eng couragéiert Äntwert, déi dem Verknaschte vun eiser Ëmwelt duerch CO2 e Präis gëtt.

„Eng ambitiéis Äntwert, mat enger Reduktioun vu 55% CO2-Ausstouss. Eng couragéiert Äntwert, déi dem Verknaschte vun eiser Ëmwelt duerch CO2 e Präis gëtt.“

DB: D’ Bepräisung vum CO2-Ausstouss ass iwweregens eng absolut sënnvoll a noutwenneg Mesure, déi net am Koalitiounsaccord stoung an elo awer kënnt. Hiert Aféieren, zesumme mat zum Beispill der zukënfteger Accisenerhéijung um Sprit, stelle sécher, dass Klima- an Ëmweltverschmotzung an Zukunft zu Lëtzebuerg net méi gratis sinn. An dat ass gutt esou.

„Et muss jo och gehandelt ginn, well mer d’ Extremer déi duerch d’ Klimaverännerung ausgeléist ginn, mussen an de Grëff kréien: Tornado, Iwwerschwemmungen an Drëscheperioden bei eis, während a Brasilien an Australien hallef Kontinenter a Flamen opginn.“

Et muss jo och gehandelt ginn, well mer d’ Extremer déi duerch d’ Klimaverännerung ausgeléist ginn, mussen an de Grëff kréien: Tornado, Iwwerschwemmungen an Drëscheperioden bei eis, während a Brasilien an Australien hallef Kontinenter a Flamen opginn.

CK: Déi blo-rout-gréng Koalitioun war emol ugetrueden, fir d’ Silosdenken tëscht de verschiddene Ministèren opzebriechen. A genee dat geschitt elo mam Klimaplang, well sektoriell Zieler, Verpflichtungen a Moossnamen agefouert ginn, sou datt sämtlech Ressorten Klimaschutz bedreiwen. Mee d’ Koalitioun bedreift net nëmmen eng kohärent Politik, se gëtt och de Leit konkret Hëllefstellungen.

„Nach ni gouf an eisem Land esou vill Geld investéiert fir villfälteg Infrastrukturen als Alternativ zum Auto ze schafen.“

DB: D’ Leit kréien Alternative gebueden: d’ Transitioun hin zu besserer Isolatioun a propperem Hëtze gi genee esou gefördert, wéi d’ Ëmklammen op Vëlo, E-Bike an Elektroauto. A 7 Woche gëtt d’ Benotze vum ëffentlechen Transport gratis. Zesumme mam Ausbau vum Tram, der Reorganisatioun vum Busréseau, de neie Quaien an der Stader Gare an der Verbesserung vun der Schinneninfrastruktur, fir nëmmen déi ze nennen, kréie mer dee Quantesprong an der Mobilitéit, deen eist Land brauch. Nach ni gouf an eisem Land esou vill Geld investéiert fir villfälteg Infrastrukturen als Alternativ zum Auto ze schafen.

„All Haushalt, mee awer virun allem déi Stéid mat am mannsten Akommes, profitéiere finanziell vum gratis ëffentlechen Transport. Dëst weist exemplaresch, wéi Klimapolitik gläichzäiteg Sozialpolitik ass.“

CK: De STATEC huet ausgerechent, datt all Haushalt, mee awer virun allem déi Stéid mat am mannsten Akommes, vum gratis ëffentlechen Transport finanziell profitéieren. Dëst weist exemplaresch, wéi Klimapolitik gläichzäiteg Sozialpolitik ka sinn.

An op deem Wee geet d’ Koalitioun konsequent weider: Leit mat nidderegen Akommes kréien déi finanziell Effetse vum CO2-Präis a vun den Accisenerhéijungen am Kader vun der am Moment intern diskutéierter Steierreform duerch e Steierkredit kompenséiert.

A propos Steierreform: och dee wichtegste Problem vun de meeschten Awunner vun dësem Land, d’ Immobiliepräisser, musse mer am Kader vun der Steierreform ugoen. Mir gréng schaffe jiddefalls drun, d’ Offer vu bezuelbarem Wunnraum spierbar z’ erhéijen.

DB: Kmio, wat ass dann däi perséinleche politesche Wonsch fir 2020?

CK: Ech wënsche mer, datt mer et fäerdeg bréngen, och 2020 déi néideg Jalonen ze setzen, fir datt dëst Land um Enn vun der Dekade, also 2030 en anert, e bessert ass.

„Ech gesinn 2030 e Produzéieren a Schaffen a Wunnen déi klimaneutral, jo zum Deel klimaförderlech sinn. Dofir musse mer haut déi richteg Weiche setzen, an do stellt sech dann automatesch d’ Fro vum Wuesstem an eisem Land.“

Ech denken, datt ënner gréngem Impuls scho vill an déi Richtung beweegt ginn ass. Gesellschaftspolitesch ganz sécher. Och mam Kulturentwécklongsplang si mer um gudde Wee. Ech sinn iwwerzeegt, datt mer dank den Investissementer an déi ëffentlech Infrastrukturen an an eng aner, klimaneutral Mobilitéit, eist Land 2030 e ganzt anert ass: eent wat manner Knascht a Kaméidi produzéiert; e Land dat de Mënsche Gesondheet a Liewensqualitéit bitt, duerch manner Plaz fir déi sëlleche SUVchen a vill méi Plaz fir Kannerkutsche, Rollstill, Foussgänger a Vëlo.

Ech gesinn 2030 eng Landwirtschaft déi d’ Bauersleit, d’ Konsumenten, d’ Déieren, de Buedem, d’ Waasser an de Klima respektéiert a mateneen an Aklang bréngt.

Ech gesinn 2030 e Produzéieren a Schaffen a Wunnen déi klimaneutral, jo zum Deel klimaförderlech sinn. Dofir musse mer haut déi richteg Weiche setzen, an do stellt sech dann automatesch d’ Fro vum Wuesstem an eisem Land. D’ Populisten hunn dozou, wéi op all komplizéiert Froen kuerz a knapp an einfach mee falsch Léisungen. Mir schaffe bei eis an der Partei an engem Aarbechtsgrupp op den Theme “Klima, Energie a Wuesstem” a jidder Member ass selbstverständlech nach wëllkomm.

A wat wënschs du dir da politesch fir 2020, Djuna?

„Ech wënsche mer eng aner Form vu politescher Ausernanersetzung, wou et net drëms geet, ween am haartste brëllt, oder ween déi polariséirendst Tweets a Posts mécht. Mäi Wonsch ass en Discours wou et net eleng drëm geet no de Feeler vun aneren ze sichen, mee eng Diskussioun iwwer Inhalter, reell Problemer a politesch Alternativen ze féieren.“

DB: Ech wënschen eis fir d’ neit Joer an d’ neit Joerzéngt en neie politeschen Discours zu Lëtzebuerg, an Europa, an an der Welt. Den internationalen Discours lieft vum Multilateralismus an dem Dialog – dësen Austausch musse mer besonnesch an dësen ugespaanten Zäite vu Verschäerfung an Oprüstung weiderhin heich halen an eis fir en Asetzen.

Heiheem, wënschen ech mer och eng aner Form vu politescher Ausernanersetzung, wou et net drëms geet, ween am haartste brëllt, oder ween déi polariséirendst Tweets a Posts mécht. Mäi Wonsch ass en Discours wou et net eleng drëm geet no de Feeler vun aneren ze sichen, mee eng Diskussioun iwwer Inhalter, reell Problemer a politesche Alternativen ze féieren.

Ech sinn an d’ Politik gaang, well ech eppes bewierken, verännere wëll. Grad am Joer 2020 ass et wichteg fir Courage an Engagement ze weisen. Fir opzestoen a sech anzesetzen: géint de dompfe Populismus, géint déi prinzipiell Demokratiefeindlechkeet, géint Haass an Angscht-Maacherei. Well dat ass net déi politesch Welt, an där ech well agéieren, zum Bessere veränneren a Jonker motivéiere fir deelzehuelen.

2020 soll debattéiert an gestridden ginn, et geet ëm vill, an der Welt an och heiheem. D’ Diskussiounskultur, d’ politesch Bildung an d’ sozio-kulturellt Engagement vun allen, dat sinn heibäi déi wichtegst Instrumenter. Merci.

CK: Merci. An d’ Diskussiounskultur fleege mer elo bei engem gemeinsame Patt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Kultur, Mobilität, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar