Budget 2020: Klimaschutz a Sozialpolitik ginn Hand an Hand

De Staatsbudget fir 2020 ass e breeden Astieg an de Klimaschutz. Sou si fir d’ nächst Joer 500 Milliounen Euro dofir virgesinn, eng Zomm déi regelméisseg bis op 660 Milliounen am Joer 2023 klëmmt.

„Och wann een Deel vum Invest muss iwwer Kredit muss finanzéiert ginn, sou ass dat an der Rei, well d’ Investitiounen an Infrastrukturen a Gebaier jo och nach an 10, 20, … 50 Joer genotzt ginn, also och vun eise Kanner an Enkelen.“

Generell ginn d’ Investissementer vun der aktueller Regierung ganz héich gehal, fir den Investitiounsdefizit vun de leschte Jorzéngten opzeschaffen. Och wann een Deel muss iwwer Kredit muss finanzéiert ginn, sou ass dat an der Rei, well d’ Investitiounen an Infrastrukturen a Gebaier jo och nach an 10, 20, … 50 Joer genotzt ginn, also och vun eise Kanner an Enkelen. Een Deel vun den Investitiounen an den Tram- a Schinneréseau, an d’ Elektromobilitéit an och an de massiven Ausbau vun den erneierbaren Energie gëtt iwwer e gréngen Emprunt finanzéiert. Dat ass niewebäi eng gutt Saach fir d’ Weiderentwécklung vun der Finanzplaz, déi esou hir Leaderfunktioun an der “Green Finance” ausbaue kann.

„Fir eis ass et eng Selbstverständlechkeet, datt wann d’ Accisen op Benzin, Diesel an Heizueleg aus Klimaschutzgrënn erop ginn, dës Hausse muss sozial begleet ginn. A mir mussen d’ Leit finanziell ënnerstëtzen fir aus de fossilen Energien erauszeklammen.“

Net nëmmen Invester an d’ Zukunft, mee och konkret Hëllefe fir d’ Famillen, d’ Mënsche mat enger Behënnerung, méi Sue fir den Enseignement an d’ Kultur an och vill nei Aarbechtsplaze beim Staat gehéieren zum Staatsbudget 2020. Dat weist, datt dat Soziaalt op kee Fall ze kuerz kënnt.

Fir eis ass et eng Selbstverständlechkeet, datt wann d’ Accisen op Benzin, Diesel an Heizueleg aus Klimaschutzgrënn erop ginn, dës Hausse muss sozial begleet ginn. A mir mussen d’ Leit finanziell ënnerstëtzen fir aus de fossilen Energien erauszeklammen. Dat maache mer zum Beispill mat de Subside vir Vëlo, Pedelec an Elektroauto, a mat deene fir d’ energetesch Renovatioun vun de Wunngebaier.

„Fir déi Stéit, déi sech keen Auto leeschte kënnen an nëmme mat Zuch, Bus an Tram ënnerwee sinn, ass d’ Erspuernis 390 Euro am Joer. Dat weist, datt de gratis ëffentlechen Transport net nëmmen eng Klimaschutz-Moossnahm mee och eng selektiv sozial Mesure ass.“

D’ Klimaschutzpolitik vun der 3er-Koalitioun ass d’ Geleeënheet fir eng méi gerecht Verdeelung vun de Steiergelder. D’ Suen déi iwwer d’ Erhéijung vun den Accisen era kommen, sollen an de Klimafong fléissen, an awer och der sozialer Offiederung déngen. Doduerch huele mer d’ Mënsche mat op de Wee a begleeden se finanziell an hirer ekologescher Transitioun.

An enger rezenter Étude huet de STATEC gewisen, datt zum Beispill de gratis ëffentlechen Transport, deen am Mäerz agefouert gëtt, eng sozial Moossnam ass. Während en duerchschnëttleche Stot just 20 Euro duerch méi Accisen um Sprit giff ausginn, géif e gläichzäiteg 80 Euro duerch de gratis ëffentlechen Transport spueren. A fir déi Stéit, déi sech keen Auto leeschte kënnen an nëmme mat Zuch, Bus an Tram ënnerwee sinn, ass d’ Erspuernis 390 Euro am Joer. Dat weist, datt de gratis ëffentlechen Transport net nëmmen eng Klimaschutz-Moossnahm mee och eng selektiv sozial Mesure ass.

„De Klimaschutz kann net waarden a mir mussen eis international Verpflichtungen anhalen, notamment de Paräiser Klimaaccord. Dofir kënnt nach virum Enn vun dësem Joer d’ Klimagesetz.“

De STATEC weist och op, datt do wou d’ Offer vum ëffentlechen Transport gutt ass, d’ Leit vill a gär drop zeréckgräifen. Deemno ginn déi geplangten Investissementer fir Vëlo, Bus, Tram an Zuch an déi richteg Richtung. Et ass nämlech esou, datt aktuell iwwer 60% vun eisen CO2-Emissiounen duerch eis Mobilitéit entstinn. Dofir ass et nëmmen normal, datt eise Staat 30 Milliounen Euro an den ëffentlechen Transport investéiert, a parallel de Präis vum CO2-Ausstouss muss an d’ Lut goen.

Heizou gëtt et keng Alternativ a keng Excusen. De Klimaschutz kann net waarden a mir mussen eis international Verpflichtungen anhalen, notamment de Paräiser Klimaaccord. Dofir kënnt nach virum Enn vun dësem Joer d’ Klimagesetz, dat den nationale Kader fixéiert an d’ Richtung vum konkrete Klimaschutz fir Lëtzebuerg definéiert.

Christian Kmiotek & Djuna Bernard 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Energie, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar