D‘ Zukunft gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner

Djuna Bernard (DB): Déi gréng hunn als déi éischt vun de véier grousse Parteien hire Walprogramm virgestallt. An zwar ënner dem Motto: “Zukunft. Zesummenhalt. Gutt liewen.” Firwat?

Christian Kmiotek (CK): Mir gréng hunn an der Regierungsverantwortung eist Land an e puer Beräicher scho fit fir d’ Zukunft gemaach: Mobilitéit, Landesplanung, Ëmweltschutz, awer och Moderniséierung vum Staat a speziell vun der Justiz. Well nach Villes ze maachen ass an d’ Erausfuerderunge grouss sinn, zum Beispill d’ Klimaverännerung, Digitaliséierung a Robotiséierung awer och d’ Plaz vu Lëtzebuerg an enger globaliséierter Welt, proposéiere mir gréng de Leit e kohärente Projet fir déi näächst 5 Joer.

„Fir eis ass d’ Politik méi, wéi just de Problemer hannen drun ze lafen, déi en ongebremste Wuesstem mat sech bréngt.“

DB: Zesummenhalt ass fir mech als jonke Mënsch wichteg. Dat geet u bei enger inklusiver Bildung, déi jidderengem hëlleft, seng Stäerkten z’ entwéckelen. Ech setze mech bei déi gréng derfir an, datt fir déi jonk Leit – awer net nëmme fir si – endlech vum Staat massiv bezuelbar Wunnenge geschafe ginn. Esou kënnen all Leit a liewenswäerten Dierfer a multikulturelle Stied zesumme wunnen a schaffen.

CK: Jo, déi Vielfalt an där mer hei zu Lëtzebuerg zesumme liewen, déi ass och fir mech e wichtegen Deel vun deem gudde Liewen wat mer heiheem féieren. Fir mech gehéieren zu Lëtzebuerg awer och eis Baachen a Flëss, eis apart Landschaften an d’ Schéinheet vun der Natur, déi onbedéngt mussen erhal bleiwen. An natierlech proppert Drénkwaasser a sëffege Bio-Wäin kënnen ze genéissen. Well esou hunn ech eist Land gär.

DB: Ech engagéiere mech, well déi gréng ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz maachen, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an enger ressourceschounender Industriepolitik. A grad an Zäite vun Onsécherheet fannen ech déi progressiv a sozial Politik richteg, déi déi gréng maache fir d’ Zesummeliewe vun de Leit ze stäerken.

„Ech engagéiere mech, fir ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an enger ressourceschounender Industriepolitik.“

CK: Effektiv ass fir eis gréng d’ Politik méi, wéi just de Problemer hannen drun ze lafen, déi en ongebremste Wuesstem mat sech bréngt. Et geet eis dorëms, d‘ Zukunft ze gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner. Mir hunn dat an de leschte 5 Joer an Ugrëff geholl. De grénge Walprogramm weist sachlech fundéiert fir all Politik-Beräicher, wéi mer eist Land esou no vir bréngen, datt all d’ Awunner och an Zukunft gutt liewe kënnen. Dorunner schaffe mir gréng mat vollem Asaz a mat grousser Leidenschaft. Well mer eist Land gär hunn.

(Tribune libre Radios RTL & 100komma7 den 9.7.2018 zesumme mat der jonker grénger Zentrums-Kandidatin Djuna Bernard)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar