Gréng Regierungsbedeelegung 2.0 – Méng Rieden

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

Um Owend vum 14. Oktober war ech dee glécklechste Parteipresident vu Lëtzebuerg. An och haut huet dat Gefill nach net nogelooss, ganz am Géigendeel. Haut sinn ech glécklech an zefridden an houfreg op dat wat mir zesumme fäerdeg bruecht hunn.

Viru 5 Joer hat ech op dëser Plaz vun engem historesche Moment fir eis Partei geschwat. Mee och d’ Wale vum 14. Oktober, déi eis haut hei zesummeféieren, waren historesch fir Lëtzebuerg an déi gréng Bewegung.

Gewëssheeten, déi Joerzéngte fir richteg gehal goufen, sinn iwwer de Koup gehäit ginn. Gewëssheete wéi déi heiten: „Et ass ëmmer de klenge Koalitiounspartner deen d‘ Wale verléiert“. Chiche! Mir gréng sinn aus eiser éischter Regierungsverantwortung eraus 50% an d’ Lut gaangen, vun 10 op 15% vun de Stëmmen a vu 6 op 9 Sëtz an der Chamber.

D’ Dräierkoalitioun insgesamt gouf bestätegt mat méi Prozenter wéi 2013, elo mat bal 50% vun alle Stëmmen. Deemno huet – am Géigesaz zu 2013 – keen d’ Legitimitéit vu Blo-Rout-Gréng 2.0 a Fro gestalt. A genee esou normal war et, datt DP, LSAP an déi gréng séier Koalitiounsverhandlungen opgeholl hunn. Schonn de 16. Oktober huet de Comité exécutif vun eiser Partei eestëmmeg eis Verhandlungsdelegatioun agesat, mat un hirer Spëtzt de Felix Braz.

„Dat Ofkommes ass  en Dokument, dat an all Kapitel, an all Abschnitt an op jidder Säit eist gréngt Waasserzeechen dréit“

Ech wëll speziell dem Felix an deene Leit aus der Haaptdelegatioun, dem Carole, Sam, Josée, Fränz an Tuerm an och dem Mike als Sekretär e grousse Merci soen. Villmools Merci awer och all deene Leit (déi ech onméiglech all nenne kann): Membere vum CEX, fréier, aktuell an zukënfteg Deputéiert, Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Fraktioun a Partei, Parteimemberen mat spezielle beruffleche Kompetenzen; all déi di an den Aarbechtsgruppen, als Verhandler, Sekretären, Virbereeder an Nobereeder an och als diskret Zouliwwerer vun Informatiounen an Iddien den 2018er Koalitiounsaccord zustane bruecht hunn. W.e.g. e klengen Applaus fir e ganz groussen Aarbechtsasaz.

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Mat engagéierte Memberen setzt een e gudde Walprogramm op.

E gudde Walprogramm ass eng stabil Ausgangspositioun fir seng Iddien an engem Koalitiounsaccord ze verankeren.

Dat Ofkommes, dat mer an de leschte Wochen ausgehandelt hunn a wat gëschter ënnerschriwwen an ëffentlech gemaach gouf, ass a mengen Aen en Dokument dat an all Kapitel, an all Abschnitt an op jidder Säit eist gréngt Waasserzeechen dréit.

Voilà! Domat ginn ech d’ Wuert weider un de Felix Braz, Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun, fir eis deen ausgehandelten Accord ze presentéieren.

__________________________________________________

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Dir kennt zanter leschte Freiden d’ Verdeelung vun de ministeriellen Aufgabeberäicher, wéi se DP, LSAP an déi gréng an de Verhandlungen ënner sech ausgemaach hunn. De Felix ass se virdrun nach emol duerchgaang.

Ech weess, well et mer selwer och esou gaangen ass, datt vill vun Iech emol eng Kéier hu missen déif Loft huelen, wéi se deen een oder aneren neie grénge Ressort héieren hunn. Aner Ressorten par contre, erfëllen eis mat Genugtuung, awer och mat Respekt virun der Aarbecht déi do op eis duerkënnt.

Eigentlech passt eise Slogan vun 2013 ganz gutt heibäi: “Méi gréng, méi Verantwortung !”

Ech sinn iwwerzeegt, datt wann een d’ Prozenter vum Waldag, d’ Zuel vun de Chambermandater, d’ Zuel vun de Ministèren an deenen hir jeeweileg Wichtegkeet pro Partei mateneen opweit, datt dann déi 5 Ministeschposte fir eis gréng an déi Ressorten déi mer ausgehandelt hunn, absolut ugemooss sinn.

Där Meenung ass och de Parteivirstand, an de CEX proposéiert eestëmmeg dem Kongress, dës Leit fir dës Verantwortungsberäicher:

De Felix Braz bleift Justizminister.

De Felix war jo déi lescht 5 Joer eise Chef-de-file an der Regierungskoalitioun an hien huet maassgeeblech dozou bäigedroen, datt déi Koalitioun gutt zesummegeschafft huet. Verschiddener behaapten, dat léich um Felix sengem Charakter. Jo, de Felix beherrscht déi grouss Konscht vum Kompromëss, ouni awer dobäi seng Iwwerzeegungen ze afferen.

Felix, ech hat d’ Geleeënheet, mat Där zesummen un e puer entscheedende Momenter an dëse Verhandlungen deelzehuelen, an ech muss éierlech soen, ech hunn zousätzlech nach ganz aner an nei Säite vun Där kennen a schätze geléiert.

De Felix gëtt och Vizepremier, wat senger Positioun an der Regierung an dem Resultat vun eiser Partei bei de Walen ugemooss ass.

***

De François Bausch gëtt d’ Verantwortung iwwer d’ Landesplanung, wou hie vill lassgekappt huet, elo an d’ Hänn vum Claude Turmes.

An de Fränz hëlt als nei Erausfuerderungen de Ministère vun der bannenzecher Sécherheet an dee vun der Défense.

De Fränz bleift awer Minister vun der Mobilitéit a vun den Travaux publics.

Fränz, dat ass gutt a richteg esou, well du bass dee Mann, deen an der ëffentlecher Perceptioun mam Paradigmewiessel am Transportwiese gläichgesat gëtt.

De Fränz wäert weider mat vollem Asaz investéieren, moderniséieren a prioriséieren. Bei Tram a Bunn, beim Busréseau, bei den Infrastrukturen a bei de Lycéeën.

***

„An der éischter Rei stinn 3 Fraën an 3 Männer, déi sech an de nächste 5 Joer fir eng gréng Politik staark maachen“

Enn t’ lescht Woch hat ech en Déjà-Vu, wéi d’ Kompetenz vun enger jonker Fra vun engem vun eise Koalitiounspartner als potenziell Ministësch ugezweifelt gouf.

Carole, ech hunn Dir et nach ni gesot, mee viru 5 Joer haten e puer Journalisten – an och Journalistinnen – mech ugeruff a gefrot, wisou dann déi jonk Fra Carole Dieschbourg capabel wär, e Ministère ze leeden.

Déi Fro ass ewell laang beäntwert. D’ Carole huet mat sengen Aktiounen der Ëmwelt eng Stëmm an e Gesiicht ginn, am Ausland an heiheem, als Klimaqueen vu Paräis an als kompetent Warnerin virun de Konsequenze vum blanne Wuesstem.

An enger Zäit wou mer onbedéngt musse global, europäesch, national a lokal ëmsteieren, geet dem Carole säin Engagement weider als Ministesch vun der Ëmwelt, vum Klima a vun der nohalteger Entwécklung.

***

Tuerm, du waars 19 Joer laang déi gréng Lëtzebuerger Stëmm am Europaparlament. Ëmmer vollen Asaz. Däi Spezialgebitt war d’ Energiepolitik.

A genee do läit dann och dem Claude Turmes seng nei Aufgab, als Minister vun der Energie, deen dei noutwenneg energetesch Transitioun konsequent weiderdreift.

Parallel bekëmmert sech de Claude ëm d’ Landesplanung, wou besonnesch d’ Entwécklungen an der Nordstad an op den Industriebrooche weider Gestaltungsméiglechkeete bidden.

***

 Sam, erënners de dech, wéi ’s du 2015 net méi als meng Co-Presidentin ugetruede bass, fir dech voll op deng Mandater am Stater Schäfferot an am Staatsrot ze konzentréieren? Do hate verschidde Leit gemengt, Du häss déi national Bühn verlooss. Ech war deemools vum Géigendeel iwwerzeegt an ech behale recht.

D’ Sam Tanson huet Erfahrung mat alle Mandater gesammelt, déi et am Lëtzebuerger politesche Liewe gëtt. An d’ Sam ass eng Schaffësch.

Dat sinn zwou gutt Viraussetzungen, fir deen Dossier unzegoen, deen de Leit am meeschten op den Neel brennt an dee muss transversal ugepak ginn: D’ Sam gëtt Ministesch fir de Logement.

A wat mir perséinlech – a wuel och der ganzer Kulturszeen – groussech Freed mécht: mir kréien endlech eng Kulturministësch, déi d’ Kultur gär huet, net onwichteg am Hibléck op d’ Kulturjoer Esch2022.

***

Voilà, dat ass de Virschlag vu Posten a Persounen, deen de CEX dem Kongress mécht. Erlaabt mer zum Ofschloss nach eng kleng Conclusioun.

Mir gréng schécken 2 Fraen an 3 Männer an d’ Regierung. Dozou kënnt, datt et bei eis an der Partei Usus ass, och d’ Fraktiounsspëtzt mat ze considéréieren. Déi gréng Fraktioun huet sech schonn d’ lescht Woch d’ Josée Lorsché als Presidentin ginn.

De kompletten Tableau gesäit deemno esou aus:

An der éischter Rei stinn 3 Fraën an 3 Männer, déi sech an de nächste 5 Joer fir eng gréng Politik staark maachen. Déi kleng Bezierker, den Norden an den Osten, si jeeweils eemol an der Équipe  vertrueden, e Mann an eng Fra. Déi grouss Bezierker, den Zentrum an de Süden si jeeweils zweemol vertrueden, all Kéiers mat enger Fra an engem Mann.

Fir mech ass dat optimal. Et ass um Kongress z’ entscheeden.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s