Well mer eist Land gär hunn

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Heiansdo gëtt een hinnen awer iwwerdrësseg a midd, de Commentaire vun den ëmmer selwechte Knadderer, Gambiahaasser a Gréngefrësser. Eng vun hire Verschwörungstheorien ass jo, datt Elektro-Autoe just mat Atomstroum fuere kéinten. Ech hunn dann déi lescht Woch alt erëm engem erkläert, datt ech meng Kar a menger Garage mam Stroum vu menge Solarzellen um Daach tanken; a wann d’ Sonn net schéngt, datt ech da Stroum aus Wandkraaft, Waasser a Biogas benotzen.

Wahrscheinlech geet et dem Carole ähnlech an der Regierung, wann do Rieds geet iwwer Fage a Knauf. Woubäi: den Etienne Schneider ass zwar lernfäheg, dat muss ee soen, well hien huet elo de Bau vun neien Tanklageren ofgesot, well hien endlech verstan huet, datt déi nächst Generatioune vu Privatween, awer och vu Bussen a Camionetten net méi mat Pëtrol mee mat Ökostroum ugedriwwe ginn.

Iwwerhaapt maachen sech an der lescht vill Leit Suergen ëm eis gréng. Mir schénge ganz beléift ze sinn. Déi eng wëlle mat eis fusionéieren, déi aner wëllen enk kooperéieren, nach anerer wëllen eis kopéieren. Dat mécht awer net vill Sënn, well d’ Wielerinnen a Wieler si jo net blöd; déi di gréng wëllen – an dat sinn der jo ëmmer méi – déi wielen den Original, keng schlecht geknäipte Kopien.

„Mir gréng maache kee Choix tëscht Natur a Mënsch, mir schütze béid, well Naturschutz ass Mënscheschutz. A mir maachen dat, well mer eist Land a seng Natur a seng Leit gär hunn.“

Bei der bloer Partei mat deem ganz klenge grénge Punkt, do ginn se net midd, a Sonndesriede Krokodilstréinen iwwer d’ Waasserkatastrof am Mëllerdall ze vergéissen. Mee op all Wochendag verlaangen se d’ Opmaache vun de Bauperimeteren, fir eist Land nach méi ze versigelen, obschonn nach bal 1.000 Hektar innerhalb vun den existente PAGen drop waarden, fir de Wunnengsbau erschloss ze ginn.

An deem Zesummenhang mengt den DP-Generalsekretär, mir gréng géifen eis méi fir d’ Fliedermais asetze wéi fir d’ Mënschen. Abee, mir gréng setzen eis effektiv net fir déi Leit an, déi wéi d’ Mueden am Speck just vun Zënsen an Dividenden an de Plus-Valueen op hiren Terrainen liewen. Par conter setze mir gréng eis a fir déi Leit, an dat sinn der vill méi, déi ugewise sinn op proppert Drénkwaasser, op eng gesond Loft, op lieweg Biedem an op eng intakt Déieren- a Planzewelt. Mir gréng maache kee Choix tëscht Natur a Mënsch, mir schütze béid, well Naturschutz ass Mënscheschutz. A mir maachen dat, well mer eist Land a seng Natur a seng Leit gär hunn.

Bei de Rouden, do hunn e puer Bonze gemierkt, dass geschwë Wale sinn. An also sinn déi Knall a Fall zu Lénkssozialiste vun der 25. Stonn mutéiert. Ewell hunn se matkritt, datt hei zu Lëtzebuerg d’ Liewen nach laang net fir jidderee roseg ass, besonnesch net fir déi mat den nidderege Léin, besonnesch net bei deene Wunnengspräisser, besonnesch net fir déi di eleng verdéngen, besonnesch net wann se och nach Kanner mat ze versuergen hunn.

Den LSAP-Fraktiounschef huet an engem Interview behaapt, mir gréng wären an der Dräier-Koalitioun “net ëmmer offensiv an den internen Debatten intervenéiert”. Abee, do huet den Här Bodry dann awer esou Munneches vergiess oder verdrängt.

Ech ka mech jiddwerfalls nach ganz gutt drun erënneren, datt mir gréng an de Verhandlungen zu der Steierreform deenen zwou anere Parteien detailléiert Statistiken zum Aarmutsrisiko vun den Allengerzéier virgeluecht hunn. Mee mir krute keng Ënnerstëtzung vun der LSAP weder bei der Diskussioun iwwer d’ Steierklass 1A, nach bei der Iddi de Mindestloun steierfräi ze stellen.

An iwweregens och net beim Ofschafe vun den total ongerechte Stock-Options, déi massiv Steiervirdeeler just fir Groussverdénger bréngen.

Domat ass dat dann ee vir allemol kloer gestallt!

„Nach ni huet eng Regierung an nëmme 5 Joer esou vill, esou bluttnoutwenneg an esou déifgräifend Reformen ëmgesat.“

Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt politesch Commentateuren déi mengen, an de leschte Méint geséich ee bei Blo-Rout-Gréng kee gemeinsame Projet méi. Dat ass a mengen Aen net richteg, well d’ Chamber schafft bis laang an de Juli eran, fir nach eng Hellewull vun eise gemeinsamen Dossieren ofzeschléissen.

A wann et da wouer wär, dann awer nëmme, well e risege gemeinsame Reformprojet, nämlech den ambitiéise Koalitiounsaccord vun 2013, elo ofgeschafft an ëmgesat ass. Nach ni huet eng Regierung an nëmme 5 Joer esou vill, esou bluttnoutwenneg an esou déifgräifend Reformen ëmgesat: Steierreform, Gemengefinanzreform, Trennung vu Relioun a Staat, Bestiednes an Adoptioun fir all Koppelen, d’ Fraen no vir bruecht, eng ekonomesch Zukunftsstrategie fir eist Land entworf, massiv Investissementer a Schoulen an Infrastrukturen, den Astieg an d’ Mobilitéit vum 21. Joerhonnert mat ënner anerem dem Tram, 29 Waasserschutzzonen, 66 Naturschutzzonen, Verduebelung vun der Wand- a Solarenergieproduktioun, endlech eng Landesplanung an zwar mat de Leit, e modernt Scheedungsrecht an en ugepasste Justizapparat, an et wär nach villes ze nennen.

Déi eenzeg, vun deenen ee kee Projet ze gesi krut, dat war déi gréissten Oppositiounspartei.

Mir gréng ware jo bis 2013 an der Oppositioun, mee mir waren do ëmmer konstruktiv an hunn andauernd sënnvoll Alternative virgeschloën. Ganz anescht d’ CSV: déi war déi 5 Oppositiounsjoer op Tauchstatioun an se hunn och elo, 15 Woche virun de Walen, Schwieregkeeten opzedauche, well et krut nach keen och nëmmen eng Iddi vun engem Usaz vun engem CSV-Walprogramm ze gesinn.

Dat eenzegt wat bis elo vun der CSV ze héiere war, war esou no hanne geriicht, wéi mer dat vun hir zanter Jorzéngte gewinnt sinn. Dem Felix Braz seng Reform vun der Scheedungsprozedur, déi de Realitéite vun den heitege Koppele Rechnung dréit, déi kohärent an effektiv Prozeduren aféiert an déi de Kanner hir Rechter stäerkt, gëtt ratzfatz ofgelehnt mat engem: “wann d’ CSV no de Walen an d‘ Responsabilitéit sollt kommen, da wäert dat Gesetz net mol ee Joer iwwerliewen”. Wat fir eng Arroganz a virun allem wat fir eng Respektlosegkeet virun der Demokratie!

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt Parteien, déi kucken op d’ Ëmfroen wéi d’ Kanéngchen op d’ Schlaang.

Déi eng – wéi d’ CSV – déi falen an en hypnotësche Schlof a vergiessen dobäi, datt ee wuel och e Walprogramm brauch, fir bei de Walen unzetrieden. Oder ass hir Strategie déi, en Aschléiferungs-Walkampf à la Merkel ze féieren, fir nëmmem net Fuerf ze bekennen a jo net iergendwou unzeecken?

Déi aner – wéi d’ LSAP an d’ DP – déi falen an eng grenzelos Hyperaktivitéit. Op eemol ginn all déi Saache versprach, déi hir Ministeren scho längst an de leschte 5 Joer hätte gemaach hunn.

Während déi eng pennen an déi aner wéi wëll ëm hir eegen Achs dréinen, schaffe mir gréng wéi gewinnt an der Regierung an an der Chamber onopgereegt a kompetent eis Dossieren of. An als Partei komme mer elo mat engem Walprogramm eraus, deen alt erëm an intensiver interner Diskussioun zustane komm ass. Dëse Programm ass esou detailléiert, datt en – genee wéi 2013 – eng zolitt Verhandlungsbasis ass, sollte mir gréng de 14. Oktober vun de Wielerinnen a Wieler den Optrag kréien, a Koalitiounsverhandlungen ze goen.

„Fir eis gréng ass Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’ Konsequenze vun engem ongebremste Wuesstemsmodell.“

Während der elo vill mat deels populisteschen, deels oniwwerluechten Eenzelmossnahmen op Stëmmefang ginn, proposéiere mir dem Land e kohärente grénge Projet fir déi näächst 5 Joer. Well eppes ass sécher: weder mat engem blouse Verwalte vun de bestoende Verhältnisser, nach mat Ofschottung an engem plompe „Lëtzebuerg first“ loosse sech déi grouss Ëmbrech vun eiser Zäit, wéi Digitaliséierung, Klimawandel oder den Opstieg vun Nationalismen ugoen.

Zukunft.        Zesummenhalt.       Gutt liewen.

Dat sinn déi wichteg grouss Themen, déi eist Land – an all déi di hei wunnen a schaffen – wäerte weiderbréngen. Eise Walprogramm weist Punkt fir Punkt, wéi mer dat fäerdeg bréngen.

Fir eis gréng ass Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’ Konsequenze vun engem ongebremste Wuesstemsmodell. Et geet eis dorëms, d‘ Zukunft ze gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner. Mir maachen dat zesumme mat de Leit, ëmmer sachlech fundéiert, mee virun allem mat vollem Asaz a mat grousser Leidenschaft.

„Well mer eist Land gär hunn”, dat beréiert mech. Ech denken un eis Baachen a Flëss, un eis charakteristesch Landschaften an un d’ Schéinheet vun der Natur.“

Mir gréng maachen ambitiéisen Ëmwelt- a Klimaschutz, verbonne mat enger zukunftsorientéierter Landesplanung an Industriepolitik. A grad an Zäite vu gesellschaftlecher Onsécherheet maache mir eng progressiv a sozial Politik fir d’ Zesummeliewe vun de Mënschen ze stäerken.

Kolleginnen a Kollegen,

Wat gëtt eis Gréngen eigentlech Kraaft an Driff?

Ma mir setzen eis an, well mer eist Land gär hunn. Et hunn sech der jo schonn e puer iwwer dës Signature vun eiser Campagne d’ Mailer zerrappt. Abee, mech schwätzt se emotionell un. “Well mer eist Land gär hunn”, dat beréiert mech.

Ech denken un eis Baachen a Flëss, un eis charakteristesch Landschaften an un d’ Schéinheet vun der Natur.

Ech denken un eis liewenswäert Dierfer a multikulturell Stied.

Ech denken un all Mënschen déi hei wunnen a schaffen, egal vu wat fir enger Nationalitéit, egal wat fir eng Sprooche se schwätzen.

Zukunft heescht fir mech, weiderhin drun ze schaffen, e kohärenten a praktesche Mobilitéitssystem opzebauen. Well mer eist Land gär hunn.

Zesummenhalt bedeit fir mech, mat ze hëllefen eis Demokratie an eise Rechtsstaat kommunal, national an europäesch ze stäerken. Well ech eist Land a seng Leit gär hunn.

„Mir gréng hunn a 5 Joer Regierungsverantwortung méi ëmgesat, wéi an 30 Joer Oppositioun!“

Gutt liewen ass fir mech, och weiderhin proppert Drénkwaasser a sëffege Bio-Wäin kënnen ze genéissen. Well och esou hunn ech mäi Land gär.

Léif Frënn,

5 Joer Regierungsaarbecht sinn a verschidde Beräicher ze kuerz, fir e richtege Revirement zustanen ze kréien a Politikfelder, déi joerzéngtelaang an déi falsch Richtung gedréckt goufen. An anere Beräicher konnte mir gréng eis jo nach guer net beweisen.

An trotzdem, wann ech zeréckkucken da stellen ech fest:

Mir gréng hunn a 5 Joer Regierungsverantwortung méi ëmgesat, wéi an 30 Joer Oppositioun!

Dofir proposéiere mir de Wielerinnen a Wieler mat eisem Walprogramm, dee mer haut beschléissen, eng Verlängerung vun eisem Kontrakt fir nach emol 5 Joer. An engems schaffe mer all zesummen drun, datt gréng gestäerkt gëtt, fir datt nach méi gréng Inhalter kënnen ëmgesat ginn.

Fir datt mer och an Zukunft zesumme gutt liewe kënnen. Well mer eist Land gär hunn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gesellschaft, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar