Kommt mir huelen de Fouss vum Gas, da kréie mer d’ Kéier!

Méng Grondsazried zum Wuestëmum grénge Kongress de 24.2.2018

Gudde Moien, léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Et ass schéin, Iech all zu souvill an esou monter erëm ze gesinn. Ech hu mer geduecht, et op dësem fréie Samschdeg mueren e bësse méi gemittlech ugoen ze loossen.

Dir wësst, ech kann och anescht. Wa mer wéilte, kéinte mer “good cop – bad cop” spillen; Felix du giffs dee Gudde spillen an ech dee Béisen, sou wéi den “Doctor Wiseler an de Mister Spautz”.

Voilà, domat ass bewisen, och ech ka mam décken Hummer. Mee an dëse politesch wibbelegen Zäiten hunn ech geduecht, datt e bëssen Entschleunigung jidderengem gutt deet. Dofir: Kommt mir huelen de Fouss vum Gas!

„Fir deen éischten 100.000er Plus hu mer 34 Joer gebraucht, dono 16 Joer an elo krute mer 100.000 nei Matbierger bäi an nëmmen nach 8 Joer.“

Vläit huet dat jo och mam Alter ze dinn, datt ech méi gedam ginn? Ech hat dëslescht Gebuertsdag. Gebuer 1960. Aha, hei sinn der e puer, déi si féx am Rechnen! Jo, 58. Ma wann Dir esou frou mat den Zuele sidd, da ginn ech Iech der nach e puer.

(c) Chris Karaba – Wort.lu

Vu menger Gebuert 1960 bis haut, 58 Joer méi spéit, huet sech eis Bevëlkerung verduebelt: vun 300.000 op 600.000 Awunner. Wann een dëse Wuesstem an 3 Schrëtt zu jeeweils 100.000-Awunner andeelt, da mierkt een dat hei:  Fir deen éischten 100.000er Plus hu mer 34 Joer gebraucht, dono 16 Joer an elo krute mer 100.000 nei Matbierger bäi an nëmmen nach 8 Joer. Ech war jo ni gutt an der Mathé, mee dat do nennen ech en exponentielle Wuesstem!

An dann hunn ech nach net déi 100.000 nei Aarbechtsplazen derbäi gerechent, déi an de leschten 11 Joer geschaf goufen, mat hirem Verkéier aus alle Géigende vum Land an iwwer d’ Grenzen eraus. Sou huet sech an deene 16 Joer vun 2000 bis 2016 eleng d’ Zuel vun de Frontalieren méi wéi verduebelt : vun ënner 90.000 op  iwwer 180.000.

Datt mer eis gutt verstinn: mir gréng maache kee Walkampf um Réck vun de Frontaliers. Lëtzebuerg huet d’ Grenzgänger geruff an ouni si wär eisen aktuelle Wirtschaftsmodell guer net méiglech. Mir gréng sti fir e weltoppent an accueillant Lëtzebuerg. Dat verhënnert awer net, datt mir eis ganz vill Froe stellen iwwer eis Industriepolitik, iwwer eise Wirtschaftsmodell an iwwer d’ Zukunft vun eisem gemeinsame Land.

„Waasser, Loft, Gréngs, Buedem: Mir stoussen un natierlech Grenzen déi mer musse respektéieren.“

Jidderee vun eis spiert all Dag de wëlle Wuesstem deen ech grad mat Ziffere beluecht hunn: e weist sech am Stau op eise Stroossen, e weist sech un de Wunnengspräisser déi nëmmen nach de Wee no uewe kennen, e weist sech als Drock op eis Ressourcen. Eis natierlech Ressourcen, eis Biodiversitéit, eis Buedem-Fläch, eis Drénkwaasserreserve si begrenzt; eis Flëss an eis Loft si plazeweis staark belaascht. Och a  punkto Mobilitéit stousse mer u Grenzen. Waasser, Loft, Gréngs, Buedem: Mir stoussen un natierlech Grenzen déi mer musse respektéieren.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Mir sollten de Fouss vum Gas huelen.

Wësst der, mam eidele Schlagwuert vum “qualitative Wuesstem” kann ech näischt ufänken. Fir mech als Grénge musse mer eng Entwécklung aschloen, déi wierklech nohalteg ass: mir mussen an Zukunft déi ekonomesch, déi ökologesch an déi sozial Aspekter bei eisen Entscheedunge berücksichtegen. Dat bedeit, datt mer Choixe mussen treffen, Choixe tëscht der Gesondheet an der Liewensqualitéit vun eise Bierger an dem Mehrwert vu Betriber, wéi Bénéficer, PIB, Steierrecetten, Aarbechtsplazen, a Rentebeiträg déi abezuelt ginn.

„Mir mussen éierlech mat eis selwer sinn, an och d’ Folgekäschte vum Wuesstem matrechnen : d’ Ausgabe fir Infrastrukturen a Verwaltung; fir Schoule, Stroosse, Schinnen a Spideeler; fir Waasser an Ofwaasser a fir d’ Renten déi eng Kéier mussen ausbezuelt ginn.“

Wa mer déi ekonomesch, ökologesch a sozial Aspekter berücksichtegen, da muss een net nëmmen d’ Suite vum Wuesstem op der Einnahmesäit mee och op der Ausgabesäit buchen. Dat vermëssen ech bei all deenen anere Parteien. Als Grénge froen ech: Geet eisen aktuelle Wuesstem Null vu Null op? Oder ass e vläit esouguer e Verloschtgeschäft? Mir mussen éierlech mat eis selwer sinn, an och d’ Folgekäschte vum Wuesstem matrechnen : d’ Ausgabe fir Infrastrukturen a Verwaltung; fir Schoule, Stroosse, Schinnen a Spideeler; fir Waasser an Ofwaasser a fir d’ Renten déi eng Kéier mussen ausbezuelt ginn.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Wat fir e Liewe wëlle mer, wat fir e Land wëlle mer? Mir hunn nämlech nëmmen eent! Lëtzebuerg ass eenzegaarteg. Et gëtt kee Planet B, et gëtt kee Lëtzebuerg B, an et gëtt och keen Asteroid, dee Lëtzebuerg ersetze kann.

Mir mussen eis froen:  Wat fir e Wirtschaftsmodell wëlle mir fir Lëtzebuerg?

E gëtt Leit déi schwäerme vun UBER. Sie fannen, datt Privatleit déi mat hirer eegener Schrottkëscht Taxi fueren dee modernsten Hype wär; dat wär Sharing-Economy. Ech fannen de Modell UBER (an ähnlecher) ganz almoudesch: et ass Ausbeutung vun Aarbechtskraaft, et ass Hannerzéie vu Sozialbeiträg an et ass eng illegal Verdrängung vu Konkurrenten. Esou e Wirtschaftsmodell wëlle mer net. An de Bausche Fränz huet dëst mat sengem Taxisgesetz verhënnert a reell Aabechtsplazen erhal. Vill aner Länner a Stied weltwäit gesinn dat mëttlerweil och esou.

Definitiv net nohalteg sinn och déi egoistesch International Steierspuermodeller fir Konzerner a Superräicher aus deene Lëtzebuerg sech elo lues a lues zeréckzitt. Et ass scho bemierkenswäert, datt grad Konzerner a Familienhand wéi FAGE a KNAUF sech elo wëllen och industriell zu Lëtzebuerg usidelen, elo wou reell Substanz verlaangt gëtt bei der Fro, wou déi multinational Entreprisen hir Steiere bezuele sollen.

Mir mussen eis och froen: wat fir eng Industrie wëlle mir?

„Déi Terrainen, op deene FAGE a KNAUF sech wëllen usidelen, gehéieren dem Staat. Deemno ass eng selektiv staatlech Usiedlungspolitik scho méiglech … et muss een se just wëllen! Heiansdo sinn d’ Saachen ebe ganz einfach: Keen Terrain, keng Fabrik !“

Ech wëll elo net all Argumenter zu Joghurt, Steewoll an Datacenter nach eng Kéier oprullen. De Robert Garcia huet gewisen, datt et pervers ass, datt dat räicht Lëtzebuerg, dat bal an den Aarbechtsplazen erstéckt, der nach emol bäikritt während am krisegerëselte Griecheland d’ Leit op d’ Strooss gesat ginn.

D’ Josée Lorsché, de Roberto Traversini an de Georges Liesch hunn d’ Fanger an déi ekologesch Wonne geluecht, déi duerch den Traffic, de Waasserverbrauch, d’ Ofwaasserbelaaschtung an d’ Loftverschmotzung gerass ginn. Si wëssen awer och – genee wéi d’ Carole Dieschbourg an de Camille Gira – datt keen ëffentleche Mandataire derlaanscht kënnt, bestehend Gesetzer z’ applizéieren. Quitte, se esou streng wéi méiglech unzewenden. Dat ass d’ Realitéit.

(c) Chris Karaba – Wort.lu

Mee et ass och Realitéit, datt déi Terrainen, op deene FAGE a KNAUF sech wëllen usidelen, dem Staat gehéieren. Deemno ass eng selektiv staatlech Usiedlungspolitik scho méiglech … et muss een se just wëllen! Heiansdo sinn d’ Saachen ebe ganz einfach: Keen Terrain, keng Fabrik !

Kolleginnen a Kollegen,

Solle mer alles huele wat geet? Musse mer alles maache wat machbar ass? Nee! A Lëtzebuerg huet scho mol an der Vergaangenheet bewisen, datt een Nee soe kann an trotzdem gutt liewen. Wéi dir wësst, hunn ech jo schonn e gewëssen Alter, an dofir kann ech mech nach gutt erënneren, datt eist Land “Nee Merci” gesot huet zu engem Projet, deen eis éiwege Wuesstem sollt bréngen: eng Atomzentral. Deemools hunn all Parteie vun CSV bis Kommunistesch Partei gesot, dass mer ouni d’ Atomkraaft géifen an de Mëttelalter zeréckfalen.

„Mir wëllen eng Économie, déi eis Ëmwelt respektéiert, déi op eis Stäerkten opbaut an déi Lëtzebuerg prett mécht fir déi zukünfteg Erausfuerderunge vun der Robotiséierung a vun der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt.“

Fakt ass, datt mer haut zu Remerschen keen Atomreakter mee en Erhuelungsgebitt an en Naturreservat hunn an datt et Lëtzebuerg nach ëmmer gutt geet. A Fakt ass, datt nieft den traditionelle Parteien eng nei, eng alternativ politesch Kraaft gewuess ass, déi ewell 35 Joer um Bockel huet. Mir gréng sinn zënter 35 Joer d’ Zukunftspartei.

(c) Chris Karaba – Wort.lu

Mir gréng hunn an de leschte 5 Joer an der Regierungsverantwortung Lëtzebuerg entscheedend geprägt. A fir d’ Erausfuerderungen, déi virun eis leien ze meeschteren, brauche mer weider a méi gutt gréng Politik. Dofir ass et wichteg am Oktober esou ofzeschneiden, datt bei der Regierungsbildung kee Wee laanscht gréng geet.

Léif Gréng,

Mir mussen net alles huele wat geet.

Wann an Zukunft e Betrib nei bei eis op Lëtzebuerg komme wëll, musse mer den ökonomeschen, den ökologeschen an de sozialen Impakt dovunner moossen. Fir eist Land nohalteg z’ entwéckelen musse mir eis Kritäre ginn an Aktivitéite just nach selektiv unzéien. Mir gréng wëllen eng Économie, déi eis Ëmwelt respektéiert, déi op eis Stäerkten opbaut an déi Lëtzebuerg prett mécht fir déi zukünfteg Erausfuerderunge vun der Robotiséierung a vun der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt.

E Land dat esou attraktiv ass wéi Lëtzebuerg, ka sech déi Wirtschafts-Beräicher eraussichen, wou eng héich Produktivitéit z’ erwaarden ass ouni mussen onmoosseg Aarbechtsplazen ze schafen. D‘ Rifkin-Strategie, déi d’ Regierung sech ginn huet, hëlleft dobäi déi sënnvoll Beräicher z’ identifizéieren. Carole, du hues jo dem Wirtschaftsminister onmëssverständlech kloer gemeet, datt et net nëmmen drëm geet am Ausland eng Étudë ze kafen, herno muss een sech och nach un hier Conclusiounen halen.

„Wuesstem ka finanzielle Räichtum bedeiten. Mee wéi steet et mam Wuelbefannen, der Gesondheet an der Liewensqualitéit vun de Leit? Wéi steet et mam Räichtum, deen ee mat Geld net kafe kann?“

Héich Produktivitéit mat gläichzäiteg manner héijem Bedarf un Infrastrukturen a Landverbrauch sinn doudsécher z’ erwaarden an enger méi entmaterialiséierter, digitaler Économie. Deemno bidden d‘ Auswierkunge vun der Digitaliséierung an der Robotiséierung mat hirem Verloscht u peniblen Aarbechtsplazen grad fir Lëtzebuerg riseg Chancen. Déi musse mer notzen amplaz blannemännches engem Industrialiséierungsmodell aus dem 19. Joerhonnert nozelafen, wéi dat CSV, DP, LSAP an déi Lénk maachen.

Léif Frëndinnen a Frënn,

De Wirtschaftsminister sot an engem Interview am Tageblatt Ufanks Januar, datt „Wuesstem Räichtum bedeit“. Jo, Wuesstem ka finanzielle Räichtum bedeiten – leider oft fir déi puer Eng méi wéi fir déi vill Aner. Mee wéi steet et mam Wuelbefannen, der Gesondheet an der Liewensqualitéit vun de Leit? Wéi steet et mam Räichtum, deen een net mat Geld kafe kann?

Mir Gréng wëlle festhalen um Räichtum vun eise Landschaften an eiser Natur an Déierewelt. Fir eis besteet de Räichtum och doranner, datt proppert Drénkwaasser aus dem Krunn kënnt an eist Iessen net verpescht ass. Mir setzen eis a fir de Räichtum deen et bedeit, mat senger Famill, senge Kanner a sengen Enkelkanner, qualitativ héichwäerteg Zäit ze verbréngen, amplaz seng Muerenter an Owenter am Stau ze vertrentelen.

Kommt mir huelen de Fouss vum Gas! Dat gëllt och fir eise Buedemverbrauch.

Mir kënnen net mat enger Politik wéi virun 30 Joer eis Défisen vun haut a muer Iéisen. Mir brauchen eng staark Landesplanung, well eis Buedemfläch wiisst net a mir kënnen eist Ländche just eemol verplangen.

„Mir musse Wunnen a Schaffen, awer och Akafen a Fräizäit erëm méi no beienee kréien, am Interessi vun eisem Confort, eiser Gesondheet an eiser Liewensqualitéit.“

10 Joer laang, tëscht 2003 an 2013 hunn déi vireg Regierungen hin an hier diskutéiert a Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe gelooss. Alles ass iwwerall wëll gewuess: Industriezonen, déi net un d’ Autobunn ugebonne sinn wéi Conter a Käerjéng, kommerziell Zonen goufe gebaut an dono eréischt gekuckt de Bus och dohin ze kréien. Honnerte Wunnquartiere sinn op d’ gréng Wiss placéiert ginn: do muss een en Auto hunn fir e Liter Mëllech ze kafen an d’ Elteren an d’ Grousselteren ginn zu Taxisunternehmer, wann d’ Kanner am Sport oder an der Musek engagéiert sinn. Eréischt eise gréngen Infrastrukturminister François Bausch geet elo zesumme mat de Leit de Wee fir eist Land geuerdnet, sënnvoll a spuersam z’ organiséieren.

De Laissez-Faire an der Landesplanung huet derzou gefouert, datt 90% vun de Leit musse mueres aus hirer Gemeng erauspendele fir schaffen ze fueren. Dat erkläert eis katastrofal Situatioun an der Mobilitéit an de Stau op der Strooss an op der Schinn. Mir musse Wunnen a Schaffen, awer och Akafen a Fräizäit erëm méi no beienee kréien, am Interessi vun eisem Confort, eiser Gesondheet an eiser Liewensqualitéit. Op jidder Fall kënne mer net all 15 Joer eng nei Autobunn nieft all bestehend bauen, an och all déi nei Contournements déi d’ CSV ewell all gréisser Uertschaft versprécht, schafe just nei Problemer ouni een eenzege Stau opzeléisen.

„Déi vireg Regierungen hunn d’ Dividende vum Wuesstem verdeelt amplaz se an d’ Zukunft z’ investéieren.“

D’ Absence vun Investitiounen an den ëffentlechen Transport ass en anere Grond, firwat mueres an owes d’ halleft Land steet. Déi vireg Regierungen hunn d’ Dividende vum Wuesstem verdeelt amplaz se an d’ Zukunft z’ investéieren. Et huet eng éischt gréng Regierungsbedeelegung gebraucht fir datt zanter 100 Joer mol erëm nei Zuchschinne geluecht ginn.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Mir mussen dee wëlle Wuesstem, wéi en an den leschten 30 Joer war, a Fro stellen. Mir si vill, an egal wéi, an egal wou gewuess a konnten net déi néideg Infrastrukture liwweren déi dee Wuesstem nogefrot huet.

„Wëlle mer wierklech de leschte Biotop zoutippen, de leschte Bauer vum Aker verdreiwen, dee leschte Bëschwee goudronnéieren, deem leschte gewuessenen Duerfkär seng Séil huelen?“

Selbstverständlech gëtt et eng ganz einfach, net nohalteg an dofir falsch Léisung fir Wunnraum an Aktivitéitszonen ze schafen: d’ Bauperimetere vergréisseren – obscho mer nach Dausend Hektar bannendran hunn – an d’ Land zoubetonéieren. Mee wëlle mer wierklech de leschte Biotop zoutippen, de leschte Bauer vum Aker verdreiwen, dee leschte Bëschwee goudronnéieren, deem leschte gewuessenen Duerfkär seng Séil huelen? Wa mer wierklech esou weiderfueren, hypothekéiere mer d’ Zukunft, eis an déi vun eise Kanner a Kandskanner.

„Lëtzebuerg läit eis um Häerz. An dofir musse mir net alles huele wat geet! Kommt mir huelen de Fouss vum Gas! Da kréie mer d’ Kéier.“

Mir sollten de Fouss vum Gas huelen a Courage beweisen.

De Courage, selektiv virzegoen beim Unzéie vun neie Betriber a Branchen. De Mutt, am ländleche Raum fir eng moderat Entwécklung anzetrieden, déi eis Dierfer, eis Landschaften an eis Natur schützt. De Mutt, fir an den 3 urbanen Zentre vum Land fir kompakt, multifunktionell a liewenswäert Stied ze suergen.

Léif Frëndinnen a Frënn,

Lëtzebuerg läit eis um Häerz. An dofir musse mir net alles huele wat geet! Mir sollten och nach eppes fir eis Enkelkanner iwwereg loossen!

Kommt mir huelen de Fouss vum Gas! Da kréie mer d’ Kéier.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Gesellschaft, Mobilität, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu Kommt mir huelen de Fouss vum Gas, da kréie mer d’ Kéier!

  1. Pingback: Kommt mir huelen de Fouss vum Gas, da kréie mer d’ Kéier! | Kantonen.lu CANTONS.LU

Hinterlasse einen Kommentar