Kommt mir huelen de Fouss vum Gas!

An de 16 Joer vun 1994 bis 2010 huet eist Land 100.000 Matbierger bäikritt. Nach eng Kéier 100.000 nei Awunner krute mer vun 2010 bis haut an nëmmen nach 8 Joer. Dobäi kommen nach déi 100.000 nei Aarbechtsplazen, déi an de leschten 11 Joer geschaf goufen, mat hirem Verkéier aus alle Géigende vum Land an iwwer d’ Grenzen eraus. Dëst ass e wëlle Wuesstem, dee jidderee vun eis all Dag spiirt: e weist sech am Stau op eise Stroossen, e weist sech un de Wunnengspräisser déi nëmmen nach de Wee no uewe kennen.

Ech sinn der Meenung, datt mer mussen de Fouss vum Gas huelen, well mer un eis natierlech Grenze stoussen.

„Wuesstem ka finanzielle Räichtum bedeiten. Mee wéi steet et mam Räichtum, deen ee mat Geld net kafe kann?“

Et geet net duer, nëmmen d’ Recette vum Wuesstem ze kucke wéi d’ Steiereinnahmen an d’ Rentebeiträg. Mir mussen éierlech mat eis selwer sinn, an och d’ Folgekäschte vum Wuesstem mat berechnen: d’ Ausgabe fir Infrastrukturen a Verwaltung; fir Schoule, Stroosse, Schinnen a Spideeler; fir Waasser an Ofwaasser a fir d’ Renten déi eng Kéier mussen ausbezuelt ginn.

Wann an Zukunft e Betrib nei bei eis op Lëtzebuerg komme wëll, musse mer den ökonomeschen, den ökologeschen an de sozialen Impakt dovunner moossen. Fir eist Land nohalteg z’ entwéckelen musse mir eis Kritäre ginn an Aktivitéite just nach selektiv unzéien. Mir gréng wëllen eng Économie, déi eis Ëmwelt respektéiert, déi op eis Stäerkten opbaut an déi Lëtzebuerg prett mécht fir déi zukünfteg Erausfuerderunge vun der Robotiséierung a vun der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt.

Bei all deem aktuelle Wuesstem musse mer eise Landverbrauch intelligent steieren, well eis Buedemfläch wiisst net. Ënner de virege Regierungen ass alles iwwerall wëll gewuess: Industriezonen ouni Autobunnsuschloss, kommerziell Zonen ouni Busubannung a Wunnquartieren op der grénger Wiss. Et huet e gréngen Infrastrukturminister gebraucht fir an der Landesplanung endlech ëmzedenken an eist Land geuerdnet, sënnvoll a spuersam z’ organiséieren.

A punkto Wuesstem musse mer Choixen treffen. Wuesstem ka finanzielle Räichtum bedeiten. Mee wéi steet et mam Wuelbefannen, der Gesondheet an der Liewensqualitéit vun de Leit? Wéi steet et mam Räichtum, deen ee mat Geld net kafe kann?

Ech wëll festhalen um Räichtum vun eise Landschaften an eiser Natur. Ech setze mech a  fir de Räichtum deen et bedeit, mat senger Famill, senge Kanner a sengen Enkelkanner, qualitativ héichwäerteg Zäit ze verbréngen, amplaz seng Muerenter an Owenter am Stau ze vertrentelen.

Kommt mir huelen de Fouss vum Gas!

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Gesellschaft, Mobilität, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar