Monseigneur, Madame,
Här Chamberpresident,
Här Staatsminister,
Léift Simone, léiwe Michel a Louis,
Dir Dammen an Hären Ministere, Staatssekretären, Deputéiert an offiziell Vertrieder aus dem In- an Ausland,
Léif Famill a Frënn,
Ech sinn dem Staatsminister dankbar, dass hie mir d’ Geleeënheet gëtt – als Vertrieder vu villen Aneren – bei dëser Gedenkzeremonie den aussergewéinleche Mënsch, de grénge Politiker, den engagéierte Matstreider, den onermiddleche Schaffert Camille Gira ze würdegen.
“Wann de Wand vun der Verännerung iwwer d’ Land bléist, da bauen déi eng Maueren, déi aner awer baue Wandmillen”
Dat war e Saz, deen de Camille nawell gäre benotzt huet, fir auszedrécken, dass ee muss nei denken, dass ee muss anescht handelen, well ee soss vun de Verännerungen iwwerrullt gëtt.
De Camille hat e Gespier fir d’ Verännerungen déi komme mussen. Wéi e Seismograf huet hien op déi klengst Ongerechtegkeet reagéiert. An där Ongerechtegkeeten huet de Camille der vill gespuert: an eisem Nord-Süd-Verhältnis, an eisem oniwwerluechten Ëmgank mat der Natur, an eisem Ressourceverbrauch wéi wann et kee Muer géif, am Clivage tëscht Deenen déi vill hunn an ouni Suerge genéisse kënnen an deenen Aneren, déi um Enn vum Mount net méi iwwer d’ Ronne kommen.
Beim Camille huet d’ Analyse ni laang gedauert, direkt koumen éischt Iddie wéi ee kéint eng Verännerung, eng Verbesserung, eng optimal Léisung erbäiféieren. An da goufen direkt d’ Äerm eropgestrëppt a lassgeluecht.
Mee ni eleng. De Camille konnt net nëmme mat Amenter virulent sinn … hie war virun allem andauernd héich ustiechend. Hien huet militéiert, rassembléiert a motivéiert.
An deem Sënn war et eng gellech Lektioun a punkto Asaz an a fir d’ Zivilgesellschaft, wann een all déi Noriff op hien vu Veräiner, Organisatiounen a Federatiounen gelies huet. Fir déi gréng Bewegung war de Camille e wichtege Mediateur dee gehollef huet, en zerstriddenen Trapp gréng Hénger ouni Kapp – mat zäitweis dräi konkurréierende Lëschte bei Chamberwahlen – zu enger sérieuxer Partei mat Fraktiounsstatus ze formen.
De Camille Gira wor deen éischte grénge Buergermeeschter am Land, a wat fir een !
- Ass meng Gemeng ze kleng an ze schwaach? Da schaffe mer regional enk zesummen.
- Huet eis Gemeng net genuch finanzielle Spillraum? Da valoriséiere mer eis Mineralwaasserquellen an engem Public-Private-Partnership, laang ir deen Terme a Moud koum.
- Wëlle mer eis Natur net duerch eng Héichspannungsleitung verschampeléiere loossen an eis Leit net dem Elektrosmog aussetzen? Da spuere mer Stroum a produzéieren eis eegen Energie. Äddi Kuel a Gas an Ueleg an Atom. Moie Waasser a Wand; Biogas, Holz a Sonn. Energie aus der Regioun fir d’ Regioun. An Aarbecht an der Regioun.
- Hu mer sozial schwaach Famillen an der Gemeng? Dann hëllefe mer deene gezielt aus der Energieaarmut mat engem innovative Finanzéierungsmodell.
- Wéi kënne mer eis regional Ekonomie stäerken? De Camille sicht Alliéiert an der Geschäftswelt, an de BEKI, déi éischt a bis elo eenzeg Lëtzebuerger Lokalwährung ass gebuer.
Lauter Virbiller mat Ausstrahlung iwwer d’ Gemengegrenzen an d’ Landesgrenzen eraus. Ëmmer e Succès, well de Camille ni vergiess huet d’ Mënsche mat an d’ Boot ze huelen. De Camille huet esou erfollegräich Biergerbedeelegung praktizéiert, datt et kee Wonner ass, datt hien ëmmer erëm gewielt gouf, an der Gemeng an am Bezierk Norden.
2013 – endlech de Sprong an d’ Regierung. Endlech kritt de Camille d’ Méiglechkeet villes vun deem ze verbesseren, wat hie joerzéngtelaang als Buergermeeschter gestéiert an als Oppositiounsdeputéierten kritiséiert hat.
Ech erënnere mech un eis intern Diskussiounen Ufank Dezember 2013. An un de Camille dee seet:
“Den Titel ass mir egal, Minister oder Staatssekretär, Haaptsaach ech kann eppes bewegen”.
Monseigneur,
Äre Staatssekretär Camille Gira huet verännert a bewegt, hien huet säi Gestaltungsspillraum voll genotzt; hien huet koordinéiert a vermëttelt tëscht Departementer an Administratiounen a Ministèren. Vill vun Äre Ministere wëssen ëm seng Hartnäckegkeet beim Verhandelen, mee och ëm säin häerzhaft Laache wann de Kompromëss ënner Daach wor.
Här Chamberpresident, Här Staatsminister, Léif Éieregäscht,
Wat fir eng Tragedie, datt de Camille – nëmmen e puer Minutte virum Vote vu “sengem” Naturschutzgesetz, un deem hien an de leschte véier an en hallef Joren esou acharnéiert geschafft hat – huet misse lassloossen.
Ëmgefall wéi eng Eech am Stuerm.
Léift Simone, léif Jonge, léif Famill,
Äre Camille huet Grousses geleescht fir säi Land, seng Gemeng, seng Matmënschen. Fir d’ Allgemengheet esou vill geleescht an engem vill ze kuerze Liewen.
Keen Trouscht, mee Éier, Erënnerung an Unerkennung bedeit déi Lann, déi elo hei zum Gedenke steet.
An dass besonnesch d’ Beien op esou e Bam fléien, mécht dem Camille sécherlech grousseg Freed.
(VIDEO)