Wéi wierkt gréng ?

vum Christian Kmiotek a Françoise Folmer 

No de Gemengewalen 2017 waren déi gréng de Medie-Kommentaren no, dee klenge Gewënner. Déi gréng Partei war mat engem historesch héije Score vun 2011 an dës Wale gaangen, a konnt sech 2017 nach eng Kéier e gudde Krack steigeren: den Undeel un der Gesamtstëmmenzuel ass vu ronn 13% op iwwer 16% geklommen. Datt “Gréng wierkt” ass bei de Leit deemno gutt ukomm.

Awer net nëmmen déi gréng Wielerzuel ass méi grouss ginn, och d’Memberzuele sinn däitlech gewuess. Dat mécht eis Courage fir d’Chamberwalen 2018, an et weist, datt déi gréng eng oppen, lieweg an attraktiv Partei sinn.

Dëst Joer musse mir gréng fir t‘alleréischte Kéier aus enger Regierungsbedeelegung eraus eisen nächste Walprogramm schreiwen. An et ass flott a motivant ze gesinn, datt mer och fir t‘éischte Kéier vill Kapitele musse wesentlech iwwerschaffen. Firwat? Ma ganz einfach: well villes wat 2013 do stoung elo scho gemaach ass oder zumindest an Ugrëff geholl gouf.

D’Chamberwale fannen 2018 an engem Kontext statt, deen et nach ni gouf: Zanter dem 2. Weltkrich huet d’CSV – bis op zwou Ausnahmen – de Premier gestallt, an dee klenge Koalitiounspartner war mol d’LSAP, mol d‘DP. Elo hunn awer och déi gréng bewisen, datt se ee verlässlechen an efficace Regierungspartner sinn. Et gëtt also elo definitiv eng drëtt an eng véiert Optioun, an datt ass gutt fir eist Land a gutt fir eis Demokratie!

„D’Wäerter déi eis eenegen maachen, datt eis Vertrieder net hott an har virun all Mikro sprangen, datt hir Egoen net méi grouss si wéi eis Partei an datt si keng widderspréchlech Message vermëttelen.“

Mir gréng si gëeent duerch gemeinsam Wäerter, déi eis ganz fest unenee bannen. Dës Wäerter, dorënner Solidaritéit, Gerechtegkeet a Participatioun, sinn Deel vun eisem politesche Réckgrat an erlaben et eis, och an Zukunft eng Politik ze maachen, déi vu Wäitsiicht gepräägt ass, eng Politik déi op Fakten an net op Ängschte baséiert, eng Politik déi ëmmer de Mënsch a seng Ëmwelt an de Mëttelpunkt setzt.

D’Wäerter déi eis eenegen maachen, datt eis Vertrieder net hott an har virun all Mikro sprangen, datt hir Egoen net méi grouss si wéi eis Partei an datt si keng widderspréchlech Message vermëttelen. Mir gréng, si bei de Gemengewale mam Sproch „Gréng wierkt“ ugetrueden, mee dëse Message ass beim nationale Bilan genee esou richteg. Mir gréng soe wat mer maachen, a mir maache wat mer soen an ëmmer méi Leit appreciéieren dat.

déi gréng sinn och konsensfäeg. Eng Fäegkeet déi lues a lues gewuess ass op Basis vun eisen Erfahrungen um Gemengenniveau, wou mer eis, an eiser 35-järeger Parteigeschicht, schonn ënner ville politesche Koalitiounsvarianten an der Verantwortung beweise konnten. 35 Joer wou mer d‘ Vertrauen an eise Programm an, an eis Leit bei ëmmer méi Wieler gefestegt kruten. Als gréng verhandele mir ferm a fair an am Sënn vun der Saach. Mir kennen eis Dossieren a mir halen eis un déi mat de jeeweilege Koalitiounspartner ofgemaachte Kompromësser. Mir hunn domadder bewisen, datt mir e verlässlechen an efficace Regierungspartner sinn.

Dëst Joer, d‘Joer vun eisem 35. Gebuertsdag, ass d‘Partei definitiv aus de Kannerschong erausgewuess. Eis Visioun fir eng nohalteg a sozial gerecht Entwécklung vun eisem Land a vun eiser Gesellschaft ass kloer. Elo geet et drëms d’Vertraue vu eise Wieler ze festegen an zousätzlecht Vertrauen ze kréien, fir datt déi gréng Prioritéiten och bei der nächster Regierungsbildung eng Roll spillen.

Mir hu gewisen, datt gréng Politik dem Land, de Leit an der Ëmwelt gutt deet. Et geet net ëm déi gréng Partei, et geet hei ëm eist Land, ëm Lëtzebuerg an doriwwer eraus. An eist Land brauch gréng Politik, och fir déi nächst 35 Joer!

(fir t’éischte Kéier publizéiert de 26. Januar 2018 am „Lëtzebuerger Land“ ënner dem Titel „gréng wierkt !“)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s