35 Joer sinn et elo datt déi gréng fir hier Iddie kämpfen a säit 5 Joer maache mir dat och an der Regierung. Mir beweisen datt mer fir en eegene grénge Politikstil stinn, dat heescht leidenschaftlecht Kämpfe fir d’Saach, ouni onnéideg Polemik, sachlech a léisungsorientéiert, an am Dialog mat de Biergerinnen a Bierger. Dës Missioun gëllt et elo weider ze féieren.
Lëtzebuerg ass haut a villerlee Hisiicht méi erfollegräich an attraktiv ewéi jee. Eist Land boomt an zitt international Entreprisen aus ganz ënnerschiddleche Branchen un. Mënschen aus der ganzer Welt komme bei eis, fir hei ze liewen an ze schaffen. Den enorme Wirtschaftswuesstem, dee mir erliewen, stellt eist Land awer och viru Problemer.
Den Individualverkéier féiert zu Stau, den ëmmer méi grousse Besoin u Fläche bedreet eis natierlech Landschaften, bezuelbare Wunnraum ass knapp an d’Präisser klammen. A bei wäitem net all Awunner profitéiert a gläichem Mooss vum Wuesstem.
Déi, déi bei eis kommen, an déi, déi schonn ëmmer hei ware sehnen sech no gudder Liewensqualitéit, no Sécherheet an no engem gudden Zesummeliewen an eisen Dierfer a Stied. An net zulescht verbënnt se och d’Léift zu eiser schéiner Natur an eisen eenzegaartege Landschaften, souwéi zu eiser Interkulturalitéit.
Lëtzebuerg läit am politeschen an institutionellen Häerz vun Europa an huet ëmmer vu Weltoppenheet an oppene Marchéë profitéiert. Dësem Land geet et gutt, wann et Europa gutt geet. Haut ginn dës Prinzipien op der ganzer Welt ëmmer méi a Fro gestallt. De Populismus ronderëm eis gëtt ëmmer méi staark an destabiliséiert net just eis Nopeschlänner Frankräich an Däitschland, mä och aner wichteg Membere vun der EU ewéi Italien oder och nach d’Vereenegt Kinnékräich.
All dës Onsécherheete féieren dozou, datt verschiddener Angscht hunn, net méi matzekommen. Bei Ville mécht sech d’Gefill breet, datt mat all Prozent méi Wuesstem och eppes verluer geet, wat Lëtzebuerg fir si ausmécht. Eppes ass sécher: weder mat engem blousse Verwalte vun de bestoende Verhältnisser, nach mat Ofschottung an engem plompe „Lëtzebuerg first“ loossen sech déi grouss Ëmbréch vun eiser Zäit, ewéi Digitaliséierung, Klimawandel oder den Opstig vun autoritäre Regierungen ugoen.
Well mer eist Land gär hunn.
Mir Gréng maachen iwwerall wou mer kennen, an de Gemengen, an der Regierung an an Europa, eng Politik mat engem laangfristege Bléck op d’Zukunft, eng Politik fir e liewenswäert Land, an deem den Erfolleg vun de Kanner net vum Portmonni vun den Elteren ofhänkt; fir eng nohalteg an innovativ gréng Ekonomie, déi op eise Stäerkten opbaut a sécher Aarbechtsplaze schaaft; fir eng oppen an inklusiv Gesellschaft, an där mir zesummen- an net laanschtenee liewen.
Dat maache mir net fir Wahlresultater, mee aus Iwwerzeegung a well mer eist Land gär hunn. Léift verbënnt, Nationalismus trennt eis. Dëst Land gär hunn, dat ka jiddereen, deen hei schafft a wunnt. Net just déi, déi lëtzebuergesch schwätzen oder Lëtzebuerger sinn. Mir lueden all déi Mënschen an, mateneen d’Land ze gestalten an d’Weeche fir d’Lëtzebuerg vu muer ze stellen.
Mir gréng hunn an de leschte 5 Joer munches erreecht a mir sinn houfreg drop. Mir wäerten eise Bilan an eise grénge Politikstil an den nächste Méint offensiv verdeedegen a schaffe weider drun, datt gréng dëst Joer vun de Biergerinnen a Bierger gestäerkt gëtt.
(fir t’éischte Kéier publizéiert am „Lëtzebuerger Land“ vum 22.6.2018)