D’Natur an de Mënschen hir Gesondheet schützen

En Echange iwwer de Glyphosat um Radio (RTL & 100Komma7) vun de grénge Parteipräsidenten Françoise Folmer (FF) & Christian Kmiotek CK)

FF: An de leschte Wochen war vill iwwer de Glyphosat Rieds. Ëm wat geet et do genee?

CK: De Glyphosat – de Verbraucher eventuell ënnert dem Numm “Roundup” bekannt –  ass e Pestizid, also e Gëft dat d’ Onkraut futti mécht – awer net nëmmen d’ Onkraut.

FF: Firwat soll déi Substanz dann aus der Siicht vun de Grénge verbuede ginn?

CK: Ma well et wëssenschaftlech Beweiser gëtt,– an ech zitéieren d’ Weltgesondheetsorganisatioun – datt de Glyphosat „wahrscheinlech kriipserregend ass“.

FF: Ah, Okay. A wéinst dem „Vorsorgeprinzip“, wëll soën: et ass besser am viraus opzepassen, wéi herno de Problemer nozelafen, soll de Glyphosat also aus dem Verkaf geholl ginn?

CK: Genee, mir gréng – ob am Europaparlament, am europäesche Ministerrot oder hei bei eis an der Regierung – setzen eis ferm dofir an, fir de Mënschen hir Gesondheet ze schützen.

FF: Mee dee Produit muss jo awer iergendwéi en Notzen hunn, soss géif e jo net an der Landwiertschaft agesat ginn?

CK: D’ Pestizide versprieche kuerzfristeg en einfache konventionellen Akerbau, sou soen op d’ mannst d’ Chimieskonzerner, déi di Produkter verkafen. Mee op där aner Säit stinn awer eng ganz Partie wëssenschaftlech Étuden, déi dorops hiweisen, datt d’ Waasser an de Buedem contaminéiert ginn, datt d’ Planzen an d’ Déiere geschiedegt ginn, an dass och d’ Mënschen a Gefor sinn.

FF: Déi Leit sinn a Gefor, di direkt mat de Pestiziden a Kontakt stinn, wéi d’ Baueren …

CK: D’ Baueren an d’ Leit déi no un de gesprëtzte Felder wunnen … a mir all déi dës Gëfter an hir Derivater iwwer d’ Nahrungsketten ophuelen. Dem “Vorsorgeprinzip” no sollte mer also an Zukunft op de Glyphosat an aner Ëmweltgëfter verzichten.

FF: Ganz d‘ Accord. Mee et muss een och realistesch sinn. Grouss Deeler vun der Landwiertschaft baséieren op deene geféierleche Substanzen; d’ Bauere kënnen sech net vun engem Dag op deen aneren einfach ëmstellen.

Deemno ass et och un der Politik, de Baueren déi eis ernieren ze hëllefen op en anert Bewiertschafte vun de Felder ëmzestellen. Dat geet iwwer d’ Ausbildung an der Akerbauschoul, iwwer d’ Formation continue an d’ Berodung op der Plaz, bis hin zu finanziellen Hëllefe beim Ëmstelle vun enger chemescher op eng mechanesch Onkrautbekämpfung.

CK: Eis Grénge schwieft doriwwer eraus eng ganz aner europäesch a lëtzebuergësch Subventiounspolitik vir: ewech vun enger, déi just op déi produzéiert Quantitéiten aus ass, hin zu enger Ënnerstëtzung vun deene Baueren, déi op Qualitéit setzen.

FF: D’ Bauere sollen och fir déi Aarbecht entschiedegt ginn, déi si am Interesse vun eis all maachen: wann se eist Drénkwaasser schützen, d’ Biedem an d’ Natur lieweg erhalen, d’ Déiere respektéieren a gesond Liewensmëttel produzéieren.

Mir Gréng setzen eis weider staark dofir an, fir d’ Natur an de Mënschen hir Gesondheet ze schützen.

CK: An dofir kämpfe mir och weider dofir – mat eisen Deputéierten, mat eise Ministeren –, datt de Glyphosat esou séier wéi méiglech vun eise Felder a vun eisen Tellere verschwënnt.

Fir déi gréng: Christian Kmiotek a Françoise Folmer

(https://www.campact.de/)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Europa, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Hinterlasse einen Kommentar