Lëtzebuerg a séng Sproochen

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Eng aktuell Debatt déi d’Leit enorm beweegt, ass déi vum Stellewert vun der Lëtzebuerger Sprooch. Lëtzebuergësch gët hautzudaags esou vill geschwat a geschriwwe, wéi nie virdrun, an trotzdem hu vill Lëtzebuerger d’Gefill, dass mer eis Sprooch, an domat eis Kultur verléieren.

Am geschichtleche Réckbléck ass et esou, dass zu Lëtzebuerg schonn zanter dem Ufank vum 19. Joërhonnert déi 3 Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch koexistéieren. Mir däerfen dowéinst d‘Realitéite vun eiser multikultureller Gesellschaft a vun der Sproochevielfalt hei zu Land net verkennen :

  • Eis Méisproochegkeet ass ee vun de ganz wichtege Facteuren, op déi sech d’wirtschaftlech Entwécklung vun eisem Land, an domat eise Wuelstand baséieren. D’Weiderentwécklung vum lëtzebuergeschen Sproochgebrauch däerf sech dofir net op Käschte vun dëser Multikulturalitéit maache.
  • Mir mussen och realistesch bleiwe, wat d’Méiglechkeete vum Lëtzebuergeschen ugeet, wann et ëm spezifesch technesch a juristësch Jargonen geet. Do kënnt eis Sprooch schonn haut net ouni eng Hellewull franséisch, däitsch an englesch Wierder aus.
  • D’Kommunikatioun op lëtzebuergesch zwëschent den Administratiounen an de Bierger kann a soll nach weider entwéckelt gin. Fir se besser verständlech ze maache, solle mir hei och kucken, déi administrativ Ausdrocksweis ze vereinfachen, an dat an all deene Sprooche mat deenen d’Verwaltungen schonn haut mat den Bierger kommunizéieren, siew dat elo Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch.
  • Grad esou wichteg wéi dësen offizielle Gebrauch vun eiser Sprooch, ass awer och hiren alldeegleche Gebrauch. Mir musse weiderhinn oppassen, dass eis Sprooch en Integratiounsfacteur bleiwt a mir mussen d’Offer vun de Lëtzebuergesch-Coursen fir eis auslännesch Matbierger a Mataarbechter nach vergréisseren an diversifizéieren.
  • Awer och schonn an de Schoulen an an de Betreiungsstrukture mussen eis Kanner op eis méisproocheg Realitéit virbereed ginn. Basis dofir muss eng zweesproocheg Kannerbetreiung sinn. Esou datt Frankophoner scho fréi a Kontakt mam Lëtzebuergësche kommen, a kleng Lëtzebuerger spillerësch mam Franséische ëmgoë léieren.
  • Lëtzeburgësch als Wahlfach am Lycée ass och e wichtege Punkt.

Mir fannen et schued, dass d’Lëtzebuerger Kultur an Identitéit de Moment an der öffentlecher Diskussioun bal exklusiv un der Sprooch festgemaach ginn. Mir sin der Meenung dass eis Gesellschaft um kulturellen Plang a Wirklechkeet vill méi ze bidden huet. Dofir as et wichteg fir iwert de Sproochenaspekt eraus, den Kanner an Erwuessenen vun allen Ofstamungen eis kulturell Geschicht an zeitgenössesch Kreatioun hei zu Lëtzebuerg méi no ze brengen, awer och daagdeeglech beim Schaffen an an der Fräizäit sech ze begéinen.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Kultur, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s