vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek
Viru kuerzem huet d’Äntwert vum zoustännege Minister op eng Question Parlementaire vum gréngen Deputéierten Gérard Anzia erginn, datt zu Lëtzebuerg systematesch de Schwäin hir Schwänz amputéiert gin. Dat ass net nëmme konträr zu enger EU-Direktiv, mee och am Widdersproch zu engem nationale Règlement Grand-Ducal.
Et ass awer nëmmen ee Beispill vun enger ganzer Rei Methoden, déi an eiser Fleesch- a Mëllechproduktioun als onëmgänglech ugesi ginn. Dobäi weisen eis d’Biobetrieber, datt et och anëscht geet, an datt Schwäin durchaus kënnen ouni Schwanzamputatioun gehalen gin. Aner kurant Praktiken och hei zu Lëtzebuerg si systematësch Kastratioune vu Schwäin a Ranner, meeschtens ouni Anaesthesie an Nobehandlung, d’Ablatioun vun den Hare bei de Kéi, d’Schneide vun den Schniewele bei den Hénger, a villes méi. Skandaléis ass natiirlech och d’Shreddere vun de männleche Jippelcher, dat an Däitschland weiderhinn erlaabt ass, an zu Lëtzebuerg därzäit just dowéinst net existéiert, well d’Jippelcher net hei gezillt, mee importéiert gin.
Aus kommerzielle Grënn ignoréiert eis Gesellschaft systematesch déi onadäquat Haltungsmethoden an d’Leide vun den sougennanten „Notzdéieren“. Dat as fir eis Gréng net tolerabel. Mir fuerderen, datt eis zukünfteg Gesetzgebung unerkennt, datt en Déier net nëmmen en „être doué de sensibilité“ ass, mee och e sozialt Wiesen, dat Péng fillen a leide kann. Mir wëllen, datt eist neit Gesetz festhält, datt d‘Déiere komplex Intelligenzformen an och Gefiller hunn, déi et ze respektéiere gëlt. Mir brauchen en Ëmdenken an eiser Gesellschaft, a mir brauche méi Respekt, net nëmmen virun den Hausdéieren, mee och virun den „Notzdéieren“.
Et gëtt Alternativen an der Déierenhaltung, an d’Politik ass gefuerdert fir déi duerchzesetzen. Subventiounen un d’Bauere sollen un eng aartgerecht Déierenhaltung gebonne ginn, an de Konsument muss sensibiliséiert ginn, fir datt e Präisser fir Fleesch- a Mëllechprodukter akzeptéiert, déi et de Baueren erlaaben a besser Infrastrukturen an Haltungsmethoden fir hir Béischten ze investéieren.
Et ass kloër, datt dëst iwer Lëtzebuerg erausgeet, an datt hei op d’manst um europäeschen Niveau e Mentalitéitswiessel komme muss. Lëtzebuerg sollt sech awer net hannert deem Argument verstoppen, fir elo e neit Gesetz a Reglementer ofzeseenen, déi iwer Joëren all weidere Fortschrëtt an dëser Thematik blockéieren.
Jo, Lëtzebuerg soll d’Geleeënheet vun der neier Gesetzgebung, déi an der Präparatioun ass, notzen fir eng ganz Rei vu vermeidbare Quälereien bei „Notzdéieren“ ze verbidden, an domat Virreider an Europa ze sinn, wat eng ethesch korrekt Déierenhaltung ugeet.
Françoise Folmer a Christian Kmiotek
Eng „ethesch korrekt Déirenhaltung“ ass net méigleg, well „ethesch“ an „(Déiren-)haltung“ net matenee vereinbar sinn. Dat wëlle mir eis arieden (loossen), fir Déirenhaltung, -ziichten a -konsum virum eegene Gewësse vertriéden ze kënnen. Wann een et mam Schutz vun den Déieren eescht mengt, setzt een sech och deementspriéchend derfir an, datt den Déireschutz net méi an d’Kompetenz vum Agrarministère fällt, an den Term „Notzdéier“ aus eisem Vokabulaire verschwënnt.