Flüchtlingen – Lëtzebuerg hëlleft

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

D‘Flüchtlingen sinn de Moment an aller Mond, an d’Medie si voller Katastrophemeldungen. Europa kämpft fir wichteg Grondwerter ze erhalen, wéi Solidaritéit zwëschen de Memberstaaten a fräi Circulatioun vun de Mënschen am Schengen-Raum. Wann et och richteg as, dass dës Kris um europäeschen Niveau muss geléist gin, sou muss awer all Memberstaat séng Contributioun no sénge Méiglechkeete leeschten.

Lëtzebuerg, dat de Moment d’Présidence vum Conseil vun der europäescher Unioun huet, huet d’Bewältegung vun dëser Kris zu enger vun sénge Prioritéite gemach. Awer Lëtzebuerg huet och décidéiert fir sech um nationalen Niveau ze engagéieren, a säin Deel vun Flüchtlingen opzehuelen.

Dat as fir eis heiheem wiirklech näischt Neies : Grad esou wéi d’Geschicht vun der Menschheet geprägt as vu Migratiounen, esou as och eist Land an de leschte puer Joërhonnerten ëmmer erëm domat konfrontéiert gewiescht, siew et dass d’Lëtzebuerger selwer massiv hu missen auswanderen, siew et dass mir sukzessiv Welle vun Migranten opgeholl hun. Dobäi muss ee soën, dass mir eisen aktuellen Wuelstand mat Hëllef vun den zëgdausend Mënschen opgebaut hunn, déi mir schon bei eis opgeholl hun. Mir brauchen dofir wirklech keng Angscht virun e puer Honnert, oder och nach Dausend, zousätzleche Leit ze hun, och wann sie vielleicht aus aaneren Kulturkreesser kommen.

Mir däerfen eis och net impressionéiere loossen vu verschiddenen hetzereschen a friemenfeindleche Stëmmen, déi notamment op de soziale Medien vun enger katastrophaler Situatioun schwetzen, déi eng Gefor fir eist Land an eis Gesellschaft soll duerstellen. Lëtzebuerg als räicht a flexibelt Land vun de kurzen Weeër wäert och dës Kéier erem beweisen, dass mir séier a konstruktiv op nei Situatioune reagéiere kënnen. Staat a Gemengen sin amgaangen durch d’Schaafe vun zentralen an dezentralen Strukturen e beschtméiglechen Accueil ze erlaben, an dono eng progressiv an effizient Integratioun vun den Flüchtlingen déi vu sech aus bei eis kommen, oder déi eis iwwer europäesch Mechanismen zougewise ginn.

Niewt den Efforten vun den Administratiounen an den Associatiounen kënne mir awer och stolz sin op dat aussergewéinlecht Solidaritéitsengagement aus der ziviler Gesellschaft, wou Privatleit sech spontan fir all méiglech Hëllefsaktiounen zesummen dinn. All dat stëmmt eis zouversichtlech, dass dës Situatioun, déi eis sëcher nach eng laang Zeit beschäftegen wärt, zu gudder Lescht vill Positives bréngt, souwuel fir eis Lëtzebuerger, wéi och fir déi Leit, déi mir bei eis empfänken.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Dieser Beitrag wurde unter Europa, Gemeinden, Gesellschaft, Soziales, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu Flüchtlingen – Lëtzebuerg hëlleft

  1. Paul Zens schreibt:

    Hat dies auf paulzens rebloggt und kommentierte:
    Esou ass et.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s