Och fir e staarkt soziaalt Europa

Déi éischt Halschent vum Joër stung am Zeeche vun der nationaler Politik. Dat zweet Hallefjoër geet et ganz kloër ëm Europa, well Lëtzebuerg vun dëser Woch un d’Présidence vun der europäescher Unioun huet. Deemno hunn déi Lëtzebuerger Ministeren dann d’Geleeënheet, déi europäesch Prioritéite verstärkt matzebestëmmen. Eis Regierungsmëmbere kënne keng Positiounen duurchdrécken, well se jo an hirer Présidence-Funktioun fir den Ausgläich suerge mussen, mee d’Lëtzebuerger kënne Léisunge proposéieren a sech fir gemeinsam Entscheedunge staark maachen.

Ech sinn der Meenung, dat d’Europamiddegkeet vu ville Leit ganz gudd ze verstoën ass. Jidderee vun eis ass zwar iwwerzeegt, datt Europa onverzichtbar ass, mee zevill oft gesi mer, datt déi europäesch Decisioune weltfriem a wäit ewech vun de Mënsche sinn. Ganz oft hu mer och d’Gefill, datt et zu Bréissel an zu Stroossbuerg manner ëm d’Uleies vun de Biergerinnen a Bierger, ma dofir ëmsou méi ëm d’Interessië vun de Firmen a Konzerner geet.

Europa muss erëm Mooss a Gefill kréien fir sozial Gerechtegkeet

Dofir plädéieren ech fir eng novollzéibar europäesch Politik, déi d’Bedürfnisser vun de Mënschen an de Mëttelpunkt stellt. Et ass richteg, déi economësch Relance duurch Investitiounen massiv ze ënnerstëtzen. Awer well besonnech an de südlechen EU-Länner de Chômage speziell bei de Jonken extrem héich ass, muss och derfir gesuergt ginn, datt d’Leit ouni Aarbecht direkt reell Perspektiven offréiert kréien.

Wann et effektiv „alternativlos“ war, d’Banken an der Suite vun der Finanzkris mat massive staatlechen Interventiounen ze retten, dann ass et elo un der Zäit, d‘Mënschen ze retten an an sie z’investéieren. Europa därf net weiderfueren mat ëmmer méi Dereguléierung vum Aarbechtsmaart a mat enger blanner Austeritéitspolitik. Europa muss erëm Mooss a Gefill kréien fir sozial Gerechtegkeet, an awer och déi finanziell Moyensen fir se ëmzesetzen.

A propos Gerechtegkeet. Lëtzebuerg huet et an der Hand, matzehëllefen datt europawäit, jo esouguer weltwäit, Steiergerechtegkeet geschafe gëtt. Well et ka jo net sinn, datt d’Länner net genuch Suën erakréien fir öffentlich Investitiounen a fir Sozialpolitik ze leeschten, während multinational Konzerner et drop uleeën, quasi néirens op der Welt Steieren ze bezuelen.

Extrem beonrouegt iwwer den TTIP

Ech sinn och extrem beonrouegt iwwer dat e bësse wat mer bis elo iwwer den TTIP gewuer gi sinn, dat Fräihandelsofkommes tëscht der EU an den USA, dat am Ament am Geheime verhandelt gëtt. Ech hu grouss Ängschten, datt et hei just ëm d’Interessië vun de groussen internationale Firmen geet, ouni Rücksicht op d’Mënschen. Fir mech ass et ganz kloër, datt d’Erhale vun eiser Ëmwelt, datt d’Rechter vun de Salariéen, datt d’Gesondheet vun de Leit an datt eise Rechtsstaat net dierfen dem private Profit geaffert ginn.

Europa war bis elo economësch a politësch e Succès. Wann awer net ganz séier déi sozial Dimensioun genee esou staark gëtt, da riskéiert den europäesche Projet uerg an d’Laberenten ze geroden. Nëmme wann Europa sech fir d’Mënsche staark mécht, gesin d’Mënschen e Sënn an Europa. Ech plädéieren dofir och fir e staarkt soziaalt Europa.

Dieser Beitrag wurde unter Europa, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s