Lëtzebuerg brauch präiswert Locatiounswunnéngen

D’Wunnéngspräisser hei zu Lëtzebuerg dreiwen deenen Engen Tréinen an d’Aën an déi Aner iwwer d’Grenz. De Präis vum Wunnen kennt zanter Jorzéngten nëmmen eng Richtung: no uewen. Dat ass ee vun de Nodeeler vum Lëtzebuerger Modell dee staark op wirtschaftlëche Wuesstëm an Zouwanderung setzt.

Ech sinn der Meenung, datt Wunne, Schaffen, Akafen a Fräizäit erëm méi no beienee réckele mussen. Dat huet nämlech de Virdeel, datt den ëffentlëchen Transport rationell kann organiséiert a vun de Leit genotzt ginn. Am Ament ass et esou, datt vill Leit wéinst den héiche Wunnéngspräisser gezwonge sinn, ëmmer méi wäit ewech vun der Schaff wunnen ze goën. Mee wee wäit ewech wunnt, huet automatësch héich Transportkäschten.

Dat ass en Däiwelskrees, well dat wat een op där enger Säit beim Wunne spuert, doduerch datt een op d’Land oder iwwer d’Grenz plënnert, gëtt op där anerer Säit duurch déi noutwenneg Käschte vum Auto oder souguer vun zwéin Autoën erëm opgefriess.

Wann d‘Wunne méi no bei déi aner Aktivitéite réckelt, dann ass deen Däiwelskrees durchbrach. Well da kënne vill Famillen op den zweeten Auto verzichten, a sou munnécher souguer séch nëmme mat Bus, Zuch, Tram, Vëlo a Carsharing deplacéieren. Genee dorunner gëtt am Ament geschafft, net nëmme wat nei Infrastrukturen ubelaangt, mee och um Niveau vun der Landesplanung.

Well awer grad an den urbanen Zentren d’Terrainspräisser esou héich sinn, besteet d’Gefor, datt besonnëch jonk Leit, Famille mat Kanner a Stéit mat engem niddregen Akommes sech genee do d’Wunnen net leeschte kënnen, weder als Propriétaire, nach an der Locatioun. Grad déi, di am mannsten Akommes a proportionell am meeschten Ausgaben hunn, sinn déi Leit, déi um Wunnéngsmarché d’Aaschkaart zéien. Dat fannen ech ongerecht an dofir net acceptabel.

Ech sinn iwwerzeegt, datt wann an de Stied méi Wunnéngen an de Verkaf kommen oder zu horrende Präisser vu Privatleit verlount ginn, dat deene Famillen net hëlleft, déi mat engem oder och nach zwee Mindestléin iwwer d’Ronne komme mussen.

Fir datt an Zukunft jonk Famillen, Mammen déi eleng erzéien, eeler Leit mat enger klenger Pensioun a Stéid mat niddregem Akommes sech d’Wunnen nach leeschte kënnen, musse massiv bezuelbar Locatiouns-Wunnénge gebaut ginn. Lëtzebuerg huet do immens vill nozehuelen: nëmmen 2% vun alle Wunnéngen hei am Land ginn no soziale Kritäre verginn, dat ass vill ze wéineg wann ee bedenkt, datt et an der Belsch 7% sinn an a Frankräich esouguer 20%. %. D’Caritas seet, datt et bei eis e Besoin vun iwwer 25.000 där Wunnénge gëtt.

D’öffentlech Hand muss fir genuch Locatiouns-Wunnénge suergen, déi d’Leit sech leeschte kënnen. Ech gesinn d’Léisung vun dëser Aufgab an engem koordinéierte Zesummeschaffen vum Staat mat de Gemengen.

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Gemeinden, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s