Altesses Royales, Här Chamberpräsident, Här Staatsminister, Dir Dammen an Hären Regierungsmemberen aus dem In- an Ausland, Ambassadeuren, Deputéiert, Buergermeeschteren, Schäffen a Gemengeréit, Léif Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, aus der Politik an aus de Verwaltungen, Léif Gäscht, déi gréng an och déi manner gréng, vun No a vu Fär,
Ech begréissen Iech ganz häerzlech op der Feier fir de 35. Anniversaire vun eiser Partei. Houfreg si mer drop, dass den däitsche grénge Minister a Parteipresidente-Kolleg Robert Habeck bei eis ass fir eis z’ inspriréieren a mat eis no vir ze kucken. Ech sinn haut fir de Réckbléck zoustänneg.
„Mir gréng sinn déi eenzeg Partei-Neigrënnung vun deene leschte 50 Joer, déi sech duerchsetze konnt, well mir gréng si souwuel kommunal, wéi national, wéi och europäesch fest verankert.“
Mir sinn ëmsou méi dankbar, datt Dir alleguer, a speziell Dir, Monseigneur a Madame, bei eis komm sidd, well Är Präsenz, well dëse volle Sall, eis Trouscht spent an engem emotional schwéiere Moment fir déi gréng Bewegung. Et ass op den Dag 3 Wochen hier, datt mir déi onfaassbar Noriicht kruten: de grénge Staatssekretär Camille Gira ass dout! Gestuerwen eng Stonn nodeems hien an der Chamber bei der Verdeedegung vu “sengem” Naturschutzgesetz zesummegebrach wor. Mir verléieren en aussergewéinleche Mënsch, e grénge Politiker, en engagéierte Matstreider, en onermiddleche Schaffert. Ech bieden Iech ëm eng Gedenkminutt fir de Camille Gira.
Merci.
De Camille Gira wor deen éischte grénge Buergermeeschter am Land. Hien huet als Virbild eis Gréngen all Loscht gemat, eis lokal z’ engagéieren, well hie gewisen huet, dass mer grad an der Gemeng Villes bewege kënnen. An ech sinn iwwerzeegt, datt déi éischt gréng Regierungsbedeelegung just méiglech wor, well mer um Gemengeplang bewisen hunn, datt mer konsensfäheg sinn a Verantwortung droe kënnen.
Monseigneur, Madame, Léif Gäscht,
Mir gréng sinn déi eenzeg Partei-Neigrënnung vun deene leschte 50 Joer, déi sech duerchsetze konnt, well mir gréng si souwuel kommunal, wéi national, wéi och europäesch fest verankert. Wourunner läit dat? Ech denken, un eise Wäerter, déi mer mat engem groussen Deel vun der Bevëlkerung deelen. Wa mer iwwer gréng Wäerter schwätzen, da blécke mer och op déi gréng Wuerzelen zeréck. Ech kann net op se all agoen a gräifen der dofir nëmmen e puer eraus.
„Eng vun eise ville Wuerzelen – an se ass am Ament ganz aktuell – ass de Gréngen hire kritesche Bléck op de Wuesstem.“
Eng vun eise ville Wuerzelen – an se ass am Ament ganz aktuell – ass de Gréngen hire kritesche Bléck op de Wuesstem. Vill vun eis hunn deemools an de 1970er Joeren d’ Buch “Die Grenzen des Wachstums” vum Club of Rome gelies. An esou ass eis bewosst ginn, datt et kee Planéit B gëtt, an datt mer eise Planéit ëmmer nëmme fir eng Generatioun geléint kréien.
Spéitstens mat der Uelegkris an der Stolkris gouf eis kloer, datt d’ Ressource begrenzt sinn an datt de Wuesstëm net kann onendlech sinn. Deemno ass a bleift de Schutz vun eisen natierleche Ressourcen wéi Waasser, Buedem a Loft als Liewensgrondlagen a Gesondheetsfaktor ëmmer e gréngt Thema. Awer och den Energie-Honger vun den Industrienatiounen, wou et an eisem Verständnis drëm geet, regenerativ Alternativen zu de fossilen Energiequellen z’ entwéckelen.
Mee och Honger an Nout an Ongerechtegkeet hunn eis net kal gelooss, a mir sinn eis bewosst ginn, datt et eng global Spléck gëtt tëscht dem räiche Norden an dem aarme Süden. No an no hu mir och bekäppt, datt vill Phänomener zesummen hänken an zwar weltwäit. Eng Vue, déi haut nach a ville Länner esou munneche Politiker feelt, déi mol net capabel sinn den Zesummenhang ze verstoën tëscht der Klimaverännerung an de Migratiounsbewegungen – fir just dat Beispill erauszegräifen.
Eng aner vun de Gréngen hire Wuerzelen läit an der Friddensbewegung vun den Enn 1970er – Ufank 1980er Joeren an dem Wonsch, an Zäite vu Block-Konfrontatioun an Oprüsten, Fridden ze schafe mat ëmmer manner Waffen.
Eng Iwwerleeung, déi ëmmer nach aktuell ass, well Kricher Verdreiwung a Flucht no sech zéien an domat erëm aner Konflikter a weider mënschlech Tragedien, besonnesch fir Fraen a Kanner. Woubäi d’ Kricher jo ëmmer ëm déi knapp Ressource gefouert gi. Deemno ass och haut d’ Oprüste leider aktuell, a mir gréng gesinn zum Beispill d’ Fuerderung, datt d’ NATO-Länner hir Rüstungsdépensë verbindlech sollen op 2% vun hirem PIB eropschrauwe kritesch.
„Sollt et Ouschteren 2019 zanter Laangem erëm bei eis am Land zu engem Ouschtermarsch kommen, sinn ech derbäi. Dat huet och dermat ze dinn, datt bei eis an der Famill ëmmer iwwer de Krich zu Lëtzebuerg Rieds goung a wéi d’ Leit an deene Jore gelidden hunn.“
Ech muss Iech den Owend eppes beichten: ech war zwar am Hierscht ’81 mam Lëtzebuerger Bus mat op d’ Friddensmanif am Bonner Hofgarten, mee ech weess net méi wat den Heinrich Böll gesot huet, well ech mech méi fir eng Moss interesséiert hunn – politesch korrekt: fir eng weiblech Participante.
Trotzdem verspriechen ech Iech: sollt et Ouschteren 2019 zanter Laangem erëm bei eis am Land zu engem Ouschtermarsch kommen, sinn ech derbäi. Dat huet och dermat ze dinn, datt bei eis an der Famill ëmmer iwwer de Krich zu Lëtzebuerg Rieds goung a wéi d’ Leit an deene Jore gelidden hunn.
déi gréng sinn och verankert am Feminismus.
Haut schwëtzt ee wuel éischter vu Genderthemen, an déi betreffe genee esou gutt Fraë wéi Männer. Et geet ëm déi selwecht Chance fir jiddereen, egal wéi säi Geschlecht ass. Do si mir gréng natierlech houfreg op eis éischt Regierungsbedeelegung, déi zum Beispill derfir gesuergt huet, datt dëst Joer bei de Chamberwalen genderméisseg méi équilibréiert Lëschten untrieden. A bei den Europawalen d’ näächst Joer gesäit et nach besser aus.
Elo wënsche mir eis nach méi ausgeglache Lëschten bei der Konkurrenz fir d’ Gemengewalen 2023. Mir gréng mussen eis jo net verrenken, well d’ Paritéit Fraë-Männer bei eis zanter ëmmer praktizéiert gëtt.
Ech war dëslescht am dänesche Parlament an engem Meeting tëscht skandinavesche grénge Parteien an deenen aus Holland, Däitschland a Lëtzebuerg. Ofgesinn dervun, datt dat dänescht Parlament als eenzegt vun der Welt säin eegene Béier braut,
(Här President, wéi wär et mat engem eegene Bio-Wéngert fir de Crémant an der Chamber?)
ass mer deen Dag nach opgefall, datt d’ Presidentin vun den dänesche Gréngen an der Reunioun gestréckt huet. Do sinn ech ganz nostalgesch ginn, well ech dat scho laang net méi bei eis an enger grénger Versammlung erlieft hunn. Als net-multi-tasking-fähege Mann, sinn ech vum Strécken an enger Reunioun jo souwisou ausgeschloss, well ech net capabel sinn, gläichzäiteg déi richteg Schlëpp faalen ze loossen an e kloere Gedanken ze faassen.
„Ech sinn immens houfreg, President vun enger Partei ze sinn, déi fort komm ass vum Anti- a just Nee-Soen. Ech denke, wann dat net geschitt wär, da géif et déi gréng scho laang net méi ginn. Haut si mir eng Partei déi konsequent positiv ausgeriicht ass; mir proposéiere Léisungen. Mir gréng sinn d’ Partei vum Jo zu enger besserer Zukunft.“
Wa mer scho bei der Nostalgie sinn: selbstverständlech denken ech och mat grousser Freed un d’ Ufäng vun der Anti-Atom-Beweegung zeréck, déi leider nach keen Enn fonnt huet. Dir kënnt Iech net virstellen, wéi schéin et wor seng Deeg – an och emol Nuechten – zu Remerschen op dem Site vun engem – wéi mer haut wëssen – erfollegräich verhënnerten Atomkraaftwierk ze verbréngen. Well dat hei eng gediege Veranstaltung ass, kann ech keng méi intim Detailer zum Beschte ginn. Frot mech einfach herno beim Patt.
Léif Invitéen,
Ech sinn immens houfreg, President vun enger Partei ze sinn, déi fort komm ass vum Anti- a just Nee-Soen. Ech denke, wann dat net geschitt wär, da géif et déi gréng scho laang net méi ginn. Haut si mir eng Partei déi konsequent positiv ausgeriicht ass; mir proposéiere Léisungen. Mir gréng sinn d’ Partei vum Jo zu enger besserer Zukunft.
- Jo zu Solarenergie a Wandkraaft.
- Jo zu liewensäerten Dierfer a Stied, Jo zu enger intakter Natur.
- Mir förderen d’ Zesummeliewe vun de Kulturen, de Sproochen an de Natiounen.
- Mir setzen eis a fir gesond Iessen a proppert Waasser.
- Mir sti fir eng modern an inklusiv Gesellschaft, déi jidderengem seng Bedierfnisser respektéiert a kee lénks leie léist.
- Mir schaffen un innovative Léisunge fir déi komplex Problemer vun eisem Land.
„Gegrënnt um Nationalfeierdag viru 35 Joer, hunn déi gréng sech ëmmer agesat fir dëst Land, fir seng multikulturell Leit a seng wonnerbar Natur.“
Altesses Royales, Léif Éieregäscht,
déi gréng hunn hire Mission-Statement vun 1983 erfëllt. Mir waren ugetrueden, fir eng Alternativ ze sinn tëscht deem lénken an deem rietse Block. A mir wollten der Ekologie eng Stëmm ginn. Haut kënne mir gréng ganz houfreg feststellen, datt mir Lëtzebuerg a seng politesch Landschaft entscheedend verännert hunn.
Fir t’ éischt an der Oppositioun, wou mer déi demokratesch Ritualer entstëbst, d’ Entscheedungsprozedure méi transparent gemeet an den ekologeschen Iwwerleeungen de Wee bereet hunn.
Dann zanter 2013 an der Regierungsverantwortung, wou mer eist Land entscheedend weiderbruecht hunn: duerch e qualitative Sprong no vir an der Gesellschaftspolitik, duerch déi iwwerfälleg Moderniséierung vun eisen Infrastrukturen an duerch d’ Abezéie vun der Ekologie an déi politesch Entscheedungen.
Ëmmerhin handelt et sech bei der ekologescher Komponent vun der Nohaltegkeet ëm eis Liewensgrondlagen, ouni déi weder dat Ekonomescht nach dat Soziaalt méiglech sinn.
„Mir gréng sinn d’ Zukunftspartei zanter 35 Joer. Well mer eist Land a seng Leit gär hunn.“
Gegrënnt um Nationalfeierdag viru 35 Joer, hunn déi gréng sech ëmmer agesat fir dëst Land, fir seng multikulturell Leit a seng wonnerbar Natur. An dat maache mir mat genee esouvill Leidenschaft och an Zukunft. Mir gréng sinn d’ Zukunftspartei zanter 35 Joer. A mir hunn d’ Kraaft an d’ Iddien, fir nach laang d’ Zukunft vu Lëtzebuerg ze gestalten.
Well mer eist Land a seng Leit gär hunn.