D’ Zukunft baséiert dodrop, watfireng politesch Weiche mer haut stellen. An eiser komplizéierter, vernetzter Welt brauche mer éierlech a couragéis Entscheedungen. An et ass wichteg, datt mer als Politik net hannert de Problemer lafen, mee mir mussen déi néideg Entscheedunge schonn am Virfeld huelen, fir d’ Erausfuerderunge vun eiser Zäit ze meeschteren. Doru schaffe mir Gréng.
„Eis Generatioun ass déi éischt, déi de Klimawandel ze spiere kritt a gläichzäiteg déi lescht, déi d’ Steier erëmräisse kann.“
D’ Welt ass a Beweegung wéi scho laang net méi: et gëtt iwwer méiglech Kricher geschwat; d’ UNO seet, datt musse séier a radikal Moossname géint d’ Klimaverännerung ënnerholl ginn, an déi Jonk ginn op d’ Strooss a maachen Drock an där Saach. Se hu vollkomme recht, well et geet ëm hir Zukunft. Eis Generatioun ass déi éischt, déi de Klimawandel ze spiere kritt a gläichzäiteg déi lescht, déi d’ Steier erëmräisse kann.
De Verloscht vun der Déieren- a Planzevielfalt, d’ Klimakris – déi och zu Kricher a Flüchtlinge féiert–, de Kampf géint déi sozial Ongerechtegkeeten – hei a soss op der Welt, och duerch d’ Klimaverännerungen – , all dat si Schlësselfroe vun eiser Zäit. Déi Erausfuerderunge sinn ze wichteg, fir se eleng de Wirtschaftsinteressen z’ iwwerloossen. A se sinn ze grouss fir se just als déi privat Verantwortung vu jidder Eenzelen unzegesinn. Nëmmen an engem kollektiven Effort packe mer dës global Challengen.
„Wa mer zesummen déi nei Rahmebedingunge vun eiser Gesellschaft festleeën, dann ass deen neie Kader de Raum an deem och nach aner Fräiheete fir jidderee vun eis méiglech ginn.“
Dat heescht fir gréng Politik, mee och fir d’ Politik am Allgemengen, datt se muss hir Verantwortung iwwerhuelen an e kloere gesetzleche Kader schafen, deen et erlaabt d’ Erausfuerderunge vun haut a vu muer ze meeschteren. Iwwerall do wou mir gréng an der Verantwortung sinn, schaffe mir dorunner, zesumme mat de Leit.
„Schliisslech si Klimaschutz an Ëmweltschutz jo am Endeffekt Mënscheschutz.“
Vill Leit hunn Angscht, datt um Enn nëmme Verzicht a Verbuet fir si erauskommen, mee de Géigendeel ass de Fall. Wa mer zesummen déi nei Rahmebedingunge vun eiser Gesellschaft festleeën, dann ass deen neie Kader de Raum an deem och nach aner Fräiheete fir jidderee vun eis méiglech ginn. Dee neie Kader – an den USA schwätzen se vum “Green New Deal” – bréngt eis och weider duerch gesellschaftlech an technologesch Innovatiounen. Mir däerfen net fäerten, mee mir solle Courage hunn an eis mat aller Kraaft géint d’ Ursaache vum Klimawandel a fir d’ Erhale vun eiser Ëmwelt asetzen. Schliisslech si Klimaschutz an Ëmweltschutz jo am Endeffekt Mënscheschutz.
Als gréng verbidde mir net, mee mir schafe besser Alternative fir d’ Leit. Dozou gëtt et och vill konkret Beispiller, wéi:
- An Zukunft e performanten ëffentlechen Transport ze hunn, als Alternativ zum Stau.
- Op eng Landwiertschaft setzen, déi Bauer, Buedem, Mënsch an Déier respektéiert.
- Och ouni Plastik op näischt verzichten ze mussen.
- Erneierbar Energie selwer produzéieren, amplaz de Stroum aus Kuel, Gas oder Atom deier anzekafen.
Mir gréng hunn de Mutt, dat alles an nach méi zesumme mat de Leit ëmzesetzen. Dofir ass d’ Zukunft gréng.
Djuna Bernard & Christian Kmiotek