Den Europawalkampf ass geschloen an de Stëpps huet sech getässelt. Wat soten eis d’ Wielerinnen a Wieler a wéi gi mir domat ëm?
„Wann dës Europawalen Schicksalswale waren, da well besonnesch déi jonk Leit hiert Schicksal selwer an d’ Hand geholl hunn.“
Déi gutt Nouvelle ass, datt déi rietspopulistesch an anti-europäesch Kräften zwar a verschidde Länner en erschreckende Score gemeet hunn, d’ Politik vun Europa kënne se awer an deenen nächste 5 Joer net bestëmmen. Grad konsequent pro-europäesch Parteie wéi mir gréng goufe gestäerkt.
Wann dës Europawalen Schicksalswale waren, wéi vill Journalisten am Virfeld geschriwwen haten, da waren s’ et, well besonnesch déi jonk Leit hiert Schicksal selwer an d’ Hand geholl hunn, massiv wiele gaang sinn a ganz vill gréng gewielt hunn. Se hunn dat gemeet, well se sech bewosst sinn, datt et ëm hir Zukunft geet. Déi Jonk, déi zu zeg Dausenden op d’ Strooss gaange woren, si sech bewosst, datt nëmmen am europäeschen Zesummespill erfollegräich géint d’ Klimakris kann agéiert ginn.
Deemno krute mir gréng vill Vertraue vun de Jonken. Kee Wonner, well mir sti wéi keng aner Partei zënter Jorzéngten op der Säit vun Ëmwelt a Klima a schützen domat och de Mënsch. Eise super Score – heiheem an an den Nopeschlänner – wor awer nëmme méiglech, well och vill Elteren a Grousselteren iwwerzeegt sinn, datt de Klima muss déi éischt politesch Prioritéit sinn.
„D’ Europawal ass eng Bestätegung vun den ambitiéise Klimaziler déi Lëtzebuerg sech ginn huet.“
Dëse Wieleroptrag motivéiert eis enorm. Datt déi gréng Fraktioun am Europaparlament vu 50 op elo 70 Leit gewuess ass, erlaabt eis en nach méi konsequent Schaffen.
T’ lescht Woch war ech a Kontakt mat ville Presidentinnen a Presidente vun aneren europäesche Gréngen a mir sinn eis eens: mir maachen net mat beim Pokeren ëm Posten. Eis interesséieren d’ Inhalter vun der zukënfteger europäescher Politik.
Wéi kréie mer déi multinational Konzerner derzou endlech Steieren ze bezuelen, do wou se hir Sue verdéngen? Wéi kréie mer d’ Bunn genee esou attraktiv wéi de Fliger? Wéi komme mer esou séier wéi méiglech an eng Économie ouni Kuel, Pëtrol, Gas an Atom? Wéi schafe mer en Europa dat solidaresch ass mat de Mënschen an de méi aarme Länner? Dat si wichteg Theme fir déi nächst 5 Joer.
An dann nach eng lescht Iwwerleeung: wa bei der Europawal vun 2014 e Mëssfale géint déi deemools ongewinnten Dräierkoalitioun ausgedréckt gouf, da stellen ech fest, datt 2019 d’ Wielerinnen a Wieler – nach méi wéi schonn am Oktober 2018 – déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun gestäerkt hunn.
D’ Europawal 2019 ass also eng Bestätegung vun den ambitiéise Klimaziler déi Lëtzebuerg sech ginn huet. Se ass eng Ënnerstëtzung fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport a vun den erneierbaren Energien. Se ënnermauert déi gréng Efforten beim Waasser-, Natur- a Klimaschutz. A se confirméiert eis, datt et richteg ass, de Glyphosat ze verbidden an d’ Bio-Landwiertschaft ze pushen.