Nei engagéiere fir eis Zukunft

„Mir gréng sinn déi eenzeg Partei-Neigrënnung vun deene leschte 50 Joer, déi sech duerchsetze konnt, well mir gréng sinn esouwuel kommunal, wéi national, wéi och europäesch fest implantéiert!“ Wéi ech dësen houfrege Saz leschte Summer op eiser 35-Joer-Feier vu mer ginn hunn, konnt ech mer mol net am Dram virstellen, wéi erfollegräich mer véier Méint drop wären.

„Lëtzebuerg wollt méi där gudder grénger Politik“

Am Oktober 2018 konnte mir gréng bei de Chamberwalen eng spektakulär Progressioun a Prozenter an a Sëtz verbuchen. D’ Wielerinnen a Wieler wollten e Weiderféiere vun der blo-rout-grénger Koalitioun. Virun allem awer wollten d’ Leit eng Stäerkung vun de gréngen Iddien, vun der grénger Method a vun de grénge Wäerter. Lëtzebuerg wollt méi där gudder grénger Politik, déi eis éischt Regierungsbedeelegung tëscht 2013 an 2018 ausgezeechent hat.

Mir kruten de 14. Oktober vun de Wielerinnen a Wieler net nëmmen de Kontrakt verlängert, mee mir kruten en erweiderten Optrag fir déi nächst 5 Joer: mir schaffen elo och a Beräicher, wou een eis bis ewell net erwaart hätt, wéi d’ Police an d’ Arméi. All gréng Verantwortlechkeete si wichteg Aufgaben, déi den Alldag vun all Mënsch direkt beréieren a mir schaffen a Beräicher mat besonnesch groussen Erausfuerderungen. Et geet ënner anerem ëm d’ harmonescht Zesummeliewen, eng aner Mobilitéit,  d’ Wunne fir jiddereen, d’ Energiepolitik vun der Zukunft an de kompromësslose Klimaschutz.

„Ech sinn houfreg, datt zu Lëtzebuerg iwwer zéngdausend jonk Mënschen op d’ Strooss gaange sinn, well se déi global Zesummenhäng verstanen hunn, déi vill vun hiren Elteren a Grousseltere leegnen oder verdrängen“

Gréng Kolleginnen a Kollegen,

Dir wësst jo nach, wéivill Leit an deene leschten 3 Jorzéngten iwwer eis gréng Visiounen de Kapp gerëselt a gelaacht hunn? Abee, et sinn der ewell vill, vill manner. E puer sinn der nach iwwereg, an dat sinn déi, déi immens iwwerhieflech oder esouguer aggressiv ginn, wann eng 16-jähreg schwedesch Schülerin hinnen op de Kapp zou seet, datt se versot hunn an datt se amgaang sinn, der nächster Generatioun hir Perspektiven ze ruinéieren.

Ech sinn houfreg, datt gëscht zu Lëtzebuerg wäit iwwer zéngdausend jonk Mënschen op d’ Strooss gaange sinn, well se déi global Zesummenhäng verstanen hunn, déi vill vun hiren Elteren a Grousseltere leegnen oder verdrängen. Et erfëllt mech mat grousser Hoffnung, datt weltwäit Millioune Jonker opstinn a fir eis all – op der Basis vu  wëssenschaftlechen Erkenntnisser – en anere Liewensmodell fuerderen, ee vu globaler Gerechtegkeet, een deen d’ Grenze vun eisem Planéit mat abezitt.

D’ Geschicht wäert et weisen, mee ech sinn iwwerzeegt, datt “Youth for Climate” eise Liewensstil genee esou déifgräifend a positiv verännere wäert, wéi dat virun engem halwe Jorhonnert “Mee 68” gemaach huet.

Kolleginnen a Kollegen,

Déi global Erausfuerderungen an déi europäesch an national Hausaufgaben déi sech doraus erginn, sinn ze packen. Besonnesch, well eis 5 Ministeren, eis 9 Deputéiert an eis – am Moment – eng Europaparlamentarierin dat selwecht Rezept asetzen, mat deem mer an de leschte 5 Joer esou erfollegräich waren: schaffe, schaffen an nach emol schaffen – onopgereegt a kompetent.

Mir Gréng sinn d’ Zukunftspartei zanter 35 Joer! An eis gestalteresch Aarbecht un der Zukunft vu Lëtzebuerg geet och an de nächste 5 Joer mat elo nach méi Réckewand weider. Well mer eist Land gär hunn.

Léiw Kolleginnen a Kollegen,

Fir de 26. Mee ass de Finish vun der 3. Kompetitioun am Waltriathlon 2017, 2018, 2019 ugesat. Elo grad si mer jo scho mat ganz vill Schwong op déi lescht Ligne droite gaangen. An ech fannen et richteg, datt mer och hei – genee wéi bei de Gemengen- a bei de Chamberwalen – vill jonk Kandidatinnen a Kandidaten opgestallt hunn. Schliesslech geet et – och an Europa – ëm hir Zukunft.

„D’ europäesch Eenheet gëtt eis an der globaliséierter Welt eng Stäerkt, déi kee Land eleng, a scho guer net Lëtzebuerg huet“

Ech sinn iwwerzeegt, datt dee ganze politesche Kuddelmuddel ronderëm de BREXIT – a mir wësse jo nach guer net wat fir ee Chaos eventuell nach reell entsteet – ganz ville Leit an Europa d’ Aen opgemaach huet, iwwer d’ Virdeeler vun der Europäescher Unioun. Sécher: d’ EU ass net perfekt, mee wéilt Dir op d’ Virdeeler vum ongehënnerte Reesen an op d’ Einfachheet vum Euro verzichten? Ech net. Net ze vergiessen, datt d’ europäesch Eenheet eis an der globaliséierter Welt eng Stäerkt gëtt, déi kee Land eleng, a scho guer net Lëtzebuerg huet.

„Mir si konsequent pro-europäesch, mee mir stinn a fir en anert Europa, net dat vun de Lobbyisten a Konzerner, mee fir e soziaalt Europa“

Zur Imperfektioun vun der EU gehéiert och, datt déi aktuell Europäesch Kommissioun zevill op neoliberal Rezepter setzt an den Industrie-Lobbyisten nogëtt. Dat erkenne mer zum Beispill wann et ëm d’ Suite vum Dieselskandal geet oder ëm d’ Festleeë vu verbindleche globale Klimaziler. Et ass deemno wichteg, dat d’ Leit sech am Mee en Europaparlament ginn, dat aner Prioritéite setzt.

Mir gréng si konsequent pro-europäesch. Mee mir stinn a fir en anert Europa, net dat vun de Lobbyisten a Konzerner, mee fir e soziaalt Europa dat op d’ Bedierfnisser vun de Mënschen ageet. Dofir engagéiere mir gréng eis op en Neits mat aller Kraaft fir Europa.

Well mer eist Land an Europa gär hunn.

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Europa, Gesellschaft, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s