Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
Wann ech mech engagéieren, da mat Leif a Séil a mat vollem Asaz. Dat hunn ech ëmmer esou gehal a maachen et och nach, sief et als Trésorier vun der TheaterFederatioun, als Vizepresident vun der Kulturfabrik oder als President vun der Fondatioun Kannerschlass. Mäi politeschen Engagement ass – genee wéi bei Iech och – déi logesch Fortsetzung vun eisem laangjäregen Engagement an der Zivilgesellschaft.
Ech denken, datt ech an der Kulturszeen an am soziale Secteur nach ka mathëllefen, d’ Saachen a Bewegung ze halen. A genee esou sinn ech iwwerzeegt, datt ech och weiderhin als Äre President vun eiser Partei meng Energie kann asetzen, fir eis Uleie weiderzedreiwen; Uleies a Causen, déi net nëmmen déi vun eise Wielerinnen a Wieler sinn, mee déi vun alle Leit.
Léif Frëndinnen a Frënn, firwat froen ech Iech fir e weidert Mandat? Ech nennen Iech 3 gutt Grënn.
Eischtens emol, well ech an aller Bescheidenheet mengen, datt ech an deene leschte 6 Joer keng schlecht Aarbecht geleescht hunn. Et war sécher net alles perfekt, well do wou gehuwwelt gëtt, do fale Spéin. A wann een en e bësse méi Ongehuwwelte wéi mech huet, da falen ebe méi graff Spéin. Ech entschëllege mech bei deenen, déi et getraff huet. Wéi awer elo am Gesamte meng Aarbecht inhaltlech ze bewäerten ass, dat musst Dir entscheeden!
Zweetens. Eis Partei ass méi grouss ginn: méi Ministere mat méi Ressorten, méi Deputéiert mat méi Verantwortungsberäicher, a parallel dozou eng méi breet Parteibasis. Dat ass flott a gläichzäiteg och en Challenge. Et ass d’ Aufgab vun de Co-Presidente vun der Partei, fir den Zesummenhalt ze suergen an d’ Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Niveauen z’ assuréieren. Mir hunn dat déi lescht 5 Joer während der éischter grénger Regierungsbedeelegung all zesumme ganz gutt hi kritt an eise Walsuccès vum leschten Oktober konnt ënner anerem dorop opbauen.
Déi intern Kommunikatioun tëscht Regierungsmemberen, Chamberfraktioun, Staatsrot, Comité exécutif, jonk gréng, Genderrot, Lokalsektiounen, Bezierker, Regionalen, Aarbechtsgruppen an all eenzele Member ze fërderen, déi Aufgab wëll ech weiderféieren. Doduerch, datt mer elo 5 Leit an der Regierung an 9 Deputéiert mat méi Mataarbechterinnen hunn, riskéiert natiirlech de Clivage tëscht deenen, déi fulltime politesch schaffen an deenen déi hire politeschen Asaz an engem anerwäerts gutt gefëllte 24-Stonnen-Dag mussen ënnerbréngen, méi grouss ze ginn. Ech kennen dee Phenomen aus mengem kulturellen, sozialen a kommunalen Asaz an e mécht mer keng Angscht, well ech weess wéi een deem entgéint wierke kann: andeems an all Richtungen an an alle Konstellatioune intern matenee geschwat, diskutéiert an ausgetosch gëtt.
Eis Partei huet e wonnerbart Instrument heifir: de COP, eise Parteitrot. De Format vum COP erlaabt den Austausch Partei-Fraktioun-Regierung mat allen interesséierte Memberen. Hei kënne mer ongezwongen an an der Déift spezifesch Theme kontrovers an zilorientéiert diskutéieren a beschaffen. Mir hunn de COP intensiv déi lescht 5 Joer op enger Hällewull vun Theme genotzt, bis hin zu Ministere vun enger anerer Parteifuerf, mat deene mir eis koalitiounsintern ausgetosch hunn. Dat huet zum Zesummenhalt vun der 3er-Koalitioun, zur parteiinterner Cohésioun a schlussendlech zu engem positive Bild vun eiser Partei an der Ëffentlechkeet bäigedroen. Mir hunn et nämlech fäerdeg bruecht, och bei komplexen an emotional schwieregen Themen, duerch dee strukturéierten Dialog parteiintern gëeent ze bleiwen. An dowéinst wëll ech de Format COP onbedéngt weider intensiv an der Parteiaarbecht asetzen.
Drëttens. Nom Wahltriathlon deen Enn Mee op en Enn geet, ass et wichteg, eis erëm ëm d’ Parteiliewen ze këmmeren. Endlech erëm an enger Duebelspëtzt mat enger Co-Presidentin funktionéieren ze kënnen, dorops freeën ech mech . Ënner anerem mussen de GT Communes, de grénge Gemengerotsgrupp an de frësch geschafenen Aarbechtsgrupp Santé nei un d’ Rulle kommen.
An déi bescht Virbereedung op d’ Superwaljoer 2023 mat de Gemengewalen am Juni an de Chamberwalen am Oktober ass et, d’ Aarbecht an de Lokalsektiounen ze stäerken. En plus mussen déi vill nei Memberen onbedéngt agebonne ginn. Donieft wëll ech och, dass mer déi Themen, déi eis Grénge wichteg sinn, no vir bréngen. Esou kënne mer zum Beispill duerch ëffentlech Konferenzen eis Iddie weiderbréngen a gläichzäiteg eise grénge Profil an der Ëffentlechkeet schäerfen.
Voilà, ech hunn den Tour gemeet. Ech wëll Iech awer nach en allerlescht Argument ginn, firwat ech nawell gär Äre Presi bleiwe wéilt.
Kolleginnen a Kollegen, Eis Partei ass déi bescht vun der Welt!
Bon, okay, … ech muss elo éierlech zouginn datt ech – am Géigesaz zu aneren – nach keng aner Partei ausprobéiert hunn. Mee wann ech mer den Zoustand vu gewëssen anere Parteien och nëmme vu baussen ukucken, da muss et stëmmen. A well ech eis Partei aus dem Effeff vu banne kennen, wär et fir mech eng Éier, nach emol fir 2 Joer den Optrag ze kréien, dës wonnerbar Partei – zesumme mam Djuna – no bannen ze féieren an no baussen ze representéieren.
Ech hunn iwweregens och e Slogan: Du wëlls en? – Da wiel en!