De Mateneen förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handele setzen ! – Meng gréng Neijoersried 2019

Léif Kolleginnen a Kollegen, Léif Gäscht,

Dëst ass déi éischte Kéier, datt déi gréng op e “Pot du Président” invitéieren, dee jo bei anere Parteie eng laang Traditioun huet. Mee et ass wuel och déi leschte Kéier, well eis Partei gëtt sech um Kongress am Mäerz selbstverständlech och erëm eng Presidentin. Fir datt mer trotzdem wéi gewinnt duerch dësen Owend kommen, maachen ech haut de Réckbléck an den nationalen Ausbléck; dono behandelt eis gréng Europa-Deputéiert Tilly Metz den europäesche Volet, well eisen nächste Rendezvous mat de Wielerinnen a Wieler ass jo d’ Europawal am Mee.

„Ech gesi Mënschen, déi sech engagéieren: fir aner Mënschen, fir d’ Allgemengwuel, fir de Klima, fir den Zesummenhalt, fir Europa. An dat mécht mer grousseg Freed a ganz vill Hoffnung.“

Léif Frëndinnen a Frënn,

No de Feierdeeg – déi ech dës Kéier besonnesch relax ugaange sinn, well ech nach vill Schlof aus dem leschte Joer nozehuelen hat – hunn ech mech gefrot, wéi dann d’ Joer 2018 am internationale Réckbléck ze qualifizéiere wär?

Fir mech stoung 2018 international am Zeeche vum Egoismus.

Deen Egoismus weist sech net nëmmen ënner der Form vu verschiddenen Egomanen, déi un der Spëtzt vun nawell net de klengste Länner stinn, an Ost a West, a Nord a Süd. Deen Egoismus hëlt och politesch Formen un: da gi Partikularinteressen iwwer d’ Allgemengwuel gestallt, zum Beispill am Lobbyismus ze erkennen wann et ëm d’ Suite vum Dieselskandal geet oder ëm d’ Konterkaréiere vu verbindleche globale Klimaziler. Ganz schlëmm Forme vu politeschem Egoismus weise sech als Nationalismus, Friemefeindlechkeet an Auslännerhaass. All d’ Ugrëff, leider och vun europäesche Regierungen a Regierungsparteien, op de Rechtsstaat an op d’ Mënscherechter schockéiere mech zudéifst.

Mee do wou Schied ass, do muss och Luucht sinn. Ech gesi vill Luucht. Ech gesi Mënschen, déi sech engagéieren: fir aner Mënschen, fir d’ Allgemengwuel, fir de Klima, fir den Zesummenhalt, fir Europa. An dat mécht mer grousseg Freed a ganz vill Hoffnung.

„Als europäesch Gréng engagéiere mir eis net nëmme fir eis gemeinsam Wäerter an Ziler, déi gréng Bewegung ass och iwwerall konsequent pro-europäesch, och a Groussbritannien.“

Mutt maachen eis Gréngen och d’ Walresultater vun eisen europäesche Frëndinnen a Frënn. Sou déi gutt Resultater bei de Gemengewalen an Holland an an der Belsche. An déi excellent Scorë vun den däitsche Gréngen a Bayern an an Hessen. An och eis franséisch Frënn schneide bei de rezenten Ëmfroe gutt of, trotz oder vläit esouguer wéinst der Demissioun vum Nicolas Hulot an dem Phänomen vun de “gilets jaunes”.

Als europäesch Gréng engagéiere mir eis net nëmme fir eis gemeinsam Wäerter an Ziler, déi gréng Bewegung ass och iwwerall konsequent pro-europäesch, och a Groussbritannien. Well et nieft dem Nationalismus an allen europäesche Länner och eng staark pro-europäesch Géigebewegung an der Zivilgesellschaft gëtt, sinn ech optimistesch, datt d’ Wale vum Mee déi gréng Fraktioun am Europaparlament stäerke wäerten. Gläich méi dozou vum Tilly.

Erlaabt mer nach e kuerzt Wuert zum Engagement vun de Biergerinnen a Bierger. Och hei zu Lëtzebuerg engagéiere sech vill Leit net nëmmen an der Zivilgesellschaft, mee och politesch, dat ass op alle Fall dat wat ech als Parteipresident erliewen. Mir gréng ware virun 10 Joer zu ronn 500, ech ginn dervun aus, datt mer am Laf vun 2019 den Dausendste Member oder Memberin kënnen an eis Reien ophuelen. Léif Frënn, och dat mécht mer grousse Mutt.

A propos Engagement: De 16. Mäerz ass net nëmmen eisen Europakongress, mee wéi all 2 Joer ginn och eis sämtlech Gremie nei besat. Ech maachen en Opruff un Iech all, ze kandidéieren, Iech z’ engagéieren an esou parteiintern matzegestalten. A selbstverständlech sidd Dir all wëllkomm fir um Europaprogramm matzeschaffen.

Léif Vertriederinnen a Vertrieder vun de Medien,

Ech hu mat Interessi verfollegt, wat Dir als Lëtzebuerger Highlights vum Joer 2018 Äre Lieserinnen, Nolauschterer an Nokuckerte presentéiert hutt. An ech leien do op Ärer Linn. D’ Réckerënnerung un den trageschen a vill ze fréien Doud vun eisem Frënd Camille Gira am Mee schneid all Kéiers jidder Gréngem déif an d’ Häerz.

Während e puer Woche war eis Partei gelähmt. Mee mir hunn eis opgerappt an am Camille sengem Sënn e Walkampf gefouert, esou intensiv a motivéiert wéi nach ni. All Respekt fir Iech: Membere, Lokalsektioune, Mataarbechterinnen a Mataarbechter, politesch Mandatären op allen Niveauen; Dir hutt e Programm zesummegesat an eng Campagne gefouert, déi d’Wielerinnen a Wieler iwwerzeegt hunn. E grousse Merci dofir.

„Eise gréngen Asaz an Europa an zu Lëtzebuerg huet als Zil, de Mateneen ze förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handelen ze setzen.“

Am Oktober dann, Freedendänz a Resultater wéi nach ni: 50% Plus an de Stëmmen, vun 10 op 15%; 50% Plus u Sëtzer, vu 6 op 9. Déi logesch Suite dovunner koum am Dezember: eng a Prozenter gestäerkte Majoritéit leet en ambitiéise Plang fir e gerecht an nohaltegt Lëtzebuerg vir, e 5-Jores-Plang, deen op all Säit déi gréng Handschrëft dréit, e Koalitiounsaccord, deen Dir, léif Kolleginnen a Kollegen, eestëmmeg zu Ärem gemeet hutt.

Léif Frëndinnen a Frënn,

Heiansdo hu mir d’ Gefill, d’ Egoismen, d’ Partikularinteressen an d’ Nationalismen an der Welt an an Europa géifen zouhuelen. Domatter gëtt versicht, Gesellschaften, Gemeinschaften a Mënschen auserneen ze dividéieren. Eise gréngen Asaz an Europa an zu Lëtzebuerg huet als Zil, genee dat ze verhënneren an am Géigendeel de Mateneen ze förderen a gemeinsam Wäerter an de Mëttelpunkt vum politeschen Handelen ze setzen.

Dat ass eis mam Koalitiounsofkommes gelongen. Et geet am gemeinsame Plang vun der Dräierkoalitioun bis 2023 drëms, fir d’ Allgemengwuel ze schaffen, méi Gerechtegkeet ze schafen an déi ekologesch Erausfuerderungen ze meeschteren. Mir maachen dat ënner anerem duerch eng méi gerecht Besteierung vun Aarbecht, Kapital a Ressourceverbrauch, duerch eng volontaristesch Sozialpolitik, duerch Inclusioun a Biergerbedeelegung an andeems mer och d’ Bedierfnisser vun den zukënftege Generatiounen an eisen Entscheedunge berücksichtegen.

„Mir sinn elo och a Beräicher aktiv, déi een eis bis ewell net spontan zougeschriwwen hätt. Dat si Beräicher mat groussen Erausfuerderungen a mir sinn eis bewosst, datt mer liwwere mussen. Dat mécht eis bescheiden an et gëtt eis Kraaft. An et ass jo och esou, datt mer net onvirbereet un déi nei Aufgabe ginn.“

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Um Walsonndeg hunn d’ Wielerinnen a Wieler bestätegt, datt déi gréng 5 Joer laang eng gutt Aarbecht geleescht haten, onopgereegt a kompetent. Mir krute confirméiert, datt eis 3 Ministeren an 1 Staatssekretär, datt eis 6 Deputéiert an 1 Europadeputéiert sech während 5 Joer mat Häerz a Séil, a mat vollem Asaz fir d’ Land, fir seng Leit, fir seng Natur agesat haten.

Mee virun allem krute mir gréng de 14. Oktober en neien Optrag fir déi nächst 5 Joer: deen, nach méi ze schaffen, mat elo 5 Ministeren an 9 Deputéiert. Mir kruten also en erweiderten Optrag a sinn elo och a Beräicher aktiv, déi een eis bis ewell net spontan zougeschriwwen hätt. Dat si Beräicher mat groussen Erausfuerderungen a mir sinn eis bewosst, datt mer liwwere mussen. Dat mécht eis bescheiden an et gëtt eis Kraaft. An et ass jo och esou, datt mer net onvirbereet un déi nei Aufgabe ginn: ëmmer schonn hunn eis Walprogrammer all Politikfelder ofgedeckt, mir kruten eis Positiounen dozou am Koalitiounsaccord verankert a mir gräifen op eng breet gefächert Erfahrung um kommunalen Terrain zeréck.

„Mir Gréng hu jiddefalls eist gemeet, fir d’ Chamber méi villfälteg, méi jonk a méi weiblech ze maachen.“

Kolleginnen a Kollegen,

Et gëtt Parteien, déi sech no hire Resultater bei de Chamberwalen de Kapp krazen, well se net wëssen, wéi se da sollen hir personell Erneierung hikréien. Abee, ech hu schonn no de Gemengewalen am Oktober 2017 an all Mikro gesot, datt ech géif feststellen, dat nei a jonk Leit no vir koumen, net nëmme bei eis Gréngen, mee an alle Parteien. Mir gréng hunn aus där Analys eraus eis Lëschte fir d’ Chamberwale konsequent verjéngt. Dat geet natierlech nëmmen an enger Partei, déi zesummenhält a bei där d’ Allgemengwuel ganz uewe steet, eng Partei an där keen en Ego huet dee méi grouss ass wéi d’ Walresultat vun der Partei. Ech soen e ganz grousse Merci a mäin déiwe Respekt all deene Fraën a Männer, déi dat méiglech gemeet hunn.

D’ Resultat vun dëser Erneierung ass net nëmmen e Regierungsquintett voller Energie an Erfahrung. D’ Resultat ass och e super Mix an der grénger Chamberséquipe. Ech hu schonn déi lescht Woche an de Fraktiounssëtzungen erliewt, wéi déi al erfueren Huesen sech perfekt ergänze mat den Neien, déi voll innovativ Iddien an Tatendrang stiechen. Dat gëtt der grénger Chambersaarbecht déi richteg Impulser fir déi nächst 5 Joer. Kolleginnen a Kollegen, mir Gréng hu jiddefalls eist gemeet, fir d’ Chamber méi villfälteg, méi jonk a méi weiblech ze maachen.

Oh, oh, elo hunn der schonn eng ganz Partie hir Ouere gespëtzt, speziell vun der Press, well se a Gedanken d’ Bréck schloe vun de Gemengewalen, iwwer de nationale Scrutin bis hin zu den Europawalen. Abee, och bei der grénger Europalëscht ass d’ Iddi déi, erëm deen erfollegräiche Mix vun erfuerene Leit a jonke Kandidatinnen a Kandidaten ze praktizéieren. Gedëllegt Iech nach e bëssen: an 2 Wochen ass Comité exécutif, da gitt Dir gewuer, wat fir eng Lëscht eise Parteivirstand op Urode vun der Walkommissioun dem Kongress vum 16. Mäerz virschléit.

„All Gutts fir Iech selwer an är Léifst, vill Succès bei all Äre Projeten an eng gutt Gesondheet.“

Léif Frëndinnen a Frënn,

Ir ech elo ouni Iwwerraschung d’ Wuert weider ginn un eis gréng Europadeputéiert Tilly Metz, wënschen ech Iech am Numm vun der Partei an a mengem eegenen Numm all Gutts fir Iech selwer an är Léifst, vill Succès bei all Äre Projeten an eng gutt Gesondheet.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Europa, Gesellschaft, Soziales veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s