2018 Meng gréng Neijoersried

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

Wann och eis Deputéiert a Regierungsmemberen eréischt ganz spéit an de Walkampfmodus wäerte schalten, sou huet Är Parteispëtzt selbstverständlech schonn all d’ Jalone gesat, fir eng erfollegräich Campagne op d’ Been ze stellen. Esou wéi mer dat bei de Gemengewale gemeet hunn, schaffe mer och fir d’ Chamberwale gemeinsam mat all eise Memberen um Programm.

„Datt mir net hott an har virun all Mikro sprangen, datt eis Egoën net méi grouss si wéi eis Partei, datt mer keng widderspréchlech Message vermëttelen, dat huet dräi Ursaachen.“

Dësen Teamwork, dee mir an de leschte 4 Joer bannen an der Partei esou intensiv praktizéiert hunn, mat munnechmol haarden awer fairen Diskussiounen zu der politescher Aktualitéit an iwwer all Themen déi eise Memberen op den Neel gebrannt hunn, eist respektvollt Zesummeschaffen, dat ass Deel vun eiser grénger DNA.

Genee dës Teamfäegkeet beweise mir och zanter 2013 am Zesummespill tëscht eise Regierungsmemberen, eisen Deputéierten an de Parteiorganer. Datt mir net hott an har virun all Mikro sprangen, datt eis Egoën net méi grouss si wéi eis Partei, datt mer keng widderspréchlech Message vermëttelen, dat huet dräi Ursaachen.

Eis intern vu géigesäitegem Respekt geprägten Diskussiounskultur hunn ech jo scho genannt.

Een anere Grond, läit an eiser Konsensfäegkeet. Eng Fäegkeet déi lues a lues  gewuess ass op Basis vun eisen Erfahrungen um Gemengenniveau, wou mer eis, an eiser 35-jähreger Parteigeschicht, schonn an an och ënner ville politesche Faarf-Varianten an der Verantwortung beweise konnten. 35 Joer wou mer d‘ Vertrauen an eise Programm an an eis Leit bei ëmmer méi Wieler gefestegt kruten.

Deen drëtte Grond sinn eis gemeinsam Wäerter, déi eis ganz fest unenee bannen. Eis gréng Wäerter, dorënner Solidaritéit, Gerechtegkeet a Participatioun, sinn Deel vun eisem politesche Réckgrat an erlaben et eis, och an Zukunft eng Politik ze maachen, déi vu Wäitsiicht geprägt ass, eng Politik déi op Fakten an net op Ängschte baséiert, eng Politik déi ëmmer de Mënsch a seng Ëmwelt an de Mëttelpunkt setzt.

„Mir gréng soe wat mer maachen, a mir maache wat mer soen, a genee dat gesinn d‘ Leit och.“

Kolleginnen a Kollegen,

Jidderee vun eis huet a senger Funktioun Säint zum Gelénge vun der Dräierkoalitioun bäigedroen, awer och zu de vergaangenen an aktuelle Koalitiounen an de Gemengen.

Ech mengen ech kann ouni Iwwerhieflechkeet soen, datt mir gréng ferm a fair, an am Sënn vun der Saach, verhandelen, an datt mir eis dann och un déi mat de jeweilege Koalitiounspartner erreechte Kompromësser halen. An dat rechnen eis politesch Partner eis ganz héich un.

Mir gréng si bei de Gemengewale mam Sproch „Gréng wierkt“ ugetrueden, an dëse Message ass beim nationale Bilan genee esou richteg. Mir gréng soe wat mer maachen, a mir maache wat mer soen, a genee dat gesinn d‘ Leit och.

Als Parteipresidenten si mir enorm houfreg op eisen nationale Bilan an ech weess, Dir sidd dat och. Mir hunn an de leschte 4 Joer vill gréng Fuerderungen ëmgesat, an trotzdem hu mir domat eise Polver nach laang net verschoss. Als gréng geet et eis jo net just ëm den „Hei an Elo“, ëm di nächst 5 Joer oder ëm di nächst Walen. Mir gréng denken a plangen ganz breet a laangfristeg. Och dat ass een Deel vun eiser grénger DNA an dat war zanter 35 Joer nach ni anescht.

Mir hu bewisen, datt eisem Land an eise Gemengen déi gréng Rezepter gutt dinn. A mir hunn eng kloer Visioun vun eisem Land a vun der Gesellschaft an där mir an Zukunft wëlle liewen; eng Zukunft an där och eis Kanner a Kandskanner wäerte gutt liewen.

An am Sënn vun enger geliefter Participatioun diskutéiere mir gréng dës Visioun méiglechst breet, net just innerhalb vun der Partei, mee och no baussen. Mir wäerten de Leit nolauschteren an hier Iddien a Kritiken ophuelen a mat hinnen am Dialog stoen.

An och eis gréng Ministeren wäerten déi grouss an entscheedend Richtungsfroen vun hire Ressorten an de kommende Wochen an Méint nach eng Kéier meiglechst breed – an och gezielt mat den interesséierte  Biergerinnen a Bierger –  diskutéieren, sief et bei der Landesplanung, bei der Mobilitéit oder bei der Ëmwelt- a Klimapolitik.

Ech sot „nach eng Kéier“, well dës Participatioun, dëst „Op-den-Terrain Nolauschteren- , Informéieren- an Diskutéiere- Goen“ ee grénge Fuedem ass, well eis  Ministeren déi läscht Joeren ëmmer nees um Terrain present waren a mat den interesséierte Leit d‘ Regierungspolitik diskutéiert hunn.

„Als gréng geet et eis jo net just ëm den „Hei an Elo“, ëm di nächst 5 Joer oder ëm di nächst Walen. Mir gréng denken a plangen ganz breet a laangfristeg. Och dat ass een Deel vun eiser grénger DNA an dat war zanter 35 Joer nach ni anescht.“

Kolleginnen a Kollegen,

Och wann de Koalitiounsaccord vun 2013 vill gréng Linnen opzeweisen hat, esou war en natierlech net deckungsgläich mat eisem deemolege Walprogramm. Iwweregens bei kenger Partei.

Dëst Joer musse mir gréng fir t‘ alleréischte Kéier aus enger Regierungsbedeelegung eraus eisen nächste Walprogramm schreiwen. An et ass flott a motivant ze gesinn, datt mer och fir t‘ éischte Kéier vill Kapitelen musse wesentlech iwwerschaffen. Firwat? Ma ganz einfach: well villes wat 2013 do stoung elo scho gemaach ass oder zumindest an Ugrëff geholl gouf.

Villes hu mer an de leschte 4-5 Joer ugepak. Mee 5 Joer sinn eng kuerz Zäit a villes bleift och nach ze dinn. Mir hun a ganz ville Beräicher deen enormen Nachholbedarf opgeholl an eng Rëtsch wichteg Zukunftsprojeten op den Instanzenwee bruecht. Dat gëllt esouwuel fir d‘ Mobilitéistpolitik, wéi fir d‘ Landesplanung, den Ëmwelt- an Naturschutz wéi och fir d‘ Gesellschaftspolitik.

Mir hunn d‘ Richtung virginn an den Zuch op d‘ Schinne gesat. D‘ Richtung stëmmt, an et ass elo wichteg datt et och an déi Richtung weider geet. Mir brauche weider Efforten, fir datt mir – an och eis Kanner an Enkelkanner – och muer an iwwermuer nach gutt an zefridden zu Lëtzebuerg liewe kënnen.

Jidderee gesäit: gréng Politik a gréng Konzepter ginn op alle Fall nach gebraucht ! Mir wäerten eis Hänn dofir elo net an de Schouss leeën, ganz am Géigendeel ! Mir wäerten elo all zesummen mat eise Gremien a Memberen, a mat iech all hei am Sall, eis näächst politesch Schrëtt a Moossname préiwen, diskutéieren an am Walprogramm 2018 festhalen. Deen éischte spezielle Parteirot zum Walprogramm war leschten Donneschden, e war ganz gutt besicht, d’ Diskussioune richtungsweisend a weiderer kommen no.

Mir wäerten de Wieler nees eis nohalteg, sozial gerecht, an humanistesch Visioun fir Lëtzebuerg opweisen, a gläichzäiteg och nees ganz konkret an novollzéibar Schrëtt a Moossname proposéieren: Gréng Moossnamen déi eist Land brauch an déi ëm gutt dinn !

Gréng Moossnamen déi Land, Leit an Ëmwelt nach e gudde Krack méi nohalteg kéinte maachen, wann … jo wann … Wa mir se dann dierfen ëmsetzen !

„D’ Chamberwale fannen dës Kéier allerdéngs an engem Kontext statt, deen et nach ni gouf: Zanter dem 2. Weltkrich huet d’ CSV – bis op 2 Ausnamen  – de Premier gestallt an dee klenge Koalitiounspartner war mol d’ LSAP, mol d‘ DP. Mir hunn elo bewisen, datt och mir gréng e verläesslechen an efficace Regierungspartner sinn.“

Léiw Vertrieder vun de Medien,

Ech denken, datt Dir bei de leschte Sätz Är Ouere ferm gespëtzt hutt. Well et goung jo an der läscht keen Interview op en Enn, ouni d’ Fro no enger Koalitiounsausso.

Dat mer eis net falsch verstinn: Do sidd Dir natierlech voll an Ärer Roll, mee et ass esou: Mir hunn nach kee Programm vun anere Parteie gesinn an de grénge Programm gëtt grad ausgeschafft.

A well d‘ Koalitiounsfro fir eis Gréng nieft dem Walresultat virun allem eng Fro vum méigleche gemeinsame Programm ass, kann ech Iech leider net mat enger Koalitiounsausso déngen.

D’ Chamberwale fannen dës Kéier allerdéngs an engem Kontext statt, deen et nach ni gouf: Zanter dem 2. Weltkrich huet d’ CSV – bis op 2 Ausnamen  – de Premier gestallt an dee klenge Koalitiounspartner war mol d’ LSAP, mol d‘ DP. Mir hunn elo bewisen, datt och mir gréng e verläesslechen an efficace Regierungspartner sinn.

Et gëtt also elo definitiv eng drëtt an eng véiert Optioun, an datt ass gutt fir eist Land a gutt fir eis Demokratie!

Wat ech Iech nach ka soen, an dat soen ech och alle grénge Memberen an och all eise potenzielle Wielerinnen a Wieler: Wann Dir der Meenung sidd, datt déi gréng déi läscht Joeren eng gutt Aarbecht geleescht hunn, a wann Dir der Meenung sidd, datt eist Ländchen och weiderhin eng „onopgereegt a kompetent“ gréng Politik brauch: da wielt a stäerkt déi gréng !

Wat mer méi Prozenter hunn a wat mer méi Deputéiert hunn, wat mer méi gréng Inhalter kënnen duerchsetzen. Als däitlech gestäerkte Partei kënne mir méi vun eisen Iddien no vir bréngen, kënne mir besser verhandelen a méi duerchsetzen, egal a wéi enger Konstellatioun.

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

Dëst Joer, d‘ Joer vun eisem 35. Gebuertsdag, ass d‘ Partei definitiv aus de Kannerschong erausgewuess.

An eis Visioun fir eng nohalteg a sozial gerecht Entwécklung vun eisem Land a vun eiser Gesellschaft ass kloer. Et ass elo un eis all zesummen, ferm ze schaffen fir datt méiglechst vill Wieler ons hiert Vertraue schenken a bei der Regierungsbildung am Hierscht KEE laanscht eis gréng kënnt.

Et geet hei awer net ëm déi gréng u sech, et geet hei ëm eist Land, ëm Lëtzebuerg an doriwwer eraus. An eist Land brauch gréng Politik.

Dofir: Un d’ Aarbecht! Fir datt gréng weider wierke kann! Och fir déi nächst 35 Joer !

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s