vum Françoise Folmer mam Christian Kmiotek
Jiddereen, den all Dag am Stau steet dee gesäit, dass et an engem klenge Land keen onendleche Wuesstem ka ginn. Och wa mir nach esou vill Stroossen bauen oder verbreederen, et kënnt ëmmer erëm séier de Moment, wéi och bei den Tunnellen op der A7, wou an der Géigend vun der Stad, oder scho weit virdrun, näischt méi geet.
Dofir musse mir onbedéngt ëmdenken, an dat esouwuel an eise Visioune fir Lëtzebuerg, also an der Landesplanung generell, an an der Verkéiersplanung, déi en Deel dovun ass. Déi aktuell Regierung mat hirem zoustännege grénge Minister François Bausch huet eng breet ugeluechten ëffentlech Diskussioun am Kader vun der Rifkin-Etude ugestouss fir dass mir all zesummen décidéiere kënne, wéi Lëtzebuerg sech an Zukunft weiderentwéckele soll. Bei der Reform vum Landesplanungsgesetz gouf ënner anerem enk mat de Gemengen zesummegeschafft, fir dass den neie Worf endlech praktesch ëmsetzbar ass, an de Bedierfnisser vum Land a senge Bierger gerecht gëtt.
Zesumme mat den iwwerschaffte Plans sectoriels, déi 2018 op den Dësch kommen, läit dee Moment e kohärente Package vir, mat dem déi raimlech Organisatioun vun eisem Land esou gesteiert gëtt, dass och déi zukënfteg Generatiounen eng héich Liewensqualitéit behalen. Dozou gehéiert, als Beispill, datt déi verkéierstechnesch Ubannung vun neie Stad- oder Duerfvéierelen net wéi bis elo dono, mee scho laang virun den éischte Gebaier geplangt gëtt, an esou dem Stëllstand op der Strooss virgebeugt gëtt.
Kloer ass op alle Fall haut schonn, dass an der Verkéiersplanung kee Wee laanscht en Ëmdenke geet. Zanter 1985 fuerderen déi gréng de Bau vun engem Tram, an dass dee Projet gëschter endlech vun engem grénge Minister, zesumme mat de Garë Pafendall an Houwald, ageweit konnt ginn, ass e Meilesteen um Wee vun enger méi effizienter Mobilitéit. Mam Tram eleng kréie mir natierlech net all eis Mobilitéitsproblemer an de Grëff. Hien ass awer e wichtegen Deel vun engem Gesamtkonzept, den och Zuch, Bus, Vëlo an Zefoussgoe mat abezitt. Ween sech op dës Kopplung vun alternative Weiderbewegungsformen aléisst, den entkënnt dem Stau, fiert käschtegënschteg vun A op B, reduzéiert seng CO2 a Feinstëbsémissiounen, an dréit esou säin Deel dozou bei fir seng eege Gesondheet an déi vu senge Matbierger ze erhalen.
An deem Kontext gëtt et dann ze denken, dass déi blo-schwaarz Koalitioun an der Stad sech erëm staark zum Ausbau vum Individualverkéier bekennt, zum Beispill iwwert de Bau vun zousätzleche Parkplazen. Jidderee weess jo awer, dass déi schéinst an déi liewegst Plazen an enger Stad déi sinn, wou keng Autoe fueren, sief et Foussgängerzonen oder verkéiersberouegt Wunnvéierele wou Kanner dobaussen op der Strooss spille kënnen an d‘ Mënschen net Kaméidi a Gestank ausgesat sinn. Manner Auto heescht also a ville Beräicher vum deegleche Liewe kee Verzicht op Liewensqualitéit, ganz am Géigendeel.
Wa Lëtzebuerg also dat wëll bleiwe wat et ass, oder besser erëm dat wëll gi wat et emol war, da geet dat am Beräich Landes- a Verkéiersplanung nëmmen iwwert en Ëmdenken, an op kee Fall iwwert e „Weider wéi bis elo“, oder nach méi vun där katastrophaler Verkéierspolitik, déi ënnert de Virgängerregierunge bedriwwe gouf, an déi eis riicht an den aktuelle Stau geféiert huet.
An domatter invitéiere mir Jidderee fir an den nächsten Deeg en éischte gratis Tour mam Tram ze maachen, an esou e Gefill dofir ze kréien wéi d‘ Mobilitéit vun der Zukunft ausgesäit.
Françoise Folmer mam Christian Kmiotek