Leschte Samschden hunn déi gréng hire Kaderprogramm fir d’Gemengewalen am Hierscht ugeholl, deen de Mënschen an de Gemengen Honnerte konkret Aktioune vu nohalteger, grénger Politik proposéiert.
Mir gréng sinn iwwerzeegt, datt mer an deene Gemenge wou mer déi lescht 6 Joer mat an der Verantwortung woren, an alle Beräicher Villes zum Bessere gedréint hunn. Mir sinn houfreg op déi innovativ Impulser di mer ginn hunn an op déi wichteg Projeten déi mer ëmgesat hunn. Esou hu mer d’ Liewensqualitéit vun alle Matbierger entscheedend verbessert. Mir hunn do wou mer an der Majoritéit waren bewisen, datt gréng wierkt.
An de Gemengeréit wou mer an der Oppositioun waren, waren déi gréng eng kritesch awer ëmmer konstruktiv Stëmm. Mir hunn d’ Zäit genotzt fir nohalteg Alternativen opzeweisen, speziell fir déi nächst 6 Joer.
Mir Gréng wëssen, datt et keng einfach Léisunge fir komplex Problemer ginn. Eis Propose sinn heiansdo e bësse méi komplizéiert, mee si berücksichtegen dofir awer all Aspekter. Dofir si mir iwwerzeegt, datt gréng wierkt. Hei e puer Beispiller:
- Wa mer als Gemeng am Klimaschutz aktiv sinn, huet dat positiv Repercussiounen op déi lokal Économie an op déi kommunal Finanzen. All Energie, déi mer net verbrauchen, all Energie, déi mer selwer nohalteg produzéieren ass e Gewënn, grad esou fir eis Communautéit wéi fir eise Planéit.
- Eng Stad, eng Uertschaft mat méi doucer Mobilitéit, reduzéiert de Kaméidi an d’ Ofgasen, verbessert eis Liewensqualitéit, bréngt de Kanner e séchere Schoulwee an de Jugendleche méi Selbstännegkeet.
- Wa mer an de Maisons-Relais Bioprodukter aus der Regioun förderen, dann ass dat gutt fir d’ Gesondheet vun de Kanner an entlaascht d’ Ëmwelt; et séchert Aarbechtsplazen an der nationaler Liewensmëttelproduktioun an et stäerkt déi regional Ekonomie.
- Vill Gréngs an den Uertschafte a kommunale Naturschutz si virun allem Mënscheschutz. Mee eis Natur ass och eng Ressource an zum Beispill en Atout fir den Tourismus. An si ass e Wuelfill- a Gesondheetsfaktor fir jidderee vun eis.
- D’ Gemeng vu muer muss och massiv a bezuelbar Wunnengen investéieren. Domat suergt si fir jonk an al Leit, fir Famille mat Kanner a fir Mënsche mat nidderegem Akommes. Domat schaaft si eng lieweg Gemeng. An eng intelligent geplangte kommunal Logementspolitik bréngt Wunne, Schaffe, Besuergunge, Fräizäit a Mobilitéit méi no beieneen.
Ech si jiddefalls iwwerzeegt, datt gréng wierkt.