Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
Allgemeng gëtt ugeholl, datt een an der Oppositioun näischt ka bewierken. “Näischt” ass natierlech iwwerdriwwen. Et ass richteg, datt wann een eng Fundamental-Oppositioun mécht, datt een da kaum eppes Sënnvolles op d’ Rei kritt. Well da beschränkt een sech drop, egal wat d’ Majoritéit proposéiert, alles einfach nëmmen erofzemaachen an ze zerrieden. D’ Liewen ass nun awer mol net schwaarz-wäiss an d’ Politik och net.
Ech hunn elo 6 Joer Oppositioun am Jonglënster Gemengerot hanneru mer. Wann ech an de Sall kucken, da gesinn ech eng Partie Kolleginnen a Kollegen, déi wësse wéi laang a mat Momenter frustréierend déi Oppositiounsjore kënne sinn. Et waren awer ganz gutt Léierjore.
Mir gréng hunn zu Lënster eng kritesch awer konstruktiv Oppositioun bedriwwen. Mir hu gelueft – a matgestëmmt – wann de Schäfferot an eisen Aen eppes Sënnvolles op d’ Schinne gesat huet. Mir hunn eis Kritikpunkten duergeluecht an eis Alternativen erkläert, wann d’ Majoritéit mat net ausgeräiften Iddien an de Gemengerot koum. Heiansdo krute mer eis Virschléi mat agebaut. Oft goufen net nohalteg Initiative vun der Majoritéit duerchgeboxt. Awer net mat eis Grénge, wann déi Projeten méi Schied geworf hu wéi se Liicht bruecht hunn.
Ech weess, datt déi vun Iech, déi och an der Oppositioun waren, genee t ‘selwecht virgaange sinn. Mir haten dat grousst Ganzt am Bléck an net dat klengt polemescht Gepiddels, mir hunn de Ball gespillt an net d’ Fra oder de Mann. Ech sinn iwwerzeegt, datt eis Fachlechkeet an eis Sachlechkeet nach vill méi vun eis qualifizéiere wärte, fir nom 8. Oktober net op der Ersatzbänk nozekucken, mee aktiv de Match mat ze gestalten.
Léif Frënn,
Ech hunn elo extra vun der Oppositiounsaarbecht geschwat, well ech dës haart awer wichteg Aufgab an eiser Demokratie speziell wierdege wollt.
Wéi gesot, och an der Oppositioun bewege mir Gréng sou Munneches. Mee d’ Majoritéit gëtt engem natierlech ganz aner Méiglechkeete fir seng Iddien ëmzesetzen an d’ Politik zum Besseren ze dréinen. Dobäi muss ech awer betounen: An d’ Majoritéit kommen, an der Majoritéit bleiwen, dat ass fir eis kee Selbstzweck. Mir Gréng wëllen net an de Schäfferot eran oder am Schäfferot bleiwe, well dat eisen Ego befriddegt. Wann et den 8. Oktober owes an och an den Deeg dono zu Koalitiounsgespréicher mat eis Grénge kënnt, da sinn net d’ Poste wichteg, mee op éischter Plaz steet dann de Programm.
Haut leeë mer zesummen nach eng leschte Kéier Hand un eise Rahmenprogramm fir d’ Gemengewalen. Et bleift net méi ganz vill ze verännere, well mer jo an engem parteiinterne partizipative Prozess, dee ganz vill Zousproch hat, intensiv zesummen drop geschafft hunn.
Am Laf vun dësem Kongress gesi mer u konkrete Beispiller, wat fir eng sënnvoll Politiken, wellech zukunftsweisend Projeten, wéi eng mënschegerecht Initiativen ee grad an der Majoritéit duerchsetze kann. Dëst ass selbstverständlech nëmmen en Ausschnëtt, mir hu bewosst op Widderhuelunge verzicht a mir hunn och nach e puer Projeten am Bild dokumentéiert. Och an Ärem Numm riichten ech speziell e grousse Merci un d’ Gina Conter, de Paul Ruppert, de Stéphane Majerus an de Mike Mathias vir hire vollen Asaz fir de Walprogramm a fir dëse Kongress. De wichtegen Input vun all deenen aneren eenzel z’ ernimmen ass mer leider onméiglech.
Dee Walprogramm, dee mer herno ofstëmmen, ass de Kader an d’ Inspiratioun fir all gréng Lokalsektioun fir hire politeschen Agenda vun 2017 bis 2023. Jiddwer Lokalsektioun déclinéiert an de nächste Wochen op Basis vun de Realitéiten an hirer Gemeng déi national Virlag op de lokalen Terrain.
D’ Erausschaffe vun de lokale Prioritéiten ass eng super Geleeënheet, fir all déi Kandidatinnen a Kandidate mat anzebezéien, déi mat op d’ Lëscht ginn. An där gesinn ech der hei am Sall vill, ganz vill.
E spezielle Wëllkomm deenen “Neien” ënnert Iech, deene Fraen a Männer déi 2017 de wichtege Schratt gemeet hunn, net méi nëmme méi als Zuschauer d’ Politik ze suivéieren, mee sech elo aktiv fir Verännerunge fir d’ Mënschen an der Gemeng asetzen.
Léif gréng Kandidatin, léiwe grénge Kandidat,
All Respekt, dass Du Dech traus!
An Zäite vu Politikverdrossenheet, an Zäite wou déi politesch Auslands-Noriichten engem d’ Flemm andreiwen oder d’ Tréinen an d’ Aen oder béides mateneen, hues Du Dech décidéiert, Deng politesch Iwwerzeegung no baussen ze weisen.
Du hues Dech entscheet, Dech fir Deng Matmënschen anzesetzen, Du engagéiers Dech fir Deng kommunal Gemeinschaft. Du kucks net méi no, Du hëls d’ Saach zesumme mat Gläichgesënnten an d’ Hand. Du bass als Biergerin, als Bierger bereet Verantwortung z’ iwwerhuelen. Gutt esou! Well esou kanns Du eppes bewierken.
Duerch Däi politeschen Engagement verdéngs Du net nëmmen d’ Estime vun Denge Parteikollegen, mee virun allem de Respekt vun Denger ganzer Gemeng.
Léif Kandidatin, léiwe Kandidat,
Du hues dee richtege Choix getraff! Well déi Gréng bewegen eppes, a wat mer zu méi Grénger sinn, wat Gréng besser wierkt. Besonnesch an der Gemeng bass Du no bei de Leit, do ass Politik net wäit ewech an abstrakt, nee, ganz am Contraire, kommunal Politik wierkt direkt.
Iwweregens: ech weess och firwat s’ Du Dech engagéiers!
An Denger Gemeng ass et genee wéi a menger. Deng Lokalsektioun ass t’ selwecht motivéiert wéi meng.
De Peter huet net vill Zäit, mee hie geet mat, well een dat vun engem laangjärege Member esou erwaarde kann.
D’ Irène kandidéiert, fir d’ Iddien hannert der Lëscht z’ ënnerstëtzen.
De Manuel ass scho laang bei de jonke gréngen aktiv.
D’ France wielt zanter ëmmer gréng an traut sech elo säi Coming-Out ze maachen. De Leo engagéiert sech fir Ëmweltthemen a fir Mobilitéit.
D’ Anne wëll, datt seng Kanner gutt encadréiert sinn an hir Interessie an der Gemeng eescht geholl ginn.
An d’ Michèle wollt eigentlech net mat op d’ Lëscht, mee well hatt feststellt, datt hatt a seng Kolleginne mat hiren naturpädagogesche Projeten beim aktuelle Schäfferot op Granit bäissen, schafft hatt elo mat an eiser Équipe fir de politesche Wiessel.
Si all – an all déi aner Kandidatinnen a Kandidate uechter d’ Land – engagéiere sech, well jidder Eenzele vun eis iwwerzeegt ass, datt Gréng den Ënnerscheed mécht, well jidder Eenzele weess, datt eis gréng Rezepter wierken.
Kolleginnen a Kollegen,
Nieft dem Engagement fir d’ Allgemengheet fir deen dës Leit beispillhaft stinn an dee mir alleguer als gréng Militanten hunn, hu mir nach eppes gemeinsam. Et geet eis ëm d’ Saach, et geet eis ëm d’ Ëmsetzung vun eise gréngen Iddien um kommunalen Terrain. Well mir iwwerzeegt sinn, datt déi gréng Konzepter wierken. Basis ass eise Walprogramm. An dee steet op den 3 Pilieren vun der Nohaltegkeet: Ëmwelt, Économie a Soziales.
Mir Gréng wëssen, datt et keng einfach Léisunge fir komplex Problemer ginn. Eis Propose sinn heiansdo e bësse méi komplizéiert, mee si berücksichtegen dofir awer all Aspekter. Eis Virschléi fir d’ Gemenge si ganz kloer nohalteg. An doduerch wierken si och nohalteg.
Ech ginn Iech e puer konkret Beispiller déi weisen, datt eng gréng Politik anenaner gräift, komplementar wierkt an ëmmer dat grousst Ganzt am Bléck huet:
- Eng Stad, eng Uertschaft mat méi doucer Mobilitéit, reduzéiert de Kaméidi an d’ Ofgasen, verbessert eis Liewensqualitéit, bréngt de Kanner e séchere Schoulwee an de Jugendleche méi Selbstännegkeet.
- Wa mer an eise Gemengegebaier, op eisen Trottoiren a Kräizungen, an eise Parken an op eise Weeër Barrièren ofbauen an d’ Accessibilitéit erhéijen, da praktizéiere mer “Design for All”. Da bleift jiddereen, op ganz jonk oder ganz al, op blesséiert oder handicapéiert, Deel vun eiser Gemeinschaft. Da behält jiddereen seng Autonomie a seng sozial Kontakter.
- Wa mer an de Maisons-Relais Bioprodukter aus der Regioun förderen, dann ass dat gutt fir d’ Gesondheet vun de Kanner an entlaascht d’ Ëmwelt; et séchert Aarbechtsplazen an der nationaler Liewensmëttelproduktioun an et stäerkt déi regional Ekonomie.
- Eis Gemeng ka Virreider sinn. Éischtens emol an der Offallvermeidung. An awer och an der “Circular Economy”, am Tausch, am gemeinsame Notzen amplaz vum individuelle Kafen. Am matenee Produzéieren a Verbrauchen, am gemeinsame Wierken a Wunnen. An dëse neie Modeller vu Liewen an Zesummeliewen fannen och Mënsche beieneen, déi sech soss net begéine géifen. An d’ “Économie Solidaire” schaaft Aarbechtsplaze, Chancen a Perpektiven, och fir déi di et onendlech schwéier hunn an eiser Leeschtungsgesellschaft.
Eis Gemenge kënnen esouvill wierken, esouvill bewierken!
- Zum Beispill am Naturschutz. Well Naturschutz ass virun allem Mënscheschutz. Mee eis Natur ass och eng Ressource. Si ass zum Beispill en Atout fir den Tourismus. An si ass e Wuelfill- a Gesondheetsfaktor.
- Zum Beispill Wa mer als Gemeng doranner ambitiéis sinn, huet dat positiv Repercussiounen op déi lokal Économie an op déi kommunal Finanzen. All Energie, déi mer net verbrauchen, all Energie, déi mer selwer nohalteg produzéieren – wa méiglech nach an enger Matbiergerkooperative – ass e Gewënn, grad esou fir eis Communautéit wéi fir eise Planéit.
Gréng Kolleginnen a Kollegen,
D’ Gemeng als eis klengst territorial Unitéit ass “par définition” no bei de Leit. Ëmsou méi wichteg ass et, datt d’ Stad- oder Gemengenentwécklung am Sënn vun de Mënsche geschitt. An de meeschte Gemengen ass et um nächste Schäfferot fir den neien Allgemenge Bebauungsplang – de PAG – färdeg ze maachen an ëmzesetzen. Dee bitt d’ Chance, duerch en intelligent Plange, Wunne, Schaffen, Besuergungen a Fräizäit méi no beieneen ze réckelen. Dat bréngt fir d’ Mobilitéit – virun allem déi zu Fouss a mam Vëlo, awer och fir déi mat den ëffentlechen Transportmëttel – nei Méiglechkeeten. A méi Liewensqualitéit fir all d’ Awunner. Hei wierken déi gréng national a lokal Konzepter zesummen a se bewierken eng kohärent Politik am Interessi vun de Leit.
Bei der heiteger Situatioun um Wunnengsmaart ass et och un der Gemeng aktiv ze ginn. Well Wunnen e Mënscherecht ass, muss d’ Gemeng derfir suergen, datt jiddereen ugemiesse wunnt: d’ Famill mat nidderegem Akommes, de Flüchtling, d’ Leit am Alter, d’ Studenten. An der Wunnengsbaupolitik ass eng Gemeng da performant, wann se e Mix vun de verschiddensten Instrumenter asetzt, déi ënnerschiddlechst – och innovativ – Wunnforme promovéiert a selbstverständlech klimaschützend a ressourceschounend virgeet.
Ech erlabe mer hei eng Klamer opzemaachen.
Ech wollt jo eigentlech nëmmen iwwer Gemengepolitik schwëtzen, mee d’ Diskussioun vun den zwou leschte Wochen iwwer d’ Logementspolitik verlaangt, datt ech de grénge Standpunkt kloermaachen.
Déi gréng Positioun baséiert net op nervöser Waltaktik, mee op enger onopgereegter Analys um Fong. Eis Vuë sinn net ideologesch festgefuer, mee dorop aus, d’ Wunnengsbau-Kar mat konkrete Moossnamen aus dem Dreck ze zéien. De parteipolitesche Klengkrich féiert hei net weider. D’ rhetorescht Muskelspill mat den Extremen Enteegenung op där enger Säit a Maartliberalismus op där anerer Säit bréngt guer näischt. An d’ Gejéimers vun der gréisster Oppositiounspartei ass just lächerlech.
De Roberto Traversini hei zu Déifferdeng an den Henri Kox zu Réimech – déi béid herno nach selwer schwätzen – weise, wéi gréng Politik och am Wunnengsbau wierkt. Mee si sinn natierlech net déi eenzeg! An alle grénge Gemenge geschitt eppes, sief et a punkto Sozialwunnengen oder bei der Ënnerstëtzung vun neie Wunnformen.
Wann et och bei ville Gemengen un de personellen a finanzielle Ressource hapert, feelt et virun allem deene meeschten net-grénge Gemengeresponsabelen um politesche Courage. Well eigentlech hunn d’ Gemengen all d’ gesetzlech Instrumenter fir aktiv ze ginn. Et muss ee just wëllen an d’ Recht op bezuelbart Wunnen zur gemengepolitescher Prioritéit maachen.
Ech ginn Iech e Beispill.
Ech hunn als gréngen Oppositiouns-Gemengeconseiller gefrot, wéi et bei eis zu Jonglënster steet. D’ Gemengeservicer hunn déi eidel Wunnengen opgelëscht an och d’ Bauplazen am Bauperimeter fir déi de Buurgermeeschter kéint direkt eng Baugenehmegung ginn, mat der Zuel vun den Haiser a Wunnéngen déi do zimlech séier kéinten entstoen:
Iwwer 200 Wunnengen, Wunnraum fir ronn 500 Leit, an dat op 7.500 Awunner!
All Gemeng ass anescht, an dofir kann een dës Zuel elo net einfach op d’ ganzt Land héichrechnen; heibäi kéim een ëmmerhin op ronn 40.000 Leit, déi ee relativ séier an ouni Perimetererweiderung ënner Daach kéint kréien. Mee dësen Exercice, dës lokal Bestandsopnahm ass trotzdem e wäertvollen a wierksame Punkt fir unzesetzen.
An dann hu mer nach guer net vum Potenzial geschwat deen an den neie Wunnforme stécht. Well verännert gesellschaftlech Realitéite maachen nei Wunnformen néideg. Ech denken hei zum Beispill u Wunngemeinschaften, un intergenerationellt Wunnen, u Wunnengsbaukooperativen an et gëtt nach etlech aner Pisten, och déi jonk gréng schaffen dorunner.
Léif gréng Spëtzekandidatinnen a -kandidaten,
Schreift an Äre lokale Walprogramm, wéi Dir wëllt un d’ Wunnengsnout erugoen: mat liichtem Drock a ganz vill Ënnerstëtzung. Weist mam Fanger op de Problem an huelt dann d’ Leit mat der Hand!
Weist de Propriétairë, wéi se zum Beispill un d’ Agence Immobilière Sociale verloune kënnen, domat alle Suergen enthuewe sinn, e Loyer erakréien, dorop Steiere spueren a virun allem … enger Famill en Ënnerdaach ginn.
A setzt de Logement bei méigleche Koalitiounsgespréicher ganz uewen op den Agenda!
Léif Frënn,
An eiser Gemeng liewe mer all zesummen. A fir datt et och wierklech “eis” Gemeng ass, mussen déi politesch Verantwortlech déi grouss Diversitéit vun de Mënschen uechten, awer och gläichzäiteg aktiv d’ Leit zesummeféieren.
Dat geet, andeems mer déi Schwaach opsiche ginn, ënnerstëtzen an abannen.
Dat geet, andeems all Offeren opp an accessibel si fir all d’ Matbierger.
Dat geet, andeems d’ Gemengeservicer proaktiv virginn an och déi modern Technologien asetzen fir de Leit d’ Liewe méi einfach ze maachen.
Ech wëll hei kee Grupp vu Leit speziell ervirhiewen, well ëm all d’ Leit muss eis Gemeng sech t’ selwecht gutt këmmeren.
An awer ech hunn e spezielle Gedanke fir déi Jéngst. Si, déi nach am Léiere sinn, mussen d’ Méiglechkeet hunn, an enger optimaler Kannerbetreiung hir sproochlech a sozial Kompetenzen z’ entwéckelen. Dëst stäipt den Elteren de Réck a mécht all eenzelt Kand staark fir d’ Erausfuerderunge vun haut a vu muer.
Ech denken awer och un déi ganz vulnérabel. Ech denken u Famillen, déi virun engem barbaresche Krich an dem sécheren Doud geflücht sinn. Fir si muss déi ganz kommunal Gemeinschaft sech mobiliséieren.
All Eenzelen an all Quartier, all Schoul an all Maison-Relais, all Club an all Gemengeservice musse mat klenge Gesten an einfachen Initiativen déi nei Matbewunner an eiser Mëtt ophuelen. All Dag zesumme léiere, schaffen, schwätze, feieren, dat ass lieweg Solidaritéit. All Dag matenee liewen, dat ass richteg Integratioun. Déi verantwortlech Politiker an der Gemeng mussen dat do uleieren, fuerderen an ënnerstëtzen, mat Material, mat Sue, mat Leit, mam gudde Virbild.
Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
D’ Zukunft vun eiser Gemeng kann een net gestalten, déi lokal a regional Erausfuerderunge kann een net meeschteren, d’ Bedierfnisser vun den Awunner vu muer kann een net berücksichtege, wann ee mat Rezepter vu gëscht a Prozedure vu virgëscht schafft.
Dofir mussen d’ Stad vu muer, d’ Gemeng vu muer, op si fir Verännerungen, déi vun ënne kommen, jo si muss se carrément erausfuerdere. Déi Transitiounen déi d’ Biergerinnen a Bierger ureege muss eng Gemeng opgräifen an ënnerstëtzen.
Gemengepolitik ass nämlech vill méi wéi all 6 Joer wiele goen. Gemengepolitik gëtt dagdeeglech tëscht de Leit gelieft. Gréng Gemengepolitik fördert dat Zesummeliewen am Respekt vum Mënsch a vu senger Ëmwelt.
Dofir wëlle gréng Kandidatinnen a Kandidaten als Gemengeréit, Schäffen a Buergermeeschter Verantwortung an der Gemeng iwwerhuelen an doduerch den Ënnerscheed maachen a Verännerunge bewierken.
Ech hunn et Uganks scho gesot: och an der Oppositioun bewege mir Gréng net näischt, mee an der Majoritéit ass de Bilan dach e ganz aneren.
Kolleginnen a Kollegen,
Mat eise grénge Regierungsmembere maache mir jo grad d’ Erfahrung, datt een an 5 Joer Regierung méi ëmsetze kann wéi an 30 Joer Oppositioun. D’ Erklärung ass einfach: well gréng wierkt!
Och eis gréng Buergermeeschteren a Schäffen hu festgestallt, datt een a 6 Joer Schäfferot enorm vill fir seng Matbierger leeschte kann. Well gréng wierkt!
Den Asaz fir d’ Mënsche motivéiert, mécht Freed a bréngt siichtbar Resultater.
Dofir engagéiere mir eis. Well gréng wierkt!
Gréng wierkt !
Dat ass de Motto ënnert deem mir dëse Gemengewalkampf féieren.
E Slogan, dee grëffeg ass um Flyer, op der Affiche, am Radio an op de soziale Netzwierker.
E Slogan: kuerz, knackeg, liicht ze verstoen a riicht op de Punkt.
E Slogan, vollgepak mat gréngem Selbstvertrauen.
Virun allem e Slogan, deen eisen Asaz an eis Motivatioun – all zesumme wéi mer hei sinn – excellent resüméiert.
Mir sinn iwwerzeegt, datt iwwerall do wou mer an der Verantwortung sinn – Gemeng an och Regierung – déi gréng Rezepter a Léisunge gewierkt hunn, datt mir Gréng bis ewell villes bewierkt hunn. Jidderee ka sech dovunner iwwerzeegen an och inspiréieren, wa mer gläich e puer vun de villen innovative Projeten, déi eis Mandatären bis ewell ëmgesat hunn, vun hinne virgestallt kréien.
Eise Walprogramm ass voll mat gutt iwwerluechte Konzepter aus alle Beräicher a bitt Honnerte konkret Virschléi, déi mer mat de Wielerinnen a Wieler diskutéiere wëllen. Dofir si mer iwwerzeegt datt och do, wou mer aus der Oppositioun eraus oder fir t’ éischte Kéier untrieden, gréng wierke wärt.
Et ass elo un Iech, Männer a Fraen aus der Mëtt vun der Gesellschaft, engagéiert Kandidatinnen a Kandidaten, an de ronn 20 Woche bis zum 8. Oktober Är Matbierger z’ iwwerzeegen, datt gréng wierkt.