vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek
Op hirem Kongress Ufanks März huet déi gréng Partei mat hire Mëmberen a Gewielten zesummen eng konsequent an équilibréiert Politik fir Lëtzebuerg definéiert.
Ronderem Lëtzebuerg sinn zur Zeit um internationale Plang d’Erausfuerderunge grouss:
- Fir de politësche Rietsruck a verschiddenen europäesche Länner an an den USA ze konteren, setzen déi gréng sech a fir Fräiheet, Rechtsstaatlechkeet an de Schutz vu Minoritéiten.
- Brutal Konflikter an Aarmut am Noën Osten an an Afrika verdreiwen Honnertdausende vu Mënschen aus hirer Heemecht. déi gréng setze sech an fir dass déi Leit, déi virum Krich op Lëtzebuerg flüchten, hei fir sech an hir Familjen eng Zukunft kënne fannen.
Lëtzebuerg ass wéi seng europäesch Partner direkt betraff vun all deenen Entwécklungen, déi deelweis fir staark politesch Turbulenzen op der Weltbühn suergen. An dësen Zäiten brengt et awer näischt, fir mam Fanger op Anerer ze weisen, fir sech anzemaueren a fir ganz Mënschegruppen auszegrenzen. Lëtzebuerg as beispillhaft fir e friddlecht Zesummeliewe vu Mënsche mat alle méigleche kulturellen Hannergrënn. Lëtzebuerg weist all Dag, dass et ouni Mauere geet, an dass Diversitéit eng Beräicherung a keng Bedrohung ass. Fir dass dat och weider esou bleiwt, machen déi gréng eng Politik, déi Solidaritéit grouss schreiwt, an déi Lëtzebuerg an Europa stärkt a méi no zesumme réckele léisst.
Déi gréng Partei wäert weiderhin d’Visioun héichhalen vun enger oppener a gerechter Gesellschaft, déi e besonnëche Wärt op Ecologie an Emwelt leet. Eis Politik suergt fir eng besser Liewensqualitéit fir Jidfereen an ass dropp aus, fir alle Kanner eng besser Welt ze hannerloossen.
Duurch eis Aarbecht vun den leschte Joëren erreechen a mobiliséiere gréng Iddiën ëmmer méi Mënschen. Leider happert et awer nach oft un der Ëmsetzung. Dat as novollzéibar, well gréng Iddië ville Mënschen zwar logësch virkommen, mee se sinn net mat simplistesche Parolen ëmzesetzen. déi gréng stellen awer fest, dass och haut schonn en Ëmdenken a breeden Deeler vun der Bevölkerung amgaang ass, well ëmmer méi Leit hier Liewensqualitéit net méi eleng duurch materielle Konsum definéieren. Hei si vill Initiativen a „grénge“ Gemenge richtungsweisend, grad esou wéi d’Vierliewe vun neie Gesellschaftsmodeller am Kader vun der Transitiounsbewegung, an där vill vunn de grénge Mëmberen a Sympathisante sech engagéieren.
Als Gréng wësse mir awer och, dass Strategië fir Lëtzebuerg nëmme kënne Friichten droë, wann se op enger gréisstméiglecher Zoustëmmung bei de Biirger foussen. Well mir ëmmer probéieren, Jidferee mat an d’Boot ze huelen, brénge mir et ëmmer erëm färdeg, fir och op schwieregen Themen e Konsens ze fannen. Déi aktuell Regierung mat grénger Bedeelegung huet grouss Effortë gemach fir esou vill wéi méiglech gesellschaftlech Akteuren an hir gesetzgeberesch Aarbecht mat anzebezéien. Ee Beispill vun dëser Virgehensweis sinn dem François Bausch séng intensiv Konsultatiounen am Kader vun der Landesplanung a vun der Mobilitéit. Een anert dee breede politesche Konsens deen de Felix Braz ronderëm dat neit Nationalitéitegesetz erreecht huet.
An dësem Gemengewahljoër ënnerstëtzen déi gréng Ministeren an Deputéiert d’Lokalsektiounen tatkräfteg doduerch, dass si a méi wéi 30 Versammlungen uechter d’Land an d’Gemenge kommen. All interesséiert Bierger sinn invitéiert, fir bei dëse Geleeënheete mat de grénge Gewielten a Militanten diskutéieren ze kommen.
Françoise Folmer a Christian Kmiotek