Méng Ried um grénge Kongress vum 11. März 2017
Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
Mir alleguer mussen de „jonke gréngen“ e grouse Merci soën, fir déi Resolutioun, déi sie um Kongress 2016 erabruecht haten iwwer TTIP a CETA. Hir Initiativ vu virun engem Joër huet net nëmmen zu enger grondsätzlecher Resolutioun gefouert, wéi aus grénger Siicht den internationalen Handel misst funktionnéieren, a watfirenge Standarden e misst ënnerworf sinn. D’Initiativ vun de jonke gréngen huet iwwer dat ganz lescht Joër eng Rei Saache bewierkt, déi typesch gréng sinn, an déi eiser Partei gutt zu Gesiicht stinn.
En Aarbechtsgrupp CETA: oppe fir jidfer Parteimëmber a ganz fläisseg
Den Aarbechtsgrupp, deen de Kongress vun 2016 agesat hat – an deen nach ëmmer besteet – weist exemplarësch, wéi eis Partei basisdemokratësch funktionéiert. Well jidfer Mëmber konnt sech aschreiwen a bis zu 30 Leit hu regelmässeg un den am Ganzen 8 Sëtzungen deelgeholl. Zesumme mam Catia Fernandes hunn ech de Groupe de Travail CETA/TTIP presidéiert an dat war net zu all Moment einfach fir eis, wëll de Sujet war a bleiwt héich emotionell, mee mir kënnen houfrech sinn, datt an eiser Partei de géigesäitege Respekt net nëmmen e Wuert mee eng geliefte Realitéit ass.
An enger éischter Phase huet den Aarbechtsgrupp sech informéiert: duurch d’Analyse vu relevante Rapporten, an 2 Sëtzunge mat internationalen Experte plus an enger 3. mam Ausseminister Jean Asselborn. Dat war wichteg, fir net nëmmen aus dem Bauch eraus ze debattéieren, mee „en connaissance de cause“ a mat dem néidegen Hannergrondwëssen kënnen ofzeweien an Argumenter z’entwéckelen.
„Die Politik bedeutet ein starkes langsames Bohren von harten Brettern mit Leidenschaft und Augenmaß zugleich“ (Max Weber)
Den Aarbechtsgrupp hat awer nach en 2., extrem wichtege Volet. Zesumme mat eise Regierungsmëmberen, mat eisen nationalen an dem Europa-Deputéierten a mat deenen hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter hu mir regelmässeg de Point gemeet iwwer d’Entwécklungen am Dossier CETA, an deem et jo heiandsdo vu Woch zu Woch, mat Momenter vu Stonn zu Stonn Neiegkeeten a Revirementer goufen. Dëse stännegen Austausch huet opgewise, wéi all Niveaue vun der Partei am Dossier CETA am Intérêt vun der grénger Cause aktiv woren: d’Militanten déi mat villen anere besuergte Biergerinnen a Bierger op d’Strooss goungen; d’Ministeren, déi intensiv hannert de Regierungskulissen agéiert hunn; d’Parteipräsidenten, déi vill an de Medie präsent woren; de CEX, deen eng gemeinsam Sëtzung mam Aarbechtsgrupp hat; de Bréisseler Relais iwwer den Europadeputéierten a séng Mataarbechter, d‘Chamberfraktioun, déi an der Koalitioun e Maximum u grénge Positioune konnt duurchsetzen an de Parteirot, mat potenziell alle Parteimëmberen, deen och agebonne gouf.
Ech krut vun enger Rei Mëmbere vum Aarbechtsgrupp positive Feedback iwwer d’Schaffen am CETA-Aarbechtsgrupp, dee permanent d‘Ziel hat, eng gemeinsam a realistësch gréng Positioun ze formuléieren. Den Aarbechtsgrupp huet eis all awer och gewisen, datt seriö Politik wéineg ze dinn huet mat einfach nëmmen an all Micro braddelen, well reell Fortschrëtter goufe vun eise grénge Mandatären a mühseleger Iwwerzeegungsaarbecht färdeg bruecht. Oder wéi e Mëmber vum Aarbechtsgrupp et op de Punkt bruecht huet: „Dat do war nawell eng gellech Lektioun a Saache Politik!“.
International Handelsrelatioune mussen ëmmer dem Interessi vum Mënsch ënnergeuerdnet bleiwen
Ech denken, datt déi Resolutioun, déi d’Catia dem Kongress am Numm vum Arbechtsgrupp CETA/TTIP präsentéiert huet, e suergsam austaréierten Text ass, deen alle Sensibilitéite Rechnung dréit. Ech bieden Iech, de Propose vum CEX zu den Amendements Rechnung ze droën, an dono déi ganz Resolution z’acceptéieren. Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt dës „Resolutioun iwwer den internationalen Handel op enger fairer Basis“ e wichtegt Grondsazdokument ass, dat eis an eiser grénger Aarbecht och nach an Zukunft begleet.
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Grad an der heiteger internationaler Konstellatioun mat hiren onbekannten Entwécklungen ass et sënnvoll, sech kloër ze positionéieren. Dat maache mir mat dëser Resolutioun iwwer international Handelsrelatiounen, déi ëmmer dem Interessi vum Mënsch mussen ënnergeuerdnet bleiwen. Erlaabt mer, e puer weider Remarken zur Aussepolitik, déi – wéi mer all Dag matkréien – en ëmmer méi groussen Afloss op eist deeglecht Liewe kritt.
Dagdeeglech kritt Aussepolitik en ëmmer méi groussen Afloss op eist Liewen
Ech war am Hierscht op Invitatioun vun den europäësche Gréngen agelueden an e Workshop iwwer d’Konsequenze vum BREXIT a wéi mir als gréng Bewegung domat ëmgoë sollen. Ech hu vill geléiert aus den Témoignage vun de grénge Kolleginnen a Kollegen aus England, Schottland, Wales, Nordirland an der Republik Irland. Dee bewegendsten Ament wor allerdéngs, wéi mer all op der Grenz tëscht Irland an Nordirland stoungen, eng Grenz, déi eng gréng Grenz ass (e schéinen Ausdrock, gelldiirt), sou wéi mir all se kennen, wéi zum Beispill tëscht Esch an Audun-le-Tiche, tëscht Kënzeg a Messancy, tëscht Veianen a Roth an der Our. Just e Potto an de Stroosebelag dee wiesselt weisen op eng Grenz hin.
D’Angscht bei eisen Irëschen an nordirësche Frënn ass, datt en haarde BREXIT – an dono gesäit et jo leider aus – och zu enger haarder Grenz féiert. Mee grad an dëser Regioun sinn d’Wonne vum jorzengtelaange Biergerkrich nach net verheelt. Eng haard Land-Grenz mat dauernde Kontrollen tëscht der Republik Irland an Europa an dem United Kingdom ausserhalb vun Europa, fuerdert déi al Dämonen eraus. A wéi se mer sote, sinn nach ganz vill Waffen a Sprengstoff ënnert de Leit. Eng Perspektiv déi mech schudderen deet.
Maueren an de Käpp féieren zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen
Eigentlech hate mer jo all geduecht, datt Grenzen a Maueren Relikter aus der Vergaangenheet wären. Mee leider féiere Maueren am Kapp och zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen.
Mir Europäer mussen eis guer net den Amerikaner iwwerleeë fillen, well och mir bauen Zénk a Mauere géint Mënschen, déi viru brutalem Krich a batterer Aarmut fortlafen. Mënschen, déi hiert Liewe rette wëllen wéinst massive Problemer, déi d’Europäer an d’Nordamerikaner mat hirer Politik, mat hirer Economie an och mat hirer internationaler Handelspolitik matverschëllt hunn oder zumindest net aus der Welt geschaaft hunn.
Demokratien ënnerleien am Ament dem Stresstest vum Populismus
Kolleginnen a Kollegen,
D’Demokratien an allen Deeler vun der Welt ënnerleien aktuell engem Stresstest, dem Stresstest vum Populismus. Populisten applizéieren am Ament zimmlech erfollegräich dat albekannte Rezept:
- Etapp: „Maach aus den diffuse Suerge vun de Leit staark Ängschten!“ an dann
- Etapp: „Gëff simplistësch Äntwerten op komplex Problemer!”
BREXIT an „America First“, „alternativ Fakten“ a Beschneide vun den onofhängege Medien, Ofbau vun Demokratie a Klengholz maachen aus der Justiz sinn esou simplistësch a falsch Äntwerten op Problemer déi ganz anzwousch anëscht leien oder esou komplex sinn, datt een se op kee Fall an 140 Twitter-Zeeche faasse kann.
Verstoë, firwat Wieler de Ratefänkerten mat de simplistëschen Äntwerten op komplex Problemer nolafen
Et geet awer net duer, datt mer eis iwwer populistësch Politiker opreegen, mir musse verstoë firwat vill Wielerinnen a Wieler hinnen nolafen. Et kann ee jo awer gutt novollzéien, datt wa Leit ofgehaange sinn oder sech am Stéch gelooss fillen, datt se dann op politësch Ratefänger erafalen. Wa Mënschen ganz laang ouni Schaff sinn, we se dauernd an oder no bei der Aarmut liewe mussen, wa se keng Perspektiv gesinn op Verbesserung, wa se sech während Jorzéngte vun den traditionelle Parteie lénks oder riets leie gelooss spiren, da wielen se iergendwann Wilders, Petry oder Le Pen.
Inklusioun ass déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei
Ech si frou, datt mer hei zu Lëtzebuerg – am Géigesaz zu villen aneren europäësche Länner – net blannemännches dem Mainstream vum ökonomësche Liberalismus nohechelen. De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog – deen dës Regierung reaktivéiert huet – verhënnert datt hei am Land Mënschen ökonomësch a sozial an den Abseits geroden. An Inklusioun ass nun emol déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei.
Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
Erlaabt mer zum Schluss nach e puer Wuert iwwer d‘Lëtzebuerger Aussepolitik. Eisen Ausseminister hëlt jo kee Blat virun de Mond a kritiséiert a klore Wierder europäësch Regierungen, déi probéieren d’Demokratie ausser Kraaft ze setzen.
D‘Lëtzebuerger Aussepolitik ass méi gréng ginn
Ofgesi vum Jean Asselborn séngem Ressort, stellen ech awer och fest, datt eis Aussepolitik an de leschte Joëre vill méi gréng ginn ass. Niewt dem Paräiser Klimaacoord an den Nofollegaarbechten derzou, hu mir matgehollëf d’Naturschutzregelen an der EU ze retten an den Handel mat CO2-Zertifikatën méi effektiv ze maachen. A Lëtzebuerg traut sech géint d’Atomlobby ze kloën! Och dat gehéiert ewell zur Lëtzebuerger Aussepolitik.
Dëst an d’Resolutioun iwwer CETA weisen, datt Aussepolitik, wa se da da gréng ass, net nëmmen ekonomësch Interessiën an de Mëttelpunkt stellt, mee ganz kloër Mënsch, Ëmwelt a global Gerechtegkeet.