Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,
Ech leeën Iech elo duer, firwat ech mir wënschen, nach weider 2 Joër mam Françoise Folmer zesummen d’Co-Présidence vun eiser Partei z’assuméieren an z’assuréieren. Eischtens emol, well mir 2 mëttlerweil en agespilltent Team sinn, dat déi lescht 2 Joër super gudd zesumme funktionnéiert huet, wann net esouguer harmonéiert.
Dat huet sécherlech dermatt ze dinn, datt mir e gemeinsame Pêché mignon hunn: mir iesse gären e gudde Maufel, och wann d’Françoise dobäi e rassege Chardonnay drénkt an ech léiwer en eelere Rouden. Mir 2 widderleeën domat op alle Fall déi falsch Iddi, all Gréng géife just Käre friessen a sech vu Krunnewaasser ernieren. Ganz am Géigendeel: mir engagéieren eis an der grénger Bewegung, fir datt mir – an all déi aner Leit och – och nach an Zukunft eng gutt Liewensqualitéit genéisse kënnen.
Apropos gréng: méi gréng wéi d’Françoise geess de schwéier sichen. Well am déiwe Wanter an aller Herrgottsfréi opzestoën, fir da vu Pëntsch – fir de Camille : dat läit irgendwou nach wäit, ganz wäit hannert der Pampa –, also vu Pëntsch mat Zuch a Bus pënktlech – bon, Fränz : d’Bunn ass net ëmmer esou à l’heure, do hues de nach Aarbecht – , also mol méi, mol manner pënktlech um 8 Auer mueres an der Stad unzetriede, fir mat eise Regierungsmëmberen an eiser Fraktiounscheffin de Regierungsrot virzebereeden, dofir muss de souvill Motivatioun matbrénge wéi d’Françoise.
Dono ass d’Françoise dann a séngem Architekteberuff ënnerwee, entweder mat séngem eegenen Elekromobil oder mam Car’loh (Merci deene Gréngen aus dem Stater Schäfferot !).
Ech hu mer d’Fro gestallt, op ee mam Françoise kéint Pärd stielen. Ech hunn déi Iddi séier verworf, well am Géigesaz zum d’Françoise reiden ech net; d’Françoise huet selwer Pärd an engagéiert sech staark an der Reidtherapie. Hatt ass also souwuel e Mënsche- wéi en Déierefrënd. Wat ech allerdéngs an deenen 2 Joër Zesummenarbecht erausfonnt hunn ass, datt d’Françoise an ech eis gudd ergänzen : ech si jo heinandsdo sturazeg an impulsiv, d’Françoise ass méi poséiert, ka vill besser diplomatësch formuléiere a wéinst sénger Ausbildung als Médiatrice och vill besser vermëttelen.
D’Françoise huet sech an de leschten 2 Joër gutt ageschafft a bréngt eng dausendprozenteg Motivatioun mat. Ech wënsche mer, déi grouss Erausfuerderunge vun de Walen 2017 an 2018 zesummen als Präsidenten-Tandem mam Françoise ze meeschteren.
(Foto vum Sepp Pannrucker: Christian Goebel, Françoise Folmer a Christian Kmiotek um grénge Kongress vum 11.3.2017)
Hunn direkt no der Uried opgehaale matt Liesen. Sinn schliesslech kee grénge Kolleg.