Lëtzebuerg weider entwéckelen

vum Christian Kmiotek a Françoise Folmer

Zanter den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst, fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

De Staatsbudget fir 2017 gesäit en Defizit vun 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et an eisen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

„Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen.“

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun den erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen. Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Fir eis Gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg.“

Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt.

Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Am Ament ass et wichteg, zesummen driwwer nozedenken, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden. Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.

„Kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi“

Mir Gréng wëlle Lëtzebuerg och an de Gemenge weider entwéckelen. D’Zukunftsdebatt, déi d’Regierung ugestouss huet, muss och an de Gemenge gefouert gin. Well d‘Gemenge si wichteg Acteuren, ënner aanerem wann et ëm d’Gestaltung an d’Entwécklung vun hirem eegenen Territoire, an ëm d’Liewensqualitéit vun hire Bierger geet. A grad an de Gemengen ass et méiglech, no bei de Bierger a mat de Leit Politik ze maachen.

An den nächste Méint organiséiere mir Gréng mat eise Ministeren a Deputéierten an de Gemengen eng ganz Rei Konferenz- an Diskussiounsowenter. Dobäi wëlle mir de Leit nolauschteren, hinnen eis kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi virstellen a mat hinnen doriwer debattéieren. Mir freeën eis op dës Echangen, an op de Rendez-Vous mat de Wielerinnen a Wieler am Oktober 2017.

Christian Kmiotek a Françoise Folmer

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Gemeinden, Mobilität, Soziales, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s