2017 – méng gréng Neijoërsried

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, Léif politësch Mandatären, Léif Vertrieder vun de Medien,

Ech wënschen Iech zesumme mat ménger Co-Präsidentin Françoise Folmer am Numm vun der grénger Partei all Gutts fir 2017.

2016 war intellektuell e ganz bemierkenswert Joër: Mer hunn all een neie Begrëff geléiert, „post-truth politics“, de postfaktëschen Zäitalter huet sech politësch duerchgesat, an deen almoudësche Wert „Wourecht“ ass an de soziale Medien kuurzerhand digital geschreddert ginn. Esouguer de Kleeschen huet missen dru gleewen!

2016 war och demoskopësch a politësch e ganz bemierkenswert Joër: Regionalwalen an Däitschland, e Referendum a Groussbritannien an eng Präsidentewiel an den USA ware fir zolitt Iwwerraschunge gutt.

20170123neijor2

„Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun“

Wann ech op dat nationalpolitëscht 2016 zeréckkucken, da stellen ech fest, datt déi blo-roud-gréng Koalitioun hir Vitesse de Croisière bei de néidege Reformen an de noutwennege Verbesserungen ouni Problem weider hält. De Koalitiounsaccord gëtt systematesch ofgehakt an och fir nei Problemer, déi stënterlech opdauche gi sënnvoll  a realistéisch Léisunge fonnt an ëmgesat. Loosst mech et ganz pauschal op de Punkt bréngen: Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun !

Der Oppositioun bleiwt dacks de Mond opstoën. Déi gréisst Oppositiounspartei ass esou duerch de Wand, datt se déi steierlech Regelungen – oder soll ech soë Rulingen ? – déi se selwer erfonnt huet, ewell als Däiwelswierk verdaamt. Vill méi ass hir zur Steierreform net agefall; a fir Lëtzebuerg am Ganzen huet se och kee Plang.

D’Dräierkoalitioun mécht därweil d’Land fit fir d’Zukunft. D’Feeler aus de läschte Joërzéngte gi weiderhinn opgeschafft an d’Weiche ginn nei gestalt.

Jo, de Staatsbudget 2017 gesäit en Defizit vunn 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et a méngen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen.

„Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen“

Ech bedaueren, datt am Claude Wiseler séngem „Plang fir Lëtzebuerg“ keng eenzeg Ausso ze fannen ass zu Sujetë wéi Klima- an Ëmweltschutz, erneierbar Energien, dem Tram, Car-sharing oder der Eisebunn … . Dat ass schued, well Ëmweltschutz ass jo keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Dorunner schaffen eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert, eis gréng Buurgermeeschtere, Schäffen a Gemengeréit vu mueres fréi bis owes spéit. Weider esou, léif gréng Kolleginnen a Kollegen!

20170123neijor1

„Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ“

Mir gréng si jo eigentlech ganz komësch Modeller, beim Auto géif ee soë, mir wären Hybriden. Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ. Innovativ sécherlech wat d’Gesellschaftspolitik ugeet an awer och andeems mir konstruktiv Léisunge fir komplex Problemer proposéieren. Konservativ, an deem Sënn datt mer wëllen erhalen: d’Schéinheet vun eiser Ëmwelt, d’Intaktheet vun der Natur, d’Liewensqualitéit vun de Leit.

Deemno gesi mir gréng de Wuesstum als alleréischt emol mat engem kritëschen A. Well zanter dem Enn vun den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg“

Fir eis gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën. Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt. Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Dass dat méiglech ass, weist d‘ Regierungs- a Chamberaarbecht, awer och de gréngen Asaz um kommunalen Terrain.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, ech denken dir sidd mat mir d’accord: Mir sinn houfreg, datt mer eis gréng Positiounen, iwwer déi virun 10 oder 5 Joër nach voller Matleed geschmunzelt gouf, datt mer déi haut kënne mat manner Widderstand duerchsetzen. Ech gräifen als Beispill den Tanktourismus eraus. D’Etude iwwer déi direkt an indirekt –  positiv an negativ – Auswierkunge vum Tanktourismus ass an der Gesellschaft mat engem: „Dat do hu mer eis jo schonn ëmmer geduecht, an elo hu mer et schwaarz op wäiss“ quittéiert ginn.

Viru Joëre wäre mer zerrappt ginn, fir déi Fakten, déi mer op den Dësch geluecht hunn, an et wär probéiert ginn, all eenzel Zuel ze relativéieren. Haut ass eis Gemeinschaft méi wäit a mir verstinn, datt Alles, wat mer hei zu Lëtzebuerg maachen och Repercussiounen op anere Plaze an Europa an an der Welt huet.

„All eis Kräfte bündelen, fir un der Spëtzt vun den neien Entwécklungen ze stoën“

Mir gréng freeën eis, datt eis Gesellschaft ewell esou räif ass, ze soën: „Komm mer klammen aus deem Auslafmodell Tanktourismus – oder och nach aus de kuerzfristege Steiernischen – eraus, a mir denken zesummen driwwer no, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden!“.

Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.20170123neijor4

  • Da maache mer eist Land topfit fir d’Zukunft. Dann ass 100% Elektromobilitéit bis 2030 keng gréng Utopie, mee en enorme Gewënn u Loftqualitéit an u Gesondheet an domadder Liewensqualitéit fir eist Ländchen a séng Leit.
  • Da sinn 100% erneierbar Energien am Joer 2050 keng gréng Spënnerei, mee dat konsequent Lasskoppele vun enger onnëtzer a geféierlecher Energieofhängegkeet vun Ueleg an Atom, fir nëmmen ee vu ville Virdeeler ze nennen.
  • Dann ass d‘Nohaltegkeetszil 100% Biolandwirtschaft méi wéi eng gréng Visioun, et ass de Wee zu gesonder Liewensmëttelproduktioun an dem Erhale vun der Landwirtschaft an eise Regiounen.
  • An dann ass och d’Zil, an 3 Joër op 30% Bioliewensmëttel an eise Kantinnen ze sinn, keen Dram, mä et bedeit e Qualitéitssprong fir d’Konsumenten, e Gewënn fir d’Produzenten a sécher Aarbechtsplazen heiheem.

Dat si fir eis e puer Kärpunkte vu grénger Politik a sënnvoll an néideg Moossnahme fir eist Land. Esou assuréiere mer heideg an zukünfteg Liewensqualitéit, all dëst bedeit fir jidfereen e « Besser liewen ». Gutt 3 Joër hunn elo schonn eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert mat Fläiss an Engagement dorunner geschafft, a si maache weider esou bis déi lescht Sekonn vun dëser Legislaturperiod, onopgeregt a kompetent.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Energie, Gemeinden, Gesellschaft, Mobilität, Soziales, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s