20 Joër TheaterFederatioun – Mäi Réckbléck

Här Staats- a Kulturminister, Dir Hären Deputéiert, Léif Mëmberen a léif Frënn vun der TheaterFederatioun,

Wëllkomm op eiser klenger Feier fir den 20. Gebuurtsdag vun der TheaterFederatioun. Mir hunn de Choix geholl, net groussaarteg ze feieren, well et eis net ganz dono ass, a well mer eis Suë léiwer fir méi konkret Projetën am Interessi vun eise Mëmberen ausginn.

Ech maachen e Réckbléck, dee sécher net ëmmer politësch an historësch korrekt ass: en Drama a 5 Akten.

Virspill um Theater

Et muss een et éierlech soën an et soll een et net occultéieren : D’Grënnung vun der Fédération Luxembourgeoise des Théâtres Professionnels – FLTP am Joër 1996 war eng Reaktioun. Manner op dat erfollegräicht 1. Kulturjoër vun 1995. Méi op déi ëmstridde massiv Subventionéierung vun der nei gegrënnter asbl Théâtre National du Luxembourg.

Wat allerdéngs déi allermannst wëssen: d‘TheaterFederatioun hat eng Virgängerin: ELIPSS – Entente Luxembourgeoise des Petites Structures de Spectacle, wouzou de Philippe Noesen d’Initiativ ergraff hat.

Schlussendlech war et awer déi politësch Decisioun, den TNL ze pushen, déi de Katalysator wor fir den Zesummeschloss vun den Theater-Produzenten an der Fédération Luxembourgeoise des Théâtres Professionnels. Iwwregens gouf den Théâtre National schonn no 1 Joër Mëmber vun der Federatioun, well en de Critère erfëllt hat, pro Joër op d’mannst zwou professionell Produktiounen op d’Brieder ze bréngen.

Generalprouw

Wat och déi mannst wëssen: D‘Grënnung vun der TheaterFederatioun war 1996 eng mëssgléckte Generalprouw. Et huet sech nämlech bei der Publicatioun am Mémorial erausgestallt, datt d’Gemengen-Theateren net einfach esou mat Asblën zesummen eng Associatioun grënnen dierfen. Dat kann nëmmen de Schäfferot vun enger Gemeng. An esou fënnt een am Mémorial am Ofstand vun e puer Méint gläich zwou Grënnungsstatuten, déi 2. da juristësch a gemengepolitësch korrekt mat de Schäfferéit vun de Stied Esch a Lëtzebuerg.

20161117theaterfederatioun20ans_1

1. Akt – 1. Präsident

Den 1. Präsident vun der Fédération Luxembourgeoise des Théâtres Professionnels wor ganz natiirlecherweis de Philippe Noesen.

„Et goufen eng Hellwull Koproduktiounen tëscht de Mëmberen op de Wee bruecht“

D’Ufanksjoëre vun der Federatioun si geprägt vu ganz vill informellem Austausch tëscht de Mëmberen, iwwregens oft bei engem Patt an iwwer ee Joërzéngt laang bei engem gemeinsame Mëttegiessen all Mount. An deem Kader gouf eng ganz grouss Koordinatiounsaarbecht geleescht an et gouf vill reziprokt Versteesdemech opgebaut tëscht de gudd dotéierte Strukturen an deenen, déi vun der Hand an de Mond liewen. An et goufen eng Hellwull Koproduktiounen tëscht de Mëmberen op de Wee bruecht.

D’Initiativ, fir esouwuel am däitschsproochege wéi am franséischspprochege Raum eng Vitrinn fir d’Lëtzebuerger Produktiounen opzemaache fällt och an déi Zäit. Philippe, du erënners dech, dass mer esouguer e puer Joër laang Formation continue ofgehal hunn fir Banquierën ze léieren, an der Öffentlechkeet ze schwetzen. Nujee: Mir ware jonk an hun d’Suë gebraucht!

2. Akt – 2. Präsident

Nofolger vum Philippe Noesen gouf de Jemp Schuster. Am Jemp séng Zäit falen eng Partie Neierungen, déi deels vun uewen erof koumen.

„D’TheaterFederatioun krut 2002 eng Konventioun, wat e méi laangfristegt Plange méiglech gemeet huet“

Am Kader vum Gesetz iwwer d’Artistes & d’Intermittents du Spectacle, dat d’TheaterFederatioun kritësch begleet huet, krute mer e Sëtz an der consultativer Kommissioun, an d’Kulturministësch Erna Hennicot-Schoepges huet mech zum Vizepräsident genannt; d‘Octavie Modert iwwregens e Joërzéngt méi spéit esouguer zum Präsident, wat ech ëmmer als eng Unerkennung vun der TheaterFederatioun hirer Aarbecht ugesinn hunn.

D’Professionaliséierung an der Kultur goung ëmmer weider, an d’TheaterFederatioun krut 2002, och ënner der Madame Hennicot, eng Konventioun, wat e méi laangfristegt Plange méiglech gemeet huet, mat Astelle vu festem Personal.

De Jemp Schuster, dee jo eigentlech prinzipiell mat der décker Dréckerei aus de Gaasperécher Wisen … iwwer Kräiz louch ( – ech hoffe, Jemp, du appreciéiers d’Wuertspill – ), de Jemp huet eppes ganz Erstaunleches färdeg bruecht. Nämlech datt de Groupe Saint-Paul an de Groupe Editpress zesumme mat der TheaterFederatioun all Mount d‘TheaterZeitung erausginn hunn, fir Promotioun fir den Theater ze maachen an als Service um potenzielle Spectateur.

Leider huet d‘Kulturministësch Maggy Nagel vun 2015 un de Budget vun der TheaterFederatioun esou gekierzt, datt mer am Moment nëmme nach dank dem Sponsoring vum Tageblatt d’TheaterZeitung kënne publizéieren, mat elo enger vill manner grousser Reichweite, wat eis Mëmbere schrecklech bedaueren.

3. Akt – 3. Präsident

De Serge Tonnar koum nom Jemp Schuster. De Serge huet ganz vill Richtung Marketing ënnerholl: nei Identité visuelle, neien Numm – net méi FLTP mee TheaterFederatioun –, Kollaboratioune mat de Medien, de Gëllene Renert, e puer Joër Präsenz op der Studentefoire, Publikatioun a Filmer iwwer d’Theaterberuffer op an hannert der Bühn, an net ze vergiessen dat ewell traditionellt TheaterFest.

Déi bestehend Saache sinn ausgeweit an ausgebaut ginn, wéi zum Beispill de Site theater.lu. Dat alles war nëmme méiglech, well ënner de Kulturministeren François Biltgen an Octavie Modert, de Budget fir Kultur generell enorm gewues ass. A, Serge, ech mengen Du has e ganz gudden Drot zu der Madame Modert, an sie huet appreciéiert, wéivill a wat s‘Du mat der TheaterFederatioun realiséiert hues.

„D’TheaterFederatioun huet den Theater zu Lëtzebuerg op d’Weltkaart gesat : mir sinn de Lëtzebuerger Korrespondent vum International Theatre Institute bei der UNESCO“

Dat waren och eng Partie Leeschtungen, déi nie un d’grouss Klack gehaang goufen, wéi d’Préconfiguratioun vun den Theaterarchiven, déi no e puer Joër an de Centre National de Littérature iwwerfouert goufen.

Awer och datt d’TheaterFederatioun den Theater zu Lëtzebuerg op d’Weltkaart gesat huet: mir sinn de Lëtzebuerger Korrespondent vum ITI – International Theatre Institute bei der UNESCO. Leider hu mer net genuch personell Ressourcen fir um europäëschem an um internationale Plang esou matzehalen, datt mer eist Land efficace op deenen Niveauë vertriede kéinten.

4. Akt – 4. Präsident

Wéi de Serge Tonnar 2012 sot, hie wéilt sech méi op séng künstlerech Projetë konzentréieren, huet d’ganz TheaterFederatioun op mech, hiren Trésorier zënter der Grënnung gekuckt. Ech hu mech ëmgedréint, mee do stoung kee méi, an esou gouf ech du Präsident.

„Den Theater ass deen ärmste Koséng vun der ganzer Kulturfamill, den Zueleverglach mat den anere Secteure weist dat ganz kloër“

Ech hu versicht, op dat opzebauen wat de Serge lassgekappt hat. Leider konnt ech d’Kulturministësch Maggy Nagel net vun allem iwwerzeegen, wat d’TheaterFederatioun auszeechent. An esou krute mer bal 20% vun eiser Dotatioun gestrach. Resultat: bei eis ass 1 vun den 2 feste Posten net méi besat ginn. Dat zitt no sech, datt mer manner Koordinatioun vum Secteur a manner Promotioun vum Theater a séngen Aktivitéite maache kënnen.

20161117theaterfederatioun20ans_3

Dat ass schued, well den Theater ass deen ärmste Koséng vun der ganzer Kulturfamill, den Zueleverglach mat den anere Secteure weist dat ganz kloër. An dofir bräichten eis Mëmbere méi Promotioun a Marketing vun hiren Aktivitéiten a net manner, well mir stinn a grousser Konkurrenz ëm déi begrenzte Fräizäit vun de Leit.

Här Kulturminister, léiwe Xavier,

Ech ginn dervun aus, dass Du et färdeg bréngs, datt geschwënn erëm 1% vum Staatsbudget an d’Kultur gestach gëtt, esou wéi et sech gehéiert. A wann dat dann de Fall ass, dann hoffen ech, datt d’TheaterFederatioun op d’manst erëm déi Dotatioun kritt, déi se mol schonn hat. Ech hat Déngem Staatssekretär, dem Guy Arendt, dat och scho mat op de Wee ginn.

„An deenen 20 Joër wou eis Federatioun existéiert, hunn all Kulturministëschen a Kulturministeren ëmmer erëm betount , datt sie an der TheaterFederatioun en idealen Interlocuteur hunn“

20161117theaterfederatioun20ans_5

Et ass nämlech esou, datt et an deenen 20 Joër wou eis Federatioun elo existéiert, all Kulturministëschen a Kulturministeren ëmmer erëm betount hunn, datt sie an der TheaterFederatioun en idealen Interlocuteur unique hunn. An e Koordinateur, dee ganz vill dobäi hëlleft, dëse Secteur ze strukturéieren a séng Professionaliséierung weiderzentwéckelen.

5. Akt – Klengen Theater-Coup – 5. Präsident

Léiw Frënn vun der TheaterFederatioun,

Ech hunn no 4 ½ Joër decidéiert, d’Présidence ofzeginn, an dat aus zwee Grënn, déi d’Mëmbere vun der TheaterFederatioun gudd novollzéie kënnen:

  • Ech sinn och Präsident vun enger politëscher Partei déi an der Regierungsverantwortung ass. An ech mierken, datt ech mech net esou an der Öffentlechkeet ausdrécke kann, wéi ech dat als Sproochrouer vun der TheaterFederatioun misst maache, well verschidde Medien dann d’Tendenz hunn, e Sträit an der Koalitioun doraus ze konstruéieren.
  • Deen 2. Grond: déi next 3 Joëre si Wahlen. Als Parteipräsident muss ech do voll an den Asaz goën. Da kéim d’TheaterFederatioun ze kuerz, an dat wär inacceptabel.

D’TheaterFederatioun huet virun zwou Wochen hire neie Präsident gewielt. De 5. Präsident, deen deen d’Federatioun an hiert 21. Joër an doriwwer eraus féiert, ass eng Präsidentin. No engem Direkter, engem Auteur, engem Muséker an engem Schauspiller gëtt d’Federatioun elo vun der Regisseurin Carole Lorang geféiert. An d’Carole ass domat och déi 1. Fra un der Spëtzt vun der TheaterFederatioun!

Léiwt Carole,

ech iwwerginn Dir haut offiziell dee wibbelege Kuerf voll professioneller Bühnestrukturen. Se sinn aktiv am Sprechtheater, am Danztheater, am Musékstheater, am Kanner- a Jugendtheater an heiandsdo sprengen hir Produktiounen dës Kaderen. Du fënns am Kuerf 19 Mëmbere vun alle Gréissten an alle Modeller:

  • Op där enger Säit déi gudd dotéiert Gemengentheateren,
  • op där ganz anerer Säit, kleng mee professionell Truppen ouni Konventioun mam Kulturministère an ugewisen op punktuell Subsiden,
  • dertëscht méi oder manner (déi meescht iwwregens manner) gudd finanzéiert konventionéiert Strukturen,
  • déi eng op enger fester Plaz, déi aner ëmmer op der Sich no engem Lieu.
  • Et gëtt der, déi sech spezialiséiert hunn op e Genre, op eng Sprooch, op ee Public,
  • et gëtt der déi liewen nëmme fir den Danz, anerer bedénge méi Sparten,
  • an et gëtt d‘Kulturzentren an de Regiounen, déi eng Offer hunn, déi wäit iwwer den Theater erausgeet.

„Ech iwwerginn Dir haut dee wibbelege Kuerf voll professioneller Bühnestrukturen“

Carole,

déng Aufgab als Präsidentin ass et, déi ënnerschiddlech Interessen, déi verschidde Visiounen, déi differenzéiert Besoinsë vun all de Mëmberen ënner dem Hutt vun der TheaterFederatioun ze halen. Dat geet, well eis Organisatioun basisdemokratësch fonctionnéiert, well mer eis all puer Méint an der Plénière gesinn, well am Bureau exécutif déi eenzel Forme vu Mëmbere vertruede sinn a well mer an thematëschen Aarbechtsgruppe schaffen.

Dat geet, well de Präsident jo net eleng ass. An dat bréngt mech derzou zum Schluss e grousse kollektive Merci ze soën fir 20 Joër Mataarbecht um Projet TheaterFederatioun: de Präsidenten, de Mëmbere vum Bureau, den Delegéierte vun de Mëmberen, de Protagoniste vun den Aarbechtsgruppen, de stännege Mataarbechterinnen, de staatleche, kommunalen, institutionellen an ekonomësche Financierën a Sponsoren an deenen hier Mataarbechter.

20161117theaterfederatioun20ans_4

An domat ginn ech d’Wuert weider un déi next Generatioun, un d’Präsidentin vun der TheaterFederatioun Carole Lorang.

Dieser Beitrag wurde unter Kultur veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s