Eng aner Entwécklung fir Lëtzebuerg

An de leschte 25 Joër ass Lëtzebuerg hott an har gewuess. Landesplanerësch war et e wëlle Wuesstum, deen net vun den deemolege Regierunge cadréiert gouw.  Dësen onkontrolléierte Wuesstum huet eng ganz Partie Nodeeler mat sech bruecht.

„Déi individuell Mobilitéit geet ëmmer méi an d’Immobilitéit iwwer“

Jidderee vun eis mierkt, datt séng Liewesqualitéit sech no an no verschlechtert. Jiddereen, deen all Dag ënnerwee ass, kann um eegene Leif spiren, wéi déi individuell Mobilitéit ëmmer méi an d’Immobilitéit iwwergeet. Eis Landschafte ginn ëmmer méi zerschnidden an zoubetonéiert an d’Natur gëtt ëmmer méi an den Eck gedréckt, wat schlussendlech och op eis Käschte geet.

Déi lescht 25 Joër hunn déi successiv Lëtzebuerger Regierungen zwar déi finanziell Friichte vum onkontrolléierte Wuesstum agesäckelt, se hunn awer kee Moment un d’Folgekäschte geduecht an deemno och näischt ënnerholl fir d’Land op d’Zukunft ze preparéieren. D’Resultat ass, datt eist Land e riisegen Nohuelbedarf un Investitounen huet: an der Loftqualitéit, am Waasserschutz, an de Schoulinfrastrukturen, am Wunnéngsbau, an der Capacitéit vum öffentlechen Transport, …

„Investitiounen an d’Infrastrukture si blutnéideg fir eist Land zukunftsfäheg ze maachen“

D’Dräierkoalitioun par conter huet déi Fehlentwëcklungen erkannt, an déi aktuell Regierung thematiséiert se am Kader vun der Debatt iwwer déi zukünfteg Entwécklung vu Lëtzebuerg. Paralell dozou fiert d‘Regierung d’Investitiounsausgabe massiv erop. Déi Investitiounen an Infrastrukture si jo blutnéideg fir eist Land zukunftsfäheg ze maache. A well déi Infrastrukturen och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen, hunn ech kee Problem dermatt, datt se deelweis iwwer Scholde finanzéiert ginn.

Amplaz Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen ze loossen, leet déi aktuell Regierungsequipe Pläng op den Dësch, wéi mer Lëtzebuerg anëscht, méi intelligent organiséiere kënnen. Et ass wuel ewell jidderengem bewosst, datt wa mer an Zukunft Wunnen, Schaffen a Fräizäit méi no beienee kréie, mer vill Weeër spuere, mer u Liewesqualitéit gewannen an d’Ëmwelt an eis Nerve schounen.

„Zesumme Lëtzebuerg entwéckelen“

Ech si frou doriwwer, datt d’Dräierkoalitioun net vun uwen erof decidéiert, mee Pisten opweist, wéi eist Land sech kann entwéckelen. Ech freeë mech op déi nächst 10 Méint: an deene leeft eng breed Diskussioun an alle Regioune vum Land un där jiddereen sech bedeelege kann. Ziel ass et, zesummen de „Plan directeur“ vun der Landesplanung z’entwéckelen; Ziel ass et, zesumme Lëtzebuerg z’entwéckelen.

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Gemeinden, Gesellschaft, Mobilität, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s