vum Christian KMIOTEK a Françoise FOLMER
Christian KMIOTEK : Iwwer ee Joërzéngt hu verschidde Justizministeren dru gedoktert, elo leet de grénge Minister Felix Braz, no zwee an engem halwe Joër e komplett neit Familierecht vir. Wat ass dann dorunner esou modern?
Françoise FOLMER : Als éischt emol steet d’Kand am Mëttelpunkt an all Kand gëtt genee t’selwecht behandelt, egal wéi séng Elteren zuenee stinn: bestuet, gepacst, zesummen, auserneen oder gescheed. Domat gëtt eng laangjäreg Fuerderung vun eisem Verfaassungsgeriicht endlech ëmgesat.
An Zukunft hu béid Eltere gemeinsam d’Suergerecht an d’Opsiichtspflicht iwwer hiert Kand. Et gëtt nëmmen eng Ausnahm, nämlech wann d’„autorité parentale conjointe“ net am Intérêt vum Kand wier.
Dat neit Gesetz dréit och der Realitéit vun de Patchwork-Familie Rechnung: an Zukunft ass et méiglech, datt de neie Partner oder Partnerin vun engem Elterendeel verschidden deeglech Entscheedungen huelen därf fir dat Kand dat am selwechte Stot wunnt.
CK : Dat gemeinsamt Suergerecht vun den Elteren ass effektiv e grousse Fortschrëtt am Interessi vun alle Mamme, Pappen a Kanner, egal a wéi enger Konstellatioun se liewen. Mee domat net genuch: och d’Scheedungsprozedur gëtt entstëpst a vu Grond op nei ausgeriicht. Et gëtt an Zukunft nëmmen nach zwou Scheedungsformen: entweder wëll béid Partner dat esou wëllen (de „consentement mutuel“ wéi bis elo)oder awer well d‘Relatioun am Bestiednis definitiv gebrach ass (de sougenannten „Zerrüttungsprinzip“), aus watfirenge Grënn och ëmmer.
FF : Deemno verschwënnt den „divorce pour faute“, dee viru Geriicht oft zu héichemotionale Schlammschluechte gefuert huet an d’Prozeduren onheemlech an d’Längt zéie konnt. Och dat ass sécherlech am Interessi vun de Kanner a vun de betraffene Leit. D’Geriicht befaasst sech an Zukunft net méi mat de reellen oder imaginären Ursaachen firwat e Bestiednis an d’Bréch geet, mee consideréiert déi als eng Privatsaach. Just wann ee vun de Partner gewalttäteg géint eng Persoun am Stot wor, kritt eng Veruurteelung dofir Afloss op d’Konsequenze vun der Scheedung.
Haut ass et jo esou, datt wann ee sech net am Gudden eens gëtt, de Scheedungs-Parcours viru Geriicht enorm laang a komplizéiert ka sinn; ännert dat endlech?
CK: D’Scheedungsprozedure gi vereinfacht a méi séier. Et gëtt e „Juge aux affaires familiales“ geschaf, dee fir déi ganz Prozedur zoustaänneg ass, déi haut bei verschiddene Geriichter ka leien. Och t’Délaië gi verkierzt an et muss een net méi eng zweete Kéier virun de Riichter oder d‘Riichterin.
FF: Mat deem neie Familierecht geet d’Dräier-Koalitioun konsequent weider um Wee, eist Zesummeliewen ze moderniséieren, a mir gesinn dëse Projet an der Linn zum Beispill vum Bestiednis fir jiddereen, der Reform vun der Ofdreiwung an dem vereinfachten Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit.
CK: Mir hoffen, datt och d’Oppositioun – a besonnech déi gréisst Oppositiounspartei – sech net dem Uleies vum grénge Justizminister verschléisst, endlech eist Familien- a Scheedungsrecht de Realitéite vun haut unzepassen.
Bonjour,
La teorie c est jolie..mais la realité est un peu plus grise ..personne n a jamais parlé de COMMENT UNE FEMME DIVORCÉ AVEC DES ENFANTS A CHARGE DOIT S EN SORTIR MEME SI ELLE GAGNE UN SALAIRE MINIMUM ou un peu plus…. Et ELLE DOIT PAYER UN LOYER ,habilles ,….la liste est longue …….ET LE PAPA DOIT PAYER UNE SOMME DE 200 OU 300 EURO PAR ENFANTS MEME SI IL GAGNE 5000 OU 6000 EURO/MOIS ….. c est ou l egalité???
ET LES ANNEES OU LA FEMME EST RESTÉE AU FOYER…. pension perdu si elle n a jamais travaillé avant …
Comme femme seule on peut jamais obtenir un pret…
Et….. il y a..tellement des questions que personne se possent… La seule chose qu on entend comme femme c est Il FAUT S EN SORTIR!!