De grénge Plus

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Zanter 2 ½ Joër droën déi gréng elo Verantwortung um nationalen Niveau. Gréng Akzenter fënnt een iwerall an der Regierungspolitik wou et ëm sozial Gerechtegkeet an ëm Gläichstellung zwëschent Mann a Fra geht. Toleranz, Respekt viru Mënsch an Déier, an d’Suerg ëm d’Liewensqualitéit vu jidferengem Eenzele sinn aner Werter, déi sech wéi e grénge Fuedem durch d’Regierungsaarbecht zéien.

An de grénge Ressorten ass eis Regierungséquipe mat der Ënnerstëtzung vun den gréngen Deputéierten um beschte Wee, fir de Reformstau vun de leschten 20 Joër opzeléisen. Wichteg Projeten sinn elo endlech an der Ëmsetzung : de Chantier vum Tram mat Allem wat drun hänkt leeft op Héichtouren, Vëlosweeër gi gebaut, a Schinnestrecken a Gare gi moderniséiert. Nach nie virdrun sinn esou vill Suen an den öffentlechen Transport an a méi eng nohalteg Mobilitéit investéiert gin, fir endlech eis Verkéiersproblemer an de Grëff ze kréien. Domat net genuch : well den Auto och weiderhin en onverzichtbart Fortbewegungsmëttel hei zu Lëtzebuerg wäert sin, as et eis gréng wichteg, fir méi Sëcherheet op eisen Stroossen ze suergen. Dëst erreeche mer ënner aanerem durch d’Reform vum Punkteführerschäin, an duerch d‘Radaren, déi d’Leit zum Ëmdenken bei hirem Fuerverhale bréngen.

Well d’Gesondheet,d’Liewensqualitéit vun eiser Bevölkerung an de Waaserschutz ganz uewen op der grénger Agenda stinn, hu mer och endlech d’Ausweisung vun Quelleschutzzonen ugepak, an de Gebrauch vu Pestiziden ageschränkt. Well déi erneierbar Energien eis Zukunft sinn, klot Lëtzebuerg mat éisterräich zesummen um EU-Geriicht géint d’Subventionéierung vun der Atomenergie. Grad an dësen Zäiten ass d‘ Atomenergie duebel geféierlech, wou dach d’Atomzentralen besonnesch sensibel Ugrëffspunkte fir Terroriste kënnen duerstellen. Fir eis national Sëcherheet ze stärken a Gräueltaten wéi zu Paräis an zu Bréissel beschtméiglech entgéint ze wierken, huet dës Regierung mat hirem grénge Justizminister iwwregens séier no den Attentater vu Paräis mat engem konstruktive Moossnahmekatalog reagéiert, an dat ouni awer eise Rechtsstaat auszehiewelen.

Vill, ganz vill gréng Aarbecht ass um nationalen an euroäëschen Niveau zanter 2 ½ Joër geleescht ginn. All gréng Mandatären fréen sech drop fir an der 2. Halbzäit, grad ewéi an der éischter, déi gréng Energien ze bündelen: esou kënne mir zesummen am Interessi vun de Generatiounen déi no eis kommen eng méi nohalteg Zukunft opbauen.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Energie, Europa, Gesellschaft, Mobilität, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s