Ech sinn der Meenung, datt déi blo-rout-gréng Steierreform sozial Gerechtegkeet, ekonomesch Stimulatioun an ëmweltpolitesch Impulser op eng clever Aart a Weis matenee verbënnt. Fir mech – deen an de Verhandlungen vun A bis Z derbäi war – stoungen d’ Gerechtegkeet an di sozial Mesuren am Zentrum vun den Iwwerleeungen.
D’ Steierreform hëlleft ganz cibléiert deene schwaachste Leit an eiser Gesellschaft a bekämpft den Aarmutsrisiko. D’ Steierklass 1A gouf zum Beispill esou ugepasst, datt se der reeller Situatioun vun de Fraen a Männer déi eleng hir Kanner erzéien a vun de Wittfraen a Wittmänner Rechnung dréit. De “Crédit d’impôt” fir d’Salariéën a fir déi Pensionéiert gëtt verduebelt, awer nëmme fir déi, di en och wierklech néideg hunn; wat d’Akommes méi héich, wat manner “Crédit d’impôt” bezuelt gëtt, bis en iergendwann ganz ewechfält.
Dëst ass en typescht Beispill vun zilgeriichter Steierpolitik: déi di et néideg hunn, kréien onkomplizéiert ënner d’ Äerm gegraff an déi di keng Cadeaue brauche, kréien och keng. Deemno war et och nëmme richteg, uewen an der Steiertabell nach zwou Tranche bäizesetzen: esou droen déi breet Schëllere méi wéi di schmuel.
Duerch déi intelligent Kombinatioun vum variabele “Crédit d’impôt” mat enger manner progressiver Steiertabell verschwënnt endlech de Mëttelstandsbockel, dee vu ville Leit als ongerecht ugesi gouf. Ech si frou doriwwer, datt vun 2017 un net nëmmen d’ Mëttelschicht méi am Portemonnaie huet, mee virun allem d’ Stéit mat nidderegem Akommes méi Kafkraaft kréien. Dat ass eng sozial gerecht Ëmverdeelung.
An déiselwecht Richtung ginn déi steierlech Moossname fir de Wunnengsbau ze stimuléieren. Ech begréissen et, datt besonnesch déi jonk Leit a Famillen et méi liicht gemaach kréien, fir zu hiren eegene véier Wänn ze kommen. Besonnesch gutt fannen ech och, datt iwwer cibléiert steierlech Mesuren an Zukunft méi Sozialwunnengen zur Verfügung stinn.
Selbstverständlech freeë mech och déi steierlech Moossnamen, fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren, eis Loftqualitéit ze verbesseren an eng nohalteg Mobilitéit no vir ze bréngen. Déi gréng an der Regierungsverantwortung hunn et fäerdeg bruecht, fir t’ éischte Kéier ëmweltpolitesch Mesuren an de Lëtzebuerger Steiersystem eran ze bréngen. Vun 2017 un gëtt et bei de Leasingsautoen e Bonus-Malus-System: wee méi verknascht, gëtt steierlech méi belaascht, ween ëmweltfrëndlech fiert, gëtt entlaascht. Domat kréie mer séier vill méi propper Autoen op d’ Strooss, well d’ Leasingsautoen oft gewiesselt ginn, mee dono laang als Occasioune gefuer ginn.
Och Privatleit ginn ënnerstëtzt: vun 2017 un ginn zum Beispill en Elektroauto mat 5.000 Euro an en E-Bike oder Pedelec mat 300 Euro steierlech subventionéiert. Och wa Verschiddener am Moment nach heiriwwer laachen; ech sinn iwwerzeegt, datt dës Méiglechkeete massiv wäerte genotzt ginn a mathëllefen, eis Mobilitéit ze veränneren.
Zu gudder Lescht: an Zukunft ginn endlech och d’ Benotzer vu Bunn a Bus belount; se kënnen hiert Joresabonnement vun de Steieren ofsetzen. Dat ass nëmme gerecht vis-à-vis vun deenen, déi mam Auto op d’Schaff fueren an dofir “frais de déplacement” ofsetzen.
Alles an allem eng richteg gutt Steierreform.