Konsequent fir d’Gesondheet vun de Leit

vum Christian KMIOTEK a Françoise FOLMER

Christian KMIOTEK: Virun zwou Wochen huet eng Majoritéit vun Europadeputéierten decidéiert, datt d’Ofgase vun den neien Autoën déi aktuell Grenzwerter bis 2020 därfen ëm méi wéi dat Duebelt iwwertreffen an dono därfe se weiderhin 50% driwwer leien.

Françoise FOLMER: Jo effektiv, dat as e Skandal! Amplaz sech fir d’Gesondheet vun de Biergerinnen a Bierger anzesetzen, huet d’Europaparlament majoritär d’Interesse vun der Autosindustrie ënnerstëtzt. Dës Decisioun ass e kloere Réckschrëtt a sie kéint bei de Leit en nach méi grouse Vertrauensverloscht vis-à-vis vun den europäeschen Institutiounen provozéieren.

CK: Déi gréng Europaparlamentarier hu behaapt, méi eng héich Stéckoxidbelaaschtung an eiser Otemloft géiw ganz vill Leit krank maachen?

FF: Dat stëmmt. Besonnech a ville Groussstied ass d’Loft net méi ze otmen; d‘Haaptursaach sinn d‘Dieselmotoren. An Europa stierwe ronn 400.000 Leit fréizäiteg u schlechter Loftqualitéit; et gëtt geschat, datt et zu Lëtzebuerg all Joër iwwer 300 Mënsche sinn, dat sinn der 10-mol méi wéi duerch Autosaccidenter ëm d’Liewe kommen.

CK: Well déi gréng sech konsequent fir d’Gesondheet vun de Leit asetzen, hunn all déi gréng Europadeputéiert géint d’Verschlechtere vun den Ofgasnorme vun den Autoë gestëmmt. Mee wat maachen déi gréng heiheem?

FF: Fir eis Haaptstad lieweswert z’erhale baue mer den Tram. Bei dësem Jorhonnertprojet geet et net nëmmen ëm eng wesentlech besser Mobilitéit. Et geet och drëm, manner Autoën an och manner Bussen am Stadzentrum ze hunn, fir esou d’Loftqualitéit massiv ze verbesseren – am Interessi vun der Gesondheet vun eis all.

CK: Déi gréng si jo awer net prinzipiell géint den Auto – well se benotzen e wann néidech och selwer, oder net?

20160112KmiotekFolmer2

FF: Genee! Den Auto gehéiert haut an och an Zukunft zu eiser Mobilitéit, genee esou wéi t‘Zefoussgoën, de Vëlo, de Bus, den Zuch an den Tram. Deemno ass et richteg a wichteg, datt eis Regierung och d’Infrastrukture fir Elekroautoën ausbaut, well mer eis esou ouni Loftverschmotzung a mat vill manner CO2-Ausstouss bewege kënnen.

Eng besser Loftqualitéit a méi a méi sëcher Velospisten encouragéieren dann och ëmmer méi Leit, fir bei kuerze Strecken op de Vëlo ëmzeklammen.

A propos Strecken: nexte Mount ginn d’Radaren op speziell geféierlëche Strecken a Betrieb geholl.

CK: D’Radare si ganz sëcher net do fir d’Leit ze kujenéieren, mee fir se um Liewen a bei gudder Gesondheet ze halen. Mir bekloën nämlech Joër fir Joër zevill Affer am Stroosseverkéier mat vill mënschlechem Leed duerch Doud oder Handicap.

FF: Mee och d’Stroosseninfrastrukture musse verbessert ginn.

CK: Absolut! An do sinn sech och gréng Ministeren net ze schued, fir déi Beem ewechhuelen ze loossen, déi scho bei normaler Vitesse eng Gefor niewt der Strooss sinn a bei denen keng aaner Schutzmoossnahmen fir d’Automobi-liste méiglech sin.

An da sin d‘Schoulkanner an hier Elteren sécher och déck zefridden domat, datt et an Zukunft méiglech gëtt, och op Staatsstrossen eng Tempo-30-Zon virun de Schoulgebaier anzeriichten.

FF: Konsequent fir d’Gesondheet vun de Leit an alle Beräicher. Och beim Fuussebandwuerm?

CK: Jo! Well et kee Sënn mécht, all Joër Dausende Fiiss ofzeknallen fir se dono an d’Dreckskëscht ze geheien, bleiwt d’Fuussejuegd nach e weidert Joër zou.

Mee well bei eis Gréngen d’Gesondheet vun de Mënsche virgeet, gin an deem Joër regelméisseg Fiiss ënnersicht, fir ze kucken op dee fir de Mënsch potenziell geféierleche Fuussbandwuerm sech ausbreet oder net. Déi gréng ginn hei net gefillsméisseg vir, mee loossen d’Situatioun wëssenschaftlech ënnersichen. An op alle Fall huet d’Gesondheet vun de Leit honnerprozenteg Prioritéit virun allen aneren Iwwerleeungen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Ökologie, Europa, Mobilität, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s