Laudatio den 2. Februar 2016 bei der Iwwerreechung vum Janusz-Korczak-Präis vun der Fondation Kannerschlass un d‘ „Maison de la Porte Ouverte“ an u „Femmes en Détresse“ a Präsenz vun der Chancegläichheetsministësch Lydia Mutsch an dem Justizminister Felix Braz
Léiw Eieregäscht, Léiw Frënn vun der Fondation Kannerschlass, léiw fréier Laureate vum Korczak-Präis,
Weess ech, wou mäin Hiem hierkënnt? Jo, ongeféier, vun irgendwou wäit aus dem Süden.
Weess ech, wou mäin Handy hierkënnt? Jo, op ongeféier, vun irgendwou wäit aus dem Osten.
Weess ech dann och, wee mäin Hiem gefierwt a gebutt huet, weess ech wee mäin Handy zesummegesat a verschrauwt huet? Do huet ee jo sou vaguement héieren, do géife Leit beschäftegt, déi ënner schlechte Conditiounen a mat minimalster Bezuelung eis bëlleg Saache produzéiere géifen. Do hofft een dann, datt net och nach Kanneraarbecht am Spill ass.
Wa mer éierlech sinn, da musse mer zouginn, datt mer déi Froë ganz séier op d’Säit drécken. An et kënnt eis guer net an de Kapp ze froën, op net och vläicht hei an do Sklavenaarbecht am Spill ass, déi dem Produzent eng Gewënnmaximéierung a jidderengem vun eis bëlleg Produiten erméiglecht.
Sklavenaarbecht? Jo! Mënschenhandel a Sklavenaarbecht ginn och eis am degleche Liewen eppes un.
Mënschenhandel ass da ginn, wann een e Mënsch rekrutéiert, transportéiert, transferéiert, ophëllt oder wunne léisst, andeems ee Gewalt oder Zwang, Bedruch oder Täuschung, mat oder ouni Geld gebraucht, fir dëse Mënsch auszenotzen. Dës Definitioun weist, datt all denkbar an ondenkbar Situatioune vun Onmënschlechkeet méiglech sinn.
Et gëtt geschat, datt weltwäit e puer Miliounen Affer vum Mënschenhandel der Zwangsaarbecht ënnerworf sinn. D’Donzelziffer ass enorm an et kann een dervun ausgoën, datt d’Beneficer an d’Dosënde Milliarde ginn. Kaum verwonnerlech, datt besonnech déi Schwaachst vun der moderner Sklaverei am meeschte betraff sinn: Meedercher a Fraën maachen 80% vun den Affer aus, bis zu 20% vun den Affer si mannerjähreg. De Nährbuedem vum rëffege Geschäft mat Mënschen ass d’Verletzlechkeet vu Persounen – egal watfieen Alter se hunn. Verschlëmmert gëtt d’Situatioun duerch Krich, Aarmut, sozial an ethesch Diskriminatioun an Exklusioun an duerch d’Absence vun ëffentlëcher Uerdnung.
No dëser Beschreiwung kéint ee jo mengen, de Phänomen vum Mënschenhandel géiw op kee Fall zu Lëtzebuerg optrieden. Abee wäit gefeelt! Et ass net well een ni eppes dervun héiert, well een eppes net gesäit, well een net hikuckt, datt et bei eis kee Mënschenhandel géiw.
Dir Dammen an Dir Hären,
Wësse mer, ween am Restaurant d’Geméis schielt an d’Geschir spullt? Sinn all déi Persounen ugemellt a kréien se hir ganz Pai ausbezuelt?
Wësse mer, ween op de grousse Schantecher d’Eise béit an d’Zillen dréit? Hunn all dës Leit geregelt Aarbechtszäiten, wou a wéi wunnen se? A wann se aus engem anere Land „ausgeléint“ sinn, wee kritt de Loun vun hirer Aarbecht?
Si mer eis bewosst, datt d’Geschicht vun der Prostituéiert, déi hir „Aarbecht“ aus eegener Iwwerzeegung mécht, zu quasi 100% e Mythos ass?
Léiw Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu „Femmes en Détresse“ a vun der „Maison de la Porte Ouverte“,
Dir sidd ganz besonnech prédestinéiert als Laureate vum Korczak-Präis, an dat aus zwee gudde Grënn.
Dëse Präis dréit den Numm vum polnëschen Dokter a Pädagog Janusz Korczak, deen als éischten d’Kannerrechter ervirgestrach huet, well en Ufanks vum 20. Joërhonnert gesinn huet, watfir e Misär besonnech déi ouni Rechter z’erdroën hunn. Well hien e Judd war, gouw hie mat de Kanner aus séngem Weesenhaus vun den Naziën an e KZ deportéiert. Do war d‘ Zwangsaarbecht industriell duerchorganiséiert an drop ausgeriicht, nach dat Lescht aus de Mënschen erauszepressen an se dann ze vernichten.
Deen zweete Grond läit am Wiese selwer vum Korczak-Präis, deen d‘Fondation Kannerschlass all zwee Joër vergëtt. Dee Grupp vu Fraën a Männer, déi de Laureat eraussichen, weess aus laange Joren Erfahrung, datt déi puer Sou déi mer ginn, just ganz e bëssen derzou bäidroën, den ausgewielte Projet ze stäipen. Wat de Korczak-Präis wierklech ausmécht, dat ass de Medienecho, d’Öffentlechkeet déi duerch de Präis geschafe gëtt, d’Liicht dat op d‘Problematik geworf gëtt.
Elo ka kee Mënsch méi behaapten, Lëtzebuerg wär eng idyllesch Insel ouni grave Mënscherechtsverletzungen. Elo muss d’Öffentlechkeet sech bewosst ginn, dass et och bei eis Mënschenhandel a modern Sklaverei gëtt. Mir mussen all déi néideg Instrumenter asetzen, fir de Mënschenhandel ze detectéieren an d’Affer z’identifizéieren. D’Hannermänner vum Mënschenhandel, déi soss näischt si wéi schwéier Krimineller, mussen d’Handwierk geluecht kréien. An d‘Affer brauchen eis Hëllef an Ënnerstëtzung.
D‘ „Maison de la Porte Ouverte“ a „Femmes en Détresse“ hu schonn ugefaang mat der Aarbecht, am Ament nach mat ganz bescheidene Moyenën.
Léiw Laureaten,
haut den Owend éiere mer Iech a mir soën Iech Merci fir déi gudd Aarbecht déi Dir bis elo am Donkele geleescht hutt. Doduerch datt mer Är Effortën fir puer Momenter ënnert de Scheinwerfer vun der Öffentlechkeet weisen, si mir all an ass och d‘Politik opgeruff, nach méi Ustrengungen ze maachen, fir déi Männer, Fraën a Kanner déi Affer vum Mënschenhandel sinn, vun hire Fesselen ze befreien.
* * *