Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen, ech wënschen Iech 2016 vill Succès mat Äre perséinleche, berufflechen a politesche Projeten.
Léiw Vertrieder vun de Medien, och all Guddes a Merci fir déi kritesch Begleedung 2015 an hoffentlech och 2016 vun de gréngen Initiativen an de grénge Mandatären.
Een Thema, wou Dir als Vertrieder vun der Press an den anere Medien 2015 kee Pipjeswuert vun eis Gréngen ze héiere krut, war d’ Steierreform. Dofir gëtt et e gudde Grond. Als Deel vun der blo-rout-grénger Regierungskoalitioun schaffen, diskutéieren a verhandele mir koalitiounsintern. Mir sinn iwwerzeegt, datt et eréischt Sënn mécht d’ Ëffentlechkeet ze informéieren, wa wierklech eppes ze mellen ass, dat heescht wa bis de ganze Pak ficeléiert ass.
„Mat enger Steierreform bréngt ee keen hannert sech, awer et kann een der vill géint sech opbréngen“
Et ass jo esou: mat enger Steierreform bréngt ee keen hannert sech, awer et kann een der vill géint sech opbréngen. Mir gréng bedeelegen eis net un deene Manöveren, déi probéieren, déi eng Interessegruppen géint déi aner auszespillen.
„Datt Steiererllichterunge bei de Privatleit zu wirtschaftlechem Wuesstum féiere géifen, stëmmt ganz einfach net an enger klenger an oppener Ekonomie wéi Lëtzebuerg“
Mir gréng stellen och keng Zuelen aus enger Fantasiewelt an de Raum, wéi ee vun de “Steierspezialiste” vun der CSV, den Här Roth dat gemeet huet. Den Här Roth huet jo einfach emol esou 15 bis 20 % Steiererliichterung verlaangt, mat Argumenter déi mat der ekonomescher Realitéit an de finanzpolitesche Contrainte vu Lëtzebuerg nun awer och guer näischt ze dinn hunn.
Här Roth, datt Steiererllichterunge bei de Privatleit zu wirtschaftlechem Wuesstum féiere géifen, stëmmt ganz einfach net an enger klenger an oppener Ekonomie wéi Lëtzebuerg, déi souwisou um wuessen ass. An datt ee méi Steieren erakritt, wann een d’ Betriber manner besteiert, dovunner huet nach kee Fiscalist – och kee vun de Big Four – jee eppes héieren.
Léiw CSV, Dir déi Dir jo de massive Budgetsdefizit vun eisem Land ze veräntwerten hutt: Mir wënschen eis vun Iech 2016 eng seriö a konstruktiv Oppositiounspolitik amplaz vu bëllegem Populismus.
„Lëtzebuerg huet finanzpolitesch kaum Spillraum“
Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,
Deen éischte grénge Budgetsrapporteur, den Henri Kox, huet no der Consultatioun vun alle concernéierten Acteuren a senger Analys vun der ekonomescher a finanzieller Situatioun vum Land festgestallt, datt Lëtzebuerg finanzpolitesch kaum Spillraum huet. Dowéinst gleewen ech perséinlech och net drun, datt mer déifgräifend Steier-Entlaaschtunge kréien – dofir feelt et ganz einfach un de finanzielle Moyenen. D’ailleurs stellen ech mer d’Fro, wéisou vu ville Leit grad Steiererliichterungen quasi als eenzege But vun der Steierreform genannt ginn? Eise Staat brauch dach Steierrecetten fir déi noutwenneg Investitiounen an Infrastrukturprojeten ze finanzéieren, mat deenen dës Koalitioun d’ Land zukunftsfäeg mécht.
„Eise Steiersystem muss méi zilgeriicht ginn, e muss dofir suergen datt méi gerecht ëmverdeelt gëtt an e muss ugepasst ginn un déi aktuell Situatioune vun de Stéit a vun de Betriber“
Ech sinn iwwerzeegt, datt e ganze Bündel vun intelligenten Eenzelmoossnahmen eise Steiersystem moderniséieren a perfektionéiere kann. Eise Steiersystem muss méi zilgeriicht ginn, e muss dofir suergen datt méi gerecht ëmverdeelt gëtt an e muss ugepasst ginn un déi aktuell Situatioune vun de Stéit a vun de Betriber.
Kee Finanzminister vun der Welt wëll méi Steieren anzéien, wéi der wierklech néideg sinn fir de Staat um Rullen an d’ Infrastrukturen um leschte Stand ze halen.
Trotzdem héieren ech d’ Patrone fuerderen, se wéilte manner Steiere bezuelen. Ech erlabe mer – mat allem Respekt virun hirem Asaz – d’ Patronen drun ze erënneren, wéisou se iwwerhaapt Bénéficë maachen op deene se Steiere bezuelen. Well d’ Betriber gutt ausgebilten Aarbechtskräfte hunn, well Mobilitéitssinfrastrukturen bestinn – déi nach verbessert an ausgebaut ginn – déi d’ Leit bei hir Aarbecht an d’ Produiten bei hir Cliente bréngen. An och well déi héich Investissementer vun dëser Regierung de Betriber voll Optragsbicher bréngen. All dëst mat Steiergelder.
Keng Regierung vun der Welt décidéiert ouni Nout, datt muss gespuert ginn.
Trotzdem héieren ech d’ Gewerkschafte fuerderen, et kéint ee jo méi verdeelen, wann de Staat méi Scholde géif maachen. Ech erlabe mer – mat allem Respekt virun der Roll vun de Syndikater – kloërzestellen, datt den Zentralstaat scho massiv Scholden huet. An et kann een déi Scholden net einfach ewechrechnen, andeems een d’ Reserve vun der Pensiounskeess mat bäizielt. D’ Pensiounsreserve sinn neemlech dofir do, fir an der Zukunft Pensiounen ze bezuelen. Et ass net an der Rei haut Scholden opzekéipen fir eis et gudd goën ze loossen an d’ Bezuelen deenen nächste Generatiounen z’ iwwerloossen. Dat wär net wäitsichteg an net nohaltëg, et wär och net gerecht vis-à-vis vun eise Kanner an Enkelkanner.
Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,
Ech hunn héieren, um Neijooschpatt vun der CSV hätten dräi schwaarz Männer sech Suerge gemeet ëm déi gréng Spëtzekandidate bei de nächste Chamberwahlen 2018. Dat huet mech iwerrascht, wou dach grad d’ CSV en Iwwerschoss u Spëtzekandidaten huet, well elo Personagen erëm opdauchen, déi sech ze schued waren fir op der Oppositiounsbänk ze sëtzen, ma elo wou se mengen 2018 wär e Posten ze ergadderen, aus dem gëllenen Exil eraus de Fanger ausstrecken.
Léiwen Här Spautz, mir gréng haten nach ni e Problem mat Spëtzekandidaten a mir kréien och nie een. Mir hunn eis nämlech Statute ginn mat enger richteger Genderquote, an deemno stelle mir och 2018 wéi ëmmer an all Bezierk eng Fra an e Mann als Spëtzen-Duo op. Denkt emol zesumme mat den CSV-Fraën doriwwer no.
Ech wëll awer och nach eppes Inhaltlëches zum Här Frieden lassginn. Deen, dee mol eng Kéier Finanzminister hei zu Lëtzebuerg war, huet elo e Buch erausbruecht. Dëst Buch gouw op Käschten an op Inspiratioun vu Banke-Lobbyiste verfaasst an et huet op mannst een net ganz kauschere “Bankster” dem Här Frieden de Griffel gehalen.
„Dee ganzen neoliberale Folter-Instrumentarium“
A séngem Buch weist eis den Här Frieden dee ganzen neoliberale Folter-Instrumentarium. Dat geet schonns u mam Ënnertitel, dee net vun engem neie Gesellschaftmodell fir Europa schwätzt, mee en neie Geschäfts-Modell fir eise Kontinent verlaangt. Dat ass ganz bewosst formuléiert, well et geet dem Här Frieden just ëm de fräie Marché, dat Wuert “sozial” gehéiert net zum Bankiers-Wuertschaz. Kee Wonner datt den Här Frieden den TTIP eng gudd Saach fënnt.
Dat weist sech och, wa gefuerdert gëtt, de Staat soll sech aus allem eraushalen, déi Privat géifen dat besser maachen, de Staat dierft der Finanzindustrie och net esouvill Regelen octroyéieren an iwwerhaapt sollen emol d’Sozialstandarden no ënne revidéiert ginn. De Salariéën hir Rechter solle beschnidde ginn, d’Aarbechtslosenënnerstëtzung soll erofgesat ginn an zu gudder Lescht soll de staatleche Pensiounssystem duurch privat Pensiounsfongen ersat ginn.
Mech giff nawell interesséieren wat de fréiere Gewerkschaftler Marc Spautz vum Här Frieden sénge Proposen hält? Här Spautz, wann Der den Här Frieden zum CSV-Spëtzekandidat maacht, sträicht Der da gläichzäiteg dat Chrëschtlëch-Sozialt aus dem Parteiprogramm an aus dem Parteinumm?
„D’Lëtzebuerger EU-Présidence gouw souwuel national wéi och international als Succès unerkannt“
Kolleginnen a Kollegen,
Ech sinn an de leschten Deeg oft gefrot ginn, firwat déi gréng bei de Sondagen keng Plomme loossen. Ech mengen datt d’ Äntwert ganz einfach ass. Déi gréng Deputéiert an déi gréng Regierungsmëmberen maache konzentréiert a ganz onopgereegt hir Aarbecht. Sie maache Politik, andeems se seriö op den Dossierë schaffen, am Geescht vun de gréngen Idealer an am Déngscht vun der Allgemengheet. Déi gréng Mandatäre schaffe gudd, an dat weist sech exemplarësch un der Lëtzebuerger EU-Présidence, déi jo souwuel national wéi och international als Succès unerkannt gouw.
Niewt anere Reformen a Verbesserungen huet de Justizminister Felix Braz et op der allerleschter Ligne-Droite färdeg bruecht, den Dateschutz an Europa e grousse Schrëtt weiderzebréngen, sou datt d’ Rechter vu 500 Milliounen Europäer bei der Internetnotzung elo gestärkt ginn.
Beim Transportminister François Bausch stécht de “Paquet ferroviaire” erfir, deen et erlaabt, datt d’ Schinnennetzer vereenheetlecht ginn, awer esou datt déi speziell Situatioun vun de klenge Länner bei der Liberaliséierung berücksichtegt gëtt. Gutt fir den ëffentlechen Transport an Europa a gutt fir Lëtzebuerg.
Dat gréng Meeschterstéck geet op de Kont vun der Emweltministësch Carole Dieschbourg an dem Staatssekretär Camille Gira. Sie hunn et färdeg bruecht, fir t’ éischt emol déi 28 EU-Länner op eng Linn ze kréien, wat jo ewell éischter seelen de Fall ass. A wëll eng gudd Virbereedung déi hallef Aarbecht ass, ass et hinne mat Geschéck a mat vill perséinlechem Asaz gegléckt, d’ Paräiser Klimakonferenz zu engem weltwäite grénge Glanzstéck ze maachen.
„2016 voll op Lëtzebuerg konzentréiert“
Carole, Camille, Fränz a Felix – och wann der den Owend net bei eis kënnt sinn: mir gréng soë Merci a mir wëssen, datt der iech 2016 voll op Lëtzebuerg konzentréiert a mat elo nach méi Erfuerenheet eist Land no vir bréngt!