COP 21, den Ufank vun engem Prozess

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Mat der COP21 Enn lescht Joër zu Paräis ass en neien a wichtege Schrëtt gemach ginn an d‘Richtung vun enger CO2-neutraler Gesellschaft. Och wa mir wëssen, dass déi Engagementer déi hei geholl goufen, nach net duer ginn fir d’Klimaerwärmung ënner 2°C ze halen, sou hunn awer bei dëser Geléenheet 196 Länner mat hirer Präsenz gewisen, dass sie d’Realitéit vun der Klimaerwiermung unerkennen, an dass sie wëssen, dass d’Mënschen nëmmen all zesummen dogéint ukämpfe kënnen.

Ënnert dem Impuls vun eiser lëtzebuergescher Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet Europa et fäerdech bruecht, op dësem quokelëgen Dossier eng gemeinsam an éiergäizeg Positioun anzehuelen. Dat allerwichtegst awer ass, dass d’COP21 den Ufank vun engem solidarësche Prozess ass, an deem all 5 Joër kontrolléiert gëtt, wat déi eenzel Länner erreecht hun. Virgesinn ass, dass no 2020 d’Engagementer bei deene Revisiounen nach erop gesat ginn, fir d’Klimaerwiermung letztendlech ënnert 1,5°C ze halen.

12341340_10207777774938708_157386366697662827_n

Et ass elo un deenen eenzele Länner fir sech d’Moyenen ze ginn, fir déi Zieler z‘erreechen.

No engem Joër wéi 2015, dat zimlech sëcher dat wärmsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge war, gesi mer ëmmer méi kloër d’Urgence fir ze handelen. Dobäi gëtt et wichteg Pisten, dat ënner anerem am Beräich vun der Energie. Mir mussen hei alles maachen, fir eise Verbrauch ze drosselen, an de Rescht zu 100 % iwwer erneierbar Energien ofzedecken. Dofir mussen 2/3 vun den haut bekannte Reserven u Petroll an Erdgas am Buedem bleiwen an et muss rapid aus dem Beräich vun de fossilen Energien erausgeklomm ginn.

Dass d‘Investissementer a fossil Energien ëmmer méi riskant ginn, gesäit een ironescherweis grad um Beispill vun Saudi-Arabien, dat 2015 a séngem Staatsbudget en Defizit vun iwert 90 Milliarden Euro opweist. Saudi-Arabien huet doropshin ugekënnegt, an Zukunft séng Wirtschaft ze diversifizéieren a méi Recetten ausserhalb vum Petrolssecteur ze generéieren.

Deemno ass och an der Finanzwelt e Prozess engagéiert an d’Finanzstréim mussen an nei Richtunge geleet gin. Den „Divestment“, also d’Erausklamme vun Investisseuren aus dem Beräich vun de fossilen Energien, ass en Thema, deen all d‘finanziell Akteure betrëfft. Och Lëtzebuerg muss hei séng Hausaufgabe machen an zum Beispill d’Finanzreserve vun eiser Pensiounskeess sëcher an ethesch korrekt uleeën.

Natiirlech resuméiert sech de Bilan vun der COP21 net nëmmen op déi Themen, déi mir elo hei ugeféiert hunn, an et gëllt nach villen aanere Pisten nozegoën. D’COP21 ass awer virun allem eemoleg, well keen aneren contraignanten Accord je weltwäit vun esou villen a vun esou wichtegen Akteuren ënnerschriwwe gouw. Dat weist eis, dass Hoffnung besteet, fir d’Klimaerwiermung op en erträglecht Mooss ze reduzéieren, well e globalen a kollektive Wëllen do ass fir aktiv ze gin.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Energie, Tribune libre, Wirtschaft & Finanzen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s