Paräis : Trauer an Hoffnung

Zesumme mat ganz Frankräich, zesumme mat alle Mënschen déi och nëmmen e bëssen Humanitéit am Härz droën, sti mer no de brutalen Attentater vu Paräis ënner Schock. D’Attacken op Charlie Hebdo waren en Ugrëff op d’Meenungsfräiheet, d’Attacke vum 13. November sinn en Ugrëff op eise multikulturellen an tolerante Liewensstil. Béid Uschléiserie si verzweifelt Versich, d’Demokratie an d’Knéi ze zwéngen an déi modern Welt an den Obskurantismus zeréckzebommen.

Gëtt dann elo – wéi no 2001 – erëm an de Krich gezunn? Kann een iwwerhaapt Terror mat Krich bekämpfen? Ech sinn iwwerzeegt, datt dat Rezept net opgeet, d‘Erfahrungen a Lybien, am Afghanistan, am Irak an nach op villen anere Plaze beweisen dat. An méngen Aën kritt een den Terror just kleng gehalen, andeems een eis Werter – déi iwwregens och d’Valeure vun alle Weltrelioune sinn – héich hält.

Fanatismus bekämpft een net mat Granaten, mee andeems ee ganz ferm antrëtt fir Respekt an Toleranz an andeems ee Solidaritéit praktizéiert. Mir brauchen elo net manner Multikulti, mee méi, a mir musse gemeinsam astoën fir eis humanistësch Valeuren. Wa mer dem Terrorismus wëllen d’Grondlag entzéie, brauche mer Gerechtegkeet tëscht de Mënschen an Ausgläich tëscht den Natiounen.

D’Affer vu Paräis, d’Affer vu Beirut, d’Affer vum Sinai, d’Affer vun Ankara, d’Affer vu Kundus, d’Affer vun Aleppo, den Doud vun all deene Fraë, Männer a Kanner war net ganz ëmsoss, wa mir aus all deem Leed d’Kraaft zéien, eis weiterhinn z’engagéieren fir eis demokratësch Valeuren a fir global Gerechtegkeet.

Am Ament ass dat Wuert Paräis mat Trauer verbonnen, mee an e puer Wochen kéint Paräis och erem fir Hoffnung stoën: den UNO-Klimasommet gëtt trotz den Attentater Ufank Dezember zu Paräis ofgehalen.

Do besteet d’Méiglechkeet, datt d’Weltgemeinschaft sech zesummen asetzt, fir d’Klimaverännerung massiv ofzebremsen. Dëst ass néideg, well soss an Zukunft grouss natiirlech an humanitär Katastrophen a ville Géigende vun der Welt onendlecht mënschlecht Leed ausléise kéinten. Der Klimaverännerung gemeinsam entgéint trieden heescht och, méi Gerechtegkeet an Ausgläich tëscht de Welt-Regiounen an de Mënschen hierzestellen.

D’Antriede géint de Klimawandel bitt iwwregens och technologësch an ökonomësch nei Chancen, déi d’ganz Mënschheet e Stéck weider bréngen. Ech sinn iwwerzeegt, datt de Kampf géint d’Auswiirkunge vun der Klimaverännerung een Deel vum globalen Equiliber ass, dee mathëlleft, d’Welt e Stéck besser ze maachen.

Dieser Beitrag wurde unter Ökologie, Energie, Gesellschaft, Soziales, Tribune libre veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s