D’Affer vu Paräis, d’Affer vu Beirut, d’Affer vum Sinai, d’Affer vun Ankara, d’Affer vu Kundus, d’Affer vun Aleppo, …

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

Innerhalb vu véier Deeg ass dëst fir mech – an och fir d’Kolleginnen a Kollegen déi dëse Weekend mat op de Council vun den Europäësche Gréngen zu Lyon waren – deen zweete grénge Kongress, deen net nom geplangte Schema oflafe kann, jo op kee Fall oflafen därf, wéi wann näischt geschitt wär.

Leschte Samschde stounge mer zu Lyon solidarisch mat eise franséischen an europäesche Kolleginnen a Kollegen, zesumme mat ganz Frankräich, zesumme mat alle Mënschen déi och nëmmen e bëssen Humanitéit am Bauch an am Härz hunn, kollektiv ënner Schock.

Och haut, wou niewt dem Schock an der Trauer, no an no d’Analys mat an eist Denke fléisst, bleiwt et onméiglech z’akzeptéieren, datt Mënschen, déi einfach nëmmen amgaang sinn, hire Feierowend mat Famill a Frënn ze genéissen, e Match ze kucken, op enger Terrass e Patt ze drénken, Musék ze lauschteren oder zesummen am Restaurant z’iessen an  ze diskutéieren duurch Maschinnegewierkugelen a Bommen zu Honnerten hannerhälteg a mutwëlleg aus dem Liewe gerappt ginn.

12241640_10205419827434869_8170864097621134606_n

Eis Gedanken an eis Gefiller …

Eis Gedanken an eis Gefiller gi bei déi Leit, déi nach am Koma leien, bei déi Leit, déi sech lues a lues vun de kierperlechen an och vun de psychësche Wonnen erhuele mussen, bei d’Famillemëmberen a Frënn, denen hier Léiwst nie méi heem kommen.

Ech bieden Iech elo ozestoën an zesummen eng Gedenkminutt anzeleeën fir all d’Affer vun den Attentater vu Paräis.

* * *

Ënnert dem Androck vum bluddegen Terror zu Paräis, hu mer eis de ganze Weekend gefrot, ob et iwwerhaapt nach sënnvoll wär, dëse Kongress ofzehalen. Ob et net déplacéiert wier, ob et net weltfriem wier, iwwer de Klima ze schwetzen, wann d’Welt den Otem unhällt wéinst dem Terrorismus?

Mir hunn eis déi Entscheedung net liicht gemeet, mee et gëtt gudd Grënn firwat mer elo esou virginn.

All Eenzelen huet domat en Zeeche gesat

Ee Grond, deen ëmmer no esou onendlech trauregen Evenementer genannt gëtt, heescht: „d’Liewe geet weider, d‘Liewe muss weidergoën an därf net bestëmmt ginn duurch dat wat d‘Terroristen eis opzwénge wëllen!“.

Vill Paräiserinnen a Paräiser hunn sech déi Iwwerleeung schonn zu eege gemeet. Dat konnt ech gudd gesinn, wéi ech um Heemwee vu Lyon war. Um Sonndech de mëtten waren d’Leit trotz Ausnahmezoustand ganz ostentativ op de Boulevarden ënnerwee; zu Dausenden hu Männer, Fraën a Kanner Blumme, Kärzen a Messagen op der Place de la République hannerluecht. All Eenzelen huet domat en Zeeche gesat, net nëmme vu Condoléance, mee och vu Widderstand géint den Terror.

Et ass an dësem Geescht wou mer wëllen herno eise Kongress bal esou oflafe loossen, wéi mer dat geplangt haten. Mir wëllen an den nächste Wochen am Kader vun engem Parteirot, eisem COP wou jo jidfer Mëmber wëllkomm ass a sech bedeelege kann, d’Paräiser Attentater nach eng Kéier opgräifen an och déi politësch Suiten, déi jo lo amgaang sinn sech ze dérouléieren, ausféierlech thematiséieren.

Mir goufen iwwregens bestärkt doranner, datt mer eis weider mat Klimatheme beschäftege sollen, duerch de franséischen Ausseminister Laurent Fabius, dee scho relativ fréi no de schrecklechen Evenementer kloërgestallt huet, datt de Klimasommet stattfënnt.

Iwwerwältegt a schockéiert

Léiw Frënn,

No all aussergewéinlechem Evenement, deen eis aus der Bunn geheit an déiw traureg mecht, kënnt fir t’éischt deen Ament, an deem een een déi schrecklech Nouvelle net gleewt; dono ass een iwwerwältegt a schockéiert, an da fänkt d‘Trauer un.

Gläichzäiteg sicht een awer och no Erklärungen an et iwwerkënnt een eng onmoosseg Roserei. All dës Emotioune si richteg a wichteg, an et muss een se zouloosse, well se sinn den Ufank vum Veraarbechtungsprozess.

Mee no de Gefiller muss awer no an no de Verstand ëmmer méi matschaffen,  fir net an der Trauer an an der Roserei ze bleiwen, mee déi opgestauten Energie an nei a konstruktiv Bunnen ze leeden. Fir mech ass dat och d’Zäit vun der Analys a vum Verstoën. Do ass och d’Politik ganz staark gefuerdert a voll an hirer Roll.

Haut  ass et nach ze fréi an et wier vermessen, fir eng déiw Analys wëllen ze maachen, mee e puer grouss Linne sinn a méngem Kapp an a méngem Härz scho kloër.

D’Zäit vun der Analys a vum Verstoën

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

D’Paräiser Attacke vum 7. Januar dëst Joër waren en Ugrëff op d’Meenungsfräiheet, d’Attacke vum 13. November sinn en Ugrëff op eise multikulturellen an tolerante Liewensstil. Béid Uschléiserie si verzweifelt Versich, d’Demokratie an d’Knéi ze zwéngen an déi modern Welt an den Obskurantismus zeréckzebommen.

Ech kann novollzéien, datt an der éischter Emotioun an ënner dem Androck vun esouvill ongerechtem Bludvergéissen, franséisch Politiker soën, datt Frankräich am Krichszoustand wär. Allerdéngs hiewt esou eng Ausso déi Band vu verblendten Terroristen op een Niveau, deen sie sëch zwar wënschen, mee deen een hinnen niemols zougestoën därf.

20151117_194537Léiw Frënn,

Méng ideologësch Wuerzele leien och an der Friddensbewegung vun der Helmut-Schmidt-Ära. Deemno hunn ech perséinlech e fundamentale Problem, wann elo – wéi no 2001 erëm géiw an de Krich gezu ginn.

Kann een dann iwwerhaapt Terror mat Krich bekämpfen? Ech sinn iwwerzeegt, datt dat Rezept net opgeet, d‘Erfahrungen a Lybien, an Afghanistan, am Irak an nach op villen anere Plaze beweisen dat.

Mat enger Briechstaang huet nach keen en Haus gebaut

A méngen Aën kritt een den Terror just kleng gehalen, andeems een eis Werter – déi iwwregens och d’Valeure vun alle Weltrelioune sinn – héich hält.

Fanatismus bekämpft een net mat Granaten, mee andeems ee ganz ferm antrëtt fir Respekt an Toleranz an andeems ee Solidaritéit praktizéiert.

Mir brauchen elo net manner Multikulti, mee méi gemeinsamt Astoën fir déi humanistësch Valeuren.

Mat enger Briechstaang huet nach keen en Haus gebaut. Wa mer dem Terrorismus wëllen d’Grondlag entzéie, brauche mer Gerechtegkeet tëscht de Mënschen an Ausgläich tëscht den Natiounen.

Mir mussen déi Matmënschen ënnerstëtzen, déi an Nout sinn, hei an Europa an iwwerall op der Welt; mir musse Bildung a Liewensperspektiven fir all Meedercher a Jongen offréieren, egal wou op dësem Planéit.

De Reverend King sot et esou : „Däischtert verdreiwt een net mat Däischtert mee mat Luucht!“

Mat klorëm Verstand a mat engem riite Réckkräiz

Ech ka ganz gudd verstoën, datt vill Mënschen – och bei eis am Land – elo veronséchert sinn, jo esouguer Angscht hunn. Niewt den diffusen Zukunftsängschten, déi een ëmmer spiirt, kënnt elo d’Onsécherheet bei all Rees, d’Angscht bei all Evenement mat ville Leit a Gefor ze sinn.

An ouni och nëmmen déi minimalst Piétéitsperiod ze respektéieren, si schonn déi éischt vun den albekannte Populisten op de Plang getruede, fir d’Ängschte vun de Leit fir hir obskur Zwecker ze récupéréieren. Ech färten, datt mer an den nächste Wochen a Méint nach vill ondifferenzéiert Sprëch a falsch Hetzparolen ze héiere kréien.

Fir mech ass et kaum auszehalen, wann d’Flüchtlingen, déi viru genee deem Terror fortgelaf sinn, deen elo och d’Paräiser ze spire kruten, vu populistëschen Ophetzer ënner Generalverdacht gestallt ginn.

Ech froën dofir all authentësch Demokraten, net um Bockel vun de Réfugiéën an net um Bockel vun de Leit mat islamëscher Relioun ze probéieren, kuurzfristëgt politëscht Kapital ze schloën: well Populismus bekämpft een net mat Populismus mee mat klorëm Verstand a mat engem riite Réckkräiz.

Eis weiterhinn engagéiere fir demokratësch Valeuren a global Gerechtegkeet

Léiw gréng Kolleginnen a Kollegen,

D’Affer vu Paräis, d’Affer vu Beirut, d’Affer vum Sinai, d’Affer vun Ankara, d’Affer vu Kundus, d’Affer vun Aleppo, den Doud vun all deene Fraë, Männer a Kanner war net ganz ëmsoss, wa mir aus all deem Leed d’Kraaft zéien, eis weiterhinn z’engagéiere fir eis demokratësch Valeuren a fir global Gerechtegkeet. Ech sinn iwwerzeegt,  datt och de Kampf géint d’Auswiirkunge vun der Klimaverännerung een Deel vum globalen Equiliber ass, dee mathëlleft, d’Welt e Stéck besser ze maachen.

(17.11.2015)

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa, Gesellschaft veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Antworten zu D’Affer vu Paräis, d’Affer vu Beirut, d’Affer vum Sinai, d’Affer vun Ankara, d’Affer vu Kundus, d’Affer vun Aleppo, …

  1. Paul Zens schreibt:

    Hat dies auf paulzens rebloggt.

  2. Bernard Gottlieb schreibt:

    Gudden Artikel! Schued, dass der d’Attack op den hypercasher / op franzéisch Judden den 9. Januar 2015 nett ernimmt huet…

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s